Skip to main content

Dioskuren Mythos | Kult | Um Spaweck | Navigatiounsmenü

Griicheschen HeroekultArgonautegesteGeste vum HeraklesGeste vum TheseusKalydonesch JuegdRéimesch Mythologie


ZeusLedaTyndareosZeusHelenaKlytaimestraTheseusArgonautenBebrykekinnekAmykosHeraklesAmazoneKalydonescher JuegdIdasLynkeusArkadienMessenienLeukipposOlymposËnnerweltHadesGriichelandItalienRoumForum Romanum499 v. Chr.LatinerRegillusSymbol












Dioskuren




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


D'Dioskuren (gr. Dios kouroi, Jonge vum Zeus) waren d'Zwillingsbridder Kastor a Polydeukes (lat. Castor a Pollux). Si waren d'Kanner vum Leda. Dem Kastor säi Papp soll dem Leda säi Mann Tyndareos gewiescht sinn, an dem Polydeukes säin den Zeus, deen dofir och onstierflech war. Hir Schwëstere waren d'Helena an d'Klytaimestra.



Mythos |


D'Dioskuren hunn D'Helena aus der Hand vum Theseus befreit, hunn um Zuch vun den Argonauten deelgeholl (wou dePolydeukes de Kampf mam risege Bebrykekinnek Amykos gewonnen huet), den Herakles begleet wéi e géint d'Amazone gezunn ass a ware bei der Kalydonescher Juegd dobäi.


D'Zwillingen haten enges Daags zesumme mat hire Cousinnen Idas a Lynkeus an Arkadien eng Rannerhäerd gestuel an si hu beschloss se ënnereneen opzedeelen. Den Idas sollt sech dorëm këmmeren, huet sech awer en Trick afale gelooss. Hien huet ee vun de Stéieren a véier gedeelt a gesot deen dee säin Deel fir d'éischt opgiess hätt géif d'Hallschent vun der Häerd kréien, an deen zweeten déi aner Hallschent. Den Idas hat säi Stéck séier giess, an huet duerno sengem Brudder gehollef mat deem sengem Deel. D'Dioskuren, déi sou ëm hiren Deel bedru gi waren sinn a Messenien agebrach an hunn d'Duechtere vum Leukippos, déi mam Idas a mam Lynkeus verloobt waren, entfouert. Doropshin huet den Idas de Kastor erschloen an de Polydeukes de Lynkeus. Den Zeus huet dunn den Idas mat engem vu senge Blëtzer erschloen. Well d'Bridder sou enk matenee verbonne waren, huet den Zeus hinnen erlaabt fir zesummenzebleiwen, an zwar jeeweils een Dag am Olympos an een Dag an der Ënnerwelt, den Hades. Sou konnt de Polydeukes seng Onstierflechkeet mam stierfleche Kastor deelen.



Kult |


De Kult vun den Dioskuren huet sech iwwer ganz Griicheland an Italien verbreet. A Roum sinn si an engem Tempel um Forum Romanum veréiert ginn, woubäi am Mëttelpunkt d'Legend stoung datt d'Bridder de Réimer 499 v. Chr. an der Schluecht mat de Latiner um Regillus-Séi Waffenhëllef geleescht an d'Nooriicht vun der Victoire selwer op Roum bruecht hätten.


D'Dioskure si besonnesch vu Matrouse veréiert ginn, deenen se als Konstellatioun "Zwilling" de Wee gewisen hunn an si sinn och ëm Hëllef a Noutsituatiounen ugeruff ginn. Als Symbol fir de Wiessel tëscht Liewen an Doud sinn d'Dioskuren och op Grafsteng ze fanne gewiescht, dat nach bis a fréichrëschtlech Zäit.






Greek deity head icon.png

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Castor and Pollux – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Dioskuren&oldid=1999226“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.024","walltime":"0.038","ppvisitednodes":"value":107,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2493,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":348,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 16.676 1 -total"," 51.82% 8.641 1 Schabloun:LinkPortalGrMytho"," 47.50% 7.921 1 Schabloun:Commonscat"," 32.65% 5.445 1 Schabloun:Commons"," 19.04% 3.175 1 Schabloun:Meta_Link_Portal"," 16.80% 2.801 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1249","timestamp":"20191024062924","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Dioskuren","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Dioskuren","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q190103","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q190103","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-07-12T18:22:34Z","dateModified":"2017-04-22T09:55:58Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":124,"wgHostname":"mw1333"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region