Scorpius (Stärebild) Inhaltsverzeechnes Beschreiwung | Geschicht | Himmelsobjeten | Referenzen Um Spaweck | NavigatiounsmenüEng nei Nova, endeckt am Februar 2007
Stärebild Scorpius
laténgeschStärebildEkliptikSkorpiounMëllechstroossNiwwelenSummerHorizontSonnMoundPlanéitenDéierekreeszeechenPrezessiounsbewegungAntiquitéit23. November30. NovemberGriichenPtolemäusChinesenFréijoerMayasNew MexicoHohokam1006ZubenelakrabLibraNormabloe RisestärLiichtjoerShaulaLiichtkraaftvisueller MagnitudeAAntaresAresréimescheMarsMarslaténgeschenDuebelstäresystemBousekonnenIwwerrisLiichtkraaftTeleskopAstronomKoméitejeeCharles MessierMessier-KatalogKugelstärekoupM 4M 80M 6M 7Europa
Scorpius (Stärebild)
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Date vum Stärebild Scorpius | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Skorpioun |
Laténgeschen Numm | Scorpius |
Latäin. Genitiv | Scorpii |
Latäin. Ofkierzung | Sco |
Rektaszensioun | 15h 47m bis 17h 59m |
Deklinatioun | -8° 20´bis -45° 45´ |
Fläch | 497 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 44° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa | Summer |
Unzuel un Stäre mat Gréisst < 3m | 11 |
Hellste Stär, Gréisst | Antares (α Scorpii), 1,06m |
Meteorstréim | |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) | Ophiuchus Libra Lupus Norma Ara Corona Australis Sagittarius |
De Scorpius (laténgesch Scorpio) ass e Stärebild op der Ekliptik.
Inhaltsverzeechnes
1 Beschreiwung
2 Geschicht
3 Himmelsobjeten
3.1 Stären
3.2 Méifachstären
3.3 Verännerleche Stären
3.4 Messier- an NGC-Objeten
4 Referenzen
5 Um Spaweck
Beschreiwung |
De Scorpius ass een imposant Stärebild um südleche Stärenhimmel. Déi hellst Stäre formen déi kloer erkennbar Gestalt vun engem Skorpioun mat Schéieren a Stachel.
D'Stärebild läit an der Géigend vum Zentrum vun der Mëllechstrooss an huet eng vill Stärekéip an Niwwelen.
Vun eis aus gesi steet d'Stärebild Scorpius wéinst senger südlecher Lag am Summer déif iwwer dem Horizont an ass dofir net liicht ze gesinn.
Duerch d'Stärebild zitt sech d'Ekliptik, an dofir ginn d'Sonn, de Mound an d'Planéiten duerch de Skorpioun. De Skorpioun gehéiert domat zu den Déierekreeszeechen. Wéinst der Prezessiounsbewegung vun der Äerdachs huet sech den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer vun der Antiquitéit verréckelt. D'Sonn hält sech vum 23. November bis den 30. November am Stärebild Skorpioun op.
Geschicht |
Déi haiteg Bedeitung vum Stärebild geet op d'Griichen aus der Antiquitéit zréck. De Skorpioun gehéiert zu den 48 klassesche Stärebiller, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
D'Chinesen hunn am Stärebild e mächtegen, awer guttmiddegen Drach gesinn, deen d'Fréijoer ugekënnegt huet.
Och Präkolumbesch Kulturen hunn am Stärebild e Skorpioun gesinn.[1] D'Mayas hunn de Begrëff zinaan ek (Stär vum Skorpioun) gebraucht.[2] Den John Barantine vum Point Observatorium an New Mexico gesäit an enger Steerëtzzeechnung den Hohokam an Nordamerika eng Duerstellung vun der Supernova vum 1. Mee 1006 am Stärebild Skorpioun.
Duerch d'Festleeë vun der haiteger Begrenzung vun de Stärebiller huet sech d'Konstellatioun eppes verännert. De Skorpioun huet de Stär γ (Zubenelakrab) seng südlech Schéier un d'Stärebild Libra (Wo) verluer, huet allerdéngs vum Stärebild Norma (Wénkelmooss) den Haaptstär α (elo N Scorpii) an den β (elo H Scorpii) krut.
Himmelsobjeten |
Stären |
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 21 | Antares, Kalb al Akrab, Cor Scorpii, Vespertilo | 0,9 bis 1,8m | 604 | M1.5I ab-Ib + B4 Ve |
λ | 35 | Shaula | 1,63m | 703 | B2 IV + B |
θ | Sargas | 1,86m | 272 | F1 II | |
ε | 26 | Wei | 2,29m | 65 | K2.5 III |
δ | 7 | Dschubba, Al Jabba, Iclarkrau | 2,29m | 402 | B0.3 IV |
κ | Girtab | 2,41m | 464 | B1.5 III | |
β1 | 8 | Akrab, Elacrab, Graffias, Grassias | 2,56m | 530 | B1 V |
υ | 34 | Lesath, Lesuth | 2,70m | 519 | B2 IV |
τ | 23 | Alniyat, Al Niyat | 2,82m | 430 | B0 V |
π | 6 | 2,89m | 459 | B1 V + B2 V | |
σ | 20 | Al Niyat | 2,9 bis 3,8m | 735 | B1 III |
ι1 | 2,99m | 1792 | F2 Iae | ||
μ1 | 3,00m | 822 | B1.5 V + B6.5 V | ||
G | 3,19m | 127 | K2 III | ||
η | 3,32m | 72 | F3 III-Ivp | ||
μ2 | 3,56m | 517 | B2 IV | ||
ζ2 | 3,62m | 151 | K4 III | ||
ρ | 5 | 3,87m | 409 | B2 IV-V | |
ω1 | 9 | Jabhat al Akrab | 3,93m | 424 | B1 V |
ν | 14 | Jabbah | 4,00m | 437 | B3 V |
ξ | Grafias | 4,16m | 92,5 | ||
HR 6166 | 4,18m | 339 | K6 III | ||
HR 6143 | 4,24m | 746 | B2 III-IV | ||
HR 6546 | 4,26m | 144 | K0 IIIb | ||
ω2 | 4,31m | 265 | G3 II-III | ||
ο | 19 | 4,55m | 1178 | A5 II | |
c2 | 13 | 4,58m | 468 | B2V | |
A | 2 | 4,59m | 434 | B2.5 Vn | |
1 | 4,63m | 522 | B3 V | ||
ζ1 | 4,70m | 2900 | B1 Iape | ||
ι2 | 4,78m | 3 700 | A2Ib | ||
i | 22 | 4,79m | 393 | B2 V | |
HR 6628 | 4,79m | 607 | B8V | ||
d | 4,80m | 140 | A0 V | ||
HR 6334 | 4,83m | 2700 | B1 Ia | ||
HR 6675 | 4,85m | 347 | K2 III | ||
HR 6682 | 4,88m | 547 | M0 III | ||
β2 | 4,90m | 1133 | B2 V | ||
ψ | 15 | 4,93m | 165 | A3 IV | |
HR 5969 | 4,96m | 212 | K5 III | ||
HR 6316 | 5,03m | 491 | B8 V | ||
HR 6371 | 5,06m | 300 | G8 - K0 III + G | ||
HR 6017 | 5,09m | 255 | K3 III | ||
HR 6460 | 5,10m | 757 | B7 III | ||
HR 6245 | 5,23m | 7000 | O8 Iaf | ||
χ | 17 | 5,24m | 439 | K3 III | |
HR 6142 | 5,31m | 8500 | B1 Iae | ||
HR 6001 | 5,35m | 425 | M2 III | ||
HR 6094 | 5,37m | 42 | G5 V | ||
HR 5906 | 5,38m | 414 | B6 Ivn | ||
HR 5907 | 5,41m | 393 | B2.5 Vne | ||
HR 6100 | 5,42m | 468 | B8 IV | ||
V913 | 5,43m | 488 | B5 IV | ||
16 | 5,43m | 250 | A4 V | ||
HR 6260 | 5,46m | 6000 | B0.5 Ia | ||
V918 | 5,46m | 3000 | O9 Ia | ||
HR 6221 | 5,48m | 369 | K0 III | ||
27 | 5,48m | 725 | K5 III | ||
18 | 5,49m | 46 | G2 Va | ||
HR 6007 | 5,50m | 433 | B8 V |
Den λ Scorpii, ass den zweethellste Stär am Skorpioun. Et ass e bloe Risestär deen op enger Distanz vu 700 Liichtjoer vun eis läit.
Den Numm Shaula staamt aus dem Arabeschen an heescht „erhuewene (Stachel)“.
Op enger Distanz vu 46 Liichtjoer steet de Stär 18 Scorpii dee giel liicht, an deen a Gréisst, Temperatur a Liichtkraaft eiser Sonn gläicht. Mat enger visueller Magnitude vu 5,49m ass hien nach just mat bloussem A ze gesinn.
Méifachstären |
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | 0,9 bis 1,8 / 6,5m | 2,4“ |
β | 2,9 / 5,1m | 13,7“ |
σ | 3,0 bis 3,8 / 9,0m | 20“ |
ξ | 4,1 / 7,2m | 7,9“ |
ν | 4,0 / 6,2m | 41,4“ |
Den hellste Stär am Skorpioun ass den Antares (α Scorpii). Den Numm staamt vun „Anti-Ares“ of a bedeit „Géigemars“ (de griichesche Krichsgott Ares entsprécht dem réimesche Gott Mars). Wéinst senger rouder Faarf gläicht de Stär dem Planéit Mars. Eng aner historesch Bezeechnung ass „Kalb al Akrab“, arabesch fir „Häerz vum Skorpioun“. De laténgeschen Numm „Cor Scorpii“ huet déiselwecht Bedeitung.
Den Antares ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vu 600 Liichtjoer. An engem Ofstand vun 2,4 Bousekonnen ass e Begleeder vun der 6. Gréissteklass. Den Haaptstär ass e Iwwerris mat der 10.000facher Liichtkraaft an dem 700fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.
De β Scorpii steet op enger Distanz vu 530 Liichtjoer zu eis an ass een Duebelstär. Hie ka scho mat engem klengen Teleskop optesch gedeelt ginn.
Den arabeschen Numm "Akrab" bedeit och „Skorpioun“.
93 Liichtjoer ewech steet d'System ξ Scorpii a besteet aus sechs Stären déi sech ëmkreesen. Am Teleskop kënnen zwéi Stäre gesi ginn.
D'System ξ Scorpii ass 437 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus fënnef Stären. Am Teleskop mat enger 15 cm Ëffnung kënne véier Stäre gesi ginn.
Verännerleche Stären |
Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
α | 0,9 bis 1,8m | 4,75 Joer | hallefreegelméisseg Verännerlechen |
σ | 3,0 bis 3,8m | 0,247 Deeg | Alpha2- Canum-Venaticorum-Stär |
Den Haaptstär vum System σ Scorpii verännert seng Hellegkeet iwwer een Zäitraum vu 5 Stonnen a 55 Minutten.
Messier- an NGC-Objeten |
Messier (M) | NGC | aner | Numm | Gréisst | Typ |
---|---|---|---|---|---|
4 | 6121 | 5,9m | Kugelstärekoup | ||
6 | 6405 | Päiperlekskoup | 4,2m | oppene Stärekoup | |
7 | 6475 | 3,3m | oppene Stärekoup | ||
80 | 6093 | 7,3m | Kugelstärekoup | ||
6124 | oppene Stärekoup | ||||
6139 | Kugelstärekoup | ||||
6144 | Kugelstärekoup | ||||
6169 | oppene Stärekoup | ||||
6178 | oppene Stärekoup | ||||
6192 | oppene Stärekoup | ||||
6231 | oppene Stärekoup | ||||
6242 | oppene Stärekoup | ||||
6249 | oppene Stärekoup | ||||
6259 | oppene Stärekoup | ||||
6268 | oppene Stärekoup | ||||
6322 | oppene Stärekoup | ||||
6334 | Emissiounsniwwel | ||||
6383 | oppene Stärekoup | ||||
6388 | Kugelstärekoup | ||||
6416 | oppene Stärekoup | ||||
RCW 131 | Pismis 24 | oppene Stärekoup | |||
HD 319718A | Pismis 24-1 | 10,43m | Dräifachstär |
Am Skorpioun ass eng Villzuel vun niwwelegen Objeten ze gesinn. Fënnef huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog (Messier-Katalog) opgeholl.
Ëstlech vum rouden Antares ass de Kugelstärekoup M 4, dee 6.000 Liichtjoer vun eis ewech ass.
Nërdlech vum Antares läit de Kugelstärekoup M 80. Seng Distanz zu eiser Äerd ass 36.000 Liichtjoer.
Den oppene Stärekoup M 6 ass ronn 2.000 Liichtjoer vun eis ewech. Wéinst senger Form gëtt dee Stärekoup och Päiperlekskoup genannt.
Den oppene Stärekoup M 7 läit 800 Liichtjoer ewech an huet ronn 80 Stären déi méi hell wéi déi 10. Gréissteklass sinn.
Den M 6 an den M 7 zielen zu de beandrockensten oppene Stärekéip déi vun Europa aus z'oservéiere sinn.
Referenzen
↑ Robert Burnham: Celestial Handbook. Bd 3. Dover, New York 1978. ISBN 0-486-23673-0
↑ Victor Wolfgang von Hagen (amerik. Fuerschungsreesender).
Um Spaweck |
(de) Eng nei Nova, endeckt am Februar 2007
Commons: Scorpius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal Astronomie
Kategorie:
- Stärebild Scorpius
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.120","walltime":"0.149","ppvisitednodes":"value":246,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1923,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":121,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":708,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 30.334 1 -total"," 45.23% 13.719 1 Schabloun:Referenzen"," 26.81% 8.132 1 Schabloun:Commonscat"," 18.50% 5.612 1 Schabloun:Commons"," 16.93% 5.135 1 Schabloun:Clr"," 16.87% 5.118 1 Schabloun:De"," 9.38% 2.845 1 Schabloun:Kuckt_och_Portal:Astronomie"," 8.29% 2.516 1 Schabloun:Sproochindikatioun"," 7.98% 2.421 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1321","timestamp":"20190926200556","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Scorpius (Stu00e4rebild)","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Scorpius_(St%C3%A4rebild)","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q8865","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q8865","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-02-18T22:41:19Z","dateModified":"2019-06-11T09:40:54Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/5/52/Scorpius_constellation_map.png"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":181,"wgHostname":"mw1327"););