Skip to main content

Cassiopeia (Stärebild) Inhaltsverzeechnes Beschreiwung | Geschicht | Himmelsobjeten | Kuckt och | Um Spaweck | NavigatiounsmenüLëscht vun de Stären am Stärebild Cassiopeia

StärebillerStärebild Cassiopeia


CepheusLacertaAndromedaPerseusStärebildPolarstärzirkumpolareStärebillerCaphColurRektaszensiounMëllechstroossoppe StärekéipantikerAstronomiePtolemäus17. JoerhonnertbiblescherMaria MagdalenaTycho Brahe1572SupernovaSN 1572SonnRadiosquellCassiopeia A1680visueller MagnitudeStärLiichtjoerSpektralklassSchedirCaphKsoraIwwerrisSonnDuebelstäresystemSonnRöntgequellNeutronestärCepheidenoppe StärekéipAstronomCharles MessierM 521774M 103EmissiounsniwwelNGC 281OrionniwwelNGC 4571787NGC 559NGC 654Saturn 01.svg












Cassiopeia (Stärebild)




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen





























Date vum Stärebild Cassiopeia
Laténgeschen NummCassiopeia
Laténgesche GenitivCassiopeiae
Laténgesch Ofkierzung
Cas
PositiounNërdleche
Fixstärenhimmel
Rektaszensioun22h 56m bis 03h 38m
Deklinatioun+77°40' bis +56°40'
Fläch598 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden
90° Nord bis 12° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
am ganze Joer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
4
Hellste Stär,
Gréisst
α Cas (Schedir),
2,24m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)

Camelopardalis


Cepheus
Lacerta
Andromeda
Perseus





Kaart vum Stärebild Cassiopeia


D'Stärebild Cassiopeia ass en opfällegt Bild um nërdlechen Himmel.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Beschreiwung


  • 2 Geschicht


  • 3 Himmelsobjeten

    • 3.1 Stären


    • 3.2 Duebelstären


    • 3.3 Verännerlech Stären


    • 3.4 Messier- an NGC-Objeten



  • 4 Kuckt och


  • 5 Um Spaweck




Beschreiwung |


Déi fënnef Haaptstäre vun der Cassiopeia maachen e markante W um Himmel. D'Spëtzt an der Mëtt vum W weist ongeféier op de Polarstär, deen een sou mat Hëllef vum Cassiopeia fanne kann.


De Cassiopeia gehéiert zu den nërdlechen zirkumpolare Stärebiller, déi an eise Breeten dat ganzt Joer ze gesi sinn.


An der Géigend vum Stär β Cassiopeiae (Caph), dem ëstlechste Stär, verleeft de Colur mat 0° Rektaszensioun - also de „Nullmeridian“ vum Himmel.


D'Regioun vun der Cassiopeia ass stäreräich, well sech d'Mëllechstrooss duerch d'Stärebild zitt. Verschidden oppe Stärekéip kënnen do observéiert ginn.



Geschicht |


D'Cassiopeia gehéiert zu den 48 Stärebiller déi schonn an der antiker Astronomie, dem Ptolemäus bekannt waren.


Am Laf vun der Zäit gouf versicht, d'Stärebild ëmzenennen, sou z. B. am 17. Joerhonnert, wou een d'Stärebild mat der biblescher Maria Magdalena a Verbindung bruecht huet. All déi Bestriewungen hu sech net duerchgesat.


Den Tycho Brahe huet am Joer 1572 an der Cassiopeia eng Supernova (SN 1572) gesinn.


An der Cassiopeia ass no eiser Sonn déi gréisst Radiosquell um Himmel, déi als Cassiopeia A bezeechent gëtt. Et handelt sech ëm den Iwwerrescht vun enger Supernova, déi wahrscheinlech ëm d'Joer 1680 explodéiert ass.



Himmelsobjeten |



Stären |

















































































































































































B

F
Numm o. aner Bezeechnungen

Gréisst

Lj

Spektralklass
α
18

Schedir, Shedir, Schedar
2,24m230
K0 IIIa
β
11

Caph, Kaff, Al Saman al Nakah
2,28m54
F2 V
γ
27
Tsih
2,47 bis 3,4m800
B0 IV
δ
3

Ksora, Ruchbah, Rukbah
2,68 bis 2,74m990
A5 IV
ε
45

Segin (och Navi)
3,38m440
B2 V
η
24

Achird
3,44m19,4
G3 V + K7 V
ζ
17

3,69m600
B2 IV

50

3,95m

κ
15

4,17m

θ
33
Marfak
4,33m137
A7 V
ο
22

4,48m


48

4,49m

ι


4,5m150
A4 + F5
ρ
7

4,51m8000
F8 Ia
υ228

4,62m

χ
39

4,68m

ψ
36

4,72m

λ
14

4,74m300
B8 + B9
ξ
19

4,80m

υ126

4,83m


1

4,84m

σ
8

4,88m

τ
5

4,88m

ν
25

4,90m

π
20

4,95m10.000
F0 + B5
φ
34

4,95m


4

4,96m

ω
46

4,97m

Den α Cassiopeiae ass mat enger visueller Magnitude vun 2,24m den hellste Stär an der Cassiopeia. Hien ass 120 Liichtjoer vun eis ewech an huet d'Spektralklass K0.

Den Numm Schedir ass arabesch a bedeit „Broscht“.


Den β Cassiopeiae (Caph, arabesch „Handfläch“) läit op enger Distanz vu 46 Liichtjoer a gehéiert zu der Spektralklass F2.


Den δ Cassiopeiae (Ksora, arabesch „Knéi“) ass ronn 80 Liichtjoer wäit ewech a gehéiert zu der Spektralklass A5.


Den ρ Cassiopeiae ass e gielen Iwwerris. Et handelt sech ëm ee vun de gréisste bekannte Stäre mat dem 740fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn !.



Duebelstären |

















Objet

Gréissten
Ofstand
η
3,44m/7,51m13"
ι
4,6m/6,9m2,5"
φ
5,0m/7,0m134"
λ
5,3m/5,6m0,6"

Den η Cassiopeiae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun nëmmen 19,4 Liichtjoer. D'System besteet aus engem Stär dee giel liicht mat der Spektralklass G0 an engem roudelzege Begleeder vun der Klass M0.


D'System ι Cas ass 150 Liichtjoer ewech, a besteet aus zwéi wäisselzeg-bloe Stäre mat de Spektralklassen A4 anF5.


D'System φ Cas ass mat 10.000 Liichtjoer méi wäit vun eiser Sonn ewech. Seng Stäre gehéieren zu de Spektralklassen F0 a B5.


Den λ Cas ass 300 Liichtjoer ewech a besteet aus zwéi Stäre mat de Spektralklassen B8 a B9.



Verännerlech Stären |






















Objet

Gréisst
Period
Typ
γ
2,47 bis 3,40m

onreegelméisseg Verännerlecher
δ
2,68 bis 2,74m

SU
5,7m–6,2m1,9493 Deeg

Cepheid
V509



Den γ Cassiopeiae ass en onreegelméisseg verännerleche Stär vun der Spektralklass B0 a läit op enger Distanz vun 800 Liichtjoer. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vun 1,6m a gëtt domat nach méi hell wéi de Schedir. De Stär ass eng staark Röntgequell um Himmel. Wahrscheinlech handelt et sech ëm eent Duebelstäresystem, dat aus engem Risestär an engem Neutronestär besteet.


Den SU Cas ass e verännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Mat enger reegelméisseger Period vun 1,9493 Deeg verännert sech seng Hellegkeet vu 5,7 bis 6,2m. Hien ass 800 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu der Spektralklass F6.



Messier- an NGC-Objeten |






























































Messier (M)
NGC
Verschiddenes

Gréisst
Typ
Numm

52

7654

6,9m
Oppene Stärekoup


103

581

10,6m
Oppene Stärekoup



281

14m
Emissiounsniwwel



457

8,5m
Oppene Stärekoup
Eilekoup


559

8m
Oppene Stärekoup



654

7,5m
Oppene Stärekoup



663

8m
Oppene Stärekoup



7789

10,5m
Oppene Stärekoup



185

9,3m
Zwerggalaxis

Well d'Mëllechstrooss sech duerch d'Cassiopeia zitt, ass déi Regioun stäreräich an huet interessant Objeten, wéi oppe Stärekéip. Zwéin dovun huet de franséischen Astronom Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten opgeholl.


5.000 Liichtjoer ewech ass den oppene Stärekoup M 52, hie gouf 1774 vum Charles Messier entdeckt. Den M 52 ass e grousse Stärekoup. Am Teleskop gi bei héijer Vergréisserung 80 bis 100 Stäre siichtbar.


De M 103 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vu 6.000 Liichtjoer.


Den Emissiounsniwwel NGC 281 ass zirka 10.000 Liichtjoer ewech. Bei dem Objet handelt et sech, wéi beim Orionniwwel, ëm e Stäregebuertsgebitt.


5.000 Liichtjoer ewech läit och de Stärekoup NGC 457. Hie gouf am Joer 1787 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Den hellste Stär vum Koup ass scho mat bloussem A ze gesinn.


Den NGC 559 ass zirka 6.000 Liichtjoer vun eis ewech.


Den NGC 654 ass 7.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.



Kuckt och |


Saturn 01.svgPortal Astronomie


  • Lëscht vu Stärebiller

  • ABC vun de Stären

  • Void


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Stärebild Cassiopeia – Biller, Videoen oder Audiodateien

  • (en) Lëscht vun de Stären am Stärebild Cassiopeia



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Cassiopeia_(Stärebild)&oldid=2184908“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.092","walltime":"0.114","ppvisitednodes":"value":188,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2052,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":189,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 23.297 1 -total"," 33.28% 7.752 1 Schabloun:Commonscat"," 24.78% 5.774 1 Schabloun:En"," 24.29% 5.658 1 Schabloun:Kuckt_och_Stärebiller"," 22.45% 5.230 1 Schabloun:Commons"," 15.92% 3.709 1 Schabloun:Sproochindikatioun"," 15.53% 3.617 1 Schabloun:Tt"," 10.89% 2.537 1 Schabloun:Kuckt_och_Portal:Astronomie"," 10.52% 2.451 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1264","timestamp":"20190924081709","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Cassiopeia (Stu00e4rebild)","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Cassiopeia_(St%C3%A4rebild)","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q10464","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q10464","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-07-04T08:12:27Z","dateModified":"2019-06-10T12:09:32Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/0/0d/Cassiopeia_constellation_map.png"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":137,"wgHostname":"mw1331"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü