Skip to main content

Auriga (Stärebild) Inhaltsverzeechnes Beschreiwung | Geschicht | Himmelsobjeten | Kuckt och | Um Spaweck | Navigatiounsmenü

StärebillerStärebild Auriga


StärebildTaurusElnathCapellazirkumpolarMëllechstroossBabylonierlaténgeschenRéimerErichthoniosantikerAstronomiePtolemäusvisueller MagnitudeDuebelstäresystemLiichtjoerSpektralklassLiichtkraaftSonnTeleskopSpektrumMéifachstäresystembedeckungsverännerleche Stärvisuell MagnitudeAlgolstärrouden Iwwerrisgriicheschpulsatiounsverännerleche StärCepheidenSupernovaexplosioun53 ArietisAriesη ColumbaeColumbaoppe StärekéipAstronomKoméitejeeCharles MessierMessier-KatalogM36M37M38NGC 1931EmissiounsniwwelNGC 2126NGC 22811788Wilhelm HerschelSaturn 01.svg












Auriga (Stärebild)




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen






























Date vum Stärebild Auriga
Lëtzebuergeschen NummFouermann
Laténgeschen NummAuriga
Laténgesche GenitivAurigae
Laténgesch Ofkierzung
Aur
Positiounnërdleche
Fixstärhimmel
Rektaszensioun4h 37m bis 7h 31m
Deklinatiun+56° 10´ bis +28° 00´
Fläch657 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden
90° Nord bis 34° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
5
Hellste Stär,
Gréisst
α Aurigae (Capella),
0,08m
Meteorstréim
Alpha-Aurigiden
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)

Camelopardalis
Perseus
Taurus
Gemini
Lynx

Den Auriga ass e Stärebild vum Nordhimmel.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Beschreiwung


  • 2 Geschicht


  • 3 Himmelsobjeten

    • 3.1 Stären


    • 3.2 Méifachstären


    • 3.3 Verännerlech Stären


    • 3.4 Messier- an NGC-Objeten



  • 4 Kuckt och


  • 5 Um Spaweck




Beschreiwung |


Den Auriga ass e grousst a liicht erkennbaart Stärebild. Et grenzt direkt ëstlech un den Taurus (Stéier) un. Zesumme mat dem Stär Elnath (β Tauri), deen zum Taurus gehéiert, mécht den Auriga en onreegelméissegt Sechseck. Den Haaptstär Capella ass opfälleg hell.


Den nërdlechen Deel vum Auriga ass op eise Breedegraden zirkumpolar, d. h., dat ganzt Joer iwwer ze gesinn. Et erreecht am Wanter seng héchst Positioun um Nuetshimmel.


Duerch den Auriga zitt sech dat stäreräicht Band vun der Mëllechstrooss, dofir sinn do vill interessant Objete wéi Stärekéip an Niwwelen ze gesinn.



Geschicht |


D'Stärebild war scho bei de Babylonier als Rukubi bekannt. De laténgeschen Numm Auriga bedeit souvill wéi Steiermann.


D'Réimer hunn d'Stärebild mat dem griichesche Kinnek Erichthonios, deen de véierspännege Won erfonnt huet, identifizéiert.


Den Auriga gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der antiker griichescher Astronomie, déi vum Ptolemäus beschriwwe gouf.







Kaart vum Stärebild Auriga





Stéch vum Stärebild Auriga



Himmelsobjeten |



Stären |










































































































































































































































B

F
Numm o. aner Bezeechnungen

m

M

Lj

Spektralklass
α
13

Capella, Alhajoth
0,08
-0,48
42
G5 III + G0 III
β
34

Menkalinan
1,9
-0,1
82
A2 V
θ
37

Bogardus
2,65
-0,98
173
A0p + G
ι
37

Hassaleh, Kabdhilinam, Al Kab
2,69
-3,29
510
K3 II
ε
7

Almaaz, Al Anz
2,9 bis 3,8
-5,9 bis –4,8
2000
F0 Ia
η
10

Haldus, Hoedus II, Haedus II
3,18
-0,96
219
B3 V
ζ
8

Azaleh, Hoedus I, Haedus I, Sadatoni, Saclateni
3,7 bis 4,0
-3,2 bis –2,5
790
K4 II + B8 V
δ
33

Prijipati
3,72
0,55
140
K0 III
ν
32

3,97
-0,13
215
K0 III
π
35

4,24 bis 4,34

840
M3 II
κ
44

4,32

169
G8 IIIb
τ
29

4,51

213
G8 III Fe-1

16

4,54



λ
15

4,69

41
G1 IV
χ
25

4,71

2000
B5 Iab
υ
31

4,72

475
M0 III

2

4,79



ψ250

4,80

433
K3 III
μ
11

4,82




63

4,91



ψ146

4,92




4

4,93



ξ
30

4,96




9

4,98



ψ758

4,99




14

5,01



σ
21

5,02



ψ455

5,04




19

5,05



φ
24

5,08



ρ
20

5,22





AE
5,78-6,08

1400
O9.5 V

Den α Aurigae ass mat enger visueller Magnitude vun 0,08m den hellste Stär am Auriga. Et handelt sech ëm e spektroskopeschen Duebelstäresystem op enger Distanz vun 42 Liichtjoer, a besteet aus zwéi Risestäre mat der Spektralklass G5 a mat der 70facher bzw. 90facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Déi zwéi Stären ëmkreese sech a sou engem enken Ofstand, datt si mat engem opteschen Teleskop net getrennt kënne ginn. Nëmmen Ënnersichunge vun hirem Spektrum weisen, datt et sech ëm zwéi Stären handelt.

Den Numm Capella ass laténgesch a bedeit “kleng Geess”. Den arabeschen Numm Alhajoth leet sech och vu „Geess“ of.



Méifachstären |





























System

m
Ofstand
θ
2,7 / 7,2 / 9
3,0 / 45"
δ
3,72 / 9,7 / 9,7
115,4 / 197,1"
ω
4,9 / 7,8
5"
ν
4,0 / 9,5
54,6"
λ
4,69 / 13,4
29"
14
5,1 / 7,5
14,6"
26
5,4 / 8,0
12,4"
41
6,2 / 7,0
7,6"

Den θ Aurigae ass e Méifachstäresystem, bei deem sech dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt bewegen. Fir all dräi Stären z'observéiere brauch een en Teleskop vun iwwer 8 cm Duerchmiesser.


Den ω Aurigae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 250 Liichtjoer, mat zwéi Stäre vun der Spektralklasse A0 an F5 déi wäiss liichten.



Verännerlech Stären |






























Stär

m
Period
Typ
β
1,85 bis 1,93
47,5 Stonnen

Bedeckungsverännerleche
ε
2,9 bis 3,8
9883 Deeg

Bedeckungsverännerleche
ζ
3,7 bis 4,0
972,16 Deeg

Bedeckungsverännerleche
π
4,24 bis 4,34
972,16 Deeg

onreegelméisseg Verännerlechen
RT
5,0 bis 5,8
3,7281 Deeg

Cepheid
AE
5,78 bis 6,08


onreegelméisseg Verännerlechen

Den zweethellste Stär, β Aurigae, ass 82 Liichtjoer ewech. Hien ass, wéi de Capella, e spektroskopeschen Duebelstär an doriwwer eraus e bedeckungsverännerleche Stär, d. h., zwéi Stäre vun ënnerscheedlecher Liichtkraaft ëmkreese sech. Wann déi donkel Komponent virun déi hell réckelt, hëlt d'visuell Magnitude of.


Den ε Aurigae ass e bedeckungsverännerlechen Algolstär op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer. Vun alle bekannte Bedeckungsverännerlechen huet hie mat ronn 27 Joer déi gréisst Period, woubäi d'Phas vum Hellegkeetsminimum ronn 18 Méint ass.


Den ζ Aurigae ass och en Bedeckungsverännerlechen vum Typ Algol. D'System besteet aus engem rouden Iwwerris mat der Spektralklass K4, dee vun engem klenge blozege Begleetstär vun der Spektralklass B ëmkreest gëtt. D'System huet déi zweetlängst bekannt Period: All 2,66 Jahre réckelt dee blozege Stär virun den Haaptstär an d'Hellegkeet hëlt of. D'System läit 790 Liichtjoer vun eis ewech.


D'Stären ε an ζ Aurigae ginn och als Haedus I an II (griichesch „d'Kanner“) bezeechent.


Den RT Aurigae ass e pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Cepheiden op enger Distanz vun 2.500 Liichtjoer. De Stär ännert rhythmesch, an 3 Deeg, 7 Stonnen a 28 Minutten, seng Hellegkeet.


Den AE Aurigae ass e verännerleche Stär op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer, deem seng Hellegkeet ouni erkennbar Reegelméissegkeet tëscht 5,78 a 6,08m schwankt. Miessunge vun der Eegebewegung weisen, datt sech de Stär mat enger grousser Vitess vun 100 km/s beweegt. Hie gehéiert zu enger Grupp vu Stären, déi als „Runaway Stars“ (Deserteure) bezeechent ginn. Méiglecherweis ware si Member vun engem Méifachstäresystem a goufen bei enger Supernovaexplosioun oder duerch Laanschtzéien vun engem anere System virun zwou bis dräi Millioune Joer an de Raum geschleidert. Déi aner bekannten „Deserteure“ sinn 53 Arietis am Aries an η Columbae an der Columba.



Messier- an NGC-Objeten |
















































































Messier (M)
NGC
divers

m
Typ
Numm

36
1960

6,5

Oppene Stärekoup


37
2099

6,0

Oppene Stärekoup


38
1912

7,0

Oppene Stärekoup



1664

7,2

Oppene Stärekoup



1778

7,7

Oppene Stärekoup



1857

7,0

Oppene Stärekoup



1883



Oppene Stärekoup



1931

10

Emissiounsniwwel



2126



Oppene Stärekoup



2192



Oppene Stärekoup



2281

5,4

Oppene Stärekoup




IC 405


Emissiounsniwwel

Am Auriga sinn dräi oppe Stärekéip, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog mat niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) opgeholl hat. All dräi Stärekéip si ronn 4.000 Liichtjoer vun eis ewech.


De M36 enthält ronn 60 Stäre vun der 9. bis 14. Gréisseklass.


De M37 ass en Stärekoup am Auriga.


Am Teleskop kann een de M38 opléisen a ronn 100 Eenzelstäre vun 8 bis 12m siichtbar maachen.


Den NGC 1931 ass en Emissiounsniwwel, eppes ëstlech vum M36. Dobäi gëtt eng Gaswollek vun engem Nopeschstär zum Liichten ugeregt.


Den NGC 2126 ass e oppene Stärekoup mat 20 Stäre vun 11 bis 14m.


Den NGC 2281 gouf am Joer 1788 vum Wilhelm Herschel entdeckt an ass och en interessanten oppene Stärekoup.



Kuckt och |


Saturn 01.svgPortal Astronomie


  • Lëscht vu Stärebiller

  • ABC vun de Stären

  • Void


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Auriga – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Auriga_(Stärebild)&oldid=2210044“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.112","walltime":"0.143","ppvisitednodes":"value":189,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1746,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":109,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 23.388 1 -total"," 50.33% 11.771 1 Schabloun:Kuckt_och_Stärebiller"," 35.34% 8.266 1 Schabloun:Commonscat"," 22.95% 5.368 1 Schabloun:Commons"," 12.02% 2.812 1 Schabloun:Link-Bild"," 11.95% 2.796 1 Schabloun:Tt"," 9.84% 2.302 1 Schabloun:Kuckt_och_Portal:Astronomie"],"cachereport":"origin":"mw1232","timestamp":"20190929203744","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Auriga (Stu00e4rebild)","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Auriga_(St%C3%A4rebild)","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q10476","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q10476","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-06-12T15:27:30Z","dateModified":"2019-09-29T20:37:44Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":132,"wgHostname":"mw1270"););

Popular posts from this blog

xrandr — how to find the correct RGB full spectrum output command for my systemHow to get second display to work alongside primary display?Unable to change the refresh rate to 60hz with xrandrUbuntu 16.04 external monitors black screen “Could not set the configuration for CRTC”Ubuntu 18.04 Monitor not recognizedXubuntu 18.04 does not detect external monitors connected via USB-C hubLaptop running Ubuntu 18.04 and Nvidia GPU does not detect HDMI display

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region