Musel Inhaltsverzeechnes Kleng hydrographesch a geologesch Notiz | D'Musel haut | Wäibau | D'Musel als Grenzfloss | Nieweflëss | Uertschafte bei der Musel | Schëfffaart | Literatur | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen an Notten Navigatiounsmenü47° 53’ 22’’ N6° 53’ 34’’ O50° 21’ 56’’ N07° 36’ 22.6’’ Owww.geoportail.lu
MuselNieweflëss vum Rhäin
FlossFrankräichLëtzebuergDäitschlandAnzuchsgebittMeuseMeurthePagny-sur-MeuseGeologieCol de BussangBussangVogesenKoblenzRhäinkelteschtlaténgeschtMeuseréimeschenAusonius4. JoerhonnertLëtzebuergeschRobert BruchMoselleMeurthe-et-MoselleMetzDiddenuewenWaasserleefWäibauregiounWäin2006RéimerKondominiumDräilännereckSchengenKondominiumGrenzbréckenBréck vu GréiwemaacherBréck vu WuermeldengBréck vu RéimechViaduc vu SchengenBréck vu Schengenloutrengesch1956Vertrag tëscht den dräi betraffene Länner1967kanaliséiert MuselSchleiseTouristen
Musel
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
D'Quell vun der Musel | |
| Längt | 544 km |
|---|---|
| Duerchschnëttsdebit | 315 m³/s |
| Hydrographesche Baseng | Rhäin |
| Fläch vum Baseng | 28.286 km² |
| Origine | |
| Origine | Quell |
| Plaz | Col de Bussang |
| Héicht | 715 m |
| Koordinaten | 47° 53’ 22’’ N 6° 53’ 34’’ O |
| Konfluenz | |
| Leeft an | Rhäin |
| Plaz | Koblenz |
| Héicht | 59 m |
| Koordinaten | 50° 21’ 56’’ N 07° 36’ 22.6’’ O |
| Haaptnieweflëss | Meurthe, Sir, Sauer, Saar, Ruwer |
| Geographie | |
| Land | |
| Uertschaften | Épinal, Toul, Pont-à-Mousson, Metz, Diddenuewen, Réimech, Wuermeldeng, Gréiwemaacher, Waasserbëlleg, Tréier, Bernkastel-Kues, Koblenz |
Kaart mam Laf vun der Musel
Wéngerte bei Schwéidsbeng 1991 nom Remembrement.
D'Musel ass e Floss deen duerch Frankräich, laanscht Lëtzebuerg a laanscht an duerch Däitschland leeft.
Inhaltsverzeechnes
1 Kleng hydrographesch a geologesch Notiz
2 D'Musel haut
3 Wäibau
4 D'Musel als Grenzfloss
5 Nieweflëss
6 Uertschafte bei der Musel
7 Schëfffaart
8 Literatur
9 Kuckt och
10 Um Spaweck
11 Referenzen an Notten
Kleng hydrographesch a geologesch Notiz |
Virun e puer dausend Joer huet d'Musel zum Anzuchsgebitt vun der Meuse gehéiert. En Niewefloss vun der Meurthe déi net wäit dovu gelaf ass, huet awer lues a lues un den Uwännere vun der Musel gefriess, bis déi zwéi Flëss zesummegelaf sinn.
Vun do un ass d'Musel den Haaptfloss ginn, a si ass am Bett vun der Meurthe mat weidergelaf.
Haut gëtt et zu Pagny-sur-Meuse net wäit vun der Plaz, wou fréier d'Musel an d'Meuse gelaf ass, am ale Bett vun der Musel, eng grouss Supp déi e 77 ha grousst Naturschutzgebitt ëmfaasst.
An der franséischer Geologie gëtt dës Verännerung vum Laf vum Floss als Capture de la Moselle bezeechent.
D'Musel haut |
D'Musel huet hir Quell um Col de Bussang, zu Bussang an de Vogesen op enger Héicht vu 735 m a leeft no 544 km um Däitschen Eck zu Koblenz an de Rhäin.
Den Numm Musel geet zréck op dat keltescht Mosea iwwer d'laténgescht Mosella, dat eng Verklengerungsform vu Mosa, dem laténgeschen Numm vun der Meuse ass, déi zäitweileg parallel dozou gelaf ass. De réimeschen Dichter Ausonius huet hir schonn am 4. Joerhonnert e literarescht Monument gesat (Lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Robert Bruch).
A Frankräich gëtt d'Musel den Departementer Moselle a Meurthe-et-Moselle den Numm. Tëscht Metz an Diddenuewen leeft se duerch eng staark industrialiséiert Géigend; knapps virun der Lëtzebuerger Grenz fänkt de Wäibau un.
D'Musel zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt iwwer 70 km² hunn[1].
Wäibau |
Zu Lëtzebuerg an an Däitschland ass d'Musel eng wichteg Wäibauregioun. Zu Lëtzebuerg kritt de Wäin, dee vun do kënnt an déi gesetzlech Oploen erfëllt, eng Appelation d'origine contrôlée. An Däitschland zielt se zanter 2006 zum Ubaugebitt vun der Mosel.
De Wäibau op der Musel geet op d'Réimer zréck.
D'Musel als Grenzfloss |
D'Musel mécht op der ganzer Längt vu 37,35 km laanscht Lëtzebuerg, als Kondominium d'Grenz mat Däitschland vu Waasserbëlleg bis op den Dräilännereck zu Schengen, an duerno mat Frankräich bis op d'Héicht vun der Grenzmaark FL 241 déi am Süde vum Stroumbierg um lénksen Uwänner vun der Musel steet.
Op deem Deel tëscht Lëtzebuerg a Frankräich ass fir d'Landesgrenz, d'Mëtt vum Floss festgehalen. Op deem Deel laanscht Däitschland sinn d'Landesgrenzen op de respektiven Uwännere festgehalen, an déi ganz Fläch vun der Musel gëtt op där Streck als Kondominium behandelt, deen am Kader vun engem Staatsvertrag tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der Bundesrepublik Däitschland, zu Lëtzebuerg den 19. Dezember 1984 ënnerschriwwe gouf.
Iwwer d'Musel féieren, tëscht Lëtzebuerg an Däitschland, fënnef Grenzbrécken, an zwar d'Bréck vu Gréiwemaacher, d'Bréck vu Wuermeldeng, Bréck vu Réimech, de Viaduc vu Schengen an d'Bréck vu Schengen.
D'Musel bei Waasserbëlleg
Nieweflëss |
- a Frankräich: Avière, Durbion, Gander, Moselotte, Vologne, Madon, Meurthe, Seille, Orne, Ruisseau d'Argent, Ruisseau de Saint-Oger, Rupt de Mad, Terrouin, Esch, Kandel.
- zu Lëtzebuerg: Kulerbaach, Wuermeldenger Albaach, Donwerbaach, Gouschtengerbaach, Briedemesser Albaach, Albaach op der Hëttermillen, Kelsbaach, Gehaansbaach, Rouderbaach, Leiteschbaach, Lafbaach, Sir, Sauer.
- an Däitschland: Saar, Ruwer, Kyll, Salm, Lieser, Alf
Schëff op der Musel bei Wasserliesch
Uertschafte bei der Musel |
- a Frankräich: Ancy-sur-Moselle, Arches, Archettes, Ars-sur-Moselle, Berg-sur-Moselle, Châtel-sur-Moselle, Contz-les-Bains, Épinal, Gondreville, Pierre-la-Treiche, Toul, Pont-à-Mousson, Metz, Diddenuewen, Kettenuewen
- zu Lëtzebuerg: Schengen, Réimech, Stadbriedemes, Éinen, Wuermeldeng, Meechtem, Gréiwemaacher, Mäertert, Waasserbëlleg
- an Däitschland: Tréier, Bernkastel-Kues, Traben-Trarbach, Cochem, Koblenz.
Fir eng komplett Lëscht, kuckt: Lëscht vun den Uertschafte bei der Musel
D'Musel (uewen am Bild) leeft zu Koblenz um "Däitschen Eck" an de Rhäin
Schëfffaart |
Besonnesch Frankräich war drun interesséiert, datt grouss Schëffer d'Musel erop kéinte fueren, well sou déi loutrengesch Industriegebidder iwwer de Rhäin un d'Mier ugebonne wieren. 1956 ass et zu engem Vertrag tëscht den dräi betraffene Länner komm, datt d'Musel sollt kanaliséiert ginn.
1967 war et sou wäit: déi kanaliséiert Musel gouf tëscht Metz a Koblenz als Schëfffaartsstrooss mat 18 Schleise fräiginn. Nieft Penichen, déi Gidder transportéieren, gëtt et och en etlech Ausfluchsschëffer, déi mat Touristen u Bord tëscht de Wäindierfer hin an hier fueren.
Literatur |
- Myriam Sunnen, 2008. D'Musel. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 235-240. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporté, éditeurs. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
Kuckt och |
- Lëscht vun den Uertschafte bei der Musel
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
- Wäibau zu Lëtzebuerg
- Terroir Moselle
- Kanaliséierung vun der Musel
Um Spaweck |
Commons: Musel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
↑ www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie
Kategorien:
- Musel
- Nieweflëss vum Rhäin
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.280","walltime":"0.418","ppvisitednodes":"value":740,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":12745,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":3421,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":14,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":560,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 350.196 1 -total"," 93.22% 326.454 2 Schabloun:Infobox"," 89.33% 312.842 1 Schabloun:Infobox_Floss_nei"," 63.04% 220.763 12 Schabloun:If_empty"," 52.28% 183.091 9 Schabloun:Wikidata"," 2.73% 9.551 2 Schabloun:Coor_dms"," 2.16% 7.562 1 Schabloun:Commonscat"," 2.09% 7.310 1 Schabloun:PAGENAMEBASE"," 1.81% 6.344 2 Schabloun:Small"," 1.67% 5.841 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.141","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":3245374,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1294","timestamp":"20191001071902","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Musel","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Musel","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q1667","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q1667","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-03-27T18:06:05Z","dateModified":"2019-08-03T09:22:28Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/c/c3/Source_de_la_Moselle.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":141,"wgHostname":"mw1328"););