Skip to main content

Mëllechstrooss Inhaltsverzeechnes Geschicht | Opbau vun der Galaxis | D'Lag vun eiser Sonn an der Mëllechstrooss | Alter | Literatur | Um Spaweck | NavigatiounsmenüD'MëllechstroossThe Milky Way Galaxyextrasolar-planets.com - MilchstraßeDie Milchstraße im Universum

MëllechstroossAstronomesch Objeten déi zanter der Antiquitéit bekannt sinnSpiralgalaxien


NuetshimmelHimmelskugelStäresystemBalkespiralgalaxisSonnesystemextragalakteschHeraHeraklesSanGalileo GalileiTeleskopStärenWilhelm Herschel1785StellarstatistikBalkespiralgalaxisStäreninterstellarem MaterialSonnemassengalaktesche PlangLiichtjoerkpcBulgeBalkespiralgalaxisHubble-TypInfraroutWeltraumteleskops Spitzerlokaler GruppAndromedaniwwelHaloAtmosphärKugelstärekéipRR Lyrae-VerännerlecherBlue Stragglerdonkeler MatièreSonnemassenMACHOenStärepopulatiounenOrbitPopulatioun Ischwéier ElementerLokal BlosRotatiounsvitesseEegebewegungRadialvitessOort-KonstantBerylliumundeelKugelstärekéip












Mëllechstrooss




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




Sou kéint d'Mëllechstrooss sech engem Observateur duerstellen, dee vu baussen dropkuckt.


D'Mëllechstrooss ass déi bandfërmeg Ophellung um Nuetshimmel, déi laanscht engem Grousskrees d'Himmelskugel ëmspaant. De Begrëff steet geleeëntlech och als kuerz Bezeechnung fir de Mëllechstroossesystem selwer, och "eis Galaxis" genannt. D'Stäresystem vum Typ vun enger Balkespiralgalaxis ass d'Heemecht vun eisem Sonnesystem. Aner extragalaktesch Stäreninsele ginn och Galaxië genannt.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geschicht


  • 2 Opbau vun der Galaxis

    • 2.1 Allgemeng Struktur


    • 2.2 Galakteschen Halo


    • 2.3 Galaktesch Scheif



  • 3 D'Lag vun eiser Sonn an der Mëllechstrooss


  • 4 Alter


  • 5 Literatur


  • 6 Um Spaweck




Geschicht |


Schonn an der Antiquitéit war d'Mëllechstrooss als hell, schmuel Sträif um Nuetshimmel bekannt. Eng antik griichesch So erzielt vun enger Gëttin Hera, déi hire Stéifjong Herakles geniert huet. Wéi deen awer e bësschen ze vill rabiat zougebass huet, ass d'ganz Mëllech iwwer den Himmel gesprëtzt ginn. Aus dem griichesche Wuert „Gala“ (Mëllech) entwéckelt sech de griichesche Begrëff γαλαξίας, (galaxías).


Déi afrikanesch San hu fir d'Mëllechstrooss e poeteschen Numm: „D'Réckkräiz vun der Nuecht“.


Eréischt am Joer 1609 konnt de Galileo Galilei duerch Observatioune mam Teleskop déi richteg Natur vun der Mëllechstrooss entdecken, a si op d'mannst deelweis an eenzel Stären opléisen.


Zur éischter Virstellung vun der Scheiweform koum de Wilhelm Herschel am Joer 1785 opgrond vu systematesche Stärenzielungen (Stellarstatistik).



Opbau vun der Galaxis |



Allgemeng Struktur |




Infrarotfoto vun der Mëllechstrooss vum Satellit COBE gemaach. D'Scheif an déi zentral Bëlz sinn z'erkennen.


D'Mëllechstroossesystem ass eng véier- oder fënnefäermeg Balkespiralgalaxis.
Si besteet aus ronn 300 Milliarde Stären an aus grousse Quantitéite vun interstellarem Material, déi nach eng Kéier 600 Millioune bis e puer Milliarde Sonnemassen ausmaachen. D'Mass vum bannenzege Beräich vun der Galaxis gëtt mat ongeféier 3,6×1041 kg gerechent. Hir Ausdehnung um galaktesche Plang bedréit ronn 100.000 Liichtjoer (30 kpc), d'Déckt vun der Scheif ass ronn 3.000 Liichtjoer (920 pc) an déi vun der zentraler Bëlz (engl. Bulge) ronn 16.000 Liichtjoer (5 kpc).


D'Dunn bilt mat der Verbindungslinn vum Sonnesystem zum Zentrum vun der Mëllechstrooss e Wénkel vu 45°. D'Mëllechstrooss ass also wahrscheinlech eng Balkespiralgalaxis vum Hubble-Typ SBc.
No enger Bestëmmung mat Hëllef vum Infrarout-Weltraumteleskops Spitzer ass d'Balkestruktur mat enger Ausdehnung vu 27.000 Liichtjoer iwwerraschend laang.


D'Totalmass von der Mëllechstrooss gëtt op 1,9 Billioune Sonnemasse geschat, domat ass si déi mat Ofstand masseräichst Galaxis vun der lokaler Grupp (vgl. Andromedaniwwel: 1,2 Billiounen).



Galakteschen Halo |


Ronderëm d'Galaxis ass ee kugelfërmege galakteschen Halo mat engem Duerchmiesser vu ronn 165.000 Liichtjoer (50 kpc), eng Aart vu galaktescher „Atmosphär“. An him sinn nieft de ronn 150 Kugelstärekéip nëmmen nach al Stären, dorënner RR Lyrae-Verännerlecher, a Gas mat niddreger Dicht. Ausname sinn déi waarm Blue Straggler-Stären. Dozou kënnt eng grouss Mass vum donkeler Matière mat ronn 1 Billion Sonnemassen, dorënner och sougenannte MACHOen. Anescht wéi d'galaktesch Scheif ass den Halo bal ouni Stëbs an huet bal nëmmen al Stären, metallarm Stärepopulatiounen, deenen hiren Orbit ganz staark géint de galaktesche Plang gekrëmmt ass.



Galaktesch Scheif |


De Groussdeel vun de bannenzege Stäre vun der Galaxis sinn zimlech gläichméisseg op der galaktescher Scheif verdeelt. Si enthält am Géigesaz zum Halo virun allem Stäre vun der Populatioun I, déi sech duerch en héijen Undeel schwéier Elementer auszeechnen.



D'Lag vun eiser Sonn an der Mëllechstrooss |




Déi direkt Ëmgéigend vun der Sonn (Moossstaf 200 Lj.)


D'Sonn ëmkreest den Zentrum vum Mëllechstroossesystem an engem Ofstand vu 25.000 bis 28.000 Liichtjoer an ass ronn 15 Liichtjoer nërdlech der Mëttelgläich vun der galaktescher Scheif banne vum Orion-Arm, an engem zimlech stëbsfräie Raumgebitt, dat als "Lokal Blos" bekannt ass. Fir een Ëmlaf ëm den Zentrum vun der Galaxis, dat Galaktescht Joer, brauch si 220 bis 240 Millioune Joer, wat enger Rotatiounsvitesse vu ronn 220 km/s entsprécht. D'Erfuerschung vun där Rotatioun ass bei ville Stären duerch d'Observatioun vun der Eegebewegung an der Radialvitess méiglech. Aus hinne gouf ëm 1930 d'Oort-Konstant ofgeleet.



Alter |


No Miessungen aus dem Joer 2004 ass d'Mëllechstroossesystem ongeféier 13,6 Milliarde Joer al. D'Genauegkeet vun dëser Ofschätzung, déi d'Alter unhand vum Berylliumundeel vu verschiddene Kugelstärekéip bestëmmt, gëtt mat ronn 800 Millioune Joer uginn.



Literatur |



  • Cuno Hoffmeister: Der Aufbau der Galaxis. Akademie-Verlag, Berlin (1966)

  • Nigel Henbest, Heather Couper: Die Milchstraße Birkhäuser Verlag, (1996), ISBN 3-7643-5235-3

  • Spektrum der Wissenschaft. Dossier 4/2003: Die Milchstraße. ISBN 3-936278-38-5


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Mëllechstrooss – Biller, Videoen oder Audiodateien

  • D'Mëllechstrooss (en)


  • The Milky Way Galaxy (en)


  • extrasolar-planets.com - Milchstraße (de)


  • Die Milchstraße im Universum (en)




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Mëllechstrooss&oldid=2159274“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.040","walltime":"0.062","ppvisitednodes":"value":137,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2225,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":161,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 16.038 1 -total"," 52.18% 8.368 1 Schabloun:Commonscat"," 35.55% 5.702 1 Schabloun:Commons"," 30.86% 4.949 3 Schabloun:En"," 19.85% 3.184 1 Schabloun:Link-Bild"," 15.47% 2.481 2 Schabloun:Sproochindikatioun"," 14.91% 2.391 1 Schabloun:De"],"cachereport":"origin":"mw1262","timestamp":"20190920072212","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Mu00ebllechstrooss","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/M%C3%ABllechstrooss","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q321","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q321","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-01-09T23:03:23Z","dateModified":"2019-02-01T22:57:37Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/0/09/Milky_Way_2005.jpg","headline":"Spiralgalaxis, du00e9i d'Heemecht vun eisem Sonnesystem ass"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":151,"wgHostname":"mw1249"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü