Skip to main content

Gare Lëtzebuerg Inhaltsverzeechnes D'Gebai | Gleisanlagen | Korrespondenzen | Chef de Garen | Literatur | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen Navigatiounsmenü49° 36’ 0’’ N6° 08’ 04’’ OCFL.luLink op d'pdf-DokumentPraktesch Informatiounen iwwer d'Gare Stad Lëtzebuerg op der CFL-WebsäitBaugeschicht vun der Gare vu LëtzebuergD'Gare Stad Lëtzebuerg op der Websäit "rail.lu"Luxemburg Station op der Websäit Spoorgroep LuxemburgD'Gare vu Lëtzebuerg op der Websäit vum Service des sites et monuments nationauxService des Sites et Monuments Nationaux: Liste consultative des immeubles et objets protégés par l'État: Communes de J à L.LinkLinkService des Sites et monuments nationaux: Luxembourg: GareModernisierung des Bahnhofs Luxemburg"CFL: Neien "Hall des Voyageurs" um Freideg ageweit.""Ein Stück Eisenbahngeschichte verschwindet."Bis 2021 kommen nei Quaien a Gleiser bei Stater Gare derbäi"Ausbau vu Stater Gare guttgeheescht - 2 nei Quaien.""Gare an der Stad gëtt ausgebaut - Gesetzprojet ugeholl."

Gebaier an der Stad LëtzebuergCFL-GarenKlasséiert Monumenter an der Gemeng LëtzebuergBauwierker 1859Bauwierker 1912Garer Quartier (Stad Lëtzebuerg)CFL-Linn 1CFL-Linn 3CFL-Linn 5CFL-Linn 6CFL-Linn 7


GareCFL-Streck 1CFL-Streck 3CFL-Streck 5CFL-Streck 6CFL-Streck 7Lëtzebuerger EisebunnStad LëtzebuergGareLëtzebuergals nationaalt Monument klasséiertGarer PlazGarer QuartierBounewegGrondsteen4. OktoberFestungHollerecherFranséisch-Preisesche Krich vun 1870-1871Compagnie de l'EstElsass-Lothringische ReichsbahngesellschaftneobarockeAlexander RüdellKarl JüsgenZweete WeltkrichPanoramavueSpuerkeessNeier BrécknërdlecherPavillonArkadgroussherzoglechPostguichetenArmand StrainchampssüdlecheSouterrainHenriGleiserKlengbettener StreckStreck Sterpenech-NamurGläichstroumTriageWiesselstroumEuroCitybetribBounewegerzwéinLëtzebuergKierchbierg-PafendallDummeldengWalferHeeschdrefLuerenzweilerLëntgenMierschKruuchtenKolmer-BiergSchierenEttelbréckMéchelaGiewelsmillenKautebaachWëlwerwolzDraufeltKlierfËlwenEttelbréckDikrechKautebaachMäerkelsParadisoWolzLëtzebuergZens-HammSandweiler-KonterÉiterMënsbechRuedBetzderWeckerManternachMäertertWaasserbëllegLëtzebuergBartreng-StroossenMamer-LycéeMamerKapellenKlengbettenLëtzebuergHouwaldBierchemBeetebuergBeetebuergDiddeleng-BirengDiddeleng-StadDiddeleng-ZenterDiddeleng-SchmelzWuelmerengBeetebuergNäerzengSchëfflengEschBelval-UniversitéBelval-LycéeBelval-RéidengBieles-ZolwerUewerkuerDéifferdengNidderkuerPéitengNäerzengKeelTéitengRëmelengEschDäitsch-OthPéitengNidderkäerjeng-SuessemSchullerDippech-ReckenLeidelengHollerechLëtzebuerg












Gare Lëtzebuerg




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


























Gare Lëtzebuerg


Bahnhof Luxemburg.jpg

Streck

1, 3, 4, 5, 6, 7

PK

16,65 (Linn 6 a Linn 1)
- 0,00 (5) - 0,00 (3) - 20,40 (7)


Quaien
9

Gleiser
10

Uertschaft

Garer Quartier

Gemeng

Lëtzebuerg

Kanton

Lëtzebuerg

Koordinaten

49° 36’ 0’’ N
6° 08’ 04’’ O


Websäit

CFL.lu

D'Gare vu Lëtzebuerg ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der CFL-Streck 3, der CFL-Streck 5, der CFL-Streck 6 an der CFL-Streck 7 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.


D'Gebai aus dem Joer 1912 ass eent vun den imposantste Gebaier vun der Stad Lëtzebuerg an déi gréisst Gare vu Lëtzebuerg. Et gouf 1989 als nationaalt Monument klasséiert.[1]


No der Gare ass och d'Plaz virdrun - d'Garer Plaz - an de Quartier ronderëm- de Garer Quartier - benannt. Eng Foussgängerbréck iwwer d'Schinnen nieft der Gare verbënnt de Garer Quartier direkt mat Bouneweg.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 D'Gebai

    • 1.1 Baugeschicht


    • 1.2 Renovéierungsaarbechten vun 2006 - 2012



  • 2 Gleisanlagen


  • 3 Korrespondenzen

    • 3.1 National


    • 3.2 International Verbindungen



  • 4 Chef de Garen


  • 5 Literatur


  • 6 Kuckt och


  • 7 Um Spaweck


  • 8 Referenzen




D'Gebai |



Baugeschicht |




D'hëlzent Gebai vun 1859


D'Gare gëtt et op där Plaz zanter 1859. De Grondsteen dofir gouf den 30. Oktober 1858 geluecht[2] an no manner wéi engem Joer, de 4. Oktober 1859, gouf se ageweit[3]. D'Wiel vun der Plaz gouf vun der preisescher Militärverwaltung beaflosst. De Gouverneur vun der Festung war dogéint datt d'Befestegungsmauere sollten opgebrach gi fir Eisebunnsgleiser an d'Festung eranzeleeën. Dofir gouf d'Gare op (deemolegem) Hollerecher Territoire gebaut. D'Gebai huet och missen aus Holz gebaut ginn, fir am Fall vun enger Belagerung kënnen ofgebrannt ze ginn, fir datt keng feindlech Truppe sech dra kéinte verstoppen.


Bis zum Franséisch-Preisesche Krich vun 1870-1871 huet d'Gebai (an d'Eisebunn) der Compagnie de l'Est gehéiert. Duerno ass d'Gestioun un d'Elsass-Lothringische Reichsbahngesellschaft iwwergaangen.


Dat haitegt Gebai gouf tëscht 1907 an 1913 am neobarocke Stil, "Miseler Barock" genannt, gebaut. D'Pläng ware vum däitschen Architekt Alexander Rüdell. Si goufe vum Baurat Karl Jüsgen ausgefouert.


Vis-à-vis vun der Entrée ass eng grouss Fënster aus faarwegem Glas, op där, zënter der Zäit nom Zweete Weltkrich, eng stiliséiert Panoramavue vun der Alstad, mam Tuerm vun der Spuerkeess an der Neier Bréck, ze gesinn ass[4].


Op der nërdlecher Säit vun der Gare ass e Pavillon, dee mat dem Haaptgebai duerch eng Arkad verbonnen ass, an deen als groussherzoglech Salle d'attente benotzt gouf. Haut ass e Bistro an deem Pavillon.


Tëscht 1936 an 1938 goufen éischt Moderniséierungsaarbechten ausgeféiert.


1944 war d'Gebai d'Zil vun dräi Bombardementer vun alliéierte Fligerstaffele bei deenen 128 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. Um zentrale Gebai war nëmmen e klenge Schued entstanen, d'Atelieren op där anerer Säit waren awer komplett zerstéiert ginn.


1963 ass d'Agankshal bei Geleeënheet vum Millenaire vun der Stad nei amenagéiert ginn.


An de Joren 1974 bis 1978 goufen, nodeems d'Postguicheten erausgeplënnert waren, déi fräi Fläche fir aner Zwecker benotzt (z. B. Empfang fir Expressfracht a Gepäcksconsigne). De Verkaf vun Ticketen ass an de Säitegank verluecht ginn. Déi éischt Geschäfter hu sech an der Agankshal etabléiert.


1990/91 goufen d'Guichete fir den Ticketsverkaf duerch méi e moderne Verkafszentrum ersat.


D'Molereien um Plafong goufen, am Kader vu Renovéierungsaarbechten am Joer 1995, vum Armand Strainchamps entworf.



Renovéierungsaarbechten vun 2006 - 2012 |


Vun 2006 bis 2012 goufe verschidde Renovéierungsaarbechten gemaach fir dem Opkommes vum Eisebunnsverkéier an dem Confort vun de Clienten nozekommen. Dozou gehéieren z. B. d'Aarbechten am Kader vum nërdlechen a südleche Souterrain, d'Equipement op de Quaien, de Bau vun de Wartesäll op de Quaien II an III, déi provisoresch Accèse vun de Quaien op d'Passerelle fir op Bouneweg an de Bau vun engem iwwerdaachten Iwwergank tëscht der neier Hal an deem neie Parkhaus um südleche Wupp vun der Garer-Plaz[5].


Den 21. September 2012 gouf, fir den 100. Anniversaire vun der Gare, de gliesenen Hall des voyageurs, südlech vum Zentralgebai, vum Groussherzog Henri ageweit[6].




Vue iwwer d'Quaien




D'Halen op der Bouneweger Säit ginn ofgerappt (Juni 2017)



Gleisanlagen |


D'Stater Gare huet 9 Gleiser déi fir de Persounentrafic accessibel sinn. D'Gleiser 1 an 2, déi den Terminus vun der Klengbettener Streck sinn, gi well se duerno weider an d'Belsch féieren, grad sou wéi Streck Sterpenech-Namur mat Gläichstroum vun 3 kV alimenteiert; d'Gleiser 5 bis 10 an den Triage si mat 25 kV Wiesselstroum elektrifizéiert, grad wéi de Rescht vun de lëtzebuergesche Strecken. D'Gleiser 3 a 4 kënnen tëscht 3 kV an 25 kV ëmgeschalt ginn, wat virun allem fir den EuroCitybetrib wichteg ass.
Dat fréiert Gleis 6, iwwer dat fréier Gidderzich duerch d'Gare gefuer sinn, gouf am Kader vun de Renovatiounsaarbechte liquidéiert.


An der zweeter Hallschecht vun 2017 goufen hannert der Gare, op der Bouneweger Säit, déi 223 Meter laang a 60 Meter breet Halen, an deenen d'CFL hir Atelieren hat, ofgerappt, fir an d'Plaz zwéin zousätzlech Quaie mat 3 Gleiser ze bauen. Dës sollen et méi einfach maachen, Zich, déi vu Süde kommen, riicht duerch bis op d'Nordstreck weiderfueren ze loossen[7][8]. De 17. Abrëll 2018 gouf an der Chamber de Gesetzprojet dofir eestëmmeg ugeholl[9]. D'Aarbechte ginn an zwou Phase realiséiert. De Quai 5 soll bis Dezember 2019 fäerdeg sinn, de Quai 6 zwee Joer drop. De Käschtepunkt ass op 171 Milliounen Euro ugesat. 2022 kënnt och eng Passerelle derbäi, déi iwwer 196 Meter de Garer Quartier mat Bouneweg verbënnt[10].



Korrespondenzen |



National |












































































Regionalzuch

Nächst Halt

A Richtung
 

RB
CFL-Linn 10
 
Pafendall-Kierchbierg

Dikrech
 

RE
CFL-Linn 10
 
Pafendall-Kierchbierg

Ëlwen oder Gouvy
 

RB
CFL-Linn 30
 

Zens-Hamm

Waasserbëlleg
 

RE
CFL-Linn 30
 

Sandweiler-Konter

Wittlich
 

RB
CFL-Linn 50
 

Bartreng-Stroossen

Klengbetten oder Arel
 

RB
CFL-Linn 60
 
Houwald
Péiteng
 

RE
CFL-Linn 60
 
Houwald

Rodange / Attem
 

RB
CFL-Linn 60a
 

Bierchem

Beetebuerg
 

RE
CFL-Linn 60a
 

Bierchem

Wuelmereng
 

RE
CFL-Linn 60b
 

Beetebuerg

Rëmeleng
 

RB
CFL-Linn 60c
 
Houwald

Esch-Uelzecht
 

RE
CFL-Linn 60c
 
Houwald

Esch-Uelzecht
 

RB
CFL-Linn 70 a 70a
 

Hollerech

Attem
 

RE
CFL-Linn 70
 

Hollerech

Attem oder Lonkech


International Verbindungen |





















































































Aus Richtung

Halt virdrun

International

Nächst Halt

A Richtung

Bréissel-Midi

Arel
 

IC J
 

Terminus

Terminus

Liers / Léck

Miersch
 

IC
 

Terminus

Terminus

Bréissel-Midi

Arel
 

EC Vauban
 

Diddenuewen

Chur

Bréissel-Midi

Arel
 

EC Iris
 

Diddenuewen

Zürich

Bréissel-Midi

Arel
 

EC Jean Monnet
 

Diddenuewen

Basel

Terminus

Terminus
 

TER
 

Beetebuerg

Nanzeg

Terminus

Terminus
 

TER
 

Hollerech

Lonkech / Longuyon

Terminus

Terminus
 

TER
 

Diddenuewen

Basel

Terminus

Terminus
 

TGV
 

Diddenuewen

Paräis

Terminus

Terminus
 

Lunéa
Um Weekend an am Summer
 

Diddenuewen

Nice

Terminus

Terminus
 

Lunéa
Um Weekend an am Summer
 

Diddenuewen

Portbou / Cerbère


Chef de Garen |



  • Jean-Philippe Eberhardt (1859-1860)


  • Franz-Max Dupont (1860-1871)


  • Pierre Palgen (1871-1875)


  • Joseph Junck (1875-1911)


  • Mathias Joseph Gehlen (1912-1920)


  • Pierre Watry (1921-1932)


  • Jules Emile Thiry (1932)


  • Nicolas Wagener (1933)


  • Paul Wilwers (1933-1939)


  • Henri Palgen (1939-1940)


Literatur |


  • CFL, 2012. 100 Joer Gare Lëtzebuerg. 1912-2012: Eine einzigartige Zeitreise. Éditions Guy Binsfeld, 324 S. ISBN 978-2-87954-256-0

  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 5. Der Hauptbahnhof Luxemburg. S. 50-59, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8


  • Jüsgen, 1924. Deutsche Eisenbahnhochbauten in Luxemburg. In: Zentralblatt der Bauverwaltung Nr 29 vum 16. Juli 1924, Verlag: Guido Hackebeil Akt.-Ges, Berlin, Ss. 241-244. (Link op d'pdf-Dokument)


Kuckt och |


  • Lëscht vun den CFL-Garen


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Gare Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

  • Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Stad Lëtzebuerg op der CFL-Websäit (de)


  • Baugeschicht vun der Gare vu Lëtzebuerg(de)

  • D'Gare Stad Lëtzebuerg op der Websäit "rail.lu"

  • Luxemburg Station op der Websäit Spoorgroep Luxemburg


  • D'Gare vu Lëtzebuerg op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux (fr)



Referenzen



  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste consultative des immeubles et objets protégés par l'État: Communes de J à L. (Lescht Versioun vum 2. resp. 15. Abrëll 2019).


  2. Artikel Die Grundsteinlegung am Luxemburger Wort Nr 101 vum 4. November 1858, S.1 (Link)


  3. Artikel Die Inauguration unserer Eisenbahnen am Luxemburger Wort Nr 80 vum 6. Oktober 1859, S. 1 (Link)


  4. Service des Sites et monuments nationaux: Luxembourg: Gare


  5. Modernisierung des Bahnhofs Luxemburg op cfl.lu, fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018


  6. "CFL: Neien "Hall des Voyageurs" um Freideg ageweit." RTL.lu - 21.09.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.09.2012, 18:56.


  7. "Ein Stück Eisenbahngeschichte verschwindet." wort.lu, 22. August 2017 um 11:45.


  8. Bis 2021 kommen nei Quaien a Gleiser bei Stater Gare derbäi op rtl.lu de 7. Dezember 2018


  9. "Ausbau vu Stater Gare guttgeheescht - 2 nei Quaien." rtl.lu, 18.04.2018, 06:34:44.?


  10. "Gare an der Stad gëtt ausgebaut - Gesetzprojet ugeholl." rtl.lu, 05.01.2018, 14:01:47.









Garen op der Linn 1 / Nordstreck


Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Kierchbierg-Pafendall - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Kolmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen

Antenn Ettelbréck - Dikrech: Ettelbréck - Dikrech
Antenn Kautebaach - Wolz: Kautebaach - Mäerkels - Paradiso - Wolz

Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 3 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6b · Linn 6c · Linn 7 · Linn 80










Garen op der Streck Lëtzebuerg - Waasserbëlleg / Linn 3


Lëtzebuerg - Zens-Hamm - Sandweiler-Konter - Éiter - Mënsbech - Rued - Betzder - Wecker - Manternach - Mäertert - Waasserbëlleg

Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 1 · Linn 2 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6c · Linn 6b · Linn 7 · Linn 80










Garen op der Streck Lëtzebuerg - Klengbetten / Linn 5


Lëtzebuerg - Bartreng-Stroossen - Mamer-Lycée - Mamer - Kapellen - Klengbetten

Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 1 · Linn 1a · Linn 1b · Linn 2 · Linn 3 · Linn 4 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6a · Linn 6b· Linn 6c · Linn 6e · Linn 6d · Linn 7 · Linn 80










Garen op der Linn 6 an op hiren Extensiounen


Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Houwald - Bierchem - Beetebuerg
Beetebuerg - Wuelmereng: Beetebuerg - Diddeleng-Bireng - Diddeleng-Stad - Diddeleng-Zenter - Diddeleng-Schmelz - Wuelmereng
Beetebuerg - Esch: Beetebuerg - Näerzeng - Schëffleng - Esch
Esch - Péiteng: Belval-Université - Belval-Lycée - Belval-Réideng - Bieles-Zolwer - Uewerkuer - Déifferdeng - Nidderkuer - Péiteng
Antenn Rëmeleng: Näerzeng - Keel - Téiteng - Rëmeleng
Antenn Däitsch-Oth: Esch - Däitsch-Oth

Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 1 · Linn 2 · Linn 3 · Linn 4 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6a · Linn 6b · Linn 6c · Linn 6d · Linn 6e · Linn 6f · Linn 7 · Linn 80








Garen op der Linn 7


Péiteng - Nidderkäerjeng-Suessem - Schuller - Dippech-Recken - Leideleng - Hollerech - Lëtzebuerg

Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 1 · Linn 3 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6c · Linn 6b · Linn 80





Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Gare_Lëtzebuerg&oldid=2175215“










Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.180","walltime":"0.235","ppvisitednodes":"value":828,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":21188,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":7918,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":8,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":4473,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 103.808 1 -total"," 20.08% 20.849 1 Schabloun:Referenzen"," 12.77% 13.261 1 Schabloun:Infobox_Garen_zu_Lëtzebuerg"," 7.17% 7.443 1 Schabloun:Commonscat"," 6.72% 6.975 7 Schabloun:Small"," 5.34% 5.547 1 Schabloun:Coor_dms"," 5.30% 5.498 1 Schabloun:SSMN-JL"," 4.66% 4.837 2 Schabloun:De"," 4.59% 4.765 1 Schabloun:Commons"," 3.93% 4.081 1 Schabloun:Clr"],"cachereport":"origin":"mw1295","timestamp":"20190527074644","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Gare Lu00ebtzebuerg","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Gare_L%C3%ABtzebuerg","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q801140","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q801140","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-04-17T09:01:47Z","dateModified":"2019-04-23T21:33:29Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/8/86/Bahnhof_Luxemburg.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":169,"wgHostname":"mw1327"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?