Skip to main content

1989 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüD'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg den 9. Mee 1989 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 1. Juni 1989 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal den 11. Oktober 1989 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 25. Oktober 1989 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 15. November 1989 op der Websäit vun European Football

Joren (20. Joerhonnert)1989


◄19. Joerhonnert21. Joerhonnert◄◄◄19851986198719881990199119921993►►►Sonndeg












1989




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
 
◄◄ |
◄ |
1985 |
1986 |
1987 |
1988 |
1989
| 1990
| 1991
| 1992
| 1993
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 1989.


D'Joer 1989 huet op engem Sonndeg ugefaangen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Mëttel- a Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Arabesch Welt



  • 2 Konscht a Kultur

    • 2.1 Molerei


    • 2.2 Literatur


    • 2.3 Musek


    • 2.4 Film

      • 2.4.1 Lëtzebuerg




  • 3 Wëssenschaft an Technik


  • 4 Sport

    • 4.1 Fousball



  • 5 Gebuer


  • 6 Gestuerwen


  • 7 Um Spaweck


  • 8 Referenzen




Evenementer |



Europa |



  • 06. Februar: Ronnen Dësch a Polen; Solidarność soll nees zougelooss ginn, d'Zensur ofgeschaf, an eng zweet Kummer, de Senat, dee fräi gewielt soll ginn, soll geschaf ginn.


  • 02. Mee: Ungarn fänkt domat un, d'Grenzspären no Éisträich ofzebauen.


  • 08. Mee: Éischt Nummer vun der Gazeta Wyborcza, der éischter legaler Oppositiounszeitung am Ostblock.


  • 09. Mee: De Slobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.


  • 04. Juni: Demokratesch Parlamentswahlen a Polen: 'Solidaritéit kritt 99 vun 100 Sëtz am Senat.


  • 07. Juli: De Sommet vum Warschauer Pakt zu Bukarest decidéiert d'"Recht vun all Vollek op Selbstbestëmmung".


  • 19. Juli: De Wojciech Jaruzelski gëtt mat just enger Stëmm Majoritéit zum Staatspresident a Polen gewielt, den Tadeusz Mazowiecki (Solidarność) gëtt de 24. August den éischten net-kommunistische Ministerpresident.


  • 19. August: Beim "Paneuropäesche Picknick" zu Sopron an Ungarn maache sech Honnerte vun DDR-Bierger iwwer d'Grenz an Éisträich.


  • 23. August: Iwwer 1 Millioun Leit maachen eng Mënschekette vu 560 km op der Via Baltica tëscht Vilnius a Lettland an Tallinn an Estland.


  • 07. Oktober: D'Ungaresch Sozilistesch Aarbechterpartei nennt sech an Ungaresch Sozialitesch Partei ëm an entmuecht sech gréisstendeels.


  • 09. Oktober: Zu Leipzig gi bei der "Montagsdemonstration" trotz Verbuet 70.000 Leit op d'Strooss fir fir Reformen a Fräiheet ze demonstréieren; déi Woch drop sinn et der 120.000, nach eng méi spéit 300.000.


  • 18. Oktober: Den Erich Honecker trëtt als President vum Staatsrot vun der DDR zréck, den Egon Krenz gëtt säin Nofolger.


  • 23. Oktober: An Ungarn trëtt déi nei Konstitutioun a Kraaft: Ungarn ass eng Republik a keng "Volleksrepublik" méi.



Den Checkpoint Charlie zu Berlin, an der Nuecht op den 10. November



  • 04. November: Eng hallef Millioun Leit manifestéieren zu Ost-Berlin fir Reformen, Demokratie a Fräiheet.


  • 09. November: D'DDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnertdausende vu Leit kënne fir d'éischt Kéier no 28 Joer an de Westen.


  • 10. November: De bulgaresche Staats- a Parteichef Todor Schivkov gëtt gestierzt.


  • 13. November: De Prënz Hans-Adam II. vu Liechtenstein gëtt Staatschef vu Liechtenstein.


  • 17. November: Zu Prag gëtt e Commémoratiounscortège vun der Police auserneegebeetscht; Ufank vun der Samettener Revolutioun.


  • 18. November: Den Hans Modrow gëtt neie Ministerpresident vun der DDR.


  • 25. Dezember: De gestierzten rumäneschen Diktator Nicolae Ceauşescu a seng Fra Elena ginn higeriicht.


  • 29. Dezember: A Polen gëtt d'Konstitutioun geännert.


  • 29. Dezember: Als Suite vun der Samettener Revolutioun gëtt de Václav Havel President vun der Tschechoslowakei.


Lëtzebuerg |



  • 18. Juni: Chamber- an Europawalen. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 22 Sëtz, d'LSAP der 18, d'DP der 11, d'GLEI an d'GAP der jee 2, d'ADR der 4 an d'KPL 1. Bei den Europawale ginn 3 Sëtz un d'CSV, 2 un d'LSAP an 1 un d'DP.


  • 14. Juli: D'Regierung Santer-Poos II, eng CSV-LSAP-Koalitioun, gëtt vereedegt.

  •  ? Prozess ëm d'Waldbëlleger Affär.


Afrika |



  • 13. September: De Frederik de Klerk gëtt President vu Südafrika a leet Schrëtter an, fir d'Apartheid ofzeschafen.


Amerika |



USA |



  • 01. Januar: E Fräihandelsofkommes tëscht den USA a Kanada trëtt a Kraaft.


  • 24. Mäerz: De Pëtrolstanker Exxon Valdez leeft am Prince William Sound virun der Küst vun Alaska aus; -zeg-dausend Tonne Pëtrol verknaschten eng 2000 Kilometer Côte.


Mëttel- a Südamerika |



  • 03. Februar: Am Paraguay gëtt den Diktator Alfredo Stroessner ofgesat.


  • 20. Dezember: Panama: Ufank vun enger militärescher Invasioun duerch d'USA, fir den Diktator Manuel Noriega gefaangen ze huelen.


Asien |



  • 14. Abrëll: D'sowjetesch Truppen zéie sech aus dem Afghanistan zréck.


  • 04. Juni: China: Massaker op der "Plaz vum Himmlesche Fridden" zu Peking.


Ozeanien & Pazifik |



Arabesch Welt |



  • 04. Juni: Iran: Doud vum Ayatollah Khomeini. Den Ayatollah Chamene'i gëtt säin Nofolger.


Konscht a Kultur |



  • 29. Mäerz: D'Pyramid vum Louvre gëtt zu Paräis ageweit.


  • 13. Juli: D'Opéra de la Bastille gëtt zu Paräis ageweit.


Molerei |



Literatur |



Musek |



  • 06. Mee: D'Grupp Riva gewënnt fir Jugoslawien mam Lidd Rock Me de 34. Eurovision Song Contest zu Lausanne.


Film |



  • Driving Miss Daisy kritt den Oscar fir de beschte Film.


  • Sex, lies and videotapes kritt d'Gëlle Palm zu Cannes.


  • Camille Claudel kritt den César fir de beschte Film.


Lëtzebuerg |



  • A Wopbopaloobop A Lopbamboom vum Andy Bausch.


  • Mumm Sweet Mumm vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer.


  • De falschen Hond vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger.


Wëssenschaft an Technik |



Sport |



  • 1.-3. Juli: De Prolog, déi 1. an déi 2. Etapp, souwéi den Depart vun der 3. Etapp vum Tour de France sinn zu Lëtzebuerg. De Greg LeMond gewënnt am Generalklassement 8 Sekonne virum Laurent Fignon.


Fousball |



  • 09. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Prag, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:4 géint Tschechoslowakei.[1]


  • 01. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Lille, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:5 géint Belsch.[2]


  • 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Saarbrécken, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:3 géint Portugal.[3]


  • 25. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Bréissel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Guy Hellers geschoss.[4]


  • 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu St. Gallen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:2 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Théo Malget geschoss.[5]


Gebuer |



  • 01. Januar: Tornike Sanikidse, georgesche Schachgroussmeeschter.


  • 19. Januar:Sven Clement, lëtzebuergesche Politiker.

  • 19. Januar: Nick Clesen, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 31. Mäerz: Gilles Bettmer, lëtzebuergesch Foussballspiller.


  • 01. Mee: Charlotte Bettendorf, lëtzebuergesch Reiderin.


  • 29. Juni: Thierry Hensen, lëtzebuergeschen Handballspiller.


  • 02. Juli: Michel Kettenmeyer, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 16. Juli: Gilles Mangen, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.


  • 23. Juli: Daniel Radcliffe, englesche Schauspiller.


  • 02. August: Nacer Chadli, belsch-marokkanesche Foussballspiller.


  • 28. August: Claude Mossong, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.


  • 02. September: Andy May, lëtzebuergesche Foussballspiller


  • 07. Oktober: Erik Akkersdijk, hollännesche Champion am Rubik's Cube.


  • 14. Oktober: Mia Wasikowska, australesch Schauspillerin.


  • 17. Oktober: Laurent Carnol, lëtzebuergesche Schwëmmer.


  • 18. November: Eric Schroeder, lëtzebuergeschen Handballspiller.


  • 19. November: Amel Cosic, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 21. November: Maxime Chanot, franséisch-lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 27. Dezember: Kateryna Lahno, ukrainesch Schachspillerin.


  • 28. Dezember: Salvador Sobral, portugisesche Sänger.


Gestuerwen |



  • 000Theo Makowsky, däitschen Jazzbatteur.


  • 07. Januar: Keeser Hirohito vu Japan.


  • 13. Januar: Joe Spinell, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 20. Januar: Wenzel Profant, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.


  • 23. Januar: Salvador Dalí, spuenesche Moler a Schrëftsteller (Surrealismus).


  • 03. Februar: John Cassavetes, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.


  • 06. Februar: André Cayatte, Filmregisseur.


  • 06. Februar: Jean-Pierre Koltz, lëtzebuergeschen Historiker.


  • 12. Februar: Thomas Bernhard, éisträichesche Schrëftsteller.


  • 14. Februar: James Bond, US-amerikaneschen Ornitholog.


  • 25. Februar: Margo Lion, franséisch Schauspillerin.


  • 20. Februar: Betty Mars, franséisch Sängerin.


  • 27. Februar: Konrad Lorenz, éisträichesche Verhalensfuerscher an Nobelpräisdréier.

  • 27. Februar: Christiane Schlechter-Wirtz, lëtzebuergesch Kabarettistin.

  • 27. Februar: Paul Oswald Ahnert, däitschen Astronom


  • 05. Mäerz: Arsène Soreil, belsche Schrëftsteller a Journalist.


  • 06. Mäerz: Harry Andrews, englesche Schauspiller.


  • 21. Mäerz: Fernand Schons, lëtzebuergesche Wënzer a Moler.


  • 29. Mäerz: Bernard Blier, franséische Schauspiller.


  • 10. Abrëll: Joan Barry, englesch Schauspillerin.


  • 12. Abrëll: Tilda Thamar, argentinesch Schauspillerin.


  • 15. Abrëll: Charles Vanel, franséische Schauspiller.


  • 19. Abrëll: Daphne du Maurier, britesch Schrëftstellerin.


  • 23. Abrëll: Marcel Schumann, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.


  • 26. Abrëll: Judith Dornys, kanadesch Schauspillerin.


  • 28. Abrëll: Géza von Cziffra, ungaresche Filmregisseur an (Dréibuch)auteur.


  • 30. Abrëll: Sergio Leone, italiéinesche Filmregisseur.


  • 20. Mee: Anton Diffring, däitsche Schauspiller.


  • 22. Mee: Gerd Oswald, däitsch-US-amerikanesche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.


  • 03. Juni: Ayatollah Ruhollah Khomeini, iranesche Reliounschef.


  • 26. Juni: François Mergen, lëtzebuergesche Bësch-Expert.


  • 27. Juni: Michele Lupo, italienesche Filmregisseur.


  • 06. Juli: János Kádár, ungaresche Politiker.


  • 06. Juli: Jean Bouise, franséische Schauspiller.


  • 07. Juli: Félix Unden, lëtzebuergesche Waasserballspiller an Olympionik.


  • 10. Juli: Andrex, franséische Schauspiller a Sänger.


  • 11. Juli: Laurence Olivier, britesche Schauspiller a Regisseur.


  • 13. Juli: Thers Bodé, lëtzebuergesch Journalistin, Psychologin, Politikerin a Fraerechtlerin.


  • 16. Juli: Herbert von Karajan, éisträichesche Dirigent.


  • 18. Juli: René Kohn, lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik.


  • 19. Juli: Carl-Heinz Schroth, àisträichesch-däitsche Schauspiller a Regisseur.


  • 30. Juli: Evy Friedrich, lëtzebuergeschen Cinéast a Filmkritiker.


  • 16. August: Jemp Michels, lëtzebuergeschen Architekt, Moler a Sculpteur.


  • 25. August: Jacques Castelot, belsch-franséische Schauspiller.


  • 04. September: Georges Simenon, belsche Schrëftsteller.


  • 04. September: Colin Clark, engleschen Ekonomist.


  • 05. September: Lily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.


  • 14. September: Pérez Prado, kubanesche Museker a Komponist.


  • 17. September: Marie-Louise Tidick-Ulveling, lëtzebuergesch Autorin.


  • 28. September: Ferdinand Marcos, President vun de Philippinnen.


  • 29. September: Edmond Cigrang, lëtzebuergesche Komponist a Musekpedagog.


  • 04. Oktober: Graham Chapman, englesche Komiker.


  • 04. Oktober: Noël-Noël, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.


  • 06. Oktober: Bette Davis, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 06. Oktober: Jacques Doniol-Valcroze, Filmregisseur.


  • 09. Oktober: Fernand Ciatti, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.


  • 16. Oktober: Cornel Wilde, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.


  • 20. Oktober: Anthony Quayle, englesche Schauspiller.


  • 06. November: Margarete Buber-Neumann, däitsch Publizistin a Schrëftstellerin.


  • 06. Dezember: Joseph Herr, lëtzebuergesche Politiker an Historiker.


  • 14. Dezember: Andrei Sacharow, russesche Friddensnobelpräisdréier a Physiker.


  • 16. Dezember: Lee Van Cleef, amerikanesche Schauspiller.

  • 16. Dezember: Silvana Mangano, italiéinesch Schauspillerin.


  • 18. Dezember: Norbert Staudt, lëtzebuergesche Waasserballspiller an Olympionik.

  • 18. Dezember: Jean Strauss, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.


  • 22. Dezember: Samuel Beckett, iresche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.

  • 22. Dezember: Massimo Serato, italienesche Schauspiller.


  • 24. Dezember: Roger Pigaut, franséische Schauspiller a Regisseur.


  • 25. Dezember: Nicolae Ceausescu, rumäneschen Diktator.


  • 26. Dezember: Albert Hames, lëtzebuergesche Sculpteur.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 1989 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg den 9. Mee 1989 op der Websäit vun European Football


  2. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 1. Juni 1989 op der Websäit vun European Football


  3. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal den 11. Oktober 1989 op der Websäit vun European Football


  4. D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 25. Oktober 1989 op der Websäit vun European Football


  5. D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 15. November 1989 op der Websäit vun European Football




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=1989&oldid=2196969“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.220","walltime":"0.301","ppvisitednodes":"value":828,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":6649,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":2148,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 163.396 1 -total"," 8.54% 13.952 1 Schabloun:Referenzen"," 7.50% 12.248 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 5.84% 9.548 1 Schabloun:Commonscat"," 4.02% 6.572 1 Schabloun:Commons"," 3.28% 5.357 1 Schabloun:5._Mäerz"," 3.20% 5.233 2 Schabloun:6._Februar"," 3.06% 5.007 1 Schabloun:Clr"," 2.48% 4.050 37 Schabloun:0"," 2.44% 3.987 1 Schabloun:Eidelt_Joer"],"cachereport":"origin":"mw1258","timestamp":"20190925080158","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"1989","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/1989","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q2425","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q2425","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-09-25T09:30:15Z","dateModified":"2019-08-25T22:16:47Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":163,"wgHostname":"mw1266"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?