Skip to main content

Kugelstärekoup Kuckt och | Um Spaweck | NavigatiounsmenüJonk Kugelstärekéip, ESO Press release"Hubble: Schwaarz Lächer an de Kugelstärekéip", astronews.comDistanzbestëmmunge zu Kugelstärekéip

Stärekéip


kugelfStärengalakteschen ZentrumgravitativHalo vun enger GalaxisMëllechstroossAndromedagalaxisMessier 87kiloparsecLiichtjoerLokaler GruppPopulatioun-II-Stärenellipteschen ZwerggalaxienSaturn 01.svg












Kugelstärekoup




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




De Kugelstärekoup M80 am Stärebild Scorpius ass ronn 28.000 Liichtjore vun eiser Sonn ewech. Do gëtt et honnertdausend Stären.


E Kugelstärekoup ass eng kugelfërmeg Usammlung vu Stären, déi de galakteschen Zentrum als Satellit ëmkreest. D'Stären am Koup si gravitativ staark gebonnen, wat seng Kugelform an eng relativ héich Stärendicht a sengem Zentrum mat sech bréngt. Kugelstärekéip, déi een am Halo vun enger Galaxis fënnt, enthale méi Stären, a si méi al wéi déi oppe Stärekéip, an der Galaxiëscheif.


Kugelstärekéip sinn zimlech heefeg. Et goufe schonn iwwer 150 Kugelstärekéip an der Mëllechstrooss fonnt, an et gëtt geschat, datt der nach 10 bis 20 net enteckt goufen.


Grouss Galaxië kënnen der méi hunn. Sou huet beispillsweis d'Andromedagalaxis der ronn 500. An e puer gigantesch elliptesche Galaxien, wéi de Messier 87, kënnen der 10.000 sinn. Déi Kugelstärekéip ëmkreesen d'Galaxis op enger Distanz vu 40 kiloparsec, ronn 131.000 Liichtjoer, oder méi.


An all Galaxis vun der Lokaler Grupp, déi genuch Mass huet, si Kugelstärekéip. An all gréisser Galaxis, déi bis elo gesi gouf, gëtt et e System vu Kugelstärekéip


D'Stäre vu sou Kéip, déi sougenannt extrem Populatioun-II-Stären, sinn all ongeféier gläich al a weise keng Spektrallinne vu schwéieren Elementer. Aus Miessunge vum Spektrum gëtt hiren Alter ofgeleet, well sech déi schwéier Elementer eréischt am Alter vu Joermilliarden entwéckelen.


Obwuel d'Stären an de Kugelstärekéip zu den éischte gehéieren, déi an de Galaxien entstinn, sinn hir Urspréng an hir Roll an der galaktescher Evolutioun nach ëmmer onkloer. An der Tëschenzäit gëtt ugeholl, datt sech Kugelstärekéip signifikant vun ellipteschen Zwerggalaxien ënnerscheeden a sech éischter als Deel vun enger Galaxis gebilt hunn, amplaz als eenzel separat Galaxis.


A verschiddenen elliptesche Galaxien kënnen och ganz jonk Kugelstärekéip gesi ginn. Vun deene Galaxië gëtt ugeholl, datt si aus der Verschmëlzung vun zwou oder méi Urspronksgalaxien entstane sinn. Kollisioune léisen eng Well vu Stäregebuerten aus, bei deene sech no neisten Erkenntnesser och erëm Kugelstärekéip bilde kënnen, soudatt verschidde Generatioune vu Kugelstärekéip an enger Galaxis ze fanne sinn.



Kuckt och |


Saturn 01.svgPortal Astronomie


  • Oppene Stärekoup


Um Spaweck |



  • (en) Jonk Kugelstärekéip, ESO Press release


  • (de) "Hubble: Schwaarz Lächer an de Kugelstärekéip", astronews.com


  • (de) Distanzbestëmmunge zu Kugelstärekéip


  • (en) [1]







Commons-logo.svg
   



Commons: Globular clusters – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Kugelstärekoup&oldid=2167829“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.020","walltime":"0.042","ppvisitednodes":"value":81,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2292,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":167,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 17.903 1 -total"," 47.46% 8.496 1 Schabloun:Commonscat"," 34.93% 6.254 1 Schabloun:Commons"," 22.02% 3.942 2 Schabloun:En"," 17.41% 3.118 2 Schabloun:De"," 13.58% 2.431 1 Schabloun:Link-Bild"," 11.41% 2.042 1 Schabloun:Kuckt_och_Portal:Astronomie"," 10.69% 1.914 2 Schabloun:Sproochindikatioun"],"cachereport":"origin":"mw1321","timestamp":"20190405170353","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Kugelstu00e4rekoup","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Kugelst%C3%A4rekoup","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q11276","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q11276","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-01-31T14:39:14Z","dateModified":"2019-03-05T13:38:14Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/6/6a/A_Swarm_of_Ancient_Stars_-_GPN-2000-000930.jpg"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":124,"wgHostname":"mw1247"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?