Skip to main content

Raumfuerer Inhaltsverzeechnes Bezeechnungen | Ausbildungsplazen | Berühmt Raumfuerer | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüRaumfahrer.netAstronauten- a Kosmonautekandidaten aus der UdSSR/RusslandKosmonauten aus der UdSSR/RusslandTaikonautenAstronautixNASA's Educator AstronautApplication package (PDF)Themesäit Däitsch Astronaute vum DLRAbout Astronauts. NasaRaumfahrt

Raumfuerer


bemannter Expeditioun an de Weltraum1961Juri GagarinUSAWesteuropaSowjetuniounRusslandOsteuropaVolleksrepublik ChinaFrankräichMalaysiaIndienSigmund JähnDäitscher Demokratescher RepublikFranz ViehböckUlf MerboldReinhard FurrerErnst MesserschmidDäitschlandSpace-ShuttleNorman ThagardNASAESAsowjetesche Raumfuerer1950erJuri GagarinStärNASA1. Dezember19581927Science-FictionJ.-H. Rosny AînéRaum/WeltraumChina1998MalaysiaNewsgroupShanghai2003Shenzhou 5Yang Liwei2010Sanskrit2015malaysesche RaumfaartprogrammmalaysecheFaiz KhaleedSheikh Muszaphar ShukorMark ShuttleworthJuri-Gagarin KosmonautentrainingszentrumLyndon B. Johnson Space CenterHoustoneuropäeschen AstronautenzentrumDLRLëscht vu RaumfuererRekorder an der bemannter RaumfaartSaturn 01.svg












Raumfuerer




Vu Wikipedia

(Virugeleet vu(n) Astronaut)





Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen





NASA-Astronaut Bruce McCandless II bei engem Baussebordasaz den 11. Februar 1984


E Raumfuerer (och Weltraumfuerer) ass e Member vun enger bemannter Expeditioun an de Weltraum. Den éischte Raumfuerer war am Joer 1961 de Juri Gagarin. Jee no hirer Ofstamung bezeechent een Raumfuerer och als Astronauten (USA, Westeuropa), Kosmonauten (Sowjetunioun/Russland, Osteuropa) oder Taikonauten (Volleksrepublik China). Méi rar Nimm sinn Spationauten (a Frankräich), Angkasawan (an Malaysia) an Vyomanaut oder Wiomanaut (an Indien).




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Bezeechnungen

    • 1.1 Kosmonaut


    • 1.2 Astronaut


    • 1.3 Spationaute


    • 1.4 Taikonaut


    • 1.5 Vyomanaut


    • 1.6 Angkasawan


    • 1.7 Afronaut



  • 2 Ausbildungsplazen


  • 3 Berühmt Raumfuerer


  • 4 Kuckt och


  • 5 Um Spaweck


  • 6 Referenzen




Bezeechnungen |


D'Sowjetunioun an d'Vereenegt Staaten, als éischt Länner mat engem bemannte Raumfaartprogramm, hu mat mat „Kosmonaut“ (космонавт) resp. „Astronaut“ (astronaut) zwou ënnerschiddlech Bezeechnunge fir Raumfuerer etabléiert. Doraus huet sech d'Traditioun entwéckelt, de Beruff vun engem Raumfuerer no der Blockzougehéieregkeet vum Raumfaartprogramm ze benennen. Sou gëtt och den éischten däitsche Raumfuerer Sigmund Jähn aus der Däitscher Demokratescher Republik an den éischten éisträichesche Raumfuerer Franz Viehböck, déi mat sowjetesche Raumkapselen an den All geflu waren, als Kosmonaute bezeechent [1]. Dogéint nennt een d'Raumfuerer Ulf Merbold, Reinhard Furrer an Ernst Messerschmid aus der Bundesrepublik Däitschland, déi mat engem Space-Shuttle an de Weltraum geflu waren, Astronauten. Och nom Ëmschwonk sinn däitsch Raumfuerer beim elo russesche Raumfaartprogramm als Wëssenschaftskosmonaute matgeflunn. Den Astronaut Ulf Merbold gouf domat nach virum US-amerikaneschen Astronaut Norman Thagard och zum Kosmonaut.


Och haut gëtt weiderhin d'Bezeechnung Kosmonaut fir russesch Raumfuerer an Astronaut fir Raumfuerer vun der NASA gebraucht [2]. D'ESA huet den Numm Astronaut als Beruffsbezeechnung iwwerholl, während aner Länner mat eegenem Raumfaartprogramm och weider Bezeechnungen entwéckelt hunn.



Kosmonaut |




Kosmonauteraumkostüm fir e sowjetesche Moundlande-Projet, deen ni verwierklecht gouf.


De Begrëff Kosmonaut (vu κόσμος kosmos = Weltraum + ναύτης nautēs = Séifuerer/Matrous, resp. vum russ.: Космонавт bezeechent e sowjetesche Raumfuerer. Och am haitege Russland, de GUS-Staaten, an Deeler vu Mëttel- an Osteuropa souwéi an den neie Bundeslänner vun der Bundesrepublik Däitschland gëtt weiderhi vu Kosmonaute geschwat. De Begrëff gouf während der Course an de Weltraum an den 1950er Jore geformt, a mam Juri Gagarin als éischte Mënsch am Weltraum weltwäit bekannt. D'Bild vum Kosmonaut hat an der Sowjetunioun eng Bedeitung gespillt, déi iwwer den techneschen oder politesche Wäertzouwues wéi am Westen erausgoung.



Astronaut |


De Begrëff Astronaut (vun ἄστρον astron = Stär + ναύτης nautēs = Séifuerer/Matrous) leent sech un d'Wuert Aeronaut (Loftschëff) un. D'NASA hat sech den 1. Dezember 1958 entscheet fir hir Raumfuerer Astronauten ze nennen, an der Meenung, en neit Wuert geformt ze hunn, dobäi gouf dëse Begrëff schonn 1927 vum franséische Science-Fiction-Auteur J.-H. Rosny Aîné a sengem Buch Les Astronautes gebraucht.



Spationaute |


De Begrëff Spationaute (vun spatium‚ Raum/Weltraum‘ + ναύτης nautēs ‚Séifuerer‘) ass e franséischt Konschtwuert fir Raumfuerer.



Taikonaut |


De Begrëff Taikonaut ass aus zwéi Wierder zesummegesat: „Taikong“ bedeit „Weltraum“ oder „Kosmos“. Déi virdru gestallt Silb „taiko-“ ass ähnlech wéi „astro“ wouduerch déi dräi Wierder „Astronaut“, „Kosmonaut“ an „Taikonaut“ perfekt symmetresch sinn, souwuel an der Bedeitung wéi och an der Form. Duerch d'Ewechloosse vum Buschtaf „g“ vun „Taikong“ gëtt de Begrëff méi kuerz a méi einfach auszeschwätzen.


„Taikonaut“ ass d'Bezeechnung fir e Raumfuerer dee fir e chinesesche Raumfaartprogramm an de Weltraum flitt. China ass als drëtt Land an der Lag, Mënsche mat engem selbststänneg entwéckelte Rakéitesystem op eng Äerdëmlafbunn ze schécken.


D'Bezeechnung „Taikonaut“ gouf fir d'éischt am Mee 1998 vum Chiew Lee Yih aus Malaysia an enger Newsgroup gebraucht. Bal zur selwechter Zäit gouf et vum Chen Lan vu Shanghai gebraucht a koum iwwer seng Internetsäit „Go Taikonauts!“ eraus. „Go Taikonauts!“ war zu der deemoleger Zäit déi eenzeg zouverléisslech engleschsproocheg Informatiounsquell iwwer déi chinesesch Raumfaartustrengungen. De Chiew Lee Yih an de Chen Lan hunn de Begrëff parallel entwéckelt, wat dorop hiweist datt et wahrscheinlech dat Wuert ass, wat fir e chinesesche Raumfuerer am beschte passt. Duerch d'Internetsäit „Go Taikonauts!“ gouf de Begrëff vun de westleche Medien opgegraff a weider verbreet.


Op Chinesesch gëtt d'Wuert Yǔhángyuán fir Weltraumfuerer gebraucht [3]. D'chinesesch Regierung hat de 15. Oktober 2003 mat dem Raumschëff Shenzhou 5 an dem Raumfuerer Yang Liwei den éischte bemannte chinesesche Weltraumfluch gestart.



Vyomanaut |


Vyomanaut gouf Ufanks 2010 fir zukënfteg indesch Raumfuerer gewielt. D'Bezeechnung ass ofgeleet aus dem Sanskrit (vun vyomagami = „eppes, wat sech um Himmel beweegt“) a griich. ναύτης nautēs = Séifuerer. Den éischten indesche Raumfluch ass fir 2015 geplangt [4].



Angkasawan |


Der Begrëff Angkasawan fir Raumfuerer a gläichzäiteg de malaysesche Raumfaartprogramm leet sech vum malayseche Wuert angkasa (Weltraum) of. Déi béid malaysesch Raumfuerer Faiz Khaleed a Sheikh Muszaphar Shukor si bis elo déi zwéin eenzeg Raumfuerer mat där Bezeechnung. Si ware bei enger russescher Raumfaartmissioun dobäi. Fir se z'ënnerscheede krute si de Bäinumm Angkasawan.



Afronaut |


De Mark Shuttleworth gëtt als Afronaut bezeechent.



Ausbildungsplazen |


A Russland ginn d'Kosmonauten am Juri-Gagarin Kosmonautentrainingszentrum ausgebilt. Den Astronauten-Korps vun der NASA ass am Lyndon B. Johnson Space Center zu Houston stationéiert. Déi europäesch Astronaute ginn ënner anerem zu Köln am europäeschen Astronautenzentrum, enger fréierer DLR-Anlag, ausgebilt.



Berühmt Raumfuerer |




De Neil Armstrong, éischte Mënsch um Äerdmound


Eng vollstänneg Lëscht vun alle Raumfuerer fënnt een op der Lëscht vu Raumfuerer, Rekordler ënner Rekorder an der bemannter Raumfaart.



  • Juri Alexejewitsch Gagarin, éischte Mënsch am Weltraum (1961)


  • Alan Shepard, (Mee 1961) éischten Amerikaner am Weltraum (ouni d'Äerd z'ëmkreesen); (1971) fënnefte Mënsch um Äerdmound


  • German Stepanowitsch Titow, zweete Sowjetbierger am Weltraum (August 1961) a bis haut jéngste Raumfuerer (war bei sengem Raumfluch 25 Joer al)


  • Walentina Wladimirowna Tereschkowa, éischt Fra am Weltraum (1963)


  • Alexei Archipowitsch Leonow, éischten Aussebordasaz (1965)


  • Wladimir Komarow, éischte Mënsch, dee bei enger Weltraummissioun gestuerwen ass (1967)


  • Neil Armstrong, (1969) éischte Mënsch um Äerdmound


  • Edwin Aldrin, (1969) zweete Mënsch um Äerdmound


  • John Glenn, (1962) éischten Amerikaner, deen d'Äerd ëmkreest hat; (1998) mat 77 Joer den eelste Mënsch am Welraum am Kader vun der STS-95 Missioun


  • Edward White, (1965), éischten Amerikaner, deen e Weltraumausstig duerchgefouert huet.


  • James Lovell, (1970) Kommandant vun Apollo 13


  • Eugene Cernan, (1972) bis haut dee leschte Mënsch, deen um Äerdmound war Apollo 17


  • Vladimír Remek, éischte Raumfuerer vun enger drëtter Natioun, als Tschech Partner vun de Sowjets (1978)


  • Sigmund Jähn, éischten Däitschen am Weltraum (1978)


  • John Young, (1981) éischte Kommandant vum Space Shuttle Columbia


  • Jean-Loup Chrétien, éischte Westeuropäer am All, als Fransous („Spationaut“) Gaascht vun der Sowjetunioun (1982)


  • Sally Ride, éischt US-Amerikanerin am All, drëtt Fra am All no zwou Sowjetbiergerinnen (1983)


  • Ulf Merbold, (1983) éischte westdäitschen Astronaut, hat zu der éischter Crew vum Spacelab gehéiert. Éischten Däitschen, dee mat den Amerikaner wéi och mat de Russen am Weltraum war.


  • Franz Viehböck, éischten Éisträichechen („Austronaut“) am Weltraum als Gaascht vun der Sowjetunioun (1991)


  • Claude Nicollier, (1992) éischte Schwäizer am Weltraum


  • Sergei Krikaljow, Start als leschte Sowjetbierger, Heemrees als éischte Bierger vu Russland (1991) am Weltraum, dréit den aktuelle Rekord mat dem am Total längsten Openthalt am Weltraum.


  • Waleri Poljakow, längsten Openthalt am All respeltiv op enger Raumstatioun (1994/95)


  • Thomas Reiter, däitsche Raumfuerer mat dem längsten Openthalt am All (Mir (1995/96) an ISS (2006))


  • Eileen Collins, (1999) éischt Space-Shuttle-Kommandantin


  • Dennis Tito, éischte Weltraumtourist (2001)


  • Yang Liwei, chinesesche Staatsbierger an éischten Taikonaut am Weltraum (2003)


  • Michael Melvill, (2004) éischten Astronaut, dee mat engem netstaatleche Raumschëff de Weltraum erreecht huet (suborbitale Fluch).


  • Anousheh Ansari, éischte weibleche Weltraumtourist (2006)


  • Liu Yang, éischt chinesesch Taikonautin (2012)


Kuckt och |


Saturn 01.svgPortal Astronomie


  • Lëscht vu Raumfuerer


  • Lännerstatistik vu bemannter Raumfaart,


  • NASA, Mercury-Programm, Gemini-Programm, Apollo-Programm, Skylab,


  • Roskosmos, Éischt Kosmonautegrupp vun der Sowjetunioun, Wostok, Woschod, Sojus, Saljut, Buran

  • Weltraumtourismus


Um Spaweck |







Breite
   



Wiktionnaire: Taikonaut Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen

  • Raumfahrer.net

  • Astronauten- a Kosmonautekandidaten aus der UdSSR/Russland

  • Kosmonauten aus der UdSSR/Russland

  • Taikonauten


  • (en) Astronautix


  • NASA's Educator Astronaut, Application package (PDF)

  • Themesäit Däitsch Astronaute vum DLR



Referenzen



  1. Siehe z. B. die Selbstbezeichnung „Kosmonaut“ von Franz Viehböck auf seiner Homepage [1]


  2. About Astronauts. Nasa


  3. Presseamt des Staatsrats der Volksrepublik China: Chinas Raumfahrt. Verlag für fremdsprachige Literatur, Peking 2006; ISBN 7-119-04590-3; S. 7, 13, 16; Jahrbuch China 2004, Abschnitt Raumfahrt (china.org.cn)


  4. Vyomanauts are go. New Scientist vom 9. Januar 2010, S. 6




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Raumfuerer&oldid=2143096“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.128","walltime":"0.222","ppvisitednodes":"value":282,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1464,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":51,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":3,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":1645,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 89.617 1 -total"," 68.42% 61.318 1 Schabloun:Wiktionary"," 21.68% 19.432 1 Schabloun:Referenzen"," 6.57% 5.884 1 Schabloun:Clr"," 6.33% 5.674 1 Schabloun:En"," 3.42% 3.068 1 Schabloun:Sproochindikatioun"," 3.38% 3.033 1 Schabloun:Link-Bild"," 3.15% 2.822 1 Schabloun:Kuckt_och_Portal:Astronomie"],"cachereport":"origin":"mw1330","timestamp":"20190803071421","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Raumfuerer","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Raumfuerer","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q11631","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q11631","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2012-08-13T21:20:52Z","dateModified":"2018-11-26T08:48:30Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/9/91/Bruce_McCandless_II_during_EVA_in_1984.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":135,"wgHostname":"mw1257"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?