Skip to main content

Nicolas-Louis de Lacaille Wierker (Auswiel) | Kuckt och | Um Spaweck | Navigatiounsmenü

Gebuer 1713Gestuerwen 1762Franséisch AstronomenFranséisch MathematikerMembere vun der Académie des sciences


15. Mäerz1713RumignyThiérache21. Mäerz1762ParäisfranséischenStärebillerTheologieMathematikAstronomieJacques Cassini1739Meridian174117461750Kap vun der gudder HoffnungParallaxMoundVenusMars1763StäreMessier 83Messier-KatalogCharles MessierBreedegradHemisphärLandkaarteMauritiusÎle de La Réunion1754FixstärenSüdafrikaIsaac NewtonÄerdKugelZentrifugalkraaftEquatorPolAsteroidSaturn 01.svg












Nicolas-Louis de Lacaille




Vu Wikipedia

(Virugeleet vu(n) Nicolas Louis de Lacaille)





Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen












Nicolas-Louis de Lacaille

Lacaille.jpg
Gebuer
15. Mäerz 1713
Rumigny
Gestuerwen
21. Mäerz 1762
Paräis
Nationalitéit
Kinnekräich Frankräich, Frankräich
Aktivitéit
Astronom
Member vun
Royal Society, Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie

Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Paschtouer Nicolas-Louis de Lacaille, gebuer de 15. Mäerz 1713 zu Rumigny an der Thiérache, a gestuerwen den 21. Mäerz 1762 zu Paräis, war e franséischen Astronom a Mathematiker. D'Nimm vu 15 vun den 88 Stärebiller si vun him.


Um Ufank huet de Lacaille Theologie studéiert; no an no huet e sech awer méi ëm d'Mathematik an ëm d'Astronomie gekëmmert, an en huet mat der Theologie ganz opgehalen. Dem Jacques Cassini huet en 1739 gehollef de Paräisser Meridian ze vermoossen, a 1741 gouf e Member vun der Paräisser Académie.


De Léierstull fir Mathematik am Collège Mazarin huet e 1746 kritt a seng Fuerschungen hunn haaptsächlech ronderëm d'Verbesserung vun de Stärekatalogen an den astronomeschen Tableaue gedréint.


1750 ass hie fir véier Joer op de Kap vun der gudder Hoffnung gereest, fir d'Parallaxë vum Mound, der Venus an dem Mars ze berechnen. Seng Positiounsberechungen hunn dozou bäigedroen, d'Distanze fir déi Himmelkierpere méi genee ze bestëmmen. En huet d'Stärebiller am A behalen an en huet a sengem Coelum Australe Stelliferum, dat 1763 publizéiert gouf, bal 10.000 Stäre katalogiséiert. Et war de Lacaille, deen d'Galaxis Messier 83 entdeckt huet, déi méi spéit an de Messier-Katalog vum Astronom Charles Messier opgeholl gouf.

Zu där Zäit huet hien ee Breedegrad vun der südlecher Hemisphär ausgemooss a Landkaarte gezeechent vun der Insel Mauritius, déi Zäit Île de France, a vun der Île de La Réunion, deemools Île de Bourbon.


Hien ass 1754 nees op Paräis zréckkomm a bis un d'Enn vu sengem Liewen ass hie mat senge Fuerschunge virugefuer.


Déi Positiounsmiessunge vu Fixstären, déi hien a Südafrika gemaach hat, hunn dem Isaac Newton seng Hypothes beluecht, datt d'Äerd keng Kugel ass, mä duerch d'Zentrifugalkraaft beim Equator méi e groussen Duerchmiesser misst hunn, wéi vu Pol zu Pol gemooss. De Lacaille ass awer zum Resultat komm, datt d'Bombéieren op der Südhemisphär méi flaach wier, wéi op der nërdlecher Hallefkugel. Dat gëtt de Meridian-Problem genannt.


Déi haiteg Nimm vun de Stärebiller (lëtzebuergeschen Numm, op Latäin an d'international Ofkierzong), deenen hiren Numm vum Lacaille "erfonnt" goufe sinn:


  • Pneumatesch Maschinn, Antlia, Ant

  • Meessel, Caelum, Cae

  • Zirkel, Circinus, Cir

  • Uewen, Fornax, For

  • Auer, Horologium, Hor

  • Dësch, Mensa, Men

  • Mikroskop, Microscopium, Mic

  • Méck, Musca, Mus

  • Regel, Norma, Nor

  • Oktant, Octans, Oct

  • Moler, Pictor, Pic

  • Kompass, Pyxis, Pyx

  • Netz, Reticulum, Ret

  • Skulpter, Sculptor, Scl

  • Teleskop, Telescopium, Tel

Dem de Lacaille zu Éieren ass och den Asteroid 91351 op säin Numm ëmbenannt ginn.



Wierker (Auswiel) |



  • Leçons d'astronomie (Paräis, 1746; nei erausgi vum Jerome Lalande, Paräis 1780)


  • Éphémérides des mouvements célestes depuis 1745–75 (Paris 1745–63, weidergefouert vum Lalande)


  • Astronomiae fundamenta (Paräis 1757)


  • Observations faites au cap de Bonne-Espérance (Paräis 1763)


  • Coelum australe stelliferum (erausgi vum Giovanni Domenico Maraldi, Paräis 1763)


  • Observations sur 515 étoiles du zodiaque (erausgi vum Jean Sylvain Bailly, Paräis 1763)


  • Tables solaires (Paräis 1758)


  • Tables de logarithmes (Paräis 1760)


Kuckt och |


Saturn 01.svgPortal Astronomie



Um Spaweck |


  • [1]




Commons-logo.svg
   



Commons: Nicolas-Louis de Lacaille – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Nicolas-Louis_de_Lacaille&oldid=2157192“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.264","walltime":"0.386","ppvisitednodes":"value":507,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":6652,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":129,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":8,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 336.613 1 -total"," 96.81% 325.863 1 Schabloun:Infobox_Biographie"," 95.27% 320.695 1 Schabloun:Infobox"," 63.60% 214.077 24 Schabloun:Wikidata"," 53.44% 179.870 11 Schabloun:If_empty"," 10.25% 34.518 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 2.39% 8.031 1 Schabloun:Commonscat"," 2.07% 6.962 2 Schabloun:PAGENAMEBASE"," 1.64% 5.507 1 Schabloun:Commons"," 0.76% 2.564 1 Schabloun:Link-Bild"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.182","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":3528477,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1267","timestamp":"20190409072205","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":144,"wgHostname":"mw1327"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü