Skip to main content

Belsch Inhaltsverzeechnes Evolutioun vum Begrëff "Belsch" | Geschicht | Geographie | Administrativ Andeelung | Politik | Ekonomie | Demographie | Kultur | Kuckt och | Um Spaweck | Navigatiounsmenü(Lauschteren)Offiziell Säit vun der BelschOffiziell Säit vum flämesche GouvernementOffiziell Säit vun der flämescher RegiounOffiziell Säit vun der wallounescher Regiounää

BelschBulgarienDäitschlandÉisträichDänemarkEstlandFinnlandFrankräichGriichelandGroussbritannienIrlandItalienKroatienLettlandLitauenLëtzebuergMaltaHollandPolenPortugalRumänienSchwedenSlowakeiSlowenienSpuenienTschechesch RepublikUngarnZypernAlbanienBelschBulgarienDäitschlandDänemarkEstlandFrankräichGriichelandGroussbritannienHollandIslandItalienKanadaKroatienLettlandLitauenLëtzebuergMontenegroNorwegenPolenPortugalRumänienSlowakeiSlowenienSpuenienTierkeiTschechesch RepublikUngarnUSA


Belsch


Belsche FändelDetailerWesteuropaNordséiHollandDäitschlandLëtzebuergFrankräich4. Oktober1830FrankräichHollandDäitschlandLëtzebuergArdennenParäisser BasengHaaptstadregioun BréisselFlämesch RegiounWallounesch Regiounfederaalt ParlamentSenatRepresentantechamberKinnek PhilippeSozialistesch ParteiMouvement réformateurChrëschtdemokratenGréngDéFINei-Flammänesch AllianzChrëschtdemokratenLiberal ParteiSozialdemokratenGréngVlaams BelangRéidiamantenEuropäescher UniounBelsch-Lëtzebuerger WirtschaftsuniounFlandernArdennenAntwerpenGentBrugesCharleroiLéckNamouerHaaptstadregioun BréisselBréisselPeter Paul RubensAntoon van DyckPieter Bruegel den EelerenJan van EyckWim DelvoyeConstant PermekeRené MagrittePaul DelvauxVictor HortaJugendstilAdolphe SaxSaxophonJacques BrelStromaeGeorges SimenonAmélie NothombHugo ClausSuzanne LilarHendrik ConscienceBande dessinéeënHergéPeyoAndré FranquinDupaMorrisBéierEisekuchenSchockelaFritten












Belsch




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen





Disambig.svg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem aktuelle belsche Kinnekräich. Fir aner a fréier Bedeitungen, kuckt w.e.g. Belsch: Evolutioun vum Wuert a vu senge Varianten am Raum an an der Zäit.






































Royaume de Belgique
Koninkrijk België
Königreich Belgien







Belsche Fändel



Belscht Wopen

Detailer



Detailer

National Devise:
L'union fait la force
Eendracht maakt macht
Einigkeit macht stark


EU location BEL.png


Offiziell Sprooch:

Franséisch, Hollännesch, Däitsch

Haaptstad:

Bréissel
 • Awunner:
178.552 (2016) / Haaptstadregioun Bréissel: 1.187.890 (2016)


Staatsform:

Parlamentaresch Monarchie
 • Kinnek:

Philippe
 • Premierminister:

Charles Michel


Fläch:
30.528 km² (140.)
 • Dovu Waasser:
6,4 %


Bevëlkerung:
11.250.585 (2016) (75.)
 • Bevëlkerungsdicht:
363,6/km²


Onofhängegkeet:
vun Holland
1830 (ausgeruff)
1839 (unerkannt)

Nationalfeierdag:

21. Juli

Nationalhymn:

La Brabançonne
(Lauschteren)

Währung:

Euro

Zäitzon:

UTC +1 (+2 am Summer)

Internet TLD:

.be

Internationalen
Telefonsprefix:
+32

Belgium RegProv.png

D'Belsch, offiziell d'Kinnekräich Belsch, ass e Land a Westeuropa. Et läit laanscht d'Nordséi a grenzt un Holland, Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evolutioun vum Begrëff "Belsch"


  • 2 Geschicht


  • 3 Geographie


  • 4 Administrativ Andeelung


  • 5 Politik


  • 6 Ekonomie


  • 7 Demographie


  • 8 Kultur

    • 8.1 Konscht


    • 8.2 Musek


    • 8.3 Literatur


    • 8.4 Kichen



  • 9 Kuckt och


  • 10 Um Spaweck




Evolutioun vum Begrëff "Belsch" |


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Belsch (Semantik)



Geschicht |


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun der Belsch
D'Belsch huet de 4. Oktober 1830 hir Onofhängegkeet vun Holland erkläert.



Geographie |


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geographie vun der Belsch
D'Belsch deelt sech Grenze mat Frankräich (620 km), Holland (450 km), Däitschland (167 km) a Lëtzebuerg (148 km). Seng Gesamtfläch - inklusiv Waasserfläch - sinn 30.528 km2; d'Landfläch elleng sinn 30.278 km2. Et läit tëscht de Breetegraden 49°30 an 51°30 N an de Längtegraden 2°33 a 6°24 E.


Zu de grousse geographesche Regioune vun der Belsch zielen d'Küsteplaine an den zentrale Plateau, déi am Nordwesten dominéieren, an d'Ardennen am Süden. Déi südlechst Spëtzt vum Land gehéiert nach zum Paräisser Baseng.


D'Klima ass temperéiert a maritim, mat bedeitendem Nidderschlag an alle Joreszäiten, wéi déi meescht Länner an Nordwesteuropa. D'Duerchschnëttstemperatur ass am niddregsten am Januar bei 3 °C an am héchsten am Juli bei 18 °C.



Administrativ Andeelung |


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Communautéiten, Regiounen a Provënze vun der Belsch
D'Belsch ass e federale Staat, dee sech aus dräi Communautéiten an dräi Regiounen zesummesetzt.


Déi Regioune sinn d'Haaptstadregioun Bréissel, d'Flämesch Regioun an d'Wallounesch Regioun. Déi zwou lescht si jiddereng a jee fënnef Provënzen ënnerdeelt.


D'Communautéite baséieren op der Sprooch. Heibäi handelt sech ëm d'hollänneschsproocheg Communautéit, d'franséischsproocheg Communautéit an d'däitschsproocheg Communautéit.



Politik |




Den aktuelle Kinnek Philippe vun der Belsch


D'Belsch ass eng konstitutionell Monarchie an eng federal parlamentaresch Demokratie. D'federaalt Parlament setzt sech aus dem Senat an der Representantechamber zesummen. An der Belsch gëllt d'Walflicht, dowéinst gëtt et eng vun den héchste Walbedeelegungen op der Welt.


Staatschef ass de Kinnek, aktuell de Kinnek Philippe, mä mat limitéierte Prerogativen. Hien designéiert d'Ministeren, dorënner de Premierminister, déi d'Vertraue vun der Representantechamber hunn, fir d'federal Regierung ze forméieren. De Regierungsrot besteet aus net méi wéi 15 Memberen. Mat der Ausnam vum Premierminister muss de Regierungsrot aus grad souvill franséischsproochege wéi hollänneschsproochege Ministere bestoen.


Zu de frankophone Parteien zielen d'Sozialistesch Partei, de Mouvement réformateur, d'Chrëschtdemokraten, déi Gréng an DéFI. Bei de Flammänner gëtt et d'Nei-Flammänesch Allianz (N-VA), d'Chrëschtdemokraten, d'Liberal Partei, d'Sozialdemokraten, déi Gréng a Vlaams Belang.



Ekonomie |


D'Ekonomie vun der Belsch ass staark globaliséiert an d'Transportinfrastruktur ass gutt an de Rescht vun Europa integréiert. Dem Land säi strategesche Standuert am Häerze vun enger héich-industrialiséierter Regioun mécht et zu engem vun de Haapt-Handelslänner an zu engem vun de räichste Länner op der Welt. D'Wirtschaft charakteriséiert sech duerch eng produktiv Aarbechtskraaft, en héije PNB an héich Exporttauxe per capita. Der Belsch hir Haaptimporter si Réimaterialien, Maschinnen an Equipementer, Chemikalien, Réidiamanten, Medikamenter, Liewensmëttel, Transportequipementer an Pëtrollsprodukter. D'Haaptexportgidder si Maschinnen an Equipementer, Chemikalien, fäerdeg Diamenten, Metaller a Metallprodukter a Liewensmëttel.


Am Allgemengen ass d'belsch Wirtschaft extrem op Zerwisser orientéiert, mat enger dynamescher flammännescher Ekonomie an der Wirtschaft vu Wallounien, déi hannendrun hinkt. Als ee vun de Grënnungsmembere vun der Europäescher Unioun ënnerstëtzt d'Belsch d'Iddi vun enger oppener Vollekswirtschaft an d'Erweidere vun de Kompetenze vun den EU-Institutiounen fir nei Memberen an den europäesche Bannemaart ze integréieren. Zënter 1922, via d'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun, hunn d'Belsch a Lëtzebuerg e gemeinsame Bannemaart mat Zoll- a Währungsunioun.



Demographie |


Ufank 2015 hat d'Belsch eng Bevëlkerung vun iwwer 11.190.000 Awunner. Dovun hu schonn 2004 97% als urban gegollt. D'Bevëlkerungsdicht ass 363,6 Awunner op de Quadratkilometer, woubäi deen Taux a Flandern méi héich an an den Ardennen am niddregsten ass. A Flandern hunn 2015 iwwer 6.437.000 Leit gelieft an d'Stied mat de meeschten Awunner waren Antwerpen (511.000), Gent (252.274) a Bruges (117.787). A Wallounien hunn 3.585.000 Leit gelieft a Charleroi (202.021), Léck (194.000) an Namouer (110.000) haten déi meeschten Awunner. D'Haaptstadregioun Bréissel hat 1.167.000 Awunner. Dräi aner Gemengen, nieft Bréissel selwer, an där Regioun haten iwwer 100.000 Awunner.


2007 haten 92% vun der Bevëlkerung d'belsch Nationalitéit, aner 6% waren aner EU-Bierger. Heefegst Auslänner waren d'Italiener (172.000), d'Fransousen (125.000), d'Hollänner (167.000), d'Marokkaner (81.000), d'Portugisen (44.000), d'Spuenier (43.000), d'Tierken (39.000) an déi Däitsch (38.000). Zënter der Ännerung vum belschen Nationalitéitegesetz am Joer 1984 hu méi wéi 1,3 Millioune Migranten d'belsch Staatsbiergerschaft ugeholl. 2012 gouf geschat, datt 25% vun der Gesamtbevëlkerung auslännesch Wuerzelen hunn. Déi gréisst Grupp vun Immigrante mat hiren Nokomme sinn d'Marokkaner mat iwwer 450.000 Persounen



Kultur |



Konscht |


Besonnesch d'Kontributiounen an der Molerei an an der Architektur vu belsche Perséinlechkeete sinn ervirzehiewen, zum Beispill d'Molerei während der flammännescher Renaissance. Zu de bekannte flammännesche Moler zielen de Peter Paul Rubens, den Antoon van Dyck, de Pieter Bruegel den Eeleren an de Jan van Eyck. Kënschtler aus dem 20. Joerhonnert sinn de Wim Delvoye, de Constant Permeke, de René Magritte an de Paul Delvaux.


De Victor Horta war ee vun de bekanntste Jugendstil-Architekten.



Musek |


De Belsch Adolphe Sax huet de Saxophon erfonnt. De Jacques Brel gëllt als ee vun de beschte Chansonnieren. Europawäite Succès am 21. Joerhonnert huet de Stromae.



Literatur |


Belsch Auteure sinn ënner anerem de Georges Simenon, d'Amélie Nothomb, den Hugo Claus, d'Suzanne Lilar an den Hendrik Conscience.


Och d'Bande dessinéeën hunn an der Belsch e besonnesche Stellewäert, mam Hergé (Tintin), dem Peyo (Schlumpfen), dem André Franquin (Gaston Lagaffe, Marsupilami), dem Dupa oder dem Morris (Lucky Luke).



Kichen |





Mullen a Fritte gëllen als belsch Spezialitéit


Vill belsch Restaurante si renoméiert an et fënnt ee s'an de grousse Restaurantsguide wéi dem Guide Michelin.


D'Belsch ass bekannt fir hire Béier, Eisekuchen, Schockela a Fritten.



Kuckt och |


  • Belsch Uertschaften

  • Belsch Stied

  • Belsch Gemengen

  • Belsch Regiounen

  • Belsch Provënzen

  • Benelux


Um Spaweck |


  • Offiziell Säit vun der Belsch

  • Offiziell Säit vum flämesche Gouvernement

  • Offiziell Säit vun der flämescher Regioun

  • Offiziell Säit vun der wallounescher Regioun





Commons-logo.svg
   



Commons: Belgium – Biller, Videoen oder Audiodateien












Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Belsch&oldid=2156075“










Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.112","walltime":"0.149","ppvisitednodes":"value":594,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":22454,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":2409,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 67.351 1 -total"," 49.41% 33.280 2 Schabloun:Navbox"," 48.15% 32.428 1 Schabloun:Navigatioun_Memberstaaten_EU"," 13.86% 9.338 1 Schabloun:Infobox_Land"," 12.18% 8.205 1 Schabloun:NATO"," 10.92% 7.355 1 Schabloun:Commonscat"," 7.31% 4.926 1 Schabloun:Commons"," 6.88% 4.636 1 Schabloun:Clear"," 3.51% 2.366 1 Schabloun:Aner_Bedeitungen_op_Mooss"," 3.50% 2.358 4 Schabloun:Small"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.012","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":760388,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1324","timestamp":"20190505104308","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Belsch","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Belsch","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q31","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q31","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-10-16T20:16:00Z","dateModified":"2019-01-19T09:16:53Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/2/2d/EU_location_BEL.png","headline":"Staat an Europa"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":224,"wgHostname":"mw1253"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?