Skip to main content

Wikipedia:Läschen Inhaltsverzeechnes Läsche vun Artikele fir ze Iwwerschaffen Beien an der Stad Entente des sociétés Izeg Tennis Izeg Der Boxer (Comic) Yuno GasaiJean HossBernhard Baumgarten Lëscht vum Conseil vum Vëlkerbond senge Sessiounen Sabra StarrNavigatiounsmenü

Läschen


SchmunzeleckSchabloun:LäschenKategorie:LäschenRelevancritèrenWolverèneDiskussiounWolverèneDiskussiounWolverèneDiskussiounenCoursLäschenWolverèneDiskussiounLes MelouresDiskussiounZinnekeDiskussioun












Wikipedia:Läschen




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


Dës Säit soll Iech eng Méiglechkeet gi fir d'Säiten, déi solle geläscht ginn, erëmzefannen a wann néideg driwwer ze diskutéieren op d'Läsche wierklech ubruecht ass.


Am Fall wou eng Säit carrement nëmmen eng Übung vun engem Ufänger ass oder Affer vu Vandalismus gouf, sou kann all Benotzer de komplette Contenu läschen an als Commentaire "Säit soll geläscht ginn" hannerloossen (Beispiller an eisem Schmunzeleck).


D'Schabloun:Läschen setzt den Artikel automatesch an d'Kategorie:Läschen.


Kuckt w.e.gl. virum Proposéieren a virum Ofstëmmen d'Relevancritèren un.


Ofgestëmmt kann eng Woch laang no der Läsch-Propose ginn:



  • Symbol support vote.svgPro fir d'Läschen


  • Symbol oppose vote.svgKontra géint d'Läschen

Matstëmme kënnen all ugemellt Benotzer, déi scho virun der Läschdemande aktiv waren (aktiv bedeit datt een op d'mannst 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg, oder 50 Ännerungen am Ganzen, op Artikelen vun dëser Wiki gemaach huet).




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Läsche vun Artikele fir ze Iwwerschaffen


  • 2 Beien an der Stad


  • 3 Entente des sociétés Izeg


  • 4 Tennis Izeg


  • 5 Der Boxer (Comic)


  • 6 Yuno Gasai


  • 7 Jean Hoss


  • 8 Bernhard Baumgarten


  • 9 Lëscht vum Conseil vum Vëlkerbond senge Sessiounen


  • 10 Sabra Starr







> > Archivéiert Diskussioune fannt Dir am Archiv 2008/2009 an am Archiv vun de Joren duerno iwwer d'Läsche vun Artikelen. < <





Läsche vun Artikele fir ze Iwwerschaffen



  • Symbol support vote.svgPro Mir hunn am Moment nach ëmmer 124 Artikelen déi mat Iwwerschaffen markéiert sinn. Am Mee war emol decidéiert ginn datt déi Artikelen 1 Mount no dem Drasetzen sollt geläscht gi wann näischt geschitt ass. --MMFE (Diskussioun) 15:13, 18. Sep. 2015 (UTC)


  • Symbol oppose vote.svgKontra Mäin negative Vote bezitt sech just dorop datt net all 124 Artikelen op ee Coup verschwanne sollen. Ech hu mer Stéchprouwen ugekuckt. Et gëtt Artikelen déi nach net emol eng schlecht geschriwwe Mini-Skizz duerstellen an dowéinst effektiv ouni Problem kënne geläscht ginn no deem 1 Mount Karenzzäit. Da gëtt et awer och Artikele wéi z.B. "Star Wars", déi wäit méi Contenu hunn, a wuel och net perfekt sinn (mee dat sinn aner Artikelen och net ëmmer) a wou dann nach net emol eng Diskussiounssäit besteet wou de Problem explizéiert gëtt vun deem deen d'Iwwerschaffe-Schëld dragesat huet - an deem Fall wier wuel éischter d'Iwwerschaffe-Schëld no engem Mount erauszehuelen oder den Delai ouni Limitatioun ze verlängeren. --Otets ♣ 14:49, 12. Okt. 2015 (UTC)

Et ass net verbuede sech déi Artikelen mol unzekucken, vläicht eppes ze verbesseren, a wann ee mengt dat géif näischt brengen se hei an d'Lëscht ze setzen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:07, 22. Okt. 2015 (UTC)

  • Symbol oppose vote.svgKontra: Ech si grad am Gaang, d'Artikelen duerchzegoen a se ze iwwerschaffen. Elo stinn der schonn 23 manner op der Lëscht. Et sinn der zwar nach e puer drënner, déi kéinte geläscht ginn, mee ech sinn och dofir, datt dat vu Fall zu Fall sollt entscheet ginn.--Bdx (Diskussioun) 15:27, 10. Okt. 2017 (UTC)



Beien an der Stad


  • als Grond gou uginn: ass kee Manifestatiounkalenner.


  • Symbol oppose vote.svgKontra passt an d'Lëscht vun den thematesche Wanderweeër zu Lëtzebuerg GilPe (Diskussioun) 13:36, 30. Jun. 2018 (UTC)


  • Symbol support vote.svgPro et misst just sinn datt um Artikel en etleches riichtgebéit gëtt, an da misst en och nach an d'Lëscht gesat ginn. Am Ament ass net vill Informatioun an deem Artikel an et feelt besonnesch u Biller wat bei sou Artikele wichteg ass. --Les Meloures (Diskussioun) 14:09, 30. Jun. 2018 (UTC)


Entente des sociétés Izeg



  • Symbol support vote.svgPro Wikipedia ass keng Lëscht vu Veräiner an Ententen. Enzyklopesche Wäert = 0 --Les Meloures (Diskussioun) 10:35, 27. Nov. 2018 (UTC)
    • PS:Kee vun de Veräiner, déi am Artikel opgezielt sinn, steet op där Entente hirer Memberslëscht. (Cf. lescht Publikatioun am Handelregester (2016) --Les Meloures (Diskussioun) 10:50, 27. Nov. 2018 (UTC)

Geläscht vum Les Meloures. --Wolverène (Diskussioun) 14:01, 29. Dez. 2018 (UTC)


Tennis Izeg



  • Symbol support vote.svgPro entsprécht net de Relevanzcritèren --Les Meloures (Diskussioun) 11:16, 27. Nov. 2018 (UTC)

Geläscht vum Les Meloures. --Wolverène (Diskussioun) 14:01, 29. Dez. 2018 (UTC)



Der Boxer (Comic)


Eng eidel Säit. --Wolverène (Diskussioun) 13:59, 29. Dez. 2018 (UTC)


Schéngt zum Comicsprojet ze gehéieren. Mol e puer Deeg waarden, bis mer gesinn wat sech do mécht. --Les Meloures (Diskussioun) 14:02, 29. Dez. 2018 (UTC)

Refusing from nomination as the content added. But tell the author that the template enCours must be used in a similar situation, and the template Läschen shouldn't be removed by the author. --Wolverène (Diskussioun) 21:42, 30. Dez. 2018 (UTC)



  • Symbol support vote.svgPro: no e puer Wochen nach ëmmer voller Feeler, dem Auteur schéngt alles egal ze sinn. --Pierrenilles (Diskussioun) 07:39, 11. Jan. 2019 (UTC)


  • Symbol oppose vote.svgKontra: Den Artikel kann massiv gekierzt, mä muss dofir net direkt ganz geläscht ginn. D'Iddi vun engem "Auteur", deen (eleng) fir een Text verantwortlech ass, schéngt mer net dem Geescht vun Wikipedia ze entspriechen. Corto lu (Diskussioun) 14:34, 11. Jan. 2019 (UTC)

Datt een Auteur eppes heihinner klake kënnt (fir net méi e graffen Ausdrock ze gebrauchen) an dann hofft datt déi aner verbesseren entstsprécht awer och doutsécher net dem Geescht vu Wikipedia. Datselwecht gëllt fir déi aner Läschpropose --Pierrenilles (Diskussioun) 14:55, 11. Jan. 2019 (UTC)
  • Am Ament Symbol support vote.svgPro well ech och d'Gefill hunn datt bei dëse sougenannte Projetsartikelen e groussen Deel vun den Auteure sech nodeem s'e ganze Koup Feeler, falsch Aussoen etc. hei produzéiert hunn, guer net wëlles hunn hir Artikelen iergendwéi ze verbesseren. Am Géigendeel, an e puer Artikele si se souguer d'Texter déi verbessert goufen rëm op hir al Feeler zrécksetze gaangen an hu souguer Mataarbechte déi si op Feeler opmierksam gemaach beléiert datt si d'Experte wieren. De gudde Rot dee s'am Ufnk kruten de Spellchecker ze benotzen gouf och vu kengem ausgenotzt. D'Wikipedianer déi e bësselchen iwwer de Projet informéiert waren hu vill Gedold gewisen. Wann awer vu där aner Säit keen Echo kënnt, da muss et enges Daags fäerdeg mam Gespills sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 15:13, 11. Jan. 2019 (UTC)

Yuno Gasai



  • Symbol support vote.svgPro voller Feeler, keng Reaktioun vum Auteur op d'Iwwerschaffeschëld. Wann et dem Auteur egal ass, ob den Artikel stoe bleift oder net, da brauchen déi aner Mataarbechter sech och net ze ploen, fir de Kauderwelsch ze verbesseren. --Pierrenilles (Diskussioun) 07:34, 11. Jan. 2019 (UTC)


  • Symbol oppose vote.svgKontra Ech fannen dat deen Artikel deelweis de Wikipedia Kriterien entsprécht. Et ass de Versuch een enzyklopedeschen Text ze schreiwen. Et ginn Referenzen. D'Iddi vun engem "Auteur", deen (eleng) fir een Text verantwortlech ass, schéngt mer net dem Geescht vun Wikipedia ze entspriechen.Corto lu (Diskussioun) 14:34, 11. Jan. 2019 (UTC)

  • einstweilen Symbol oppose vote.svgKontra: Den Auteur soll eng Chance kréien, dat nach ze verbesseren. E krut jo gesot, wat nach ze maachen ass. Net jiddereen huet direkt Zäit. Et sti jo genuch Warnschëlter am Artikel. --Zinneke (Diskussioun) 21:47, 11. Jan. 2019 (UTC)

Wat maache mer dann elo mat deem Artikel, den Auteur selwer huet jo nach kee Fanger geréiert fir eppes ze verbesseren? --Les Meloures (Diskussioun) 19:51, 27. Jan. 2019 (UTC)

  • Symbol support vote.svgPro bis haut keng Reaktioun a gouf lo geläscht. --Les Meloures (Diskussioun) 20:10, 19. Feb. 2019 (UTC)

Jean Hoss


Symbol support vote.svgPro En Affekot deen en Affekotebüro gegrënnt huet. Där gëtt et Dosenden. Wat ass un deem ganzen Déngen do vun enzyklopedeschem Wäert?? En typeschen Invitatiounsartikel dee souguer ouni Virwarnung direkt ka geläscht ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 19:06, 11. Jan. 2019 (UTC)


Als Member vum Institut Grand-Ducal, entsprécht de Jean Hoss explizit de Relevanzcritèren, déi déi lëtzebuergesch Wikipedia sech selwer ginn huet: https://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Relevanz Corto lu (Diskussioun) 09:52, 13. Jan. 2019 (UTC)
Stëmmt effektiv, mä dofir wier et flott wann doriwwer e Saz am Artikeltext stéing mat der Informatioun vu wéini un. Wouhir soll een dat soss wëssen.!!! --Les Meloures (Diskussioun) 10:20, 13. Jan. 2019 (UTC)

Symbol oppose vote.svgKontraEt feelt effektiv un Info, mee et ass scho méi wéi 'iergned en Affekotebüro', deen e matgegrënnt huet. Gëff ëm dach eng Chance, dass en ausgebaut gëtt.
--Zinneke (Diskussioun) 21:42, 11. Jan. 2019 (UTC)


Wéi laang soll déi Chancëperiod daueren. Ech hunn den Internet op d'Kopp gehäit an näischt weider fonnt. Den Auteur schéngt jo och net vill weider ze wëssen.

wéi 'iergned en Affekotebüro'  : Sollte mer dann net besser eng Hierarchie vun den Affekotebüroen opstelle fir ze definéieren iwwer wat fir mer schreiwen an iwwer wat fir net.
Wann een Auteur en Artikel uleet, besonnesch iwwer Persounen, soll e sech bewosst sinn datt do e bësse méi verlaangt ass wéi e Gebuertsdag an de Beruff. --Les Meloures (Diskussioun) 07:34, 12. Jan. 2019 (UTC)
Gouf liicht opgepäppelt. Fazit: bleift stoen. --Les Meloures (Diskussioun) 21:39, 14. Jan. 2019 (UTC)

Bernhard Baumgarten


  • Näischt géint dee Mann; ma och wa mer keng direkt Relevanzcritèrë fir Choreographen hunn, sou gesinn ech beim beschte Wëllen net vill, wat op eng Notorietéit géif hiweisen, déi en Artikel an enger Enzyklopeide justifiéiere géif. Wann näischt am Artikel bäikënnt, wat dat bekräftege kéinnt, sinn ech Symbol support vote.svgPro Läschen.Zinneke (Diskussioun) 16:50, 18. Jan. 2019 (UTC)


  • Symbol oppose vote.svgKontra oni weider an den Detail ze goen, géif ech mengen datt fir dësen Artikel déiselwecht Argumenter gëllen fir en ze behalen wéi bei verschiddenen déi hei driwwer proposéiert goufen. Am anere Fall muss ech unhuelen datt verschidden Auteure hei Preferenze kréien. --Pierrenilles (Diskussioun) 17:41, 18. Jan. 2019 (UTC)


  • Symbol oppose vote.svgKontra Och wann näischt an de Relevanzcritèren doriwwer ze fannen ass, sou hu mer soss déi Artikelen déi och am Luxlex ze fanne waren als relevant genuch ugesinn. Vläicht sollt dat do nach bäigesat ginn?. --Les Meloures (Diskussioun) 19:46, 27. Jan. 2019 (UTC)


  • Symbol oppose vote.svgKontra Eng Dosen Kreatiounen sollten als Relevanzcritèren duer goen. GilPe (Diskussioun) 21:20, 27. Jan. 2019 (UTC)


Lëscht vum Conseil vum Vëlkerbond senge Sessiounen



  • Symbol oppose vote.svgKontra d'Läschen: Eng Lëscht ass per Definititioun éischter en Hëllefsmëttel / eng Ergänzung zu engem oder méi Artikelen; d'Tatsaach, dass d'Artikelen, déi derzou gehéieren, nach net existéieren, oder nach ausbaufäheg sinn, ass awer kee Grond, dass et d'Lëscht net soll ginn. Vläicht wëll deen, dee s'ugeluecht huet, oder spéider soss een, an deem Beräich nach bäidroen. Hei feelt et nach u villem, siefe mer frou fir all dat, wat bäikënnt.--Zinneke (Diskussioun) 17:11, 26. Jan. 2019 (UTC)


  • Symbol oppose vote.svgKontra d'Lëscht ass sou wéi se lo ass exploitabel. --Les Meloures (Diskussioun) 19:41, 27. Jan. 2019 (UTC)


  • Symbol oppose vote.svgKontra Mir hunn och aner Lëschten fir déi et nach net déi néideg Artikele gëtt. GilPe (Diskussioun) 21:20, 27. Jan. 2019 (UTC)

Sabra Starr



  • Symbol support vote.svgPro I'm envious about such persons, but unfortunately the page doesn't meet relevance criteria (en Artikel op enger "grousser" Wikipedia / e spezielle Bezuch op Lëtzebuerg), and additionally no sources plus the article size isn't significant. Anyone want to create an interwiki? or prove her relation with Luxembourg?:) --Wolverène (Diskussioun) 23:25, 28. Feb. 2019 (UTC)

  • Symbol support vote.svgPro Wéi vum Wolverène uginn. MMFE (Diskussioun) 08:49, 1. Mäe. 2019 (UTC)


  • Symbol support vote.svgPro Net relevant --Bdx (Diskussioun) 15:32, 1. Mäe. 2019 (UTC)

Fazit:gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 19:04, 11. Abr. 2019 (UTC)



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Wikipedia:Läschen&oldid=2173394“










Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.076","walltime":"0.101","ppvisitednodes":"value":242,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":3103,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":124,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":3,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 15.291 1 -total"," 19.45% 2.974 6 Schabloun:Contra"," 19.30% 2.952 1 Schabloun:Small"," 17.31% 2.647 14 Schabloun:Pro"," 14.73% 2.253 8 Schabloun:Kontra"," 14.73% 2.252 2 Schabloun:Tl"],"cachereport":"origin":"mw1309","timestamp":"20190521082827","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":138,"wgHostname":"mw1244"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?