Skip to main content

Clairefontaine (Arel) Inhaltsverzeechnes Geschicht | Waasserleef | Kuckeswäertes | Literatur | Um Spaweck | Navigatiounsmenü49° 39’ 58.90’’ N05° 51’ 58.45’’ O

ArelUertschaften an der Provënz LëtzebuergArelerland


LëtzebuergeschbelschArelBelscher Gemengereform vun 1977NidderelterErmesindeHari V.Jang de BlanneBelscher Revolutioun18301839ÄischenHabschtbelsche StaatGroussherzogtumLondoner KonferenzNidderelterDiirbaachÄischÉcole ApostoliqueDiirbaachWaltzingÉcole Apostolique vu ClairefontaineÄischÄischenArelNidderelterBunnertGiischHäischelTernech












Clairefontaine (Arel)




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen





Disambig.svg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Clairefontaine an der Gemeng Arel. Fir aner Säite mat deem Numm, kuckt w.e.g. Clairefontaine.
























Clairefontaine
lb: Baardebuerg



Land

Flag of Belgium (civil).svg Belsch

Regioun

Flag of Wallonia.svg Wallounien

Communautéit

Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit

Provënz

Official flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg

Arrondissement

Arel

Gemeng

CommunesBelgique-Arlon.svg Arel
Telefonszon
063

Postcode
6700

Koordinaten

49° 39’ 58.90’’ N
05° 51’ 58.45’’ O


Clairefontaine, op Lëtzebuergesch Baardebuerg oder och Badebuerg [1] ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Arel.


Virun der Belscher Gemengereform vun 1977 huet Clairefontaine zur Gemeng Nidderelter gehéiert.


Westlech vun der eigentlecher Uertschaft, just virun der Belsch-Lëtzebuerger Grenz, stinn d'Gebaier vun der fréierer École apostolique vun den Häerz-Jesu-Pateren, déi 1986 zougemaach huet. Zanterhier ass do e Centre de rencontre vun den Häerz-Jesu-Pateren ageriicht, wou Retraiten, Konferenzen a soss Coursen (z. B. Virbreedung op d'Bestietnes) organiséiert ginn.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geschicht


  • 2 Waasserleef


  • 3 Kuckeswäertes


  • 4 Literatur


  • 5 Um Spaweck




Geschicht |


D'Uertschaft ass haaptsächlech duerch d'Abtei bekannt, déi d'Gräfin Ermesinde do wollt grënnen. D'Klouschter gouf tatsächlech awer eréischt vun hirem Jong, dem Hari V., genannt "de Blonden" ("le Blondel"), gebaut. D'Ermesinde gouf allerdéngs do begruewen, wéi si dat gewënscht hat. Spéider hat och de Jang de Blanne vir, sech do begruewen ze loossen, mä et koum anescht.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Abtei Notre-Dame de Clairefontaine (Clairefontaine)


Clairefontaine huet bis zur Belscher Revolutioun (1830-1839) zur Par a Gemeng Äischen-Habscht gehéiert. Wéi awer d'definitiv Grenz tëscht dem jonke belsche Staat an dem Rescht-Groussherzogtum op der Londoner Konferenz gezu gouf, koum Clairefontaine bei d'belsch Gemeng Nidderelter. E Schmelzhär, Simonet genannt, dee säi Betrib ëstlech vun der eigentlecher Uertschaft hat, beim Zesummefloss vun der Diirbaach a vun der Äisch, hat sech besser Geschäftsperspektiven an der Belsch wéi am verklengerte Grand-Duché virgestallt. Duerch säin Afloss bei dem engen oder anere belschen Diplomat bei der Londoner Konferenz koum et deemno dozou, datt déi ganz Uertschaft, bis bei d'Äisch, der Belsch zougeschloe gouf. Wat d'Zukunftsperspektive vum Simonet sengem Betrib ugoung, do hat den Här sech grëndlech verrechent, well déi nei Zollgrenz huet him e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, an de ganze Betrib ass verfall. Spéider goufen d'Gebaier dann d'éischt vun Dominikanerinne benotzt, duerno vun Häerz-Jesu-Pateren als École Apostolique.



Waasserleef |


Parallel zu der Haaptstrooss leeft d'Diirbaach (ruisseau de Clairefontaine), déi vu Waltzing erfort kënnt, an direkt hanner der fréierer École Apostolique vu Clairefontaine an d'Äisch leeft, déi a Richtung Äischen weiderfléisst.



Kuckeswäertes |


  • Den Ausgruewungsschantje vun der fréierer Zisterzienserinnenabtei, déi nach vun der Ermesinde geplangt, awer eréischt vun hirem Jong, dem Hary de Blonden, gebaut gouf.[2]

  • De Sarkophag vun der Ermesinde an der Krypta vun der Mariekapell nieft de Ruine vun der Abtei.

  • D'Kapell vun der fréierer apostolescher Schoul vun den Häerz-Jesu Pateren.


Literatur |


  • (Pater) Lucien Kohnen, Die drei Clairefontainer Klöster - Kurzer Blick in eine jahrhundertealte Geschichte ; in: nos cahiers, 2003, Nr. 3/4, Ss. 121-126 (ill., Bibliogr.).

  • Joseph L. Philippe, Vor 125 Jahren kamen die Herz-Jesu-Priester nach Clairefontaine; in: Heimat + Mission, 1/2014 (Joergang 88); Ss. 4-6 (ill.).

  • Andrée & Georges Despy, Les premières années de l'abbaye cistercienne de Clairefontaine; in: Revue belge de Philologie et d'Histoire, XLVIII, 1970, 4; pp. 1207–1224.

  • Michel Margue, De la fondation privilégiée à la nécropole familiale: l'abbaye de Clairefontaine - Réflexions préliminaires à l'étude d'un lieu de mémoire dynastique; in: Annales de l'Institut archéologique du Luxembourg [belge], Arel; Bd. CXXVI-CXXVII, 1995-1996; Ss. 57-91.


  • L'abbaye cistercienne de Clairefontaine - Du rêve d'Ermesinde aux réalités archéologiques / Exposition du 30 avril au 17 octobre 2010 au Musée Gaspar à Arlon ; in: Bulletin trimestriel de l'Institut archéologique du Luxembourg - Arlon ; 2010 - 86e année - N° 3/4; Ss. 162-246.

  • P. Nicolas Kayser, Clairefontaine; Verlag "Heimat und Mission", 1963 (= Imprimatur); 160 S. (ill.).


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Clairefontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien






Armoiries Arlon2.png

Uertschaften an der Gemeng Arel

Armoiries Arlon2.png

Sektiounen: Arel • Nidderelter • Bunnert • Giisch • Häischel • Ternech
Aner Uertschaften a Plazen: Alenuewen · Barnech · Birel · Badebuerg · Affen · Fruessem · Frellen · Heckbus · Rosenberg · Schappech · Siesselech · Séimerech · Stienen · Sterpenech · Stackem · Sues · Éiden · Uewerelter · Walzeng · Weller



  1. A franséischen Texter gëtt vereenzelt Bardebourg (z. B. Guillaume de Bardebourg) a soss Bardenbourg ernimmt. Am Mémorial A N° 10 vun 1844, op der Säit 77 (Beschreibung der Gränze), Art.4. § 2, gëtt am däitschen Text Badenburg ernimmt.


  2. (vgl. d'Publikatiounen vum Historiker Georges Despy...)




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Clairefontaine_(Arel)&oldid=2067226“










Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.080","walltime":"0.137","ppvisitednodes":"value":269,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":7692,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":2978,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":8,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":166,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 87.207 1 -total"," 48.42% 42.229 1 Schabloun:Infobox_Uertschaft_Belsch"," 23.20% 20.229 1 Schabloun:Arel"," 9.66% 8.428 1 Schabloun:Coor_dms"," 8.62% 7.518 1 Schabloun:Commonscat"," 6.74% 5.878 2 Schabloun:Small"," 4.91% 4.279 1 Schabloun:Commons"," 4.82% 4.203 1 Schabloun:Navigatioun_Gemeng_Arel"," 3.91% 3.413 1 Schabloun:Coor"," 3.22% 2.810 1 Schabloun:Méi_Info_1"],"cachereport":"origin":"mw1325","timestamp":"20190514103959","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Clairefontaine (Arel)","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Clairefontaine_(Arel)","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q2138213","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q2138213","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-12-23T15:31:16Z","dateModified":"2017-11-15T21:01:09Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":109,"wgHostname":"mw1265"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?