Skip to main content

Asklepios Inhaltsverzeechnes Mythos | Kult | Analogien | Um Spaweck | Navigatiounsmenü

Griichesch GëtterKalydonesch Juegd


griichescher MythologieHeelkonschtApolloKoronisPhlegyasThessalienIschysHermesCheironPeloponnesMyrtionEpidaurusAresthanasZeusHermesMedezinAtheneGorgonenMedusaKyklopenAdmetosLorberSymbolApdiktenEpidaurosAthenKnidosKosNaupaktosPergamonSikyonKosAsklepieionSpidolHippokratesRuine












Asklepios




Vu Wikipedia

(Virugeleet vu(n) Aesculapius)





Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


Den Asklepios (gr. Aσκληπιός / Asklêpiós; lat. Aesculapius) ass an der griichescher Mythologie de Gott vun der Heelkonscht. E gëllt als de Jong vum Apollo an der Koronis, der Duechter vum Kinnek Phlegyas vun Thessalien.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Mythos


  • 2 Kult


  • 3 Analogien


  • 4 Um Spaweck




Mythos |


Et gëtt verschidde Versiounen iwwer d'Elteren an d'Gebuert vum Gott. Eng dovun erzielt datt den Apollo d'Koronis ëmbruecht huet well si sech, währendeems se scho mam Asklepios schwanger war, mam stierflechen Ischys agelooss huet. Den Hermes huet d'Kand während der Läicheverbrennung vum Koronis aus dem Leif vun der Mamm gerett an et bei de Kentaur Cheiron bruecht, dee sech mat der Heelkonscht auskannt huet an de Jong doran ënnerwisen huet, sou wéi e sengerzäit och den Apollo ausgebilt huet.


Eng zweet Versioun erzielt, datt d'Koronis sech op de Peloponnes zréck gezunn huet, wou si d'Gebuert vum Asklepios virum Apollo geheim hale wollt. Schliisslech huet si den Neigebuerenen um Bierg Myrtion bei Epidaurus ausgesat, wou zwee Déieren hie fonnt hunn: d'Geess vum Hiert Aresthanas, déi d'Kand geniert huet, a säin Hond, dee wëll Déieren ofgewiert huet. Wéi den Aresthanes dunn och dozou komm ass an d'Kand opgehuewen huet, ass e Liichtstral aus dem Asklepios gefuer an den Hiert ass erféiert. Scho bal huet sech erëmgeschwat datt hie Kranker heelen an Doudecher zum Liewen erwäche kéint.


Als méiglech Pappe ginn och den Zeus an den Hermes uginn, sou wéi et och bei senger Mamm an der Gebuertsplaz verschidde Versioune gëtt.


Op elo aus gëttlecher Intuitioun oder duerch seng Geschécklechkeet, den Asklepios huet d'Heelkonscht wéi keen anere beherrscht an sech an der Medezin, der Chirurgie an de Kraider auskannt. Sou huet d'Athene him z. B. d'Blutt vun der eenzeger stierflecher vun de Gorgonen, der Medusa, bruecht, mat deem et him gelongen ass en Doudegen zum Liewen z'erwächen.


Doropshin huet den Zeus gefaart an Zukunft géif kee Mënsch méi stierwen an huet den Asklepios mam Blëtz erschloen. Am Géigenzuch huet dunn den Apollo a senger Roserei d'Kyklopen, déi dem Zeus seng Blëtzer hiergestallt hunn, embruecht an huet als Strof dofir ee Joer laang d'Ranner vum Admetos missen hidden.



Kult |


Fir Heelung z'erbieden, sinn déi Krank an den Asklepios-Tempel bruecht ginn wou se d'Nuecht verbruecht hunn. Am Schlof ass hinnen dann den Asklepios begéint deen dem Patient Rotschléi a Behandlungsmethoden opgewisen huet déi hie sollten heelen. Als Merci hunn déi Geheelten him Affer duerbruecht. Aus verständleche Grënn war säi Kult och enk mat der Ënnerwelt verbonnen.


Den Asklepios ass meeschtens als eelere Mann mat Baart, Lorber a Staf duergestallt ginn. Dee sougenannten Asklepiosstaf ëm dee sech eng Schlaang wéckelt ass zum Symbol vun der Heelkonscht ginn an ass och haut nach dacks ze gesinn, sou z. B. och an den Aushänkschëlder oder Fënstere vun den Apdikten.


Him waren den Hunn, d'Eil, d'Schlaang an och d'Zypress helleg.


Den Asklepios hat verschidde Bäinimm:
Aglaopes, Apaleriacus, Archgetas, Aulonius, Causius, Coronides, Cotyläus, Demenaetus, Epidaurius, Gortynius, Hagnitas, Pergameuns, Tricäcus.


Hien ass haaptsächlech zu Epidauros, Athen, Knidos, Kos, Naupaktos, Pergamon a Sikyon veréiert ginn. Op der Insel Kos ass de weltberühmten Asklepieion, dat eelst Spidol vun der Welt, dat vum Hippokrates gegrënnt gouf. Et kann een d'Ruine vun dësem risege Komplex mat Tempel, Behandlungszëmmeren an Altor nach bis haut gesinn.



Analogien |


  • Aesculapius

  • Esmun

  • Imhotep

  • Serapis





Greek deity head icon.png

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Asclepius – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Asklepios&oldid=1968622“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.032","walltime":"0.047","ppvisitednodes":"value":121,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2461,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":316,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 13.867 1 -total"," 55.48% 7.693 1 Schabloun:Commonscat"," 43.88% 6.085 1 Schabloun:LinkPortalGrMytho"," 35.04% 4.859 1 Schabloun:Commons"," 25.09% 3.479 1 Schabloun:Meta_Link_Portal"," 14.58% 2.022 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1300","timestamp":"20191028122812","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Asklepios","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Asklepios","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q83223","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q83223","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-05-15T14:35:19Z","dateModified":"2016-11-13T18:55:13Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":130,"wgHostname":"mw1330"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü