Skip to main content

2004 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüD'Detailer vum Foussballlännermatch Färoer Inselen-Lëtzebuerg de 24. Februar 2004 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina den 31. Mäerz 2004 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg den 28. Abrëll 2004 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg den 29. Mee 2004 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Slowakei-Lëtzebuerg den 18. August 2004 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Estland-Lëtzebuerg de 4. September 2004 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Lettland den 8. September 2004 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Russland den 9. Oktober 2004 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Liechtenstein den 13. Oktober 2004 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal de 17. November 2004 op der Websäit vun European Football.info

Joren (21. Joerhonnert)2004


◄20. Joerhonnert◄◄◄20002001200220032005200620072008►►►DonneschdegSchaltjoer












2004




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
 
 
◄◄ |
◄ |
2000 |
2001 |
2002 |
2003 |
2004
| 2005
| 2006
| 2007
| 2008
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 2004.


D'Joer 2004 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Arabesch Welt



  • 2 Konscht a Kultur

    • 2.1 Literatur


    • 2.2 Kino

      • 2.2.1 Lëtzebuerg



    • 2.3 Musek



  • 3 Wëssenschaft an Technik


  • 4 Sport

    • 4.1 Lëtzebuerg



  • 5 Gebuer


  • 6 Gestuerwen


  • 7 Um Spaweck


  • 8 Referenzen




Evenementer |



Europa |



  • 06. Februar: 43 Doudeger bei engem Attentat am Metro vu Moskau.


  • 21. Februar: Grënnung vun der Europapartei Europäesch Gréng Partei


  • 11. Mäerz: Bommenattentater a Garen zu Madrid: bal 200 Doudeger an iwwer 1500 Blesséierter.


  • 14. Mäerz: De Wladimir Putin gëtt als russesche President erëmgewielt.


  • 15. Mäerz: Dem José Luís Rodríguez Zapatero seng Partei PSOE gewënnt d'Parlamentswalen a Spuenien.


  • 29. Mäerz: An Irland gëtt d'Fëmmen an de Pube verbueden.


  • 25. Abrëll: E Referendum op Zypern iwwer eng Vereenegung vun der gespléckter Insel geet negativ aus: de griichesche Süden ass majoritär dogéint.


  • 01. Mee: d'Europäesch Unioun vergréissert sech ëm 10 nei Länner.


  • 23. Mee: Den Horst Köhler gëtt zum däitsche Bundespresident gewielt.


  • 13. Juni: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament an de 25 EU-Memberstaaten, geet d'Gauche als Gewënner ervir.


  • 18. Juni: Zu Roum eenegen d'EU-Staats- a Regierungscheffen sech iwwer den Traité iwwer eng Konstitutioun fir Europa.


  • 27. Juni: De De Valdas Adamkus gewënnt am 2. Tour d'Presidentschaftswalen a Litauen.


  • 08. Juli: Den Heinz Fischer gëtt neie Bundespresident an Éisträich.


  • 30. Juli: Gasexplosioun zu Ghislenghien an der Belsch: 21 Doudeger, 120 Blesséierter.


  • 03. September: Dramatesch Befreiungsaktioun zu Beslan a Südrussland. Dräi Deeg laang haten tschetschenesch Terroristen iwwer 1.300 Leit, déi meescht vun hinne Kanner, als Geiselen an enger Schoul gefaange gehalen. Ronn 340 Affer sinn ze bekloen.


  • 21. November: Kontroverséiert Presidentschaftswalen an der Ukrain.


  • 22. November: D'Europäesch Kommissioun mam President José Manuel Barroso hëlt hir Aarbecht op.


  • 30. November: D'portugisesch Regierung vum Pedro Santana Lopes demissionéiert.


  • 9. Dezember: D'Europäesch Demokratesch Partei gëtt gegrënnt.


  • 16. Dezember: D'EU-Staats- a Regierungscheffen decidéieren, vum 3. Oktober 2005 u Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ze féieren.


Lëtzebuerg |



  • 11. Februar: Fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg (an och an der EU) ginn och Zaldoten aus anere EU-Memberstaate als nei Arméi-Rekrute vereedegt.


  • 01. Mee: De Marc Fischbach fänkt seng Funktioun als éischte Lëtzebuerger Ombudsmann un.


  • 13. Mee: D'Pressegesetz vun 1869 gëtt reforméiert.


  • 13. Juni: Bei de Chamberwalen 2004 kritt d'CSV 24 Sëtzer (+5), LSAP 14 (+1), DP 10 (-5), déi Gréng 7 (+2), ADR 5 (-2), Déi Lénk/KPL 0 (-1), FPL 0 (-).

  • 13. Juni: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament kritt d'CSV 3 Sëtzer (+1), d'LSAP 1 (-1), d'DP an Déi Gréng jee 1 (-) an Déi Lénk, d'KPL an d'ADR 0 (-).


  • 31. Juli: D'Regierung Juncker-Asselborn I, eng CSV-LSAP-Koalitiounsregierung, gëtt vereedegt.


  • 27. September: De portugisesche Staatspresident Jorge Sampaio ass op Staatsvisite.


  • 19. November: D'Lëtzebuerger Konstitutioun gëtt geännert.


Afrika |



  • 24. Februar: 517 Doudeger bei engem Äerdbiewen a Marokko.


Amerika |



  • 28. Juni: Wale fir d'Nationalparlament a Kanada. D'Liberal Partei gëtt erëmgewielt, mä huet net d'Majoritéit.

  • August/September: Véiermol hannerenee maachen d'Hurricanen an der Karibik an am Südoste vun den USA grouss Schied, dausende Mënsche kommen (virun allem op Haiti) ëm d'Liewen.


USA |



  • 02. Mäerz: Den John Kerry gëtt demokratesche Kandidat fir d'Presidentschaftswalen.


  • 02. November: De George W. Bush gëtt als President vun de Vereenegte Staaten erëmgewielt mat 51 zu 49 % vun de Stëmme géint den John Kerry.


Südamerika |



  • 01. August: Feier an engem Akafszentrum zu Asunción a Paraguay, iwwer 400 Doudeger.


  • 31. Oktober: Den Tabaré Vázquez gëtt zum President vun Uruguay gewielt.


  • 31. Dezember: Bei engem Feier an enger Discothéik zu Buenos Aires stierwen 180 Leit.


Asien |




Animatioun vum Ausbreede vun der Tsunami-Well, déi duerch ee Séibiewen am Indeschen Ozean ausgeléist gouf



  • 04. Januar: De Mikhail Saakashvili gewënnt d'Presidentschaftswalen a Georgien.


  • 28. Juni: Den Irak kritt seng Souveränitéit nees zréck a ka sech, mat Aschränkungen, erëm selwer verwalten.


  • 5. Juli: éischt direkt Wal vum President vun Indonesien. Den 2. Tour, den 20. September, gëtt vum Susilo Bambang Yudhoyono gewonnen.


  • 20. September: De Susilo Bambang Yudhoyono gëtt zum Staatspresident vun Indonesien gewielt.


  • 26. Dezember: Iwwer 285.000 Doudeger bei engem Séibiewen am Indeschen Ozean mat enger Stäerkt vu 9.0 op der Richterskala. Déi meescht Affer sinn duerch d'Tsunamien ëm d'Liewe komm, déi d'Biewe provozéiert hat.


Ozeanien & Pazifik |



Arabesch Welt |



  • 20. Februar: Déi Konservativ gewannen d'Parlamentswalen am Iran.


  • 28. Abrëll: Biller aus dem Prisong vun Abu Ghraib gi publizéiert, op deenen irakesch Gefaange vun US-amerikanesche Giischtercher kujenéiert ginn.

  • Uechter d'Joer: Bommenattentater am Irak maachen Honnerte vun Affer.


Konscht a Kultur |



  • 28. Mee: De Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster gëtt ageweit.


Literatur |



  • Servais-Präis: Claudine Muno fir Frigo.


Kino |



  • Lord of the Rings - The Return of the Emperor vum Peter Jackson kritt den Oscar fir de beschte Film;


  • Fahrenheit 9/11 vum Michael Moore gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes;


  • Les invasions barbares vum Denys Arcand kritt den César fir de beschte Film.


Lëtzebuerg |



  • La Revanche vum Andy Bausch.


  • Heim ins Reich vum Claude Lahr.


  • Der neunte Tag vum Volker Schlöndorff.


Musek |



  • 12. Mee–15. Mee: D'Ruslana gewënnt fir d'Ukrain mam Lidd Wild Dances den 49. Eurovision Song Contest zu Istanbul.


Wëssenschaft an Technik |



  • 23. Januar: D'europäesch Sonde Mars Express bréngt de Bewäis, datt et um Mars Waasser gëtt.


  • 06. Mee: Lëtzebuerg gëtt Member vun der Europäescher Weltraumagence (ESA).


  • 14. Dezember: De Viaduc de Millau, déi héchst Bréck vun der Welt, gëtt ageweit.


Sport |


  • De Lance Armstrong gewënnt den Tour de France fir d'sechste Kéier (Dësen Titel gëtt him 2012 wéinst Doping oferkannt).


  • Griicheland gewënnt d'Foussball-Europameeschterschaft.


  • 13. August: D'Spiller vun der XXVIII Olympiad fänken zu Athen un.


Lëtzebuerg |


  • D'Jeunesse Esch gewënnt de FOussballchampionat, den F91 Diddeleng d'Coupe de Luxembourg.


  • 24. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Jerez la Frontera 2:4 géint d'Färoer Inselen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de René Peters an Daniel Huss geschoss.[1]


  • 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Bosnien-Herzegowina. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel Huss geschoss.[2]


  • 28. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Innsbruck 1:4 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel Huss geschoss.[3]


  • 29. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Agueda 0:3 géint Portugal.[4]


  • 18. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Bratislava, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 1:3 géint Slowakei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[5]


  • 04. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Tallinn, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Estland.[6]


  • 08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 3:4 géint Lettland. D'Goler fir Lëtzebuerg hunn de Gordon Braun, Fons Leweck a Manuel Cardoni geschoss. Den Eric Hoffmann huet e Selbstgol markéiert.[7]


  • 09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Russland.[8]


  • 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Liechtenstein.[9]


  • 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:5 géint Portugal.[10]


Gebuer |



  • 21. Juli: Wikipedia op Lëtzebuergesch.


Gestuerwen |



  • 06. Januar: Nicolas Mosar, lëtzebuergesche Politiker.


  • 07. Januar: Ingrid Thulin, schwedesch Schauspillerin.


  • 23. Januar: Helmut Newton, däitsche Fotograf.


  • 27. Januar: Marc Lambert, lëtzebuergesche Manager.


  • 29. Januar: O.W. Fischer, éisträichesche Schauspiller.


  • 02. Februar: Hikitsuchi Michio, japaneschen Aikido-Meeschter.


  • 02. Februar: Erny Gillen, lëtzebuergeschen Auteur a Resistenzler.


  • 09. Februar: Gerhard Riedmann, éisträichesche Schauspiller.


  • 12. Februar: Jean Weyrich, lëtzebuergesche Fotojournalist.


  • 13. Februar: François Tavenas, franco-kanadesche Professer an éischte Rekter vun der Université du Luxembourg.


  • 14. Februar: Marco Pantani, italienesche Vëlossportler.


  • 19. Februar: Josy Mersch, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 04. Mäerz: Claude Nougaro, franséische Sänger.


  • 04. Mäerz: Henri Beck, lëtzebuergesche Jurist a Lokalhistoriker.


  • 10. Mäerz: Paul Oster, lëtzebuergeschen Auteur an Dëschtennisspiller.


  • 15. Mäerz: Philippe Lemaire, franséische Schauspiller.


  • 20. Mäerz: Juliane van Oranje-Nassau, hollännesch Kinnigin vun 1948-1980.


  • 21. Mäerz: Jos Durlet, lëtzebuergesche Journalist an Auteur.


  • 28. Mäerz: Robert Merle, franséischen Auteur.

  • 28. Mäerz: Peter Ustinov, britesche Schauspiller, Auteur a Regisseur.


  • 01. Abrëll: Jacques Seiler, franséische Schauspiller an Theaterregisseur.


  • 04. Abrëll: Albéric Schotte, belsche Vëlossportler.


  • 25. Abrëll: Carl Melles, éisträicheschen Dirigent.


  • 27. Abrëll: Jean Devaivre, franséische Resistenzler a Filmregisseur.


  • 28. Abrëll: Raymond Arnette, franséische Resistenzler, Paschtouer an Auteur.


  • 30. Abrëll: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist.


  • 04. Mee: Léon Bartimes, Buergermeeschter vu Beefort.


  • 09. Mee: Fernand Kons, lëtzebuergesche Politiker a Veterinär.


  • 10. Mee: Georges Wengler. lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.


  • 15. Mee: Robert K. Morgan, US-Amerikanesche Pilot.


  • 16. Mee: Marika Rökk, éisträichesch-däitsch Sängerin a Schauspillerin.


  • 17. Mee: Tony Randall, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 19. Mee: Carl Raddatz, däitsche Schauspiller.


  • 26. Mee: Nikolai Stepanowitsch Tschernych, russeschen Astronom.


  • 27. Mee: René Grün, lëtzebuergesche Boxer.


  • 01. Juni: Edmond Wagner, lëtzebuergesche Philosophieprofesser, Philosoph an Auteur.


  • 02. Juni: Nicolaï Ghiaurov, bulgaresche Bass-Sänger.


  • 04. Juni: Nino Manfredi, italienesche Schauspiller.


  • 05. Juni: Ronald Reagan, US-amerikanesche President a Schauspiller.


  • 05. Juni: Iona Brown, englesch Violonistin an Dirigentin.


  • 06. Juni: Bernd Pfarr, däitsche Moler a Karikaturist.


  • 06. Juni: Charles-Marie Ternes, docteur en philosophie et lettres, Professer am Lycée Robert-Schuman.


  • 07. Juni: Roger Matton, kanadesche Komponist.


  • 10. Juni, Ray Charles, US-amerikaneschen Jazz-Museker.


  • 24. Juni: Marc Zanussi, lëtzebuergesche Politiker.


  • 28. Juni: Georges de Caunes, franséische Journalist a Schauspiller.

  • 28. Juni: Marcel Jullian, franséischen Auteur, Dréibuchauteur a Filmregisseur.


  • 01. Juli: Marlon Brando, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.


  • 01. Juli: Paul Beghin, lëtzebuergesche Politiker a Jurist


  • 09. Juli: Jean Lefebvre, franséische Schauspiller.


  • 11. Juli: Renée Saint-Cyr, franséisch Schauspillerin.


  • 13. Juli: Carlos Kleiber, éisträicheschen Dirigent.


  • 15. Juli: Willy Klein, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.


  • 18. Juli: Inge Meysel, däitsch Schauspillerin.

  • 18. Juli: Emile Gretsch, lëtzebuergeschen Dokter a Fechter.

  • 18. Juli: Richard Ney, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 21. Juli: Jerry Goldsmith, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.


  • 22. Juli: Serge Reggiani, italienesch-franséische Schauspiller a Sänger.


  • 01. August: Madeleine Robinson, franséisch Schauspillerin.


  • 03. August: Henri Cartier-Bresson, franséische Fotograf.


  • 08. August: Fay Wray, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 14. August: Czesław Miłosz, polnesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.


  • 17. August: Gérard Souzay, franséische Bariton-Sänger.


  • 18. August: Elmer Bernstein, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.


  • 29. August: Hans Vonk, hollänneschen Dirigent.

  • 29. August: Marcel Chennaux, lëtzebuergesche Schéisser an Olympionik.


  • 30. August: Fred Whipple, US-amerikaneschen Astronom.


  • 03. September: André Dumortier, belsche Pianist.


  • 04. September: Serge Marquand, franséische Schauspiller.


  • 18. September: Russ Meyer, US-amerikanesche Filmregisseur.


  • 21. September: Edmond Lux, lëtzebuergesche Moler.


  • 22. September: Nico Weber, lëtzebuergesche Sproochewëssenschaftler.


  • 28. September: Christl Cranz, däitsch Alpinschileeferin.


  • 29. September: Heinz Wallberg, däitschen Trompettist, Violonist an Dirigent.


  • 01. Oktober}: Richard Avedon, US-amerikanesche Fotograf.


  • 03. Oktober: Janet Leigh, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 04. Oktober: Gordon Cooper, US-amerikaneschen Astronaut.


  • 08. Oktober: Irina Demick, franséisch / US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 10. Oktober: Christopher Reeve, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 21. Oktober: Jean Dondelinger, lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker.

  • 21. Oktober: Jean-Pierre Georg, lëtzebuergesche Sculpteur.


  • 01. November: Aly Bintz, lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.


  • 02. November: Gerrie Knetemann, professionellen hollännesche Vëlossportler.


  • 11. November: Jassir Arafat, palästinensesche Politiker.

  • 11. November: Richard Dembo, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 19. November: Helmut Griem, däitsche Schauspiller.


  • 26. November: Philippe de Broca, franséische Regisseur.


  • 01. Dezember: Fathi Arafat, palästinensesche Politiker.


  • 01. Dezember: Bernhard zur Lippe-Biesterfeld, däitschen Adelegen; Prënz-Konsort vun Holland.


  • 02. Dezember: Émile Probst, lëtzebuergesche Kënschtler.


  • 03. Dezember: Maria Perschy, éisträichesch Schauspillerin.


  • 04. Dezember: Carl Esmond, éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller.


  • 07. Dezember: Pierre Schmitz, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik


  • 15. Dezember: Sidonie Goossens, britesch Harfspillerin.


  • 28. Dezember: Susan Sontag, US-amerikanesch Schrëftstellerin.

  •  ?: Fuad Rouhani, iranesche Regierungsbeamten.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 2004 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. D'Detailer vum Foussballlännermatch Färoer Inselen-Lëtzebuerg de 24. Februar 2004 op der Websäit vun European Football.info


  2. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina den 31. Mäerz 2004 op der Websäit vun European Football.info


  3. D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg den 28. Abrëll 2004 op der Websäit vun European Football.info


  4. D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg den 29. Mee 2004 op der Websäit vun European Football.info


  5. D'Detailer vum Foussballlännermatch Slowakei-Lëtzebuerg den 18. August 2004 op der Websäit vun European Football.info


  6. D'Detailer vum Foussballlännermatch Estland-Lëtzebuerg de 4. September 2004 op der Websäit vun European Football.info


  7. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Lettland den 8. September 2004 op der Websäit vun European Football.info


  8. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Russland den 9. Oktober 2004 op der Websäit vun European Football.info


  9. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Liechtenstein den 13. Oktober 2004 op der Websäit vun European Football.info


  10. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal de 17. November 2004 op der Websäit vun European Football.info




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=2004&oldid=2190222“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.192","walltime":"0.272","ppvisitednodes":"value":987,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":7399,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":4394,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 158.310 1 -total"," 6.91% 10.944 1 Schabloun:Referenzen"," 5.77% 9.137 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 3.92% 6.212 1 Schabloun:Commonscat"," 2.88% 4.559 1 Schabloun:9._Mee"," 2.61% 4.133 1 Schabloun:Commons"," 2.49% 3.948 1 Schabloun:6._Februar"," 2.47% 3.906 1 Schabloun:Clr"," 1.98% 3.141 1 Schabloun:7._Januar"," 1.88% 2.972 47 Schabloun:0"],"cachereport":"origin":"mw1345","timestamp":"20190714054851","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"2004","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/2004","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q2014","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q2014","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-09-08T11:28:29Z","dateModified":"2019-07-14T05:48:51Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":183,"wgHostname":"mw1331"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?