Skip to main content

2011 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Slowakei den 9. Februar 201 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 25. Mäerz 2011 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Rumänien-Lëtzebuerg den 29. Mäerz 2011 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Ungarn den 3. Juni 2011 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Wäissrussland-Lëtzebuerg de 7. Juni 2011 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg den 10. August 2011 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Rumänien den 2. September 2011 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Albanien de 6. September 2011 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Bosnien-Herzegowina - Lëtzebuerg de 7. Oktober 2011 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 15. November 2011 op der Websäit vun European Football

Joren (21. Joerhonnert)2011


◄20. Joerhonnert◄◄◄20072008200920102012201320142015►►►Samschdeg












2011




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
 
 
◄◄ |
◄ |
2007 |
2008 |
2009 |
2010 |
2011
| 2012
| 2013
| 2014
| 2015
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 2011.




Callicot fir d'Aféiere vum Euro an Estland, 2011, ze begréissen.


D'Joer 2011 huet op engem Samschdeg ugefaangen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Mëttel- a Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Arabesch Welt an Noen Osten



  • 2 Konscht a Kultur

    • 2.1 Molerei


    • 2.2 Literatur


    • 2.3 Musek


    • 2.4 Kino



  • 3 Wëssenschaft an Technik


  • 4 Sport


  • 5 Gebuer


  • 6 Gestuerwen


  • 7 Um Spaweck


  • 8 Referenzen




Evenementer |



Europa |



  • 01. Januar: Estland trëtt der Eurozon bäi a féiert den Euro an.


  • 23. Januar: Den Anibal Cavaco Silva gëtt schonn am éischten Tour vun de Presidentschaftswalen a Portugal erëmgewielt.


  • 25. Februar: D'virgezunne Parlamentswalen an Irland gi vun der Oppositiounspartei Fine Gael ënner dem Enda Kenny gewonnen.


  • 06. Mäerz: Bei de Parlamentswalen an Estland ginn d'Koalitiounsparteie vum Premier Andrus Ansip senger Reformpartei an der Pro Patria a Res Republica Unioun vun de Wieler an hirem Amt confirméiert.


  • 03. Abrëll: An Andorra gewannen d'Demòcrates per Andorra, déi an der Oppositioun waren, mat absoluter Majoritéit déi virgezunne Parlamentswalen; de Antoni Martí gëtt den 11. Mee zum Premierminister ernannt.


  • 17. Abrëll: Bei de Parlamentswalen a Finnland kritt d'National Sammlungspartei vum Finanzminister Jyrki Katainen déi meescht Stëmmen, knappss virun den europaskepteschen a rietspopulistesche "Stackfinnen". D'Sozialdemokraten, bis dohin an der Regierung, ginn Drëtt.


  • 05. Juni: Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Portugal gewënnt déi oppositionell liberal Partei vun der Sozialdemokratie (PSD) ënner dem Pedro Passos Coelho.


  • 22. Juli: E rietsextremen Attentäter deet zu Oslo eng Autobomm explodéieren an erschéisst duerno Dosende vu Jugendlecher an engem Vakanze-Camp op der Insel Utøya; am Ganze 76 Mënsche kommen dobäi ëm d'Liewen.


  • 15. September: De "Roude Block" mat als stäerkster Partei de Sozialdemokrate gewënnt d'Parlamentswalen an Dänemark; d'Helle Thorning-Schmidt gëtt den 3. Oktober zur Premierministesch ernannt.


  • 09. Oktober: Parlamentswalen a Polen.


  • 23. Oktober: Federal Parlamentswalen an der Schwäiz.


  • 27. Oktober: De Michael D. Higgins gewënnt d'Presidentewalen an Irland.


  • 30. Oktober: D'Presidentewalen a Bulgarien gi vum Rossen Plewneliew gewonnen.


  • 10. November: Nom Récktrëtt vum George Papandreou gëtt de Lucas Papademos Iwwerganks-Regierungschef a Griicheland.


  • 16. November: Nom Récktrëtt vum Silvio Berlusconi, den 13. November, gëtt de Mario Monti Premierminister vun enger Iwwerganksregierung.


  • 20. November: Bei de Parlamentswalen a Spuenien gewënnt d'Partido Poular mat hirem Spëtzekandidat Mariano Rajoy. De Rajoy trëtt den 20. Dezember säin Amt un.


  • 04. Dezember: Bei de Wale fir d'Duma, d'russescht Parlament, kritt dem Premierminister Wladimir Putin seng Partei mat 238 vu 450 Mandater d'absolut Majoritéit.


  • 04. Dezember: D'Partei Positiivt Slowenien vum Zoran Janković kritt déi meescht Stëmmen bei de virgezunnene Parlamentswalen a Slowenien.


  • 04. Dezember: D'Parlamentswalen a Kroatien gi vun der oppositioneller Mëtt-Lénks-Allianz Kukuriku ënner dem Zoran Milanović gewonnen; de Milanovic gëtt den 23. Dezember Premierminister.


  • 06. Dezember: 540 Deeg no de Parlamentswalen an der Belsch gëtt d'Koalitiounsregierung vu 6 Parteien ënner dem frankophone Sozialist Elio di Rupo vereedegt.


Lëtzebuerg |



  • 09. Oktober: An 116 Gemenge ginn d'Gemengeréit nei gewielt.


Afrika |



  • 02. Februar: An der Zentralafrikanescher Republik gewënnt de François Bozizé vun der sozialdemokratescher KNK d'Presidentschaftswale mat 66,1 % vun de Stëmmen.


  • 07. Februar: Op Kap Verde gewënnt dem Premier José Maria Pereira Neves seng Partei PAICV d'Parlamentswalen.



Fändel vum Südsudan.



  • 18. Februar: De Yoweri Museveni gëtt zum President vun Uganda erëmgewielt.


  • 12. Mäerz: De Kandidat vun der Oppositioun, de Mahamadou Issoufou gewënnt mat 58 % vun de Stëmmen am 2.Tour d'Presidentschaftswalen am Niger.


  • 31. Mäerz: Mayotte gëtt dat 101. franséischt Departement.


  • 09. Juli: De Südsudan gëtt onofhängeg vum Sudan.


Amerika |



  • 02. Mee: D'virgezunnen Neiwale fir d'federaalt Parlament a Kanada gi vun der Konservativer Partei vum Premierminister Stephen Harper gewonnen.


USA |




D'Äerdbiewen a Japan



Mëttel- a Südamerika |



  • 20. Mäerz: De Michel Martelly gewënnt am zweeten Tour d'Presidentewalen an Haiti.


  • 05. Juni: Den Ollanta Humala gewënnt am 2. Tour d'Presidentewalen am Peru. Hie gëtt offiziell den 28. Juli ageschwuer.


  • 23. Oktober: Déi aktuell argentinesch Presidentin Cristina Fernández de Kirchner gëtt bei Presidentschaftswalen erëmgewielt.


  • 06. November: Den Daniel Ortega gëtt zum Staatspesident an Nicaragua erêmgewielt.


Asien |



  • 06. Februar: De Jhala Nath Khanal gëtt Premierminister am Nepal.


  • 11. Mäerz: Bei engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 9,0 virun der Ostküst vu Japan a virun allem dem Tsunami, deen doduerch entstanen ass, si 15.840 Leit ëm d'Liewe komm (dobäi kommen 3.926 Vermësster) an hunn Honnertdausenden hiert Doheem verluer. Dobäi ass och de Killsystem vun de Reaktere vun der Atomzentral Fukushima I zäitweileg ausgefall, et koum zu der Kärfusioun an 3 Reakteren, a Radioaktivitéit ass an d'Ëmwelt geroden. Eng Zon vun 20 km Ëmkrees gouf komplett evakuéiert, eréischt no Woche konnten d'Reaktere méi oder manner stabiliséiert ginn. D'Schied sinn am dräistellege Milliardeberäich.


  • 12. Juni: Bei de Parlamentswalen an der Tierkei gewënnt d'Partei fir Gerechtegkeet an Entwécklung (AKP) ënner dem Prmeier Recep Tayyip Erdogan mat 326 vu 550 Sëtz.


  • 03. Juli: Déi oppositionell Pheu Thai ("Partei fir d'Thaï"), mat un der Spëtzt der Yingluck Shinawatra gewënnt d'Parlamentswalen an Thailand.


  • 25. Juli: Den Truong Tan Sang trëtt säin Amt als Staatspresident vum Vietnam un, den Nguyen Tan Dung gëtt Premierminister.


  • 01. September: Nom Récktrëtt vum Naoto Kan gëtt de Yoshihiko Noda neie Premierminister a Japan.


  • 25. Oktober: Bei engem Äerdbiewen am Oste vun der Tierkei kommen iwwer 500 Mënschen ëm d'Liewen.


  • 04. Dezember: Bei de Wale fir d'Duma, d'russescht Parlament, kritt dem Premierminister Wladimir Putin seng Partei mat 238 vu 450 Mandater d'absolut Majoritéit.


Ozeanien & Pazifik |



  • 26. November: Dem Regierungschef John Key seng New Zealand National Party Partei gewënnt op en Neits d'Parlamentswalen an Neiséiland.


Revolutioun an Egypten.



Arabesch Welt an Noen Osten |



  • (uechtert d'Joer): Arabescht Fréijoer:


  • 14. Januar: No wochelaange Protester géint seng Regierung trëtt den tunesesche President Zine el-Abidine Ben Ali no 23 Joer un der Muecht zréck a verléisst d'Land; de Fouad Mebazaâ gëtt Interims-Nofolger.


  • 01. Februar: No Masseprotester gëtt de Marouf al-Bakhit vum Kinnek Abdullah II. vu Jordanien zum neie Regierungschef ernannt.


  • 11. Februar: Den egyptesche President Hosni Mubarak trëtt no 18 Deeg Protester géint hien, bei deenen eng 300 Leit ëm d'Liewe kommen, zréck. D'Militär iwwerhëlt, bis zu enger Verfassungsännerung, Parlaments- a Presidentschaftswalen, d'Muecht am Land.


  • Mëtt Februar bis Mëtt Oktober: Fir d'éischt Protester, duerno Kämpf a Libyen géint den Diktator Muammar al-Gaddafi, bei deenen dausende vu Leit ëm d'Liewe kommen. Eng Koalitioun, ugefouert vu Groussbritannien, Frankräich, Kanada an de USA flitt vum 19. Mäerz u Loftattacken op libesch Stellungen. D'Rebelle gewannen no an no Iwwerhand; den 20. Oktober gëtt de Gaddafi, deen op der Flucht war, gefaange geholl an erschoss.


  • 15. Mäerz: Ufank vu Protester géint d'Regime vum Baschar al-Assad a Syrien, déi sech an de Méint duerno an e Biergerkrich ausbreeden. Bis Mäerz 2018 koumen dobäi ronn 350.000 Mënschen ëm d'Liewen, 7 Millioune Leit si Flüchtlingen an den Nopeschlänner an an Europa, a weider 6,3 Millioune hu missen an aner Plaze bannent Syrie flüchten. 7 Joer nom Ausbroch ass nach ëmmer keen Enn an Aussiicht.


  • 21.-23. Oktober: Fräi Walen an Tunesien.


  • 29. November: No de Parlamentswale vum 25. November a Marokko gëtt den Abdelilah Benkirane zum Premierminister ernannt.


Konscht a Kultur |



  • 01. Januar - 31. Dezember: Tallinn an Turku sinn Europäesch Kulturhaaptstied.


Molerei |



Literatur |



  • Servais-Präis fir dem Jean Krier säi Gedichtband Herzens Lust Spiele.


  • Batty-Weber Präis fir de Jean Portante.

  • 1. Präis am Nationale Literaturconcours fir dem Tom Hengen säi Recueil Explorations in C.


Musek |



  • 10. Mee–14. Mee: Den Duo Ell & Nikki gewënnt mam Lidd Running Scared de 56. Eurovision Song Contest zu Düsseldorf.


Kino |


  • De César fir de beschte Film geet un Des Hommes et des Dieux vum Xavier Beauvois.

  • Den Oscar fir de beschte Film geet un The King's Speech vum Tom Hooper.


  • The Tree of Life vum Terrence Malick gewënnt d'Gëlle Palm um Filmfestival vu Cannes.


Wëssenschaft an Technik |



  • 29. September: Tiangong 1, déi éischt chinesch Raumstatioun, gëtt mat der Drorakéit Laange Marsch 2F op Orbit geschéckt.


Sport |



  • 09. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Slowakei. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel da Mota geschoss.[1]


  • 25. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Frankräich.[2]


  • 29. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Piatra Neamt, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 1:3 géint Rumänien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lars Gerson geschoss.[3]


  • 01. Juni - 5. Juni De Linus Gerdemann gewënnt den Tour de Luxembourg 2011.


  • 03. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Ungarn.[4]


  • 07. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Minsk, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Wäissrussland.[5]


  • 10. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Faro 0:5 géint Portugal.[6]


  • 02. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Rumänien.[7]


  • 06. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 2:1 géint Albanien. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gilles Bettmer an Aurélien Joachim geschoss.[8]


  • 07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Zenica, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:5 géint Bosnien-Herzegowina.[9]


  • 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Schwäiz.[10]


Gebuer |



Gestuerwen |



  • 02. Januar: Pete Postlethwaite, englesche Schauspiller.


  • 03. Januar: Jill Haworth, britesch Schauspillerin.


  • 08. Januar: Jiří Dienstbier, tschecheschen Dissident a Politiker.


  • 09. Januar: Peter Yates, britesche Filmregisseur.


  • 10. Januar: Julot Faber, Promoteur vum Lëtzebuerger Folklore.


  • 13. Januar: Hellmut Lange, däitsche Schauspiller.


  • 15. Januar: Susannah York, britesch Schauspillerin an Auteur.

  • 15. Januar: Hilde Zach, éisträichesch Politikerin.


  • 24. Januar: Bernd Eichinger, däitsche Filmproduzent a -regisseur.


  • 30. Januar: John Barry, britesche Filmmusekkomponist.


  • 03. Februar: Maria Schneider, franséisch Schauspillerin.


  • 04. Februar: Edmond Israel, lëtzebuergesche Banquier.


  • 06. Februar: Gary Moore, britesche Museker.


  • 12. Februar: Peter Alexander, éisträicheschen Entertainer, Showmaster, Sänger a Schauspiller.


  • 13. Februar: Norbert Hoffmann, lëtzebuergesche Komponist.

  • 13. Februar: Louis Grisius, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.


  • 28. Februar: Annie Girardot, franséisch Schauspillerin.

  • 28. Februar: Jane Russell, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 13. Mäerz: Sascha Wagener, lëtzebuergesche Politiker.


  • 23. Mäerz: Elizabeth Taylor, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 27. Mäerz: Farley Granger, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 01. Abrëll: Mill Majerus, lëtzebuergesche Politiker a Sexolog.


  • 05. Abrëll: Baruch Samuel Blumberg, US-amerikanesche Wëssenschaftler.


  • 09. Abrëll: Sidney Lumet, US-amerikanesche Filmregisseur.


  • 10. Abrëll: Jean Kerger, lëtzebuergesche Professer a Sproochewëssenschaftler.


  • 14. Abrëll: William N. Lipscomb, US-amerikanesche Chemiker.


  • 15. Abrëll: Michel Raus, lëtzebuergesche Jounalist a Schrëftsteller.


  • 24. Abrëll: Marie-France Pisier, franséisch Schauspillerin a Regisseurin.


  • 28. Abrëll: Romain Durlet, lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Politiker.


  • 01. Mee: Osama Bin Laden, Grënner vum Al-Qaida-Terrornetzwierk.


  • 05. Mee: Dana Wynter, britesch Schauspillerin.


  • 09. Mee: Wouter Weylandt, belsche Vëlossportler.


  • 10. Mee: Henri Klees, lëtzebuergesche Linguist an Ethnolog.


  • 19. Mee: Kathy Kirby, britesch Popsängerin.


  • 26. Mee: Fritz Klein, däitschen Historiker.


  • 28. Mee: Françoise Groben, lëtzebuergesch Cellistin.


  • 04. Juni: Maurice Garrel, franséische Schauspiller.


  • 05. Juni: Léon Bollendorff, lëtzebuergesche Politiker.


  • 07. Juni: Jorge Semprún, spuenesche Schrëftsteller a Politiker.


  • 12. Juni: Roland Smaniotto, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 23. Juni: Peter Falk, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 27. Juni: Félicien Steichen, lëtzebuergesche Fuerscher an Dokter.


  • 29. Juni: Milly Ludwig, lëtzebuergesch Liichtathletin.


  • 04. Juli: Otto von Habsburg, éisträichesch-däitsche Journalist, Schrëftsteller a Politiker.


  • 11. Juli: Tom Gehrels, hollänneschen Astronom.


  • 14. Juli: Leo Kirch, däitsche Medienentreprener.


  • 22. Juli: Linda Christian, mexikanesch Schauspillerin.


  • 23. Juli: Amy Winehouse, britesch Sängerin.


  • 25. Juli: Michael Cacoyannis, zypriotesch-griichesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.


  • 29. Juli: Claude Laydu, franséische Schauspiller.


  • 14. August: Friedrich Schoenfelder, däitsche Schauspiller.


  • 22. August: Vicco von Bülow (Loriot), däitschen Humorist, Zeechner, Schauspiller a Regisseur.


  • 23. August: René Putzeys, lëtzebuergesche Politiker.


  • 25. August: Lucien Thiel, lëtzebuergesche Politiker a Journalist.


  • 03. September: Henri Muller, lëtzebuergeschen Enseignant an Iwwersetzer.


  • 18. September: Jean-Christophe Massinon, franséische Moler a Sculpteur.


  • 20. September: Claude Rohla, lëtzebuergesche Bouschéisser an Olympionik.


  • 21. September: Paulette Dubost, franséisch Schauspillerin.


  • 22. September: Aristides Pereira, kapverdianesche Politiker.


  • 25. September: Wangari Maathai, kenianesch Wëssenschaftlerin a Friddensnobelpräisdréierin.


  • 29. September: Albert Weinberg, belsche Comicszeechner.


  • 05. Oktober: Steve Jobs, US-amerikaneschen Entreprener.


  • 07. Oktober: Fred Karen, lëtzebuergesche Militärhistoriker.


  • 10. Oktober: Emmanuel Tesch, lëtzebuergesche Chimieingénieur a Manager.


  • 12. Oktober: Heinz Bennent, däitsche Schauspiller,


  • 20. Oktober: Muammar al-Gaddafi, libesche Militär a Staatschef.


  • 28. Oktober: Willy De Clercq, belsche Politiker.


  • 29. Oktober: Robert Lamoureux, franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 07. November: Joe Frazier, US-amerikanesche Boxer.


  • 22. November: Élisabeth vu Lëtzebuerg.

  • 22. November: Georg Kreisler, US-amerikanesche Museker, Sänger, Komponist, Auteur.


  • 23. November: Montserrat Figueras, spuenesch Sopranistin.


  • 26. November: Chukwuemeka Odumegwu Ojukwu, biafranesch-nigerianesche Staatsmann.

  • 26. November: Armand Hary, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Professer a Geolog.


  • 27. November: Ken Russell, britesche Filmregisseur.


  • 28. November: Charles Thomas Kowal, US-amerikaneschen Astronom.


  • 30. November: Zdeněk Miler, tschecheschen Dessins-animés-Mécher.


  • 01. Dezember: Christa Wolf, däitsch Schrëftstellerin.


  • 04. Dezember: Robert Mancini, lëtzebuergesche Journalist a Sculpteur.


  • 06. Dezember: Dieter Wagner, Moler, Graphiker a Galerist.


  • 12. Dezember: Rudy Mach, lëtzebuergesche Polizist a Resistenzler.


  • 14. Dezember: Don Sharp, britesche Schauspiller a FIlmregisseur.


  • 15. Dezember: Walter Giller, däitsche Schauspiller.


  • 16. Dezember: Nicol Williamson, britesche Schauspiller.


  • 17. Dezember: Cesária Évora, kapverdianesch Musekerin.

  • 17. Dezember: Kim Jong-il, koreanesche Politiker.


  • 18. Dezember: Václav Havel, tschechesche Schrëftsteller a Politiker.


  • 24. Dezember: Johannes Heesters, hollännesche Schauspiller a Sänger.


  • 28. Dezember: René Scheer, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 29. Dezember: Charles Karpen, lëtzebuergesche Foussballspiller.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 2011 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Slowakei den 9. Februar 201 op der Websäit vun European Football


  2. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 25. Mäerz 2011 op der Websäit vun European Football


  3. D'Detailer vum Foussballlännermatch Rumänien-Lëtzebuerg den 29. Mäerz 2011 op der Websäit vun European Football


  4. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Ungarn den 3. Juni 2011 op der Websäit vun European Football


  5. D'Detailer vum Foussballlännermatch Wäissrussland-Lëtzebuerg de 7. Juni 2011 op der Websäit vun European Football


  6. D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg den 10. August 2011 op der Websäit vun European Football


  7. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Rumänien den 2. September 2011 op der Websäit vun European Football


  8. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Albanien de 6. September 2011 op der Websäit vun European Football


  9. D'Detailer vum Foussballlännermatch Bosnien-Herzegowina - Lëtzebuerg de 7. Oktober 2011 op der Websäit vun European Football


  10. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 15. November 2011 op der Websäit vun European Football




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=2011&oldid=2195959“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.228","walltime":"0.334","ppvisitednodes":"value":1005,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":7561,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":6520,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 182.673 1 -total"," 8.37% 15.297 1 Schabloun:Referenzen"," 6.83% 12.473 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 3.63% 6.637 1 Schabloun:Commonscat"," 3.19% 5.824 1 Schabloun:Clr"," 3.03% 5.531 2 Schabloun:1._Januar"," 2.60% 4.751 1 Schabloun:Commons"," 2.19% 4.000 1 Schabloun:3._Februar"," 1.92% 3.504 1 Schabloun:2._Januar"," 1.88% 3.441 2 Schabloun:7._Juni"],"cachereport":"origin":"mw1343","timestamp":"20190923083743","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"2011","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/2011","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q1994","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q1994","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-05-07T21:07:32Z","dateModified":"2019-08-24T11:32:18Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/e/ea/Welcome_Estonia_to_Euro_2011.JPG"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":174,"wgHostname":"mw1269"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?