Skip to main content

Hinzerter Kräiz Inhaltsverzeechnes D'Kräiz an d'Griewer | Literatur | Referenzen an Notten Kuckt och | NavigatiounsmenüService des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale

Commemoratiounsplaze vum Zweete Weltkrich zu LëtzebuergKrichsmonumenter zu Lëtzebuerg (Zweete Weltkrich)Klasséiert Monumenter an der Gemeng LëtzebuergMonumenter an der Stad LëtzebuergLampertsbierg


1946NikloskierfechtSS-Sonderlager HinzertHunsrückLëtzebuergerZweete WeltkrichKölnKlingelpütz1969Lucien WercollierKZ LublinMonument national












Hinzerter Kräiz




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




D'Hinzerter Kräiz mat der Wercollier-Skulptur




D'Plaz mam Hinzerter Kräiz.




Wärend der Zeremonie vun der Journée de la commémoration nationale 2016.


D'Hinzerter Kräiz gouf am Mäerz 1946 um Nikloskierfecht opgeriicht.
Et gouf aus Holzdunnen aus dem SS-Sonderlager Hinzert am Hunsrück zesummegesat an et erënnert un déi 82 Lëtzebuerger, déi am Zweete Weltkrich zu Hinzert an zu Köln am Prisong Klingelpütz higeriicht goufen, an um Nikloskierfecht begruewe sinn. De Schräiner Jos. Colabianchi, dee selwer Prisonéier zu Hinzert war, huet déi Dunnen a Fassong bruecht, an d'Kräiz zesummegesat.


Am Joer 1969 gouf d'Plaz ronderëm d'Hinzerter Kräiz nei amenagéiert. Dobäi gouf dem Kënschtler Lucien Wercollier seng Bronze-Figur De politesche Gefaangenen dobäigesat. De Wercollier selwer gouf zwee Joer laang zu Hinzert an am KZ Lublin gepéngegt.


1974 gouf d'Hinzerter Kräiz zesumme mat der Plaz ronderëm zum Monument national erkläert,[1] an dréit zanterhier den offiziellen Titel Monument national de la résistance et de la déportation.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 D'Kräiz an d'Griewer


  • 2 Literatur


  • 3 Referenzen an Notten


  • 4 Kuckt och




D'Kräiz an d'Griewer |


D'Kräiz gouf vum lëtzebuergesche Schräiner Joseph Colabianchi, dee selwer Prisonéier zu Hinzert war, zesummegesat an op Hinzert bruecht, wou et Enn 1945 op der Plaz opgestallt gouf wou d'Lëtzebuerger Affer begruewe gi waren.[2]


Den 8. Mäerz 1946 gouf d'Kräiz um Nikloskierfecht iwwer de Griewer vun de lëtzebuergesche Krichsaffer, deenen hir stierflech Iwwerreschter heembruecht gi waren, opgestallt.[2]


Op der Plaz vum Hinzerter Kräiz sinn d'Griewer vun deene Läichen déi net konnten identifizéiert ginn:[2]


  • 19 Affer vum Generalstreik géint d'Zwangsrekrutéierung (31. August-1. September 1942), déi zu Hinzert erschoss gi waren;

  • 23 Resistenzler déi de 25. Februar zu Hinzert erschoss gi waren;

  • 3 Lëtzebuerger déi am Lager zu Hinzert gestuerwe waren;

  • 6 Lëtzebuerger déi den 18. Dezember 1944 beim Bommenugrëff am Hinzerter Niewelager zu Wiesbaden gestuerwe waren;

  • 4 Affer déi 1943 am Prisong zu Köln-Klingelpütz gekäppt gi waren;

  • 21 Lëtzebuerger déi 1944 zu Frankfurt/Main higeriicht goufen.


Literatur |



  • Hohengarten, A., 2014. Die Stadt Luxemburg unter dem Hakenkreuz (1940-1945). Ein alternatiiver Stadtführer. Erweiterte Auflage. Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht, 272 S. ISBN 978-2-87964-138-6. 2. Oplo. [1. Oplo: 1995].


  • Engel, M. & A. Hohengarten, 1983. Hinzert. Das SS-Sonderlager im Hunsrück 1939-1945. Sankt-Paulus-Druckerei A.G. Luxemburg.



Referenzen an Notten



  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale (Lescht Versioun vum 13. Februar 2019).


  2. 2,02,12,2 Hohengarten, A. 2014. Cf. Literatur.


Kuckt och |


  • SS-Sonderlager Hinzert

  • Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Lëtzebuerg

  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:


Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf

  • Monumenter am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:

Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Kapellen · Lancaster Memorial zu Wäisswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:

Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:

Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Hinzerter_Kräiz&oldid=2129850“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.056","walltime":"0.078","ppvisitednodes":"value":165,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2882,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":318,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":1361,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 17.313 1 -total"," 61.88% 10.713 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 37.57% 6.505 1 Schabloun:Kuckt_Muséeën_2._Weltkrich"," 26.48% 4.584 1 Schabloun:SSMN_Link_Lëscht"," 17.07% 2.956 11 Schabloun:Small"," 11.44% 1.981 1 Schabloun:Datum_MAJ_Lëscht_SSMN"," 11.22% 1.943 1 Schabloun:Clearboth"],"cachereport":"origin":"mw1269","timestamp":"20190311131347","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Hinzerter Kru00e4iz","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Hinzerter_Kr%C3%A4iz","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q13103031","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q13103031","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-07-27T16:10:26Z","dateModified":"2018-08-25T13:51:28Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/5/58/Luxemb_Croix_de_Hinzert_Prisonnier_pol_02.jpg"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":112,"wgHostname":"mw1269"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü