Skip to main content

Chrëschtentum Inhaltsverzeechnes Chrëschtlech Léier | Kulturellen Afloss | Konfessiounen | Chrëschteverfolgungen hautdesdaags | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüGlobal ChristianityOpen Doors, im Dienst der verfolgten Christen weltweit

Chrëschtentum


WeltreliounPalestinaJuddentumJesusNazaretmonotheisteschgestëftgriicheschensyrescheIgnatius vun Antiochien107110Gottkathouleschprotestanteschorthodoxesch ChrëschtenbibleschenGottJesus ChristussëndegerMënschheetDoudKräizerléisendKräizegungOuschterenNeien Testamentjiddescher BibelAalt TestamentDräifaltegkeetPappJonghellege GeeschtApostolesche GlawensbekenntnisKulturKonschtSproochenMusekKierchemusek313Edikt vu Mailand380StaatsreliounKonfessiounen












Chrëschtentum




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen






Christianity Symbol.png
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Chrëschtentum ass eng Weltrelioun déi virun ongeféier 2000 Joer am réimesch besatene Palestina entstanen ass, an aus dem deemools do presente Juddentum ervirgaangen ass. Seng Unhänger beruffe sech op de Jesus vun Nazaret, deen ëm d'Joer 30 als Wanderpriedeger am deemolege Palestina opgetrueden ass a sech selwer zum jiddesche Glawe bekannt huet, an dee kengesfalls virhat eng aner Relioun ze grënnen, wat sech dunn awer spéider anescht eraus kristalliséiere sollt. Sou kënnt et datt d'Chrëschtentum eng monotheistesch a gestëft Relioun ass.


De Begrëff Chrëschtentum (aus dem griicheschen Χριστιανισμός, Christianismós) gëtt eng éischt Kéier an engem Bréif vum syresche Bëschof Ignatius vun Antiochien († zirka 107-110) ernimmt. Et kënnt dohier datt d'Unhänger vum Chrëschtentum Chrëschte genannt goufen, a sech spéider och selwer sou genannt hunn, well si am Jesus dee vum Juddentum erwaarte Messias (op Griichesch christos - de Gesaleften) an de Jong vu Gott gesinn hunn.


Haut ziele mir ongeféier 2,2 Milliarde Chrëschten op der Welt. Am Joer 2011 war t'Halschent dovu kathoulesch, 37 % protestantesch an 12 % waren orthodoxesch Chrëschten. Se sinn op ongeféier 33 000 verschidde Konfessioune verdeelt[1].




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Chrëschtlech Léier


  • 2 Kulturellen Afloss


  • 3 Konfessiounen


  • 4 Chrëschteverfolgungen hautdesdaags


  • 5 Um Spaweck


  • 6 Referenzen




Chrëschtlech Léier |


Der chrëschtlecher Léier no, déi op de bibleschen Schrëfte baséiert, huet sech Gott an der Persoun vun Jesus Christus der sëndeger Mënschheet ugeholl. Den Doud vu Jesus Christus um Kräiz gëtt deemno als erléisend Dot vu Gott verstanen a riicht sech un all Mënschen, Fraen a Männer, vun alle Natiounen an alle soziale Schichten. Duerch dem Jesus seng Kräizegung sinn sou all mënschlech Sënnen a Schold opgehuewe ginn.


Als Initialfonke vum chrëschtleche Glawe gëllt d'Erfarung vun Ouschteren, vun der Operstéiung vu Jesus Christus, um drëtten Dag no senger Hiriichtung um Kräiz. Seng Botschaft a seng Liewensweis ass fir déi éischt Chrëschten sou vu Gott bestätegt ginn. Doraus wiisst nom Joer 30 vun eiser Zäitrechnung lues a lues déi chrëschtlech Gemeinschaft. Bis um Enn vum 1. Joerhonnert entstinn d'Schrëfte vum Neien Testament. Zesumme mat der jiddescher Bibel (Aalt Testament) bilde si d'Grondlag vun der chrëschtlecher Léier. Am Laf vun den éischten Joerhonnert wiisst den typesch chrëschtleche Glawen un deen eenzege Gott als eng Dräifaltegkeet, Gott verstanen als Papp, Jong an hellege Geescht. Zanter dem Ufank vum 2. Joerhonnert gëtt déi chrëschtlech Léier an der Form vum Apostolesche Glawensbekenntnis beschriwwen[2].



Kulturellen Afloss |


D'Chrëschtentum huet bis haut e groussen Afloss op déi westlech Kultur a Konscht. Vill Gesetzer, Traditiounen oder soss Eegenschaften, déi mir haut kennen, stamen aus dem Chrëschtentum. Wuel mat de gréissten Afloss hat de chrëschtleche Glawen am Beräich vun de Sproochen. De Grond dozou ass deen, datt vill Sproochen, déi a méi klenge Sproocheraim geschwat goufen, virun der Bibeliwwersetzung keng fest Rechtschreiwung kannt hunn. D'Bibel, als dat Wierk wat de Weltrekord an der Zuel vun den Iwwersetzungen hält, huet et, domat dank hiren Iwwersetzungen an déi verschidde Sproochen, erméiglecht, datt endlech eng gesetzlech Rechtschreiwung festgeluecht gouf.
En zweete groussen Afloss hat d'Chrëschtentum op d'Musek. Ëmmer erëm hu bedeitend a bekannt Museker Stécker fir d'Kierch geschriwwen. Doraus ass d'Kierchemusek mat all hire Richtungen entstanen. Net nëmme gouf d'Musik mat Instrumenter gespillt, mä de chrëschtleche Gesang huet sech och bis haut duerchgesat kritt.



Konfessiounen |


D'Chrëschtentum huet sech souwuel ënner Unhänger vum Juddentum wéi och ënner Unhänger vun der réimescher Relioun verbreet. Trotz der Ënnerdréckung duerch de réimesche Staat huet et sech organiséiert a méi a méi Unhänger kritt. 313 gouf et am Edikt vu Mailand vum réimesche Staat unerkannt an toleréiert a schliisslech 380 zur Staatsrelioun gemaach. Mat enger ëmmer méi grousser Unhängerschaft koum et och ëmmer erëm zu Streidereien an Ofsplécke vu verschiddene Gruppen. Vill vun deene Gruppe sinn nees verschwonnen, anerer hu sech zu Konfessiounen entwéckelt, déi et haut nach ginn.



  • 1054 trenne sech d'Ost- an d'Westkierch, déi orthodox Kierch am Osten an déi kathoulesch Kierch am Westen (Schisma).


  • 1457 huet sech an Béimen d'Unitas fratrum (ltz. Bridder Unitéit) gebilt, no hirer Verdreiwung duerch d'kathoulesch Kierch, hu si sech 1722 ënner dem Nikolaus Ludwig Grof vun Zinzendorf zu Sachsen neigegrënnt an sinn haut och ënner dem Numm Herrnhuter Brüdergemeine bekannt. Hiren éischten Bëschof war den bekannten Schoulpädagog Johann Amos Comenius. Si bréngen all Joer, an Zesummaarbecht mat den anere chrëschtleche Kierchen, d'Lousungsbiicher an iwwer 50 Sproochen eraus an sinn och wéinst den Herrnhuter Stären weltweit bekannt.


  • 1517 versichen den däitsche Martin Luther an seng Unhänger d'kathoulesch Kierch zu reforméieren an trennen sech leschtenenns vun der Mammekierch. Si bilden haut déi evangelesch Konfessioun. Zu där Zäit trenne sech och nach aner Gruppen of, wéi déi Schwäizer ëm de Jean Calvin an den Ulrich Zwingli. Zesumme mat den aneren evangelesche Konfessioune bilde si de Protestantismus an dowéinst nennt d'kathoulesch Kierch si Protestantesch Kierch.


  • 1534 trennt sech an England ënner dem Henry VIII. déi spéider Anglikanesch Kierch vun der kathoulescher.

  • Virun allem bis déif an d'19. Joerhonnert entsti vill nei evangelesch Konfessiounen weltwäit, déi nëmmen d'Bibel als eenzeg Autoritéit unerkennen a sech dowéinst "bibeltrei" nennen; z.B. Pietisten, Mennoniten, Baptisten, Pfingstler, a.s.w.. An der Regel sinn dëst sougenannt "Fräikierchen", déi keng Konventioun mat dem Staat hunn an sech selwer duerch Spende finanzéieren. Zu Lëtzebuerg hu si schätzungsweis e puer Dausend Memberen a ronn 100 Kierche mat verschiddenste Sproochen, awer et gi leider keng genee Zuelen, well se staark zerspléckt a eben net vum Staat unerkannt sinn.


  • 1870 trenne sech d'Alkatholike vun der kathoulescher Kierch well si d'Beschlëss vum Éischte vatikanesche Konzil net unhuelen.

  • Et ginn och nach zousätzlech eng Rei vu Sekten, déi een dorun erkenne kann, datt se zousätzlech Schrëften (beispillsweis d'Buch "Mormon") als gläichwäerteg oder souguer méi wichteg ewéi d'Bibel gesinn; z.B.: Mormonen, Zeie vum Jehova, etc..


Chrëschteverfolgungen hautdesdaags |


Obwuel d'Chrëschtentum déi meescht Unhänger weltwäit huet, sinn och am 20. an 21. Joerhonnert nach ëmmer Chrëschte verfollegt ginn. Nom Hëllefswierk "Open Doors" [3] ginn an iwwer 50 Länner op d'mannst 100 Millioune Chrëschte, wéinst hirem Glawen, verfollegt, mësshandelt, an de Prisong gestach oder souguer ëmbruecht. Am 20. Joerhonnert si méi Chrëschten ëmkomm wéi an deene leschten 19 Joerhonnerten zesummen. Sou zielt d'Chrëschtentum als déi am meeschte verfollegt Relioun.



Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Chrëschtentum – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. Global Christianity


  2. Jean-Louis Gindt, Wie entstanden die alten kirchlichen Glaubenbekenntnisse?


  3. Open Doors, im Dienst der verfolgten Christen weltweit




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Chrëschtentum&oldid=2108374“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.056","walltime":"0.074","ppvisitednodes":"value":174,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2501,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":131,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":1131,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 47.703 1 -total"," 19.09% 9.108 1 Schabloun:Referenzen"," 15.20% 7.250 1 Schabloun:Commonscat"," 11.15% 5.320 1 Schabloun:SkizzChrëscht"," 10.49% 5.006 1 Schabloun:Clr"," 10.30% 4.912 1 Schabloun:Commons"," 4.92% 2.347 1 Schabloun:SkizzMéi"," 4.33% 2.065 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1331","timestamp":"20190409203821","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":141,"wgHostname":"mw1271"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?