Skip to main content

2009 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Wëssenschaft an Technik | Ekonomie | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Lettland den 28. Mäerz 2009 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lettland-Lëtzebuerg den 1. Abrëll 2009 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Litauen den 12. August 2009 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Moldawien-Lëtzebuerg de 5. September 2009 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Israel-Lëtzebuerg den 9. September 2009 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 10. Oktober 2009 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Griicheland-Lëtzebuerg de 14. Oktober 2009 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Island de 14. November 2009 op der Websäit vun European Football

Joren (21. Joerhonnert)2009


◄20. Joerhonnert◄◄◄20052006200720082010201120122013►►►Donneschdeg












2009




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
 
 
◄◄ |
◄ |
2005 |
2006 |
2007 |
2008 |
2009
| 2010
| 2011
| 2012
| 2013
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 2009.


D'Joer 2009 huet op engem Donneschdeg ugefaangen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Mëttel- a Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Noen Osten an Arabesch Welt


    • 1.7 Antarktis



  • 2 Konscht a Kultur

    • 2.1 Molerei


    • 2.2 Literatur


    • 2.3 Musek


    • 2.4 Kino

      • 2.4.1 Lëtzebuerg




  • 3 Wëssenschaft an Technik


  • 4 Ekonomie


  • 5 Sport


  • 6 Gebuer


  • 7 Gestuerwen


  • 8 Um Spaweck


  • 9 Referenzen




Evenementer |




D'Eurozon 2009



Europa |



  • 01. Januar: D'Slowakei trëtt der Eurozon bei a féiert den Euro als Währung an.


  • 27. Januar: An Island trëtt déi konservativ-sozialdemokratesch Regierung ënner dem Geir Haarde no deeglaange Protester géint hir Aart a Weis, mat der Finanzkris ëmgaangen ze sinn, zréck. D'Jóhanna Sigurðardóttir gëtt den 1. Februar nei Premièreministesch.


  • 08. Februar: Bei de Wale fir de Liechtensteinesche Landtag (Parlament) gewënnt d'Vaterländische Union (VU); de Klaus Tschütscher gëtt de 25. Mäerz Ministerpresident.


  • 12. Mäerz: De Valdis Dombrovskis gëtt neie Premierminister a Lettland.


  • 24. Mäerz: Déi tschechesch Regierung ënner dem Mirek Topolánek, déi d'EU-Presidence huet, trëtt no engem Mësstrauensvote am tschechesche Parlament zréck. Den 8. Mee iwwerhëlt d'Regierung vum Jan Fischer iwwerganksméisseg d'Amtsgeschäfter.


  • 29. Mäerz: D'Awunner vu Mayotte stëmmen dofir, datt d'Insel 2011 e franséischt Departement soll ginn.


  • 01. Abrëll: Albanien a Kroatien gi Member vun der NATO.


  • 05. Abrëll: De Gjorge Ivanov gewënnt am zweeten Tour d'Presidentschaftswalen a Mazedonien.


  • 05. Abrëll: Den Ivan Gašparovič gëtt am zweeten Tour bei de Presidentschaftswalen an der Slowakei erëmgewielt.


  • 05. Abrëll: Bei de Parlamentswalen a Moldawien gewënnt d'Kommunistesch Partei (Partidul Comuniştilor din Republica Moldova) ënner dem Vladimir Voronin mat ronn 60 % vun de Sëtz. Well keng grouss genuch Majoritéit do ass, fir en neie President ze wielen, gëtt d'Parlament nees opgeléist.


  • 05. Abrëll: An Dänemark gëtt de Lars Løkke Rasmussen Premierminister, nodeem den Anders Fogh Rasmussen Generalsekretär vun der NATO gouf.


  • 06. Abrëll: Bei engem Äerdbiewen an Abruzzen (Italien), ronderëm d'Stad L'Aquila, stierwe bal 300 Mënschen, ronn 40.000 verléieren hiert Doheem.


  • 14. Abrëll: De Gordon Bajnai gëtt nom Récktrëtt vum Ferenc Gyurcsány zum ongresche Premierminister ernannt.


  • 17. Mee: D'Dalia Grybauskaitė gëtt mat 69 % vun de Stëmmen zur Presidentin a Litauen gewielt.


  • 23. Mee: Den Horst Köhler gëtt a sengem Amt vum Däitsche Bundespresident confirméiert.


  • 4. – 7. Juni: Wale fir d'Europäescht Parlament 2009 a 27 EU-Memberstaaten.


  • 05. Juni: De Jaume Bartumeu gëtt zum Premierminister vun Andorra ernannt.


  • 28. Juni: Parlamentswalen an Albanien.


  • 05. Juli: Bei de Parlamentswalen Bulgarien gewënnt déi oppositionell GERB-Partei vum Bojko Borissow at knappss 40 % vun de Stëmmen.


  • 06. Juli: D'Jadranka Kosor gëtt, nom Récktrëtt vum Ivo Sanader, Regierungscheffin a Kroatien.


  • 13./14. September: Bei de Parlamentswalen an Norwegen behält d'rout-rout-gréng Koalitioun ënner dem Jens Stoltenberg d'Majoritéit, si kritt 86 Sëtz.


  • 25. September: Moldawien: Déi aus den Neiwalen am August ervirgaange Regierung ënner dem Premierminister Vlad Filat gëtt vereedegt.


  • 27. September: Bei de Parlamentswalen an Däitschland gëtt d'CDU-CSU déi stäerkst Partei, d'SPD verléiert staark an d'FDP an Die Linke gewanne Stëmme bäi.

  • 27. September: Bei de Parlamentswalen a Portugal bleift dem Premier José Sócrates seng Partido Socialista 96 vun 226 Sëtz stäerkst Partei, verléiert awer hir absolut Majoritéit.


  • 01. Oktober: Grënnung vun der Europapartei Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten


  • 02. Oktober: Beim 2. Referendum an Irland iwwer den Traité vu Lissabon stëmmen 67,1 % vun de Wieler fir den Traité.


  • 04. Oktober: D'Parlamentswalen a Griicheland gi vun der sozialistescher PASOK gewonnen, de 6. Oktober gëtt déi nei Regierung ënner dem Giorgos Andrea Papandreou vereedegt.


  • 28. Oktober: Déi nei däitsch CDU-CSU-FDP-Koalitiounsregierung ënner der Angela Merkel als Kanzlerin gëtt vereedegt.


  • 01. Dezember: Den Traité vu Lissabon trëtt a Kraaft, nodeem en den 3. November mat Tschechien vun alle 27 Memberstaate ratifizéiert gi war.


  • 06. Dezember: Bei de Presidentschaftswalen a Rumänien gëtt den Traian Băsescu¨knappss erëmgewielt.


Lëtzebuerg |



  • 01. Januar: D'Chéques-services ginn agefouert, fir Kannerbetreiung baussent de Schoulstonnen.


  • 12. Mäerz: Verfassungsännerung (Art. 34): De Groussherzog promulgéiert just nach Gesetzer, a brauch se net méi ze sanctionnéieren.


  • 07. Juni: Wale fir d'Chamber a fir d'Europäescht Parlament. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 26 Sëtz (+2), d'LSAP der 13 (-1), d'DP 9 (-1), déi Gréng 7 (+/-0), d'ADR 4 (-1), déi Lénk 1 (+1) an d'KPL (0) an d'Biergerlëscht (/) kee Sëtz. Bei den Europawale ginn 3 Sëtz un d'CSV; d'LSAP, d'DP an déi Gréng hu jee 1.


  • 23. Juli: D'Regierung Juncker-Asselborn II, wéi déi virdrun eng Koalitioun aus CSV an LSAP, gëtt vereedegt.


Afrika |



  • 11. Februar: De Morgan Tsvangirai gëtt neie Premierminister an Simbabwe.


  • 02. Mäerz: De President vu Guinea-Bissau, João Bernardo Vieira, gëtt bei engem Militärputsch erschoss.


  • 18. Mäerz: den Andry Rajoelina autoproklaméiert sech President vu Madagaskar, nodeem de Marc Ravalomanana den Dag virdrun zréckgetruede war an d'Muecht engem "militäreschem Directoire" iwwerdroen hat.


  • 09. Mee: De Jacob Zuma gëtt zum neie President vu Südafrika vereedegt, nodeem en de 6. Mee vum Parlament an dës Funktioun gewielt gouf.


  • 03. September: Den Ali Bongo gewënnt d'Presidentschaftswalen am Gabun.


  • 08. September: Den Malam Bacai Sanhá gëtt neie President vu Guinea-Bissau.


  • 29. November: Den Obiang Nguema gëtt zum President vun Equatorialguinea erëmgewielt.



De Barack Obama



Amerika |



USA |



  • 20. Januar: De Barack Obama gëtt zum 44. President vun den USA vereedegt.


  • 31. Januar: D'USS Kitty Hawk (CV-63) de leschten net-atomare Fligerdréier vun der US-Navy gëtt no 48 Joer ausser Déngscht gestallt.


  • 01. Juni: Den amerikaneschen Autosconstructeur General Motors deklaréiert sech a Faillite.


Mëttel- a Südamerika |



  • 15. Mäerz: De Mauricio Funes gëtt zum neie Staatspresident vun El Salvador gewielt. Hien trëtt den 1. Juni säin Amt un.


  • 01. Juni: Den Air France Fluch 447 mat 228 Leit u Bord fält tëscht Rio a Paräis an den Atlanteschen Ozean erof.


  • 28. Juni: Militärputsch an Honduras géint de Staatspresident Manuel Zelaya.


  • 05. Juli: A Mexiko gewënnt déi oppositionell Partei vun der institutionaliséierter Revolutioun (PRI) d'Parlamentswalen.


  • 06. Dezember: Den Evo Morales gëtt zum President vu Bolivien erëmgewielt.


Asien |



  • 03. Abrëll: De Najib Tun Razak gëtt President vu Malaysia.


  • 09. Abrëll: Parlamentswalen an Indonesien.


  • 16.,22., 23. an 30. Abrëll; 7. an 13. Mee: Parlamentswalen an Indien, déi vun der UPA, enger Koalitioun ënner der Féierung vun der Kongresspartei gewonne gëtt.


  • 13. Juni: De Mahmoud Ahmadinejad gëtt zum Gewënner vun de Presidentschaftswalen am Iran deklaréiert; den ënnerleeënen Oppositiounsleader Mir-Hossein Mussawi contestéiert déi Victoire; et kënnt an den Deeg duerno zu Masseprotester zu Teheran an an anere Stied, déi bluddeg ënnerdréckt ginn.


  • 30. August: D'Demokratesch Partei vu Japan mam Yukio Hatoyama gewënnt d'Parlamentswalen a Japan a léist domat d'Liberal-Demokratesch Partei of, déi zanter dem Enn vum 2. Weltkrich un der Regierung war.


  • 30. September: Bei engem Äerdbiewen op der indonesescher Insel Sumatra an engem Nobiewen, deen Dag drop, kommen iwwer 1100 Leit ëm d'Liewen.


Ozeanien & Pazifik |



  • 02. September: De Iolu Abil gëtt zum President a Vanuatu ernannt.


Noen Osten an Arabesch Welt |



  • 10. Februar: Parlamentswalen an Israel.


  • 01. Abrëll: De Benjamin Netanjahu gëtt neie Regierungschef an Israel.


  • 11. Abrëll: Den Abdelaziz Bouteflika gëtt als President vun Algerien erëmgewielt.


  • 25. Oktober: Presidentschafts- a Legislativwalen a Marokko, de Zine el-Abidine Ben Ali gëtt erëmgewielt.


Antarktis |



  • 25. Februar: Eng international Equipe vu Wëssenschaftler gëtt bekannt, datt se fäerdeg si mat dem Opmoosse vun de Gamburtsev-Bierger déi komplett ënner dem Äis verstoppt sinn.


Konscht a Kultur |



  • Linz a Vilnius sinn Europäesch Kulturhaaptstied.


Molerei |



Literatur |



  • Servais-Präis fir dem Pol Sax säin U5.


  • Concours littéraire national 2009 fir der Ela Baumann hire Libretto Riesenangst und Mäuseherz.


Musek |



  • 12. Mee–16. Mee: Den Alexander Rybak gewënnt fir Norwegen mam Lidd Fairytale de 54. Eurovision Song Contest zu Oslo.


Kino |



  • Slumdog Millionnaire vum Dany Bole gewënnt den Oscar fir de beschte Film.


  • Séraphine vum Martin Provost gewënnt de César fir de beschte Film.


  • Das weiße Band vum Michael Haneke gewënnt d'Gëlle Palm bei den 62. Filmfestspiller vu Cannes.


Lëtzebuerg |



  • 04. Dezember: De 4. Lëtzebuerger Filmpräis geet un dem Jean-Claude Schlim säin House of Boys (bescht Fictioun) an dem Andy Bausch säin Entrée d'Artistes (beschten Documentaire).


Wëssenschaft an Technik |


  • Internationaalt Joer vun der Astronomie


Ekonomie |



  • 12. November: Iberia a British Airways kënnegen un, ze fusionéieren.


Sport |


  • Den F91 Diddeleng gewënnt fir d'fënneft Kéier hannereneen d'Foussballchampionnat an och d'Coupe de Luxembourg.


  • 28. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:4 géint Lettland.[1]


  • 01. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Riga, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:2 géint Lettland.[2]

  • Den Andy Schleck gëtt Sportler, d'Liz May Sportlerin vum Joer.

  • Den Alberto Contador gewënnt den Tour de France 2009; den Andy Schleck gëtt Zweeten.


  • 12. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Litauen.[3]


  • 05. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Chisinau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:0 géint Moldawien.[4]


  • 09. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Ramat Gan, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:7 géint Israel.[5]


  • 10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:3 géint Schwäiz.[6]


  • 14. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Athen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 1:2 géint Griicheland. Och de Gol fir d'Lëtzebuerger gouf vun engem griichesche Spiller geschoss (Selbstgol).[7]


  • 14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Island.De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Kim Kintziger geschoss.[8]


Gebuer |



Gestuerwen |



  • 01. Januar: Johannes Mario Simmel, éisträichesche Schrëftsteller.


  • 01. Januar: Helen Suzman, südafrikanesch Politikerin.


  • 02. Januar: Inger Christensen, dänesch Schrëftstellerin.


  • 09. Januar: Dave Dee, englesche Sänger.


  • 10. Januar: René Herms, däitschen 800-Meter Leefer.


  • 11. Januar: Thierry van Werveke, lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.


  • 12. Januar: Claude Berri, franséische Filmregisseur, -produzent a -schauspiller.


  • 13. Januar: Patrick McGoohan, US-amerikanesche Filmschauspiller.


  • 14. Januar: Ricardo Montalbán, mexikanesche Filmschauspiller.

  • 14. Januar: Édouard-Marie Weber, lëtzebuergesche Moler.


  • 16. Januar: Andrew Wyeth, US-amerikanesche Moler.


  • 17. Januar: Edmund Leopold de Rothschild, englesche Banquier.


  • 21. Januar: Charles W. Juels, Us-amerikaneschen Amateurastronom.


  • 25. Januar: Eleanor Helin, US-amerikanesch Astronomin.


  • 27. Januar: John Updike, US-amerikaneschen Auteur.


  • 29. Januar: François Villiers, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 30. Januar: Ingemar Johansson, schwedesche Boxer a Weltmeeschter am Schwéiergewiicht.


  • 07. Februar: Marie-Thérèse Kolbach, lëtzebuergesch Molerin.


  • 11. Februar: Yvonne Useldinger, lëtzebuergesch Politikerin, Resistenzlerin a Fraerechtlerin.


  • 13. Februar: Gianna Maria Canale, italienesch Filmschauspillerin.


  • 18. Februar: Franz Marischka, éisträichesch-britesche Filmregisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.


  • 26. Februar: Ben Heyart, lëtzebuergesche Moler.


  • 01. Mäerz: Paolo Maffei, italieneschen Astronom an Astrophysiker.


  • 02. Mäerz: João Bernardo Vieira, Staatspresident vu Guinea-Bissau.


  • 06. Mäerz: Jeannot Heinen, lëtzebuergesche Komponist.


  • 14. Mäerz: Alain Bashung, franséische Museker.


  • 15. Mäerz: Paul Spang, lëtzebuergeschen Historiker.


  • 15. Mäerz: Max Jacoby, däitsche Fotograf.


  • 29. Mäerz: Maurice Jarre, franséische Filmmusek-Komponist.


  • 31. Mäerz: Raúl Alfonsín, argentinesche Politiker a Staatspresident.


  • 11. Abrëll: Roger Ludwig, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.


  • 14. Abrëll: Maurice Druon, franséischen Auteur a Politiker.


  • 18. Abrëll: Jos Bellion, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.


  • 19. Abrëll: Philippe Nicaud, franséische Schauspiller a Sänger.


  • 22. Abrëll: Ken Annakin, britesche Filmregisseur.


  • 02. Mee: Léopold Reichling, lëtzebuergesche Biolog.


  • 20. Mee: Pierre Gamarra, franséischen Auteur.


  • 23. Mee: Roh Moo-hyun, südkoreanesche Politiker.


  • 30. Mee: Luís Cabral, éischte President vu Guinea-Bissau.


  • 03. Juni: David Carradine, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 08. Juni: Mathias Ries, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 08. Juni: Omar Bongo, President vum Gabun.


  • 22. Juni: Karel Van Miert, belsche Politiker.


  • 25. Juni: Farrah Fawcett, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 25. Juni: Michael Jackson, US-amerikanesche Museker.


  • 30. Juni: Pina Bausch, däitsch Dänzerin a Choreographin.


  • 01. Juli: Karl Malden, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 03. Juli: Fernand Lorang, lëtzebuergeschen Auteur a Lokalhistoriker.


  • 06. Juli: Robert S. McNamara, US-amerikanesche Politiker.


  • 19. Juli: Frank McCourt, US-amerikaneschen Auteur.


  • 20. Juli: Charles-André Schommer, lëtzebuergeschen Zaldot bei der Operatioun Overlord.


  • 25. Juli: Johnny Horne, hollännesch-lëtzebuergesche Museker.

  • 25. Juli: Marcel Welter, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.


  • 30. Juli: Peter Zadek, däitsche Regisseur.


  • 01. August: Corazón Aquino, philippinnesch Politikerin.


  • 13. August: Les Paul, US-amerikanesche Gittarist a Gittare-Constructeur.


  • 18. August: Kim Dae-jung, südkoreanesche Politiker.


  • 20. August: Leo Obstbaum, Designer.


  • 24. August: Toni Sailer, éisträichesche Schifuerer a Schauspiller.


  • 25. August: Edward Kennedy, US-amerikanesche Politiker.


  • 27. August: Sergei Michalkow, russeschen Auteur.


  • 01. September: René Kartheiser, lëtzebuergesche Schrëftsteller.


  • 06. September: Sim, franséische Schauspiller, Komiker a Schrëftsteller.


  • 08. September: Aage Niels Bohr, dänesche Physiker.


  • 12. September: Norman Ernest Borlaug, US-amerikaneschen Agrarwëssenschaftler a Friddensnobelpräisdréier.


  • 13. September: Arnold Laven, US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.


  • 14. September: Patrick Swayze, US-amerikanesche Schauspiller, Sänger an Dänzer.


  • 16. September: Luciano Emmer, italienesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 19. September: Eduard Zimmermann, däitschen Televisiounsmoderator a Sécherheetsexpert.


  • 03. Oktober: Reinhard Mohn, däitschen Entreprener.


  • 03. Oktober: Jean Pinchon, franséischen Agronom an Administrateur.


  • 04. Oktober: Mercedes Sosa, argentinesch Sängerin.


  • 07. Oktober: Irving Penn, US-amerikanesche Fotograf.


  • 10. Oktober: Raymond Schummer, lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.


  • 12. Oktober: Frank Vandenbroucke, belsche Vëlossportler.


  • 19. Oktober: Michel Schmitt, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Kierchenhistoriker.


  • 26. Oktober: Karl Schaifers, däitschen Astronom.


  • 30. Oktober: Claude Lévi-Strauss, franséischen Anthropolog.


  • 08. November: Witali Ginsburg, russesche Physiker an Nobelpräisdréier.


  • 15. November: Pierre Harmel, belsche Politiker.


  • 27. November: Jacques Baratier, franséische Filmregisseur.


  • 28. November: Tony Kendall, italienesche Schauspiller.


  • 03. Dezember: Richard Todd, britesche Schauspiller.


  • 05. Dezember: Otto Graf Lambsdorff, däitsche Politiker.


  • 13. Dezember: Dominique Zardi, franséische Schauspiller, Journalist an Auteur.

  • 13. Dezember: Paul Anthony Samuelson, US-amerikaneschen Ekonomist an Nobelpräisdréier.


  • 14. Dezember: Nic Klecker, lëtzebuergesche Schrëftsteller a Mënscherechtsaktivist.


  • 17. Dezember: Aloyse Raths, lëtzebuergesche Resistenzler.


  • 20. Dezember: Hossein Ali Montazeri, iranesche Grouss-Ajatollah.


  • 20. Dezember: Brittany Murphy, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 23. Dezember: Adri van Westerop, lëtzebuergesch Ëmweltberoderin a Politikerin.


  • 24. Dezember: Giulio Bosetti, italienesche Schauspiller an Theaterregisseur.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 2009 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Lettland den 28. Mäerz 2009 op der Websäit vun European Football


  2. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lettland-Lëtzebuerg den 1. Abrëll 2009 op der Websäit vun European Football


  3. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Litauen den 12. August 2009 op der Websäit vun European Football


  4. D'Detailer vum Foussballlännermatch Moldawien-Lëtzebuerg de 5. September 2009 op der Websäit vun European Football


  5. D'Detailer vum Foussballlännermatch Israel-Lëtzebuerg den 9. September 2009 op der Websäit vun European Football


  6. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 10. Oktober 2009 op der Websäit vun European Football


  7. D'Detailer vum Foussballlännermatch Griicheland-Lëtzebuerg de 14. Oktober 2009 op der Websäit vun European Football


  8. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Island de 14. November 2009 op der Websäit vun European Football




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=2009&oldid=2195913“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.312","walltime":"0.419","ppvisitednodes":"value":1061,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":8023,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":3449,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 225.346 1 -total"," 8.31% 18.724 1 Schabloun:Referenzen"," 6.81% 15.350 1 Schabloun:2._Oktober"," 5.93% 13.352 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 4.16% 9.378 1 Schabloun:Commonscat"," 2.63% 5.937 1 Schabloun:Clr"," 2.60% 5.860 1 Schabloun:Commons"," 2.51% 5.657 3 Schabloun:1._Januar"," 2.23% 5.026 1 Schabloun:9._Mee"," 1.93% 4.348 49 Schabloun:0"],"cachereport":"origin":"mw1245","timestamp":"20190923091059","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"2009","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/2009","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q1996","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q1996","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-04-15T19:07:20Z","dateModified":"2019-08-24T11:05:20Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":174,"wgHostname":"mw1329"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region