Skip to main content

Foussball Inhaltsverzeechnes Klassesch Foussballregelen | Foussballvarianten | Foussball International | Kuckt och | Um Spaweck | NavigatiounsmenüWebsäit vun der lëtzebuergescher FoussballfederatiounWebsäit vun den M-block fanaticsPrivatwebsäit iwwer de letzebuergesche Foussbal vum Arno Funck

Foussball


EuropaSüdamerikaAfrikaAsienGolBallFéissHännÄermGolkippArbitterrechteckegeFutsal1950er1989FIFA2004TaiwanFoussballtennisTennisMotoballAshbourneDerbyshireGroussbritannienFIFAAFCAsienCAFAfrikaCONCACAFNord- a MëttelamerikaCSFSüdamerikaOFCOzeanienUEFAEuropaFédération luxembourgeoise de footballenglescheThe Football Association1863FA Cup187172Liga System












Foussball




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen






Soccer stub.svg
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.



Ee Spiller (rout) huet zwéi Verdeedeger vun där anerer Equipe (wäiss) hanner sech gelooss an ass elo drop an drun, fir de Ball a Richtung Gol ze schéissen


Foussball, Futtball oder Fussball, an Nordamerika soccer genannt, ass eng vun de populäerste Sportaarten op der ganzer Welt. Absënns an Europa, Südamerika an Afrika, mä och an Deeler vun Asien dominéiert de Foussball d'Sportsberichter.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Klassesch Foussballregelen


  • 2 Foussballvarianten

    • 2.1 Halefoussball


    • 2.2 Futsal


    • 2.3 Foussballtennis


    • 2.4 Motoball


    • 2.5 Shrovetide


    • 2.6 Héichball


    • 2.7 Roboterfoussball


    • 2.8 Englesche Foussball


    • 2.9 Beach Soccer


    • 2.10 Dräisäitege Foussball



  • 3 Foussball International

    • 3.1 Lëtzebuerg


    • 3.2 England



  • 4 Kuckt och


  • 5 Um Spaweck




Klassesch Foussballregelen |


Foussball, ass e Ballspill bei deem zwou Equippe vu jeeweils eelef Spiller openeentreffen, an all Equipe versicht ze gewannen andeems se méi Goler schéisst wéi déi aner. E Gol fält, wann de Ball iwwer d'Gollinn tëscht de Golpoteauen an ënner d'Gollat geet.


Foussball spillt een normalerweis mat de Féiss (dohier och den Numm), mä e Spiller kann u sech egal watfir e Kierperdeel ausser den Hänn an den Äerm benotzen, fir de Ball ze hoen. De Golkipp ass deen eenzege vun der Equipe, deen de Ball am 16-Meterraum vu senger Hallschent an de Grapp däerf huelen.


E Foussballspill dauert bei den Erwuessenen 90 Minutten, woubäi awer no 45 Minutten eng Paus ass, an duerno d'Säite gewiesselt ginn. Bei all offiziellem Match gëtt et een Arbitter, deen drop oppasst datt d'Spiller d'Regelen anhalen. Hie gëtt ënnerstëtzt vun zwéi Linieriichteren.


Den Terrain besteet aus engem rechteckege fräie Feld, deem seng Moossen net genormt sinn. Just fir Lännermatcher muss den Terrain an der Längt tëscht 100 an 110 Meter an an der Breet tëscht 64 a 75 Meter sinn. Déi offiziell Moosse vum Gol si 7,32 Meter an der Breet an 2,44 Meter an der Héicht.



Foussballvarianten |


Nieft dem populäre Foussball, gëtt et nach verschidden aner Variante vu Foussball. Déi hunn allerdéngs net sou vill Succès.



Halefoussball |


Halefoussball gëtt, wéi den Numm et scho seet, an der Hal ausgedroen. Allerdéngs ass d'Feld hei méi kleng wéi beim Feld-Foussball an et gëtt eng Bandebegrenzung. Sou ass d'Spill och méi séier an et ginn och méi Goler geschoss. Halefoussball gëtt zanter den 1970er Jore gespillt, virun allem am Jugend- an Amateurberäich.



Futsal |


Futsal gëtt d'selwecht wéi am Halefoussball an der Hal gespillt. Allerdéngs huet ee beim Futsal keng Banden, d. h. datt de Ball och am "Aus", also baussent dem Spillfeld, geschoss ka ginn (wéi beim Feld-Foussball). Den Urspronk vum Futsal läit a Südamerika, wou déi Foussballvariant zanter den 1950er Jore gespillt gëtt. Am Joer 1989 gouf Futsal vun der FIFA als zousätzlech Sportaart opgeholl. Am November 2004 gouf déi fënneft Weltmeeschterschaft op Taiwan ausgedroen. Futsal ass virun allem a Südamerika, Südeuropa an Osteuropa verbreet. Sou gëtt et a Spuenien eng eege Profiliga mat 16 Equippen.



Foussballtennis |


Foussballtennis ass eng onbekannt Variant vum Foussball, och wann et en offizielle Verband an eng eege Weltmeeschterschaft gëtt. Et gëtt iwwer en Netz gespillt, d'Feld ass ongefeier sou grouss wéi eent am Tennis an nëmmen zwéi, véier oder sechs Spiller spille géinteneen.



Motoball |


Motoball ass Foussball op Motorrieder, wou ee vun deene véier Matspiller de Ball, dee méi grouss wéi en normale Foussball ass, an de géigneresche Gol schéisse muss. Dëst ka mam Fouss oder mam viischte Rad vum Motor geschéien.



Shrovetide |


De Shrovetide-Foussball, offiziell och Royal Shrovetide Football genannt, gëtt zanter dem 12. Joerhonnert all Joer an der Fuesend zu Ashbourne, am Derbyshire a Groussbritannien gespillt. D'Spillfeld ass mat dräi Meile wuel de längste Foussballsterrain vun der Welt.



Héichball |


Héichball ass eng weider Foussballvariant déi meeschtens vu Jugendleche gespillt gëtt. Zil vum Spill ass et de Ball direkt (Volleyschoss oder Kappball), also ouni optuppe vum Ball op de Buedem, an de Gol ze schéissen.



Roboterfoussball |



Englesche Foussball |



Beach Soccer |


Beach Soccer gëtt wei d'Wuert et seet op der Plage bezéiungsweis op Plagesand gespillt.



Dräisäitege Foussball |



Foussball International |


Op internationalem Niveau gëtt de Foussball vum Weltverband FIFA (Fédération Internationale de Football Association) organiséiert. Donieft gëtt et 6 Kontinentalverbänn (Konfederatiounen) AFC (Asien), CAF (Afrika), CONCACAF (Nord- a Mëttelamerika), CSF (Südamerika), OFC (Ozeanien) an UEFA (Europa).


Déi national Verbänn sinn an der Regel Member vu suwuel der FIFA wéi och vun der respektiver Konfederatioun.



Lëtzebuerg |


Zu Lëtzebuerg gëtt den organiséierte Foussball vun der Fédération luxembourgeoise de football (FLF) geregelt.



England |


Den englesche Foussballverband The Football Association (the FA) ass deen eelsten op der Welt an ass 1863 gegrënnt ginn. An England gëtt och déi eelst Kompetitioun ofgehalen, nämlech den FA Cup, deen zanter 1871/72 all Joer (mat Ausnam vun de Weltkricher) ausgedroe gëtt.


De Foussball an England ass, wéi an deene meeschten anere Länner och, no engem Liga System organiséiert.



Kuckt och |


  • Fédération luxembourgeoise de football


Um Spaweck |


  • Websäit vun der lëtzebuergescher Foussballfederatioun

  • Websäit vun den M-block fanatics

  • Privatwebsäit iwwer de letzebuergesche Foussbal vum Arno Funck







Commons-logo.svg
   



Commons: Association football – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Foussball&oldid=2165255“










Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.032","walltime":"0.050","ppvisitednodes":"value":139,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2361,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":159,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 13.918 1 -total"," 65.82% 9.161 1 Schabloun:Commonscat"," 41.99% 5.844 1 Schabloun:Commons"," 32.94% 4.584 1 Schabloun:SkizzSport"," 16.97% 2.362 1 Schabloun:Link-Bild"," 14.56% 2.027 1 Schabloun:SkizzMéi"],"cachereport":"origin":"mw1323","timestamp":"20190514201030","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Foussball","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Foussball","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q2736","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q2736","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-04-06T18:45:53Z","dateModified":"2019-02-24T17:28:26Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/b/b9/Football_iu_1996.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":144,"wgHostname":"mw1273"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?