Skip to main content

1939 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüD'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 21. Januar 1939 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 29. Januar 1939 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland de 26. Mäerz 1939 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 30. Abrëll 1939 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 14. Mee 1939 op der Websäit vun European Football

Joren (20. Joerhonnert)1939


◄19. Joerhonnert21. Joerhonnert◄◄◄19351936193719381940194119421943►►►












1939




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
 
◄◄ |
◄ |
1935 |
1936 |
1937 |
1938 |
1939
| 1940
| 1941
| 1942
| 1943
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 1939.




Mam däitschen Ugrëff op d'Westerplatte zu Danzig fänkt den Zweete Weltkrich un.




De Joachim von Ribbentrop an de Josef Stalin ënnerschreiwen den Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt.




Polnesch Zaldoten, déi vun der Rouder Arméi gefaangegeholl goufen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Arabesch Welt



  • 2 Konscht a Kultur

    • 2.1 Molerei


    • 2.2 Literatur


    • 2.3 Musek


    • 2.4 Kino



  • 3 Wëssenschaft an Technik


  • 4 Sport


  • 5 Gebuer


  • 6 Gestuerwen


  • 7 Um Spaweck


  • 8 Referenzen




Evenementer |



Europa |



  • 01. Januar: Am Däitsche Räich musse Judde sech duerch en Zousaz un hiren hiren Numm als sollech erkenntlech maachen.


  • 31. Januar: Am Däitsche Räich verléiere jiddesch Apdikter, Zänndokteren a Veterinäre hir Approbatiounen.


  • 31. Januar: An enger Ried virum Reichstag kënnegt den Hitler am Fall vun engem neie Weltkrich d'"Vernichtung vun der jiddescher Rass an Europa" un.


  • 22. Februar: Am Däitsche Räich verléieren d'Judden d'Recht en Auto ze fueren oder ze besëtzen.


  • 02. Mäerz: De Kardinol Eugenio Pacelli gëtt, als Pius XII., Poopst.


  • 14. Mäerz: D'slowakescht Parlament rifft d'Onofhängegkeet aus.


  • 15. Mäerz: Däitsch Truppe marschéieren a Béimen a Mähren (vun hinne "Rest-Tschechei" genannt) an, den Hitler paradéiert zu Prag.


  • 15. Mäerz: Ungarn fänkt un d'Karpato-Ukrain z'anektéieren.


  • 16. Mäerz: Däitschland mécht aus dem besate Béimen a Mieren d'Protektorat Böhmen und Mähren.


  • 22. Mäerz: Litauen muss d'Memelland dem Däitsche Räich iwwerloossen.


  • 24. Mäerz: Groussbritannien a Frankräich wëlle sech géigesäiteg ënnerstëtzen am Fall wou si vun Däitschland ugegraff ginn.


  • 28. Mäerz: Dem Generol Franco seng Truppen eruewere Madrid.


  • 31. Mäerz: Der britesche Premierminister Neville Chamberlain verkënnegt eng britesch-franséische Garantie fir Polen.


  • 01. Abrëll: Enn vum Spuenesche Biergerkrich.


  • 05. Abrëll: Den Albert Lebrun gëtt vun der Assemblée nationale zum franséische Staatspresident erëmgewielt.


  • 07. Abrëll: Italien annektéiert d'Kinnekräich Albanien.


  • 30. Abrëll: Am Däitsche Räich kënne Judden hire Bail gekënnegt kréien, se mussen dann a soufgenannte „Judenhäuser“ wunne goen.


  • 22. Mee: Italien an Däitschland schléissen ee Frëndschafts- a Bündnispakt


  • 23. August: De Stalin an den Hitler ënnerschreiwen den Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt


  • 01. September: Ufank vum Zweete Weltkrich, däitsch Truppe marschéieren a Polen an.


  • 01. September: Am Däitsche Räich ass et strofbar, auslännesche Radiosendungen ze lauschteren, d'Doudesstrof dréit deem, deen dës Noriichte verbreet.


  • 02. September: Frankräich a Groussbritannien stellen Däitschland en Ultimatum, sech nees aus Polen zréckzezéien.


  • 03. September: Krichserklärung vu Frankräich a Groussbritannien un dat Däitscht Räich.


  • 14. September: A Frankräich dekretéiert d'Regierung, datt all Männer tëscht 18 a 55 Joer, déi d'Nationalitéit vun enger "feindlecher Natioun" hunn, a Sammellager internéiert solle ginn.


  • 17. September: Sowjetesch Truppen marschéieren an den ëstlechen Deel vu Polen an. D'Sowjetunioun an Däitschland deele sech Polen op.


  • 19. September: Bei der Schluecht bei der Bzura ginn 170.000 polnesch Zaldote gefaange geholl.


  • 06. Oktober: Polen kapituléiert.


  • 26. Oktober: De Weste vum eruewerte Polen gëtt vum Däitsche Räich annektéiert, de Rescht als "Generalgouvernement" besat.


  • 30. November: Russesch Fliger bombardéieren déi finnesch Haaptstad Helsinki, de Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich huet ugefaangen.


Lëtzebuerg |



  • 05. Januar: De Prënz Jean gëtt groussjäreg an domat Grand-Duc Héritier.


  • 19. Abrëll: Optakt vun de Feierlechkeeten, déi Méint duerno, fir "honnert Joer Onofhängegkeet".


  • 21. September: Radio Lëtzebuerg hält op mat senden.


Afrika |



  • 07. Abrëll: Italienesch Truppe marschéieren an Ethiopien an


Amerika |



USA |



  • 05. September: D'USA a Japan erklären hir Neutralitéit am europäesche Krich.


  • 10. September: Kanada erkläert Däitschland de Krich.


Südamerika |



  • 28. Januar: Bei engem Äerdbiewen am Chile kommen eng 28.000 Leit ëm d'Liewen.


  • 08. Dezember: Am Peru kënnt den Diktator Manuel Prado Ugarteche un d'Muecht.


Asien |



  • 14. Juni: Siam gëtt an Thailand ëmbenannt (Prathet Thai = „Land vun deene Fräien“).


Ozeanien & Pazifik |



Arabesch Welt |



  • 09. Februar: Op der Palestina-Konferenz zu London plädéieren d'Araber dofir datt keng Juden méi a Palestina sollen awanderen, an datt Palestina soll een Araber-Staat ginn.


Konscht a Kultur |



Molerei |



Literatur |



Musek |



Kino |



  • 17. August: De Film The Wizard of Oz mam Judy Garland gëtt fir d'éischt opgefouert


  • 15. Dezember: De Film Gone with the Wind mam Clark Gable a Vivien Leigh huet Première an den USA


  • Les fabuleuses années 20 vum Raoul Walsh.


Wëssenschaft an Technik |



  • 28. Juni: Déi amerikanesch Fluchgesellschaft PanAm mécht deen éischte Passagéierflug USA-Europa.


Sport |



  • 21. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Saint-Ouen 2:4 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Mart an de Gusty Kemp geschoss.[1]


  • 29. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Diddeleng 5:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Oscar Stamet, Camille Libar (3) a Gusty Kemp geschoss.[2]


  • 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Déifferdeng 2:1 géint Däitschland. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[3]


  • 30. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Arel 0:3 géint Belsch.[4]


  • 14. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Luzern 1:9 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Emile Everard geschoss.[5]


  • 30. Juli: De Belsch Sylvère Maes gewënnt den Tour de France


Gebuer |



  • 01. Januar: Michèle Mercier, franséisch Schauspillerin.


  • 01. Januar: Ramon Humbert, lëtzebuergesche Liichtathlet.


  • 02. Januar: Michel Raus, lëtzebuergesche Jounalist a Schrëftsteller.


  • 04. Januar: Wenjamin Wassiljewitsch Soldatenko, sowjetesche Marcheur.


  • 09. Januar: Susannah York, britesch Schauspillerin an Auteur.


  • 10. Januar: Scott McKenzie, US-amerikanesche Museker.


  • 27. Januar: Ann Comfort, britesch Schauspillerin.


  • 31. Januar: Lydie Schmit, lëtzebuergesch Politikerin.


  • 01. Februar: Claude François, franséische Sänger.


  • 03. Februar: Michael Cimino, US-amerikanesche Filmregisseur.


  • 12. Februar: Ray Manzarek, US-amerikanesche Museker.


  • 13. Februar: Raymond Bley, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 17. Februar:Mary Ann Mobley, US-amerikanesch Filmschauspillerin.


  • 24. Februar: Marisa Mell, éisträichesch Schauspillerin.


  • 25. Februar: Ray Philippe, lëtzebuergesche Boxer.


  • 03. Mäerz: Ariane Mnouchkine, franséisch Theater- a Filmregisseurin, Theaterdirektesch an Auteure.


  • 07. Mäerz: Danyel Gérard, franséische Schlagersänger a Komponist.


  • 09. Mäerz: Jean-Pierre Chevènement, franséische Politiker.


  • 09. Mäerz: Jochen Pützenbacher, däitsche Radiospeaker.


  • 10. Mäerz: Charles-Marie Ternes, docteur en philosophie et lettres, Professer am Lycée Robert-Schuman.


  • 13. Mäerz: Neil Sedaka, US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer.


  • 14. Mäerz: Bertrand Blier, Filmregisseur.

  • 14. Mäerz: Yves Boisset, Filmregisseur.


  • 18. Mäerz: Peter Kraus, däitsche Schauspiller a Sänger.


  • 22. Mäerz: Romain Schintgen, lëtzebuergesche Jurist.


  • 23. Mäerz: Claude Schintgen, lëtzebuergesche Ringer.


  • 29. Mäerz: Nicole Castan, franséisch Molerin.

  • 29. Mäerz: Terence Hill, italienesche Schauspiller.


  • 31. Mäerz: Volker Schlöndorff, däitsche Filmregisseur a Produzent.


  • 02. Abrëll: Marvin Gaye, US-amerikanesche Soul- a R&B-Sänger.


  • 04. Abrëll: Hugh Masekela, südafrikaneschen Jazzmuseker.


  • 07. Abrëll: Francis Ford Coppola, Filmregisseur.


  • 08. Abrëll: François Kohl, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 11. Abrëll: Fred Sunnen, lëtzebuergesche Politiker.


  • 13. Abrëll: Seamus Heaney, iresche Schrëftsteller.

  • 13. Abrëll: Erny Schweitzer, lëtzebuergesche Schwëmmer.


  • 16. Abrëll: Dusty Springfield, britesch Soulsängerin.


  • 17. Abrëll: Pit Nicolas, lëtzebuergesche Sculpteur.

  • 17. Abrëll: Karin Székessy, däitsch Fotografin]]


  • 20. Abrëll: Angela Boeres-Vettor, franséisch Schrëftstellerin.

  • 20. Abrëll: Gro Harlem Brundtland, norwegesch Politikerin.

  • 20. Abrëll: Camille Dimmer, fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.


  • 22. Abrëll: Jul Christophory, lëtzebuergeschen Auteur.


  • 27. Abrëll: João Bernardo Vieira, Politiker aus Guinea-Bissau.


  • 03. Mee: Marcel Sauber, lëtzebuergesche Politiker.


  • 03. Mee: Helmut Thoma, éisträichesche Manager.


  • 04. Mee: Amos Oz, israelesche Schrëftsteller.


  • 07. Mee: Ruud Lubbers, hollännesche Politiker, Héije Flüchtlingskommissar vun de Vereenten Natiounen.


  • 09. Mee: Pierre Desproges, franséische Humorist an Auteur.


  • 10. Mee: Robert Darnton, US-amerikaneschen Historiker.

  • 10. Mee: Franco Pacini, italieneschen Astronom an Astrophysiker.


  • 13. Mee: Harvey Keitel, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 14. Mee: Veruschka von Lehndorff, däitscht Fotomodell, Schauspillerin.


  • 18. Mee: Hark Bohm, Filmregisseur.

  • 18. Mee: Giovanni Falcone, italienesche Jurist, Mafia-Jeeër.


  • 19. Mee: James Fox, englesche Schauspiller.


  • 22. Mee: Roger Thull, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 25. Mee: Ferdinand Bracke, belsche Vëlossportler.

  • 25. Mee: Dixie Carter, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 30. Mee: Marisa Solinas, italienesch Schauspillerin a Sängerin.


  • 31. Mee: Terry Waite, briteschen Humanist a Buchauteur.


  • 04. Juni: Marcel Balthasar, lëtzebuergesche Bouschéisser.


  • 07. Juni: Roger Michel Erasmy, lëtzebuergeschen Auteur.


  • 09. Juni: Andrzej Szeptycki, polneschen Taxonomist.


  • 10. Juni: Alexandra Stewart, kanadesch Schauspillerin.


  • 17. Juni: Krzysztof Zanussi, polnesche Filmproduzent a Regisseur


  • 19. Juni: Al Wilson, US-amerikanesche Soulmuseker.


  • 24. Juni: Michael Gothard, britesche Schauspiller.


  • 01. Juli: Karen Black, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.


  • 03. Juli: Brigitte Fassbaender, däitsch Sängerin, Regisseurin an Intedantin.


  • 03. Juli: László Kovács, ungaresche Politiker.


  • 03. Juli: François Terrasson, franséischen Auteur an Naturalist.


  • 14. Juli: Peter Goldreich, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.

  • 14. Juli: Karel Gott, tschechesche Schlagersänger.


  • 15. Juli: Seyyed Alī Chāmene'ī, politeschen a reliéise Leader am Iran.

  • 15. Juli: Aníbal Cavaco Silva, portugisesche Politiker (Premierminister, President).


  • 16. Juli: Ruth Perry, liberianesch Politikerin.


  • 17. Juli: Milva, italienesch Sängerin a Schauspillerin.


  • 19. Juli: Maurice Thoss, lëtzebuergesche Politiker.


  • 26. Juli: Ray Cillien, lëtzebuergesche Boxer.

  • 26. Juli: John Howard, australesche Politiker.

  • 26. Juli: Dieter Wagner, Moler, Graphiker a Galerist.


  • 30. Juli: Peter Bogdanovich, US-amerikanesche Regisseur.


  • 02. August: Wes Craven, US-amerikanesche Regisseur an Dréibuchauteur.


  • 04. August: Frank Vincent, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 08. August: Ronald Biggs, Member vun enger britischer Raiberband.


  • 09. August: Romano Prodi, italienesche Politiker (Ministerpresident) a President vun der Europäescher Kommissioun.


  • 13. August: Erika Berger, däitsch Moderatorin a Sexberoderin.


  • 25. August: John Badham, Filmregisseur.


  • 27. August: Yolande Kieffer, lëtzebuergesch Journalistin.


  • 29. August: Mario Castegnaro, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.


  • 01. September: Marcel Kreuter, lëtzebuergeschen Handballspiller an -trainer


  • 02. September: Jack Lang, franséische Politiker.


  • 03. September: Vivi Bach, dänesch Sängerin, Schauspillerin, Teleesprésentatrice a Schrëftstellerin.


  • 03. September: Jean Link, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Fechter.


  • 03. September: Carlo Losch, lëtzebuergesche Professer, Moler a Schrëftsteller.


  • 05. September: George Lazenby, britesche Schauspiller.


  • 11. September: René Andring, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 13. September: Richard Kiel, Us-amerikanesche Schauspiller.


  • 18. September: Jorge Sampaio, portugisesche Schrëftsteller a Staatspresident.


  • 19. September: Nicolas Libar, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 30. September: Jean-Marie Lehn, franséische Chemiker.


  • 04. Oktober: Jean-François Laguionie, franséische Schrëftsteller an Trickfilm-Regisseur.


  • 05. Oktober: Marie Laforêt franco-schwäizeresch Schauspillerin a Sängerin.


  • 09. Oktober: Alphonse Lutgen, lëtzebuergesche Fotograf.


  • 22. Oktober: Fernand Barnich, lëtzebuergeschen Auteur.


  • 23. Oktober: Jacques Steiwer, lëtzebuergesche Professer.


  • 24. Oktober: F. Murray Abraham, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 26. Oktober: Robert Schiel, lëtzebuergesche Fechter.

  • 26. Oktober: Ginette Rossini, lëtzebuergesch Fechterin.


  • 27. Oktober: John Cleese, englesche Komiker, Schauspiller an Dréibuchauteut.


  • 28. Oktober: René Kauffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 01. November: Bernard Kouchner, franséischen Dokter, Politiker, Grënner vun Hëllefsorganisatiounen.


  • 02. November: Richard Serra, US-amerikanesche Sculpteur.


  • 09. November: Marco Bellocchio, Filmregisseur.


  • 18. November: Amanda Lear, Sängerin, Molerin, Moderatorin, Auteure a Schauspillerin.


  • 19. November: Emil Constantinescu, Politiker, Staatspresident vu Rumänien.


  • 21. November: Jeannot Szwarc, franséische Filmregisseur.


  • 26. November: Tina Turner, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.


  • 27. November: Laurent-Désiré Kabila, President vun der Demokratescher Republik Kongo.


  • 02. Dezember: Edouard Didier, lëtzebuergesche Fechter.


  • 14. Dezember: Micky Erpelding, lëtzebuergesch Speakerin, Schauspillerin a Politikerin.


  • 14. Dezember: Alessandra Panaro, italienesch Schauspillerin.


  • 15. Dezember: Yvonne Monlaur, franséisch Filmschauspillerin.


  • 16. Dezember: Raymond Ruffini, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 17. Dezember: Johny Hilbert, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 21. Dezember: Giuseppe Forti, italieneschen Astronom.


  • 24. Dezember: Jean-Pierre Kraemer, lëtzebuergesche Schrëftsteller.


  • 26. Dezember: Lutz Niethammer, däitschen Historiker.


  • Jean-Baptiste Tati-Loutard, kongolesesche Schrëftsteller.


  • Bernhard vom Brocke, däitschen Historiker.


  • Georges Wagner, lëtzebuergesche Museksdirigent.


Gestuerwen |



  • 000Fritz Wagner, däitsche Moler.


  • 15. Januar: Paul Séjourné, franséischen Ingenieur.


  • 28. Januar: William Butler Yeats, iresche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.


  • 04. Februar: Edward Sapir, US-amerikaneschen Anthropolog a Linguist.


  • 10. Februar: Poopst Pius XI.


  • 22. Februar: Antonio Machado, spueneschen Dichter.


  • 02. Mäerz: Howard Carter, engleschen Archeolog.


  • 11. Mäerz: Henri Simon, Wallounesche Schrëftsteller


  • 21. Mäerz: Evald Aav, estnesche Sänger, Komponist a Chouerdirigent.


  • 20. Abrëll: Paul Schroell, den Editeur vun de Cahiers Luxembourgeois a Grënner vum Escher Tageblatt.


  • 24. Abrëll: Louis Trousselier, franséischen Tour de France Gewënner.


  • 14. Mee: Paul Funck, lëtzebuergeschen Architekt.


  • 25. Mee: Frank Dyson, engleschen Astronom.


  • 26. Juni: Ford Madox Ford, britesche Schrëftsteller.


  • 14. Juli: Alfons Maria Mucha, tschechesche Graphiker, Illustrateur a Moler.


  • 23. September: Sigmund Freud, éisträicheschen Neurolog.


  • 29. September: Paul Medinger, lëtzebuergeschen Historiker.


  • 08. Oktober: Victor Dondelinger, lëtzebuergeschen Ingenieur.


  • 12. Oktober: Melchior Bourg-Gemen, lëtzebuergesche Rousenziichter.


  • 25. Oktober: Anton Eiselsberg, éisträichesche Chirurg.


  • 24. Dezember: Eugène Reichling, lëtzebuergesche Politiker.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 1939 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 21. Januar 1939 op der Websäit vun European Football


  2. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 29. Januar 1939 op der Websäit vun European Football


  3. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland de 26. Mäerz 1939 op der Websäit vun European Football


  4. D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 30. Abrëll 1939 op der Websäit vun European Football


  5. D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 14. Mee 1939 op der Websäit vun European Football




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=1939&oldid=2163910“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.204","walltime":"0.358","ppvisitednodes":"value":1033,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":8437,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":2140,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 236.976 1 -total"," 5.00% 11.841 1 Schabloun:1._Februar"," 4.29% 10.162 1 Schabloun:Referenzen"," 4.21% 9.979 1 Schabloun:2._Abrëll"," 4.10% 9.709 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 4.09% 9.701 1 Schabloun:8._Dezember"," 3.22% 7.626 1 Schabloun:3._Juli"," 3.22% 7.620 1 Schabloun:Commonscat"," 2.93% 6.939 1 Schabloun:7._Mäerz"," 2.83% 6.707 1 Schabloun:7._Juni"],"cachereport":"origin":"mw1333","timestamp":"20190317092128","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"1939","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/1939","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q18639","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q18639","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-09-27T11:48:13Z","dateModified":"2019-02-20T10:18:17Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/b/b9/Bundesarchiv_Bild_183-E10718%2C_Danzig%2C_Westerplatte%2C_Wald.jpg"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":174,"wgHostname":"mw1261"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?