Skip to main content

Société nationale des chemins de fer luxembourgeois Inhaltsverzeechnes Geschicht | D'CFL haut | Zuchsécherung | Zuchfunk | Literatur | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüOffiziell Websäit vun der CFLAssociation luxembourgeoise des amis des chemins de fer a.s.b.l.Groupement des amis du rail a.s.b.l.PDF-Dokument iwwer d'Evaluatioun vun de GarenSpoorgroep Luxemburg1604 Classics a.s.b.l.1604 Classics BillerGesetz vum 28. Mäerz 1997Mémorial A n° 30 du 25.06.1947Projet de loi sur la gestion de l'infrastructure"Alstom livrera 34 trains Coradia aux CFL."Instruction de Service vum Radio sol-train (analogen Zuchfunk)Kapsch CarrierCom baut GSM-R Réseau zu Lëtzebuerg op

Ëffentlech Etablissementer zu LëtzebuergCFL


lëtzebuergeschEisebunnsgesellschaft14. Mee1946BelschFrankräichNormalspurGuillaume-LuxembourgPrince-HenriSchmuelspurbunnenOktober1949Victor Bodson5. Abrëll195029. September1956CharlotteLokomotive1958BB 3600 (N°3601-3603)MET19771997BombardierKasselSerie 4000duebelstäckeg VoiturenAlstomSerie 1800800850900RouschtpartikelfilterFunkfernsteierungService des sites et monuments nationauxE-lok 3608De Dietrich Z105Z2-SerieMemor II+European Train Control SystemCFL 2300RST-ZuchfunkkanälGSM-R












Société nationale des chemins de fer luxembourgeois




Vu Wikipedia

(Virugeleet vu(n) CFL)





Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen














Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois

CFL Logo.png

Typ:
Speziell Rechtsform op Grondlag vum Gesetz vum 28. Mäerz 1997[1]
Slogan:
Mir bréngen Iech weider
Grënnung:
14. Mee 1946
Sëtz:

Lëtzebuerg
Branche:
Eisebunnsmarché
Um Spaweck:
www.cfl.lu

D'Société nationale des chemins de fer luxembourgeois, ofgekierzt CFL, ass déi national lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geschicht


  • 2 D'CFL haut

    • 2.1 Fuerpark



  • 3 Zuchsécherung


  • 4 Zuchfunk


  • 5 Literatur


  • 6 Kuckt och


  • 7 Um Spaweck


  • 8 Referenzen




Geschicht |


D'CFL gouf de 14. Mee 1946 gegrënnt [2]. D'Kapital an dëser "société d'économie mixte" gouf zu 51 Prozent vum Lëtzebuerger Staat gehalen, während d'Belsch a Frankräich jee 24,5 Prozent haten.


De Verwaltungsrot war aus 21 Memberen zesummegesat: de President an 10 Membere vu Lëtzebuerg a jee 5 Memberen aus Frankräich an aus der Belsch.


D'CFL huet déi zwéin am 19. Joerhonnert gebaute Normalspur-Reseaue Guillaume-Luxembourg a Prince-Henri an enger Gesellschaft zesummebruecht, nodeem déi zwéi Reseaue schonn ënner däitscher Besatzung 1940 de facto zesummegeluecht gi waren. Déi al Concessionnairë sinn am Kader vun engem Accord à l'amiable vum Staat indemniséiert ginn. D'CFL huet awer och d'Schmuelspurbunnen, déi schonn an de Joerzéngte virdru lues a lues vum Staat iwwerholl gi waren, iwwerdroe kritt.[3]


Am Oktober 1949 huet den deemolegen Transportminister Victor Bodson d'CFL ugestallt fir eng Etüd iwwer d'Elektrifikatioun vum lëtzebuergesche Reseau ze maachen. Déi Etüd ass de 5. Abrëll 1950 virgeluecht ginn.


Am November 1952 ass den CFL-Busdéngscht agefouert ginn.
Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: CFL-Busdéngscht


Den 29. September 1956 ass d'Elektrifikatioun offiziell vun der Grand-Duchesse Charlotte ageweit ginn. Deemools sinn d'Zich vu belschen a franséische Lokomotive gezu ginn.


Als Ausgläich vun de Käschten, déi beim Bau vun der Muselkanaliséierung entstane waren, huet de franséische Staat dem Lëtzebuerger Staat 3 elektresch Lokomotive ginn, déi dunn 1958 un d'CFL weiderverkaaft goufen. Et waren dat d'Lokomotive BB 3600 (N°3601-3603). 17 Stéck vun derselwechter Zort goufe bei MET kaaft.


1977 koum et zu enger Kapitalerhéijung, bei där Frankräich net matgemaach huet. Während déi Belsch Participatioun bei 24,5 Prozent bliwwen ass, ass déi vu Lëtzebuerg ob 63,25 Prozent geklommen an déi vu Frankräich ob 12,25 Prozent gefall.[4]


Duerch d'Gesetz vum 10. Mee 1995 [5] gëtt de Staat Proprietär vun der Infrastruktur (Gleiser, Garen asw.) an d'CFL kritt d'Gestioun dovun iwwerdroen.


1997 koum et mam Gesetz vum 28. Mäerz zu enger neier Kapitalerhéijung am Kader vum neie Status vun den CFL. Zanterhier hält de Lëtzebuerger Staat 94 Prozent vum Kapital, d'Belsch 4 Prozent a Frankräich 2 Prozent. D'Zuel vun de Membere vum Verwaltungsrot ass op 15 erofgesat, mat der Garantie fir d'Belsch a Frankräich mindestens een Administrateur ze stellen[4].



D'CFL haut |




Gebai vun der CFL-Direktioun nieft der Stater Gare



Fuerpark |


2003 huet d'Moderniséierung vum Fuerpark ugefaangen. Et goufe 6 nei Lokomotive geleast.


2004 goufen 20 weiderer vum selwechten Typ bei der Firma Bombardier zu Kassel an Däitschland bestallt. Bei de Maschinnen handelt et sech ëm eng Schwëstermaschinn vun der däitscher Baurei 185.1. Dës Lokomotive gi bei der CFL als Serie 4000 gefouert. Si hunn eng Leeschtung vun 5600 kW, dat sinn ongeféier 7600 PS.


Bei derselwechter Firma goufen och nach 62 nei duebelstäckeg Voituren an 18 Steierween bestallt (+2 nobestallt). Dat ganzt war bis Dezember 2008 ausgeliwwert. Dës Zuchgarnituren hunn déi deelweis iwwer 40 Joer al Persounenzich ersat.


Weider goufen nach 22 nei Automotricë bei der franséischer Firma Alstom bestallt a goufe bis 2012 ausgeliwwert.[6]


Déi al Diesellokomotive vun der Serie 1800, wat gutt, a virun allem zouverléisseg Maschinne sinn, goufen no an no all enger grousser Revisioun ënnerzunn, a gi weiderhin am Gidderzuchverkéier agesat. Eng Ofléisung vun dëse Maschinnen ass an den nächste Joren [Wéini ?] net an Aussiicht.


An nächster Zäit[Wéini ?] wäerten déi al Rangéierdiesele vun der 800/850/900 no an no duerch méi modern Maschinnen ersat ginn. Dëst huet mat der Liwwerung vun deenen neien (geléinte) Maschinnen och schonn ugefaangen. Et sinn dëst d'Maschinnen 1501 bis 1508 (MAK G1206) an 1101-1106 (Mak G1000BB) souwéi de 1581-1586 (Mak G1206). Ausserdeem koumen nach e puer kleng Lokotraktere vu verschiddene Produzenten dobäi. Dës Maschinne sinn um neisten technesche Stand (ënner anerem hu se en ëmweltfrëndleche Rouschtpartikelfilter am Auspuff), si hunn eng Funkfernsteierung, d. h. de Rangéierer kann nieft dem Zuch stoen, fir ze manövréieren.


Et ass virgesinn[Wéini ?], datt d'Lok 804 vum Service des sites et monuments nationaux, an engem ähnleche Kader wéi d'1604, als Muséesmaschinn erhale bleift. D'Aarbechten hunn am Februar 2014 ugefaangen.


D'Restauratioun vun der E-lok 3608 ass am Mäerz 2014 mat enger Prouffaart ofgeschloss ginn. Si ass nees an den Ausliwwerungszoustand vun 1958 zréckversat ginn, d. h. bloe Lack a gegossen Nummereschëlter. Och de Westwon 208/218 grad wéi den De Dietrich Z105 goufe vun den Arriva Werke Nord Gmbh zu Neustrelitz an Däitschland restauréiert a gehéieren elo zum betribsfäege Muséesmaterial.


Am Dezember 2018 hunn d'CFL fir am Ganzen 350 Milliounen Euro bei der Firma Alstom 34 Zich vum Modell Coradia bestallt, déi d'Z2-Serie ersetze soll. Si sollen tëscht Dezember 2021 an Enn 2024 a Betrib geholl ginn.[7]



Zuchsécherung |


Bei der CFL gi momentan zwee Zuchsécherungssystemer benotzt. De Memor II+ an den European Train Control System mam Level 1. De Memor II+ ass den ale System vun der CFL, hien ass op alle Maschinnen ausser der CFL 2300 Stadler Kiss installéiert a ka Luesfuerplaze fir 60 km/h a rout Signaler iwwerwaachen. Den European Train Control System ass bis ewell (Dezember 2014) nëmmen op der CFL Z 2000 an dem neien CFL Z 2300 Stadler Kiss installéiert. Mam European Train Control System kënnen iwwer Balisen am Gleis all Geschwindegkeeten a rout Signaler iwwerdroe ginn, domat ass e méi sécher wéi de Memor II+. D'ganzt lëtzebuerger Streckennetz ass mat Memor II+ an ETCS ausgerëscht.



Zuchfunk |


Zurzäit (2017) gi verschidden analog RST-Zuchfunkkanäl[8] agesat.


De GSM-R ass am Opbau[9].



Literatur |


  • Anonym 1953. Spezialnummer vun den "Les cahiers luxembourgeois" iwwer d'Eisebunn.

  • Philippart, Robert L., Charles-Léon Mayer, Charles Barthel, Denis Scuto & Jeannot Poeker, 2009. 150 Joer Eisebunn zu Lëtzebuerg 1859-2009. Depuis 150 ans, l'avenir appartient au train. 182 S. Erausgi vun der Société nationale des chemins de fer luxembourgeois an dem Ministère vun der nohalteger Entwécklung a vun den Infrastrukturen. ISBN 978-2-87996-608-3.

  • Ries, Jean, 1910. Travaux publics, chemins de fer: note: exposition universelle et internationale de Bruxelles 1910, groupe VI, classe 29: génie civil, moyens de transport. 27 p. Luxembourg: M. Huss.


Kuckt och |


  • Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg

  • Lëscht vun den CFL-Garen


  • CFL-Linn 1 – CFL-Linn 3 – CFL-Linn 6 – Linn 6 op Rëmeleng – CFL-Linn 6b op Wuelmereng – CFL-Linn 80.

  • CFL-Lokomotiven

  • CFL-Automotricen

  • CFL-Busdéngscht

  • E-go


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Société nationale des chemins de fer luxembourgeois – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Offiziell Websäit vun der CFL

  • Association luxembourgeoise des amis des chemins de fer a.s.b.l.

  • Groupement des amis du rail a.s.b.l.

  • PDF-Dokument iwwer d'Evaluatioun vun de Garen

  • Spoorgroep Luxemburg

  • 1604 Classics a.s.b.l.

  • 1604 Classics Biller



Referenzen



  1. Gesetz vum 28. Mäerz 1997


  2. . Dës Grënnung gouf eréischt 1947 duerch e Gesetz legaliséiert: Loi du 16 juin 1947 concernant l'approbation de la convention Belgo-Franco-Luxembourgeoise du 17 avril 1946 relative à l'exploitation des chemins de fer du Grand-Duché et des conventions annexes. Mémorial A n° 30 du 25.06.1947. Cf. Art. 1er. Sont approuvés et ont force de loi ... d) Les Statuts de la Société de droit luxembourgeois dite la Société Nationale des Chemins de Fer luxembourgeois, en date du 14 mai 1946.


  3. Projet de loi n° 46 vum 30. August 1946


  4. 4,04,1 Projet de loi n° 4265 vum 13. Februar 1997


  5. Projet de loi sur la gestion de l'infrastructure


  6. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/08/106287/cfl-bekommt-zehn-neue-zuege.php


  7. "Alstom livrera 34 trains Coradia aux CFL." paperjam.lu, 19.12.2018.


  8. Instruction de Service vum Radio sol-train (analogen Zuchfunk)


  9. Kapsch CarrierCom baut GSM-R Réseau zu Lëtzebuerg op




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Société_nationale_des_chemins_de_fer_luxembourgeois&oldid=2181294“










Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.084","walltime":"0.103","ppvisitednodes":"value":320,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":3818,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":699,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":4087,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 59.777 1 -total"," 44.44% 26.563 1 Schabloun:Infobox_Entreprise"," 24.13% 14.422 1 Schabloun:Referenzen"," 13.78% 8.240 1 Schabloun:Commonscat"," 9.67% 5.780 1 Schabloun:Commons"," 7.01% 4.189 1 Schabloun:Clr"," 4.60% 2.751 1 Schabloun:Link-Bild"," 3.94% 2.353 3 Schabloun:Wéini?"," 3.80% 2.269 1 Schabloun:Méi_Info_1"],"cachereport":"origin":"mw1278","timestamp":"20190519083539","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Sociu00e9tu00e9 nationale des chemins de fer luxembourgeois","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Soci%C3%A9t%C3%A9_nationale_des_chemins_de_fer_luxembourgeois","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q525359","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q525359","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-10-20T16:41:08Z","dateModified":"2019-05-19T08:35:43Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":187,"wgHostname":"mw1248"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?