Skip to main content

Verännerleche Stär Inhaltsverzeechnes Geschicht | Andeelung | Kuckt och Literatur | Um Spaweck | NavigatiounsmenüBundesdeutsche Arbeitsgemeinschaft für veränderliche Sterne e. V. (BAV)Association Francais des Observateurs d`Etoiles Variables (AFOEV)British Astronomical Association Variable Star Section (BAAVSS)American Association of Variable Star Observers (AAVSO)Information Bulletin on Variable Stars (IBVS)Typen veränderlicher SterneGCVS-Systematik (engl.)AAVSO - AufsuchkartenVolltext als PDF-Dateibei Google-books(Volltext)

Verännerlech Stären


StärenLiichtkraaftSonnSzintillatiounLoftonrou3. August1596David FabriciusMira1669Geminiano MontanariAlgol1784John Goodrickeδ Cephei1844Friedrich Wilhelm August ArgelanderFotografieDuebelstäresystemLiichtbouLiichtkraaftZoustandsgréisstRadiusUewerflächentemperaturLiichtkraaftKappa-MechanismusMëllechstroossbloe Risestärη CarinaeSaturn 01.svg












Verännerleche Stär




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


E ganze Koup vu Stären hu keng gläichbleiwend Liichtkraaft wéi z. B. eis Sonn, mä weisen onregelméisseg oder periodesch Hellegkeetsschwankungen a ginn dofir verännerlech Stären, variabel Stären oder kuerz Verännerlecher genannt.


Dës Hellegkeetsschwankunge sinn net ze verwiessele mat der Szintillatioun, dem Fonkele vun de Stären, dat duerch d'Loftonrou ausgeléist gëtt.


Engersäits hunn d'Observatiounen an de Fortschrëtt d'Wëssen iwwer verännerlech Stären enorm verbessert, anerersäits ass et ganz komplizéiert ginn, eng sënnvoll allgemeng gëlteg Definitioun ze fannen, fir verännerlech Stäre vun den onverännerlechen ofzegrenzen:


  • Eng Hellegkeetsverännerung spillt sech an Zäitraim of, déi am Verglach zu der allgemenger Stärenentwécklung als kuerz unzekucken ass. (Liichtwiessel an Zäit vu Joerzéngten)

  • De Liichtwiessel ass am opteschen an am noen infraroude Beräich ze gesinn. (Et bleift ze bemierken, datt eis Sonn, déi onverännerlech ze si schéngt an extreme Wellelängteberäicher en eendeitege Liichtwiessel opweist.)

  • D'Amplitude vun der Hellegkeetsschwankung ass visuell souwéi fotografesch oder liichtelektresch noweisbar.



Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geschicht


  • 2 Andeelung

    • 2.1 Bedeckungsverännerlecher


    • 2.2 Rotatiounsverännerlecher


    • 2.3 Pulsatiounsverännerlecher


    • 2.4 Eruptiv Verännerlecher


    • 2.5 Verschiddenes



  • 3 Kuckt och


  • 4 Literatur


  • 5 Um Spaweck




Geschicht |


Den 3. August 1596 ass den éischte wëssenschaftleche Bericht iwwer e verännerleche Stär vum David Fabricius niddergeschriwwe ginn. Hien hat Schwankunge vun der Hellegkeet vum Stär Mira entdeckt. Am Joer 1669 schreift de Geminiano Montanari fir d'éischt iwwer de Liichtwiessel vum Algol. Am Joer 1784 geléngt dem John Goodricke d'Entdeckung vun der Verännerlechkeet vun δ Cephei an η Aquilae.


Am Joer 1844 publizéiert de Friedrich Wilhelm August Argelander seng Aufforderung an die Freunde der Astronomie, déi wuel als Ustouss fir eng systematesch Entdeckung an Observatioun vu verännerleche Stären ugesinn ka ginn. Duerch d'Aféiere vun der Fotografie klëmmt d'Zuel vun de bekannte Verännerleche staark, an a Verbindung mat der Stärespektroskopie gëtt d'Méiglechkeet geschaf, dem physikalesche Verständnes fir d'Ursaache vun den Hellegkeetsännerunge vu verännerleche Stäre méi no ze kommen.



Andeelung |


Verännerlech Stäre loosse sech no hiren Eegenschaften a verschidde Gruppen andeelen:



Bedeckungsverännerlecher |


Bedeckungsverännerlech Stäre kann een observéieren, wann d'Komponente vun engem Duebelstäresystem hannereneen laanscht lafen a sech dobäi géigesäiteg bedecken.


Bedeckt dee klenge Stär een Deel vum grousse Stär, ergëtt sech e schmuele Minimum am Liichtbou vum System. Wann dee klengen hanner dem grousse Stär duerchleeft, observéiert een e weidert, manner déift Minimum an der Liichtkraaft. E bedeckungsverännerleche Stär huet e periodesche Liichtbou. Déi zwéi Stäre variéieren hir Liichtkraaft dobäi net, dofir ginn d'Stäre vun dësem Typ och als optesch Verännerlecher bezeechent.



Rotatiounsverännerlecher |


Rotatiounsverännerlecher, si Stären, déi am Laf vun hirer Rotatioun hir Hellegkeet veränneren, entweder well s'als Komponente vun enken Duebelstären ellipsoidesch deforméiert sinn oder well si op enger Säit grouss Stäreflecken hunn.



Pulsatiounsverännerlecher |


D'Ursaach fir d'Liichtkraaftsännerung vu Pulsatiounsverännerleche läit doran, datt dës Stäre selwer hir Zoustandsgréisst veränneren, besonnesch de Radius an d'Uewerflächentemperatur. Doduerch ännert sech och d'Liichtkraaft (fir Detailer kuckt Kappa-Mechanismus). Duerch hir Perioden, Mass an hiren Entwécklungsstatus ginn déi folgend Ënnertypen ënnerscheet:


  • Alpha-Cygni-Stäre

  • Beta-Cephei-Stäre

  • Cepheiden

  • Anormal Cepheiden oder BL-Bootis-Stäre

  • Delta-Scuti-Stäre

  • SX-Phoenix-Stäre

  • Gamma-Doradus-Stäre

  • Lues pulséierend B-Stäre (LPS)

  • Mira-Stäre

  • Hallefreegelméisseg verännerlech Stäre

  • lues Onreegelmeissege

  • PV-Telescopi-Stäre

  • RR-Lyrae-Stäre

  • RV-Tauri-Stäre

  • Séier pulséierend gliddesch B-Stäre (RPHS)

  • ZZ-Ceti-Stäre


  • Hybrid Pulsatoren: eréischt viru kuerzem entdeckte, radial schwéngend Pulsatoren, déi souwuel am nidderwäertegen (low-order / low amplitude) p-Modus an g-Modus wéi och am héichwäertegen (high-order / high amplitude) g-Modus schwéngen.[1][2] Si kënnen dofir zu verschiddenen Ënnertypen gläichzäiteg gehéieren, wéi beispielsweise Delta-Scuti-Sterne, die zugleich auch Gamma-Doradus-Sterne sind. Beispiel: Kepler-11145123 (KIC 11145123).[3] (kuckt och Gamma-Doradus-Stär)


Eruptiv Verännerlecher |


Déi Stäre veränneren hir Liichtkraaft a ganz kuerzer Zäit méi oder wéineger staark. Och wa sech d'Ausbréch widderhuelen, verlafe se net streng periodesch.



Verschiddenes |


Doriwwer eraus gëtt et och nach e puer wéineg Stären, déi um Enn vun hirem Liewenszyklus onregelméisseg Ausbréch an a keng Klass unzeuerdne sinn. Dozou gehéiert an der Mëllechstrooss den onstabile bloe Risestär η Carinae.



Kuckt och


Saturn 01.svgPortal Astronomie



  • ABC vun de Stären

  • Gréisst Stären

  • Noost Stären

  • Hellst Stären

  • Verännerlech Stären

  • Hallefregelméisseg verännerlech Stären

  • Konstellatioun

  • Hyperris

  • Supernova





Literatur |



  • Hoffmeister, C., Richter, G. u. Wenzel, W.: Veränderliche Sterne, J. A. Barth Verlag, Leipzig (1990), ISBN 3-335-00224-5


Um Spaweck |



  • (de) Bundesdeutsche Arbeitsgemeinschaft für veränderliche Sterne e. V. (BAV)


  • (fr)+(en) Association Francais des Observateurs d`Etoiles Variables (AFOEV)


  • (en) British Astronomical Association Variable Star Section (BAAVSS)


  • (en) American Association of Variable Star Observers (AAVSO)


  • (en) Information Bulletin on Variable Stars (IBVS)


  • (de) Typen veränderlicher Sterne


  • (en) GCVS-Systematik (engl.)


  • (en) AAVSO - Aufsuchkarten





Commons-logo.svg
   



Commons: Variable stars – Biller, Videoen oder Audiodateien

  1. Gerald Handler: Observational Asteroseismology. Habilitationsschrift an der Fakultät für Geowissenschaften, Geographie und Astronomie der Universität Wien, Wien 2007, (Volltext als PDF-Datei) S. 14: 1.3.3 Conclusions and outlook. : ".... Several interesting individual objects were discovered recently (“hybrid” pulsators showing both low-order p and g modes as well as high-order g modes). ...."


  2. C. Aerts, J. Christensen-Dalsgaard, D. W. Kurtz: Asteroseismology (= Astronomy and Astrophysics Library.). Springer Science+Business Media, Dordrecht u. a. 2010, ISBN 978-1-4020-5803-5, S. 679: A. Summery of the Different Classes of Stellar Pulsators. (bei Google-books) "... Moreover, there is overlap between various classes where so-called hybrid pulsators, whose oscillations are excited into two different layers and/or by two different mechanisms, occure. ..."


  3. Laurent Gizon u. a.: Shape of a slowly rotating star measured by asteroseismology. In: Science Advances. Band 2, Nr. 11, 16. November 2016, Artikel: e1601777. (Volltext)




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Verännerleche_Stär&oldid=2153293“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.084","walltime":"0.115","ppvisitednodes":"value":206,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":3696,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":172,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":249,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 31.936 1 -total"," 36.76% 11.739 1 Schabloun:Kuckt_och_Stären_1"," 26.64% 8.507 1 Schabloun:Commonscat"," 18.68% 5.964 2 Schabloun:De"," 18.26% 5.831 1 Schabloun:Commons"," 17.81% 5.689 1 Schabloun:Div_col"," 8.95% 2.860 3 Schabloun:Sproochindikatioun"," 8.55% 2.732 1 Schabloun:Div_col_end"," 8.26% 2.638 1 Schabloun:Fr"," 8.23% 2.629 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1271","timestamp":"20190410144243","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Veru00e4nnerleche Stu00e4r","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Ver%C3%A4nnerleche_St%C3%A4r","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q6243","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q6243","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-03-22T20:25:45Z","dateModified":"2019-01-13T13:52:54Z"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":163,"wgHostname":"mw1332"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?