Skip to main content

Spuenien Inhaltsverzeechnes Geschicht | Geographie | Bevëlkerung | Ekonomie | Politik | Fauna a Flora | Kultur | Infrastruktur | Kuckt och | Um Spaweck | Navigatiounsmenü(Lauschteren)ää

BelschBulgarienDäitschlandÉisträichDänemarkEstlandFinnlandFrankräichGriichelandGroussbritannienIrlandItalienKroatienLettlandLitauenLëtzebuergMaltaHollandPolenPortugalRumänienSchwedenSlowakeiSlowenienSpuenienTschechesch RepublikUngarnZypernAlbanienBelschBulgarienDäitschlandDänemarkEstlandFrankräichGriichelandGroussbritannienHollandIslandItalienKanadaKroatienLettlandLitauenLëtzebuergMontenegroNorwegenPolenPortugalRumänienSlowakeiSlowenienSpuenienTierkeiTschechesch RepublikUngarnUSA


Spuenien


Spuenesche FändelDetailerEuropaMadrid1.100 v. Chr.200 v. Chr.711iberesch HallefinselAl-Andalus75610871563Toledo1492MuslimenJuddenChristoph KolumbusIsabella vu KastilienFerdinand vun Aragón146916. JoerhonnertHabsburger15881700Karl II.BourbonenNapoleon BonaparteFernando VII.18731875Alfonso XII.Alfonso XIII.19. JoerhonnertFrancisco Franco19361939Koreakrich1953Pakt vu Madrid1955UNO1975Juan Carlos1986EUFrankräichAndorraPortugalGibraltarBalearenKanaresch InselenExklavLlíviaIslas ChafarinasPeñón de Vélez de la GomeraAlhucemasAlboránIslas ColumbretesPéiterséileginselSproochLatäinSpueneschKatalaneschGalizeschBaskeschLeoneseschAragoneseschValencianeschMallorquineschChômageLandwirtschaftIndustrieTourismus1978parlamentareschMonarchieRepublik1986EUNaturschutzPersounenGiddertransportEisebunngesellschafteFluchhäfeHäfe












Spuenien




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen









































Reino de España






Spuenesche Fändel



Spuenescht Wopen

Detailer



Detailer

National Devise: Plus Ultra

EU location ESP.png


Offiziell Sprooch:

Spuenesch
(regional: Katalanesch, Galizesch, Baskesch)

Haaptstad:

Madrid
 • Awunner:
3 155 359 (2005)
 • Koordinaten:
40°43'N, 3°69'W


Staatsform:

Parlamentaresch Monarchie
 • Kinnek:

Felipe VI.
 • Ministerpresident:

Pedro Sánchez


Fläch:
504 782 km² (50.)
 • Dovu Waasser:
1,04 % %


Bevëlkerung:
43 197 684 (29.)
 • Bevëlkerungsdicht:
85,58/km²


Onofhängegkeet:

1492, d'Enn vun der Reconquista

Nationalfeierdag:

12. Oktober

Nationalhymn:

Marcha Real
(Lauschteren)

Währung:

Euro

Zäitzon:

UTC +1
(Kanaresch Inselen: UTC)

Internet TLD:

.es

Internationalen
Telefonsprefix:
+34

Spuenien (sp.: España) ass e Staat an Europa op der iberescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geschicht


  • 2 Geographie

    • 2.1 Geologie


    • 2.2 Gréisst Stied


    • 2.3 Klima



  • 3 Bevëlkerung

    • 3.1 Relioun


    • 3.2 Sproochen


    • 3.3 Educatioun



  • 4 Ekonomie


  • 5 Politik

    • 5.1 Autonom Regiounen



  • 6 Fauna a Flora


  • 7 Kultur


  • 8 Infrastruktur


  • 9 Kuckt och


  • 10 Um Spaweck




Geschicht |


Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vu Spuenien.





Cuenca, Spuenien


Ëm 1.100 v. Chr. hunn d'Phönizier verschidden Handelsnéierloossungen op der Küst gegrënnt. Ab 200 v. Chr. ass d'Land un d'Réimer gaangen, déi et 600 Joer laang an hirem Besëtz haten.
Am Joer 711 koumen d'Araber iwwer Gibraltar an d'Land. No nëmmen zwee Joer hate si bal déi ganz iberesch Hallefinsel eruewert, ausser Asturien, dat sech erfollegräich verdeegegt hat. Spuenien huet zu der Zäit nach Al-Andalus geheescht. 756 gouf den Emirat vu Córdoba gegrënnt.


Vun 1087 bis 1563 war Toledo d'Haaptstad vu Spuenien.


Eréischt 1492 ass déi vollstänneg Reconquista gelongen, D'Zréckeruewerung duerch d'Chrëschten. Domat huet och d'Verdreiwung vun de Muslimen an de Judden ugefaangen.


Datselwecht Joer huet de Christoph Kolumbus Amerika entdeckt an domat den Ufank fir spuenesch Virherrschaft um Mier agelaut. Duerch d'Bestietnes vum Isabella vu Kastilien an dem Ferdinand vun Aragón gouf am Joer 1469 eng nei Epoch ageleedt.


Ufank vum 16. Joerhonnert koum déi spuenesch Kroun an de Besëtz vun den Habsburger, et war den Optakt zu engem Welträich.


1588 hunn d'Englänner déi spuenesch Armada vernicht an 1700 geet déi Habsburger Dynastie mam Doud vum Karl II. op en Enn.
No den Habsburger koumen d'Bourbonen un d'Muecht bis dem Napoleon Bonaparte seng Truppen a Spuenien agefall sinn. Dee 6-järegen Onofhängegkeetskrich deen duerno zustane koum, hat ganz schlëmm Konsequenze fir déi spuenesch Ekonomie.


No der napoleonescher Invasioun gouf de Josef Bonaparte op den Troun beruff. Duerch de staarke Widderstand vun der spuenescher Populatioun koum et nees zu engem Muechtwiessel an d'Bourbonen hunn de Fernando VII. op den Thoun gesat.


1873 gouf déi éischt Republik proklaméiert, mä duerch e militäresche Putsch 1875 gouf d'Monarchie erëm hiergestallt. Den Alfonso XII. an duerno säi Jong den Alfonso XIII. goufe Kinnek vu Spuenien.


Am Ufank vum 19. Joerhonnert hu sech déi latäinamerikanesch Kolonien vum Mammeland geléist.


De faschistesche Generol Francisco Franco huet 1936 d'Muecht mat engem Putsch u sech gerappt an e Biergerkrich ausgeléist. No senger Viktoire am Joer 1939, gouf Spuenien politesch isoléiert. Am Ufank vum Koreakrich huet de Kale Krich säin Héichpunkt erreecht an Amerika interesséiert sech fir Spuenien, wéinst sengem strategesche Wäert.


1953 hu béid Länner de Pakt vu Madrid ënnerschriwwen, mat dem ekonomesch an aussepolitesch Hëllef versprach gouf. US-Militärbase ginn a Spuenien agericht. Duerch d'Ënnerstëtzung vun den USA trëtt 1955 Spuenien der UNO bäi a mécht senger internationaler Isoléierung domat en Enn.


1975 ass de Franco gestuerwen an de Kinnek Juan Carlos gouf Chef vum Land. Zwee Joer duerno goufen déi éischt fräi Wale säit méi wéi 40 Joer ofgehalen.


1986 trëtt Spuenien der EU bäi.



Geographie |


Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geographie vu Spuenien.


Spuenien ass e Staat am Südweste vun Europa, läit op der iberescher Hallefinsel an huet eng Fläch vun 504.782 km². Am Nordoste grenzt et u Frankräich an Andorra am Westen u Portugal an am Süden u Gibraltar. Zu Spuenien gehéieren ausserdeem nach d'Balearen an d'Kanaresch Inselen.


Zu Spuenien gehéieren nach a Frankräich d'Exklav Llívia an d'Inselen Islas Chafarinas, Peñón de Vélez de la Gomera, Alhucemas, Alborán an d'Islas Columbretes, déi virun der marokkanescher Küst leien. D'Zougehéieregkeet vun der Péiterséileginsel ass tëscht Marokko a Spuenien net gekläert.



Geologie |


Spuenien huet vill Bierger. De Kär vun der iberescher Hallefinsel bilden zwou Héichflächen (Mesetas). Si huelen zesummen zwee Drëttel vun der Gesamtfläch an. Et sinn d'Meseta vun Al-Kastilien/Léon déi 800 m héich ass an d'Mesata vun Nei-Kastilien mat Extremadura a La Mancha déi 200 m héich ass.


D'Kastilesch Bierger deelen d'Héichfläch, déi vu sëlleche Bierger ëmginn ass: dem Kantabrische Bierger an de Pyrenäen am Norden an der Sierra Morena am Süden.


Am Süden erstreckt sech déi andalusesch Déiffläch.


E Véirel vum Land ass Bësch. Am fiichten Norde fënnt een éischter Buchen, Eechen an Iesskäschten, am Mëttelmiergebitt déi typesch Planze wéi Macchjien oder Olivebeem.



Gréisst Stied |


Kuckt den Artikel: Lëscht vun de spuenesche Groussstied



Klima |



Bevëlkerung |


Déi meescht Bevëlkerung gëtt et an de Ballungszentren laanscht d'Küst an an den industrialiséierte Gebidder. Nëmmen ee véirels vun der Bevëlkerung wunnt um Land.
De gréissten Deel stellen d'Kastillier, d'Andalusier, d'Asturier an d'Aragonier duer, also all déi Léit déi kastillesch schwätzen. Et sinn 73 %.
17 % si Katalanen, 7 % Galizier an 2 % Basken.



Relioun |


Traditionell sinn déi meescht Spuenier kathoulesch.



Sproochen |


D'Originne vun der spuenescher Sprooch kommen aus dem Latäin.
A Spuenien gëtt Spuenesch (Kastillesch), Katalanesch, Galizesch a Baskesch geschwat. Spuenesch ass déi offiziell Sprooch a ganz Spuenien, während déi aner dräi just an de jeeweilegen autonome Gebidder offiziell Sprooch sinn. Leonesesch an Aragonesesch gëtt och a Spuenien geschwat, mä si sinn net als offiziell Sprooch unerkannt. Zu Valencia an op de Balearen ginn och nach Ofwandlunge vum Katalanesche geschwat: Valencianesch a Mallorquinesch.



Educatioun |


All Spuenier muss vum 6. bis zum 16. Liewensjoer an d'Schoul goen. No der Primärschoul kommen nach dräi weider Joer hannendrunn.



Ekonomie |


Bis an de 60er Jore war Spuenien gréisstendeels en Agrarland. D'Industrialiséierung huet vill ekonomesch Problemer matsechbruecht, soudatt de Chômage bei 20 % läit.
Den Undeel vun der Landwirtschaft um Bruttoinlandprodukt läit bei 4 %, de vun der Industrie bei 34 %. Den Déngschtleeschtungssecteur ass dee gréisste mat iwwer 60 %.


Déi wichtegst Industrieberäicher sinn d'Stolproduktioun, d'Autos- an d'Schëffsbauindustrie, d'Liewensmëttelproduktioun, d'Textilindustrie an d'Chimieindustrie.
Déi meescht grouss Firme gehéieren auslännesche Bedreiwer, wéi z. B. VW oder Bayer.
Den Aussenhandel ass net ausgeglach, héich Importer sti géint niddreg Exporter. Dësen Defizit wiesst ëmmer méi.


E wichtege Faktor ass den Tourismus, deem säin Zouwuess all Joer ëm 10 % klëmmt.



Politik |


Kuckt och: Lëscht vun de spuenesche politesche Parteien




De spuenesche Kinnek Juan Carlos


Zanter der Konstitutioun vun 1978 ass Spuenien eng parlamentaresch Monarchie. Säi Gouvernement huet awer méi d'Form vun enger Republik wéi vun enger Monarchie.
Déi konstitutionell Organer sinn:


  • D'Kroun (La Corona): ass den ieweschte Chef vum Staat

  • D'Parlament (Cortes Generales): ass d'Muecht vun der Legislatioun an an zwou Chamberen agedeelt:
    • de Senat (Senado)

    • de Kongress vun den Deputéierten (Congreso de los Diputados)


  • D'Gouvernement oder d'Executive bestinn aus:
    • dem Ieweschte Geriichtshaff (Tribunal Supremo)

    • an dem Generalconseiln vum juristesche Pouvoir (Consejo General del Poder Judicial)


D'Kroun ass ierflech an de Kinnek ass den ieweschte Chef vum Staat. D'Funktioune vum Kinnek sinn haaptsächlech op representatif Zwecker vun der Verfassung festgeluecht, souwéi op d'Benennen an d'Entlosse vu Regierungscheffer an d'Bestätege vun de Gesetzer.


De Kongress gëtt fir véier Joer gewielt a besteet aus ongeféier 400 Memberen.
De Senat besteet aus 208 Memberen déi direkt vum Vollek gewielt ginn, déi aner 51 Membere gi vun de jeeweilege Parlamenter vun den Autonome Gebidder bestëmmt. De Senat wiesselt och all Kéier no véier Joer.


Spuenien ass zanter Januar 1986 Member vun der EU.



Autonom Regiounen |


Ccaa-spain.png

Déi autonom Gebidder (Comunidades Autónomas) vu Spuenien sinn:



  • Andalusien (Andalucía)


  • Aragonien (Aragón)


  • Asturien (Principado de Asturias)


  • Balearen (Islas Baleares)


  • Baskeland (País Vasco)


  • Extremadura (Extremadura)


  • Galicien (Galicia)


  • Kanaresch Inselen (Canarias)


  • Kantabrien (Cantabria)


  • Kastilien-La Mancha (Castilla-La Mancha)


  • Kastilien-León (Castilla y León)


  • Katalounien (Cataluña)


  • La Rioja (La Rioja)


  • Madrid (Communidad de Madrid)


  • Murcia (Región de Murcia)


  • Navarra (Communidad Foral de Navarra)


  • Valencia (Communidad Valenciana)

Déi zwou autonom Stied (Ciudades Autónomas) sinn:



  • Ceuta (Ceuta)


  • Melilla (Melilla)


Fauna a Flora |


Kuckt dozou och den Artikel Fauna a Flora a Spuenien.


A Spuenien gëtt et méi wéi 400 verschidde Gebidder déi ënner Naturschutz stinn. Si hunn am Ganzen eng Fläch vun iwwer zwou an eng hallef Millioun Hektar, déi déi wichtegst Ökosystemer vun der Iberescher Hallefinsel an den Inselen zesummefaassen.



Kultur |



Infrastruktur |


Duerch déi ongëschteg landwirtschaftlech Bedéngungen ass et ganz schwéier déi noutwendeg Infrastrukturen duerch ganzt Land anstänneg ze bauen.
Persounen- a Giddertransport ginn haaptsächlech iwwer d'Stroosennetz gemaach. Déi privat an déi staatlech Eisebunngesellschafte sinn net an der Lag den Transport uerdentlech ze garantéieren.
Duerch den Tourismus si vill international Fluchhäfe laanscht d'Küst entstanen, wou och ganz wichteg Häfe sinn (Barcelona, Gijón, …).



Kuckt och |


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Portal:Spuenien


  • Autonom Gemeinschafte vu Spuenien

  • Lëscht vun de Provënzen a Spuenien


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien












Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Spuenien&oldid=2144955“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.136","walltime":"0.170","ppvisitednodes":"value":566,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":20423,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":1251,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 69.211 1 -total"," 57.74% 39.962 1 Schabloun:Navigatioun_Memberstaaten_EU"," 56.86% 39.351 2 Schabloun:Navbox"," 13.43% 9.293 1 Schabloun:Infobox_Land"," 11.79% 8.160 1 Schabloun:Commonscat"," 8.02% 5.549 1 Schabloun:Commons"," 6.99% 4.837 1 Schabloun:Clear"," 5.69% 3.941 1 Schabloun:NATO"," 3.77% 2.609 1 Schabloun:Link-Bild"," 3.33% 2.307 1 Schabloun:Méi_Info_1"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.008","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":760453,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1279","timestamp":"20190409132030","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":145,"wgHostname":"mw1238"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü