Skip to main content

Pafemillen Inhaltsverzeechnes Millen | Klouschter | Monument | Literatur | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen an Notten Navigatiounsmenü50° 06’ 29’’ N06° 00’ 25’’ O

Kanton KlierfGemeng WëntgerGemeng ËlwenKléischter an Abteien zu LëtzebuergHäff a Lieu-diten zu LëtzebuergCommemoratiounsplaze vum Zweete Weltkrich zu LëtzebuergJuddentum zu Lëtzebuerg


Lieu-ditËlwenWëntgerKlouschterHäerz-Jesu PaterenEisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen1943Judden aus LëtzebuergGhettoLodzTerezinVernichtungslagerAuschwitz-Birkenaudäitschen OkkupantDikrechGestapoEisebunnsstreck Lëtzebuerg-ËlwenAltersheemGhettoLitzmanstadtBelsenSobiborMajdanekTheresienstadtZweete WeltkrichKlenge Maarnicher FestivalShoahShoah zu Lëtzebuerg1969Lucien WercollierKZ Natzweiler-StruthofElsass3. Juli2005Shoah zu Lëtzebuerg












Pafemillen




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


















Pafemillen

Pafemillen Auschwitz Monument w2.jpg
Aussprooch

An anere Sproochen
fr: Cinqfontaines
de: Fünfbrunnen
Land
Lëtzebuerg
Kanton
Klierf
Gemeng
Coat of arms wincrange luxbrg.png Wëntger
Coat of arms troisvierges luxbrg.png Ëlwen
Buergermeeschter
Marcel Thommes (CSV)
Édouard Mertens
Awunner
15 (06.02.2008)
Koordinaten
50° 06’ 29’’ N
06° 00’ 25’’ O






Erënnerungsplack op der Pafemillen





Chalet Léon Dehon, Dortoiren a Refectoir





D'Klouschter vun hanne gesinn


D'Pafemillen ass e Lieu-dit an de Gemengen Ëlwen a Wëntger a besteet aus dem Klouschter vun den Häerz-Jesu Pateren an dem Chalet Léon Dehon direkt niewendrun. Déi Gebaier stinn all um Territoire vun der Gemeng Wëntger laanscht d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen.


Zwëschen Oktober 1941 an Abrëll 1943 goufe 674 Judden aus Lëtzebuerg vu Fünfbrunnen an den däitsch-polnesche Ghetto Lodz (Litzmannstadt), op Terezin an an d'Vernichtungslager op Auschwitz-Birkenau deportéiert. Dëst ass an aacht verschiddene Convoie geschitt.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Millen


  • 2 Klouschter

    • 2.1 "Jüdisches Altersheim Fünfbrunnen"


    • 2.2 Duerno



  • 3 Monument


  • 4 Literatur


  • 5 Kuckt och


  • 6 Um Spaweck


  • 7 Referenzen an Notten




Millen |


Den Numm geet zréck op eng Millen.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fënnefburer Millen



Klouschter |


D'Klouschter ass am Joer 1903 vun däitschen Häerz-Jesu-Patere gebaut ginn, an huet sou zu der däitscher Uerdensprovënz gehéiert.



"Jüdisches Altersheim Fünfbrunnen" |


De 4. März 1941 gouf d'Klouschter vum däitschen Okkupant opgeléist. D'Pateren an d'Novizen, an der Majoritéit Däitscher, goufen heemgeschéckt. Et blouwe just eng kuerz Zäit nach acht Bridder do, déi dunn eleng déi ufalend Aarbechten am Klouschter an um ugeschlossene Baurewiesen hu misse maachen. Zu gläicher Zäit gëtt e "kommisaresche Verwalter" agesat, e gewësse Bantz vun Dikrech, deen allgemeng als Nazi bekannt war.


Am Juli 1941 huet d'Gestapo bestëmmt, fir am opgeléiste Klouschter, dat entleeën, mä direkt op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen läit, e jiddescht "Altersheem" anzeriichten. A Wierklechkeet sollten d'Gebaier awer als Tëschestatioun fir de Weidertransport a sougenannt Vernichtungslager déngen. Vum 11. August 1941 u goufe sou an deem Internéierungslager eng 300 jiddesch Persoune konzentréiert, net nëmmen al a krank Leit, mä och Kanner.


De 16. Oktober 1941 war den éischten Transport, de sougenannte "Luxemburger Transport"[1] an de Ghetto vu Litzmanstadt (Łódź). Am Abrëll 1942, am Juli 1943 an am Abrëll 1943 gouf et weider Transporter vun der Pafemillen a Richtung Belsen, Sobibor, Majdanek an Theresienstadt.


Vum leschten Transport, am Juni 1943 mat 11 Persounen, kënnt een Deel op Theresienstadt, en anere mat kranke Leit aus der Santé vun Ettelbréck, direkt op Auschwitz. Zwee vun deenen hunn iwwerlieft.



Duerno |


Um Enn vum Zweete Weltkrich an nach kuerz duerno war d'Klouschter eng Zäit e Spidol fir amerikanesch Zaldoten.


Duerno huet déi belsch-lëtzebuergesch Uerdensprovënz vun de Pateren d'Klouschter iwwerholl.


Haut gi Retraiten do gehalen. Et sinn och vill Studenten, déi d'Rou vum Klouschter benotzen, an do fir hir Exame léieren.


An der Klouschterkapell ass all Joer am Kader vum Klenge Maarnicher Festival e Gedenkconcert fir d'Affer vun der Shoah.



Monument |


Als Erënnerung un d'Roll, déi d'Gebai an der Shoah zu Lëtzebuerg gespillt huet, gouf am Juli 1969 gouf e Monument ageweit, dat vum Lucien Wercollier entworf gi war, an dat un déi vun do verschleefte Judde sollt erënneren.


Déi fënnef Bléck aus rosaem Granit, sollen e gekrëmmte Mënsch duerstellen. Se kommen aus der Carrière vum fréiere KZ Natzweiler-Struthof am Elsass. Dragrawéiert sinn déi hebräesch Buschtawen (vun uewen no ënnen): taw (ת), nun (נ), sade (צ), beth (ב) an he (ה). Se sti fir d'Ufanksbuschtawe vun de Wierder vun engem hebräesche Saz, deen op Lëtzebuergesch heescht "Seng Séil soll verbonne si mat dem Bond vum éiwege Liewen".


Den 3. Juli 2005 war beim Monument eng Erënnerungsfeier un d'Shoah zu Lëtzebuerg mat Aweiung vun engem Informatiounspanneau. Dorop ass ze liesen: 1940-1945. Pour avoir été Juifs, 700 hommes et femmes furent déportés d'ici au camp d'extermination d'Auschwitz par l'occupant nazi. Seuls quelques-uns en revinrent. Que ce martyre reste gravé dans vos mémoires et vous inspire la fraternité et la paix.



Literatur |


  • Schulz, Jürgen Michael, 2008. Fünfbrunnen. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 203-208. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1


Kuckt och |


  • Fënnefburer Millen

  • Kléischter zu Lëtzebuerg

  • Holocaust zu Lëtzebuerg

  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:


Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf

  • Monumenter am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:

Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Kapellen · Lancaster Memorial zu Wäisswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:

Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:

Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf
  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften

  • Lëtzebuerger Kantonen

  • Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Pafemillen – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten



  1. De Sonderzug Da 3 vun der Däitscher Reichsbunn, huet d'Stater Gare de 16. Oktober 1941 mat 323 jüddeschen Awunner verlooss. Zu Tréier koumen nach 189 Judden aus deem Raum dobäi. Den 18. Oktober si se géint Mëtteg am Ghetto ukomm. Dee Sonderzug huet aus 3. Klass Wegmann-Voiture bestanen, d'Deportéiert hunn d'Billjeeë misse selwer bezuelen.



D'Pafemillen - 7. Mee 2008










Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Pafemillen&oldid=2099093“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.440","walltime":"0.585","ppvisitednodes":"value":826,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":15156,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":2147,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":11,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":3,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":606,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":4,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 487.818 1 -total"," 89.05% 434.390 2 Schabloun:Infobox"," 88.26% 430.552 1 Schabloun:Infobox_Uertschaft_Lëtzebuerg"," 79.04% 385.560 21 Schabloun:If_empty"," 56.38% 275.054 23 Schabloun:Wikidata"," 4.41% 21.495 1 Schabloun:Wëntger"," 2.22% 10.829 1 Schabloun:Ëlwen"," 2.06% 10.061 1 Schabloun:Br_separated_entries"," 1.52% 7.432 1 Schabloun:Commonscat"," 1.39% 6.763 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.297","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":7034302,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1248","timestamp":"20190406024843","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Pafemillen","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Pafemillen","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q1481839","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q1481839","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-06-30T01:54:39Z","dateModified":"2018-02-24T22:08:04Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/3/33/Pafemillen_Auschwitz_Monument_w2.jpg"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":128,"wgHostname":"mw1320"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü