Skip to main content

Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg Inhaltsverzeechnes Geschicht | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüEntwécklung vun der Gemengenzuel 1839 - 2015"D'Gemeng Kënzeg fusionéiert mat der Gemeng Nidderkäerjeng.""Bürger sagen Ja: Aus Niederkerschen und Küntzig wird Käerjeng.""Referendum iwwert Gemengefusioun Konstem, Housen, Houschent.""Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Wellesteen, Biirmereng.""Fünf Fusionen auf einen Schlag: Die Zahl der Gemeinden schrumpft von 116 auf 106."Fusiounsgesetz vum 24. Mee 2011"Iwwerraschende Vote: Keng Fusioun vu Käerch a Simmer.""Wolz kloer, Eeschwëller knapps fir Fusioun""Fusioun begréisst: Béiwen mat 69,5 an Téinten mat 64,5 % Jo!""Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och.""Referendum um Sonndeg zu Béiwen un der Attert an Téinten.""Fusioun mat Habscht? Simmer seet jo!""Habscht: 59,73% fir eng Fusioun mat der Gemeng Simmer.""Fusioun Simmer/Habscht: Buergermeeschtere hoffen op positive Referendum zu Simmer.""Referendum geplangt: Rouspert a Mompech kéinte fusionéieren.""Referendum in Rosport und Mompach - Ein klares Ja!""Referendum iwwer Fusioun tëscht Noumer, Fiels a Fëschbech.""Noumer a Fëschbech soen Neen, nëmmen d'Fiels wielt Jo.""Fusion des communes: Il n’y aura pas de commune « Meesebuerg ».""Neue Fusionen in Sicht."

Gemengen zu Lëtzebuerg


franséische Régime18. JoerhonnertBëscherdepartementBëschdrefBéiwen-AtertKaalmesSëllWäicherdangGemeng KlierfDraufeltGemeng MunzenBurGemeng MompechHënsdrefLuerenzweilerGemeng HesperAlzengGräischSimmerLaaschentGemeng PëtschtGemeng EschduerfEschduerfGemeng HeischentGemeng Néngsenbelscher Revolutioun18301839Gemeng UewerpallenUewerpallenLiewelGemeng BiekerechGemeng EechRollengergronnGemeng BartrengStroossenEttelbréckSchierenIerpeldengGemeng WalferGemeng SteeselGemeng KielenGemeng KopleschtRecken op der MessGemeng LeidelengGemeng SandweilerHammGemeng MäerzegGemeng FeelenSchëfflengEsch-Uelzechteegestänneg GemengGemeng KeelGemeng RëmelengKierchenGemeng ËlwenAlschentKautebaachÉischte WeltkrichStad LëtzebuergHammHollerechRollengergronnGemeng EechHaaptstad1970erGemeng WëntgerAasselburBéigenHelzenUewerwampechKanton KlierfUewerwampechKanton WolzGemeng RammerechUerschdrefBungerefFoulschtPärelStauséigemengBéiwenHarelGemeng JonglënsterGemeng RoudemerGemeng BieberechGemeng PréizerdaulGemeng TandelBaastenduerfKanton DikrechFurenKanton VeianenWëlwerwolzKautebaachGemeng Kiischpelt24. Juli2006Remerschen3. September2006Gemeng SchengenIVLMaison-relaisenKläranlagenKäerchGemeng SimmerWolzEschweilerBéiwen-AtertTëntenChamberGemeng HelperknappHabschtSimmerGemeng KäerchRouspertMompechGemeng Rouspert-MompechNoumerFielsFëschbechSyvicolBechManternachBusWaldbriedemesWalGroussbusNordstadEttelbréckSchierenIerpeldeng o.d.S.












Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




Déi 102 Gemengen, wéi se zanter 2018 bestinn.




Evolutioun an der Zäit.


D'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen huet duerch Gemengefusiounen, awer och duerch Entstoe vun neie Gemengen, am Laf vun de Joerzéngten ëmmer nees geännert. Zanter dem 1. Januar 2018 läit dës Zuel bei 102.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geschicht

    • 1.1 Fusiounen, déi spéitstens den 1.1.2012 a Kraaft getruede sinn


    • 1.2 Fusioun 2015


    • 1.3 Fusiounen den 1. Januar 2018


    • 1.4 Ausbléck



  • 2 Kuckt och


  • 3 Um Spaweck


  • 4 Referenzen




Geschicht |


Zanter der Schafung vun de Gemengen ënner dem franséische Régime Enn vum 18. Joerhonnert (de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung als Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung applikabel gouf, och wann nach bis no 1824 un den definitive Pläng vun de Gemenge gezeechent ginn ass) gouf et ëmmer nees nei Gemengen, an anerer goufen opgeléist oder hu fusionéiert. Sou goungen d'Gemenge Bëschdref a Béiwen-Atert wéi och d'Gemenge Kaalmes a Sëll am Joer 1822 zesummen. Och gouf am Joer 1823 d'Gemeng Wäicherdang opgeléist a mat der Gemeng Klierf fusionéiert, bis op d'Sektioun Draufelt, déi bei d'Gemeng Munzen komm ass, d'Gemeng Bur gouf opgeléist a gouf bei d'Gemeng Mompech geprafft. Am selwechte Joer gouf d'Gemeng Hënsdref mat Luerenzweiler fusionéiert. D'Gemeng Hesper ass 1823 ëm déi fréier Gemeng Alzeng méi grouss ginn. Am Joer 1824 hunn d'Gemenge Gräisch a Simmer fusionéiert.


1826 gouf d'Gemeng Stolzebuerg opgeléist, a mat Laaschent zur Gemeng Pëtscht fusionéiert. 1827 gouf d'Gemeng Eschduerf opgeléist. Eschduerf selwer koum an d'Gemeng Heischent, an déi aner Uertschaften hunn d'Gemeng Néngsen gebilt.


No der spezieller politescher Situatioun während der belscher Revolutioun tëscht 1830 an 1839 gouf et 120 Lëtzebuerger Gemengen am Joer 1830.


Duerch Gesetz vum 25. Juli 1846 ass d'Gemeng Uewerpallen opgeléist ginn. Déi dräi Sektiounen Uewerpallen, Liewel an Dideling (haut um Diggel genannt), aus deene se bestanen hat, si bei d'Gemeng Biekerech komm. D'Zuel vun de Gemengen ass op 119 erofgaangen.


Duerno koum eng Zäit, wou d'Zuel vun de Gemenge bestänneg an d'Luucht goung. Den 1. Juli 1849 (Gesetz vum 8. Mee 1849) ass d''Gemeng Eech opgedeelt ginn an d'Gemeng Rollengergronn ass entstanen. Den 1. Januar 1850 (Gesetz vum 6. August 1849) ass d'Gemeng Bartreng opgedeelt gi fir d'Gemeng Stroossen ze schafen. Den 1. Juli 1850 (Gesetz vum 22. Januar 1850) gouf d'Gemeng Ettelbréck opgedeelt, an direkt 2 nei Gemenge sinn entstanen: Schieren an Ierpeldeng. De 25. November 1850 ass d'Gemeng Walfer aus engem Deel vun der Gemeng Steesel erausgaangen, an aus Deeler vun der Gemeng Steesel an der Gemeng Kielen ass den 22. Februar 1853 d'Gemeng Koplescht entstanen. Den 1. Juli 1856 (Gesetz vum 3. Mäerz 1856) ass d'Gemeng Recken op der Mess opgedeelt ginn, an d'Gemeng Leideleng ass entstanen. Domat war d'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen a knappss 7 Joer vun 119 op 126 eropgaangen.


Den 1. Januar 1874 (Gesetz vum 20. Dezember 1873) ass d'Gemeng Sandweiler opgedeelt gi fir d'Gemeng Hamm ze grënnen. Den 1. Januar 1875 (Gesetz vum 20. November 1874) ass d'Gemeng Mäerzeg aus engem Deel vun der Gemeng Feelen entstanen. Den 31. August 1876 (Gesetz vum 6. Juli 1876) gouf d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir eng eegestänneg Gemeng ze ginn, an de 25. September 1891 (Gesetz vum 27. Juni 1891) gouf d'Sektioun Rëmeleng vun der Gemeng Keel ofgetrennt fir d'Gemeng Rëmeleng ze ginn. Domat war den Héchststand vun 130 Lëtzebuerger Gemengen erreecht.


Mä net nëmmen d'Zuel vun de Gemengen huet geännert, och d'Nimm vu verschidde Gemenge goufen am Laf vun der Zäit geännert. Sou ass aus der Gemeng Kierchen den 28. Dezember 1908 d'Gemeng Ëlwen ginn, an de 17. Abrëll 1914 huet déi deemoleg Gemeng Alschent sech a Kautebaach ëmbenannt.


Nom Éischte Weltkrich sinn eng Rei Gemengefusiounen um Gebitt vun der haiteger Stad Lëtzebuerg ënnerholl ginn. Den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920) hunn d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert, a kuerz drop, den 1. Juli 1920 (Gesetz vum 30. Juni 1920), war et d'Gemeng Eech, déi mat der Haaptstad fusionéiert huet. Domat ass d'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen erof op 126 gaangen.


An den 1970er Jore koumen nees Bestriewungen op fir Gemengen ze fusionéieren. Den 1. Januar 1978 (Gesetz vum 31. Oktober 1977) ass d'Gemeng Wëntger aus deene 4 Gemengen Aasselbur, Béigen, Helzen an Uewerwampech entstanen. Déi éischt 3 Gemengen hunn zum Kanton Klierf gehéiert, Uewerwampech war am Kanton Wolz, an déi nei Gemeng Wëntger gehéiert zum Kanton Klierf.


Den 1. Januar 1979 sinn dräi nei Fusiounsgemengen entstanen. D'Gemeng Rammerech duerch d'Fusioun vun de Gemengen Uerschdref, Bungeref, Foulscht a Pärel (Gesetz vum 27. Juli 1978), d'Stauséigemeng duerch d'Fusioun vun de Gemenge Béiwen an Harel (Gesetz vum 23. Dezember 1978) an d'Gemeng Jonglënster duerch d'Fusioun vun der Gemeng Roudemer mat der vireger Gemeng Jonglënster (Gesetz vum 23. Dezember 1978). Domat ass d'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen erof op 118 gaangen.


Mam Gesetz vum 25. Mäerz 1991 gouf d'Gemeng Bierg op Kolmer-Bierg ëmgedeeft, fir Verwiesslunge mat aneren Uertschafte mam Numm Bierg auszeschléissen.


De 17. Juli 2001 huet d'Gemeng Bieberech sech a Gemeng Préizerdaul ëmbenenne gelooss.


Méi spéit gouf et nach eng Kéier 2 Gemengefusiounen: duerch d'Gesetz vum 21. Dezember 2004 ass d'Gemeng Tandel duerch d'Fusioun vun de Gemenge Baastenduerf aus dem Kanton Dikrech a Furen aus dem Kanton Veianen entstanen, an d'Gesetz vum 14. Juli 2005 huet d'Fusioun vun de Gemenge Wëlwerwolz a Kautebaach zu där neier Gemeng Kiischpelt besigelt.


Duerch e Gesetz vum 24. Juli 2006 huet d'Gemeng Remerschen hiren Numm mat Effet op den 3. September 2006 a Gemeng Schengen ëmgeännert.



Fusiounen, déi spéitstens den 1.1.2012 a Kraaft getruede sinn |


Am Kader IVL, deen eng "Masse critique" vun 3000 Awunner fir Gemengen als néideg ugesäit, fir datt se déi néideg Infrastrukture kënnen organiséieren, huet den Inneministère eng Rei Hëllefen a finanziell Subventioune fir déi ländlech Gemenge virgesinn, déi wëlle fusionéiere fir déi "Masse critique" z'erreechen. Sou sollen all d'Awunner am Land vu wichtegen Infrastrukture wéi Maison-relaisen, Sportsinfrastrukturen, Kläranlagen, etc. profitéiere kënnen.


  • Als Konsequenz dovun hunn an de Gemenge Klierf, Munzen an Hengescht d'Awunner den 12. Oktober 2008 an engem Gemengereferendum enger Fusioun ënner dem Numm "Gemeng Klierf" mat grousser Majoritéit zougestëmmt. D'Gemengeréit vun deenen dräi Gemengen hu sech Enn 2008 och fir déi geplangt Fusioun ausgeschwat. De 16. Januar 2009 gouf eng Konventioun vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen. De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangt Fusioun an der Chamber deposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn. D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm "Gemeng Klierf" gouf de 5. Dezember 2011 rechtsgülteg wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vereedegt gouf.
  • D'Gemeng Miedernach fir hiren Deel huet mat der Nopeschgemeng Iermsdref fusionéiert. Dofir hunn d'Bierger vun deenen zwou Gemengen den 21. Mäerz 2010 an engem Referendum enger Fusioun zougestëmmt, soudatt déi den 1. Januar 2012 a Kraaft triede konnt. D'Fusiounsgemeng krut den Numm "Ärenzdallgemeng".
  • Och d'Gemengen Esch-Sauer, Heischent an Néngsen hunn zanter 2006 dru geschafft, eng Fusioun zu enger vergréisserter Gemeng mam Numm "Esch-Sauer" duerchzeféieren. Si ass den 1. Januar 2012 a Kraaft getrueden.
  • Den 18. Mee 2010 huet de Käerjenger Gemengerot, deselwechten Dag wéi dee vun der Gemeng Kënzeg, engem Accord zu enger Fusioun tëscht deenen zwou Gemengen zougestëmmt.[1] Bei engem Referendum, de 5. Dezember 2010 hunn an den zwou Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler sech fir eng Fusioun ausgeschwat (58 % zu Nidderkäerjeng, 56,17 Prozent zu Kënzeg).[2] Deemno kann d'Fusioun den 1. Januar 2012 rechtsgëlteg ginn. Den Numm vun der fusionéierter Gemeng ass "Gemeng Käerjeng".
  • Den 2. Juli 2010 hunn an de Gemenge Konstem, Housen an Houschent an engem Referendum d'Awunner mat bal 77 % vun de Stëmme gréng Luucht gi fir eng Fusioun zu enger eenzeger mam Numm Gemeng Parc Housen.[3]
  • Den 10. Oktober 2010 hunn an de Gemenge Schengen, Biermereng a Wellesteen an engem Gemengereferendum d'Majoritéit vun de Bierger fir eng Fusioun zu enger vergréisserter Gemeng "Schengen" gestëmmt.[4]

Den 10. Mee 2011 huet d'Chamber dëse 5 Fusiounen zougestëmmt.[5] D'Fusiounsgesetz gouf de 24. Mee 2011 vum Grand-Duc ënnerschriwwen.[6]


Deemno louch d'Gemengenzuel zu Lëtzebuerg vum 1. Januar 2012 bis den 31. Dezember 2014 bei 106.


Eng geplangt Fusiouen gouf an engem Referendum net ugeholl: De 24. Oktober 2010 hu 56 % vun den Awunner vu Käerch géint d'Fusioun vun hirer Gemeng mat der Gemeng Simmer gestëmmt (Zu Simmer waren 79 % dofir). D'Gemengeréit hate schonn hiren Accord ginn.[7]



Fusioun 2015 |


Den 1. Januar 2015 hunn d'Gemenge Wolz an Eschweiler zu enger vergréisserter "Gemeng Wolz" fusionéiert. De 24. Februar 2014 haten déi zwéi Gemengeréit dozou gréng Luucht ginn. De 25. Mee 2014 gouf an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Zu Wolz hu sech ronn 80 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun mat Eeschwëller ausgeschwat, zu Eschweiler ware just eng 54% fir eng Fusioun.[8]



Fusiounen den 1. Januar 2018 |


D'Pläng vun der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten goufen de 25. Mee 2014 an engem Referendum mat 69,5 % zu Béiwen a mat 64,5 zu Tënten guttgeheescht.[9] De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt. Déi nei Gemeng krut den Numm "Gemeng Helperknapp".[10]


An enger éischter Phas war geplangt gewiescht, datt och d'Gemeng Sëll sollt mat fusionéieren, déi schlussendlech awer een anere Wee gaangen ass.[11]


D'Fusioun vun de Gemengen Habscht a Simmer gouf de 25. Mee 2014 an engem Referendum an der Gemeng Simmer zu 59,75 Prozent guttgeheescht,[12] an den 9. November 2014 an der Gemeng Habscht vun 59,3 % vun de Wieler.[13] Och hei huet d'Chamber de 24. Februar 2016 enger Fusioun zum 1. Januar 2018 zougestëmmt. Déi nvergréissert Gemeng heescht "Habscht".


2012 wollt Simmer scho mat der Gemeng Käerch fusionéieren; an der leschtgenannter hate sech awer deemools 56% géint eng Fusioun mat Simmer ausgeschwat.[14]


D'Gemenge Rouspert a Mompech haten hir Fusiounspläng am Oktober 2015 bekannt gemaach.[15] De 24. Abrëll 2016 hunn d'Bierger aus den zwou Gemengen an engem Gemengereferendum mat grousser Majoritéit dofir gestëmmt ( 80,07 Prozent zu Rouspert, 65,18 Prozent zu Mompech). Déi nei Gemeng krut den Numm "Gemeng Rouspert-Mompech".[16]


Anescht an de Gemengen Noumer, Fiels a Fëschbech: Do waren d'Awunner den 9. November 2014 zu enger méiglecher Fusioun zu enger neier Gemeng Meesebuerg gefrot ginn.[17] Zwar waren an der Fiels 66,53 % vun de Wieler fir sou eng Fusioun, mä zu Noumer ware 70,05 % dergéint, an zu Fëschbech souguer 76,02 %.[18][19]


Deemno läit d'Zuel vun de Gemengen zanter dem 1. Januar 2018 bei 102 (virdrun: 105).



Ausbléck |


Fir d'Zukunft gëtt et Iwwerleeungen zu weider Fusiounen. Den Inneministère hat 2018 Diskussioune mat dem Syvicol an deene Gemengen, déi manner wéi 3000 Awunner hunn. Doropshinn hunn d'Schäfferéit vu folgende Gemengen hir prinzipiell Bereetschaft erkläert, iwwer Fusiounen ze diskutéieren (Stand: August 2018): Bech a Manternach, Bus a Waldbriedemes, Wal a Groussbus, sou wéi d'Nordstad-Gemengen Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng o.d.S.[20]



Kuckt och |


  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Gemengen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

  • Entwécklung vun der Gemengenzuel 1839 - 2015 bei Statec.lu


Referenzen



  1. "D'Gemeng Kënzeg fusionéiert mat der Gemeng Nidderkäerjeng." rtl.lu, 18.05.2010, 15:56 - Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2010, 20:35.


  2. "Bürger sagen Ja: Aus Niederkerschen und Küntzig wird Käerjeng." wort.lu, 05.12.2010 16:24.


  3. "Referendum iwwert Gemengefusioun Konstem, Housen, Houschent." RTL - 02.07.2010, 07:55 - Fir d'lescht aktualiséiert: 02.07.2010, 07:58.


  4. Zu Schengen ware 55 % vun de Leit dofir, zu Biermereng 76 % an zu Wellesteen hu 69 % mat Jo gestëmmt. Vgl: "Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Wellesteen, Biirmereng." RTL.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.


  5. "Fünf Fusionen auf einen Schlag: Die Zahl der Gemeinden schrumpft von 116 auf 106." wort.lu, 11.05.2011 07:46, aktualiséiert 11.05.2011 09:18.


  6. Fusiounsgesetz vum 24. Mee 2011


  7. "Iwwerraschende Vote: Keng Fusioun vu Käerch a Simmer." rtl.lu, RTL - 24.10.2010, 08:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 24.10.2010, 16:26.


  8. "Wolz kloer, Eeschwëller knapps fir Fusioun" rtl.lu, 25.05.2014, 16:13:01.


  9. "Fusioun begréisst: Béiwen mat 69,5 an Téinten mat 64,5 % Jo!" rtl.lu, 25.05.2014, 16:33:23.


  10. "Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och." rtl.lu, 24.02.2016, 17:44:16.


  11. "Referendum um Sonndeg zu Béiwen un der Attert an Téinten." rtl.lu, 23.05.2014, 12:30:38.


  12. "Fusioun mat Habscht? Simmer seet jo!" rtl.lu, 25.05.2014, 16:26:52.


  13. "Habscht: 59,73% fir eng Fusioun mat der Gemeng Simmer." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 10:43:15.


  14. "Fusioun Simmer/Habscht: Buergermeeschtere hoffen op positive Referendum zu Simmer." rtl.lu, 24.05.2014, 10:00:51.


  15. "Referendum geplangt: Rouspert a Mompech kéinte fusionéieren." rtl.lu, Update: 28.10.2015, 13:26:52.


  16. "Referendum in Rosport und Mompach - Ein klares Ja!" op wort.lu vum 24 Abrëll 2016


  17. "Referendum iwwer Fusioun tëscht Noumer, Fiels a Fëschbech." rtl.lu, 12.06.2014, 09:48:50.


  18. "Noumer a Fëschbech soen Neen, nëmmen d'Fiels wielt Jo." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 07:09:09.


  19. "Fusion des communes: Il n’y aura pas de commune « Meesebuerg »." wort.lu, 09.11.2014.


  20. Maximilian Rischard: "Neue Fusionen in Sicht." wort.lu,27.08.2018.




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Entwécklung_vun_der_Gemengenzuel_zu_Lëtzebuerg&oldid=2208249“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.156","walltime":"0.215","ppvisitednodes":"value":526,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1795,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":221,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":33378,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 158.558 1 -total"," 11.64% 18.459 1 Schabloun:Referenzen"," 4.65% 7.370 1 Schabloun:Commonscat"," 3.39% 5.376 1 Schabloun:Clr"," 3.27% 5.179 1 Schabloun:Commons"," 2.84% 4.504 1 Schabloun:Gemengenzuel"," 1.61% 2.547 1 Schabloun:Small"," 1.44% 2.276 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1294","timestamp":"20191113162433","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Entwu00e9cklung vun der Gemengenzuel zu Lu00ebtzebuerg","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Entw%C3%A9cklung_vun_der_Gemengenzuel_zu_L%C3%ABtzebuerg","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q3137489","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q3137489","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-03-22T10:51:34Z","dateModified":"2019-09-29T19:11:12Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/5/50/Groothertogdom_LuxemburgGemeenten2.png"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":126,"wgHostname":"mw1261"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?