Skip to main content

Nationaalt Streikmonument Inhaltsverzeechnes Beschreiwung | Relieffer vum Lucien Wercollier | Interessantes | Literatur | Kuckt och | Fotoalbum | Referenzen Navigatiounsmenü49° 57’ 59.9’’ N 5° 56’ 2.2’’ OService des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale

Krichsmonumenter zu Lëtzebuerg (Zweete Weltkrich)National Monumenter a Landschaften zu LëtzebuergGemeng Wolz


Wolz31. August1. September19425. September195430. September1956ZwangsrekrutéierungLëtzebuergLiichttuermLanterKryptaWëlzer SchiferArchitektRoger WercollierLucien WercollierReliefferhl. SebastianSandsteenSaverne












Nationaalt Streikmonument




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



Geographesch Koordinaten:
49° 57’ 59.9’’ N 5° 56’ 2.2’’ O




D'Monument mat der Plaz ronderëm, vun der rue du 31 Août 1942 aus gesinn (2014)




An der Krypta vum Monument.


Dat nationaalt Streikmonument, offiziell Monument national de la grève, ass e Monument zu Wolz zur Erënnerung un d'Affer vum nationale Streik vum 31. August an 1. September 1942. De Grondstee gouf de 5. September 1954 geluecht an et gouf den 30. September 1956 ageweit.


Mam Streik hunn deemools d'Lëtzebuerger géint d'Zwangsrekrutéierung an déi däitsch Wehrmacht protestéiert.


D'Monument gouf zu Wolz opgeriicht, well de Streik do den 31. August 1942 am Muerge mat engem Protestmarsch ugefaangen hat. Den Dag duerno, den 1. September 1942, huet sech de Streik iwwer ganz Lëtzebuerg ausgebreet.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Beschreiwung


  • 2 Relieffer vum Lucien Wercollier


  • 3 Interessantes


  • 4 Literatur


  • 5 Kuckt och


  • 6 Fotoalbum


  • 7 Referenzen




Beschreiwung |


D'Monument besteet aus engem Tuerm a Form vun engem Liichttuerm, mat an der Spëtzt engem Raum dee fir eng Lanter no alle Säiten op ass. Den Tuerm steet iwwer enger Krypta, déi ënner dem Niveau vun der Strooss läit.[1]


D'Monument gouf mat Steng aus dem Wëlzer Schifer no de Pläng vum Architekt Roger Wercollier gebaut. Säi Brudder, de Lucien Wercollier, dee selwer den 1. September 1942 wéinst senger Participatioun um Streik festgeholl, an an Däitschland deportéiert gouf, huet déi zwéi monumental Relieffer baussen um Monument an och déi zwéin an der Krypta skulptéiert.


An der Krypta steet en Altor iwwer deem e Relief mam hl. Sebastian ubruecht ass. Un de Mauere sinn zwou Placken aus schwaarzem Granit ze gesinn: op der lénkser Plack stinn d'Nimm vun den 21 Lëtzebuerger déi wéinst hirer Participatioun um Streik vun engem Nazistandgeriicht zum Doud veruerteelt an duerno erschoss goufen. Op der rietser Plack steet:



PASSANT

VENERE EN CE HAUT LIEU

LA MEMOIRE DE CEUX QUI

AUX JOURS LES PLUS SOMBRES

ONT FAIT LE SACRIFICE

DE LEUR VIE PAR AMOUR
DE LA PATRIE ET DE LA LIBERTE




Relieffer vum Lucien Wercollier |


De Lucien Wercollier huet véier semi-figurativ Relieffer fir d'Streikmonument sculptéiert, wouvun der zwee baussen um Monument an zwee an der Krypta ze gesi sinn.[2]


  • De Relief zur Stroossesäit hi stellt de Kampf vum David géint de Goliath duer, symbolesch fir d'Resistenz vun de Lëtzebuerger géint dat iwwermächtegt Nazidäitschland. Iwwer dem David mat senger Schleider ass e Personnage ze gesinn deen d'Fräiheet duerstellt.

  • De Relief op der Récksäit vum Monument weist Gefaangen, déi ënner de Kugele vum Erschéissungskommando zesummebriechen (groupe de fusillés), zur Erënnerung un déi 21 Lëtzebuerger déi nom Streik duerch d'Besatzer erschoss goufen.

Béid Relieffer sinn aus roudem Sandsteen vu Saverne.


  • De Relief, aus Marber, um Altor an der Krypta stellt e stiliséierte Liewensbam duer.

  • De Relief iwwer dem Altor weist den hl. Sebastian als Märtyrer, deem säi Kierper iwwerdriwwen an d'Längt gezunn ass. Hie steet symbolesch fir d'Resistenzler déi duerch d'Hell vun de KZer gaange sinn.


Interessantes |


  • D'Strooss laanscht d'Monument huet den Numm vum Datum vum Streik: rue du 31 août 1942.

  • Un der Mauer vun der fréierer IDEAL-Liederfabréck zu Wolz ass eng vum Lucien Wercollier skulptéiert Plack ubruecht, déi un de Streik erënnert. Vun do aus ass de Protestmarsch muerges den 31. August 1942 fortgaangen. Fir eng Foto vun der Plack, kuckt ënner Lucien Wercollier.

  • 1973 huet d'Post en Timber mam Wëlzer Streikmonument erausginn.

  • Den 31. Oktober 2016 gouf d'Monument op den Zousazinventaire vun den Nationale Monumenter agedroen.[3]


Literatur |


  • Anonyme, 1956. Monument National de la Grève. 30 septembre 1956. 119 S. Dréckerei P. Linden, Lëtzebuerg. [Broschür ouni Numm vum oder vun den Auteuren, an och ouni Publikatiounsdatum]


Kuckt och |



  • Fritz Hartmann, Gestapochef zu Lëtzebuerg a President vum Standgeriicht

  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:


Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf

  • Monumenter am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:

Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Kapellen · Lancaster Memorial zu Wäisswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:

Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:

Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf




Fotoalbum |




Referenzen



  1. R. Wercollier 1956. Le Monument vu par l'Architecte. In: Monument National de la Grève. 30.9.56. S. 114.


  2. L. Wercollier 1956. Le Monument vu par le Sculpteur. In: Monument National de la Grève. 30.9.56. S. 116.


  3. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale (Lescht Versioun vum 13. Februar 2019).




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Nationaalt_Streikmonument&oldid=2130239“










Navigatiounsmenü


























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.088","walltime":"0.131","ppvisitednodes":"value":234,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":3358,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":446,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":4350,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 68.291 1 -total"," 23.33% 15.935 1 Schabloun:Referenzen"," 12.99% 8.869 1 Schabloun:Kuckt_Muséeën_2._Weltkrich"," 9.16% 6.252 1 Schabloun:Clr"," 8.09% 5.526 1 Schabloun:Coor_dms1_uewen"," 7.17% 4.896 1 Schabloun:SSMN_Link_Lëscht"," 4.18% 2.853 11 Schabloun:Small"," 3.94% 2.688 1 Schabloun:Coor"," 3.82% 2.612 1 Schabloun:Datum_MAJ_Lëscht_SSMN"],"cachereport":"origin":"mw1247","timestamp":"20190402090228","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":135,"wgHostname":"mw1333"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü