Skip to main content

Stärenassociatioun Inhaltsverzeechnes Grousse Bier an aner Stärestréim | Aarte vun Associatiounen | Literatur | Kuckt och | Navigatiounsmenü

StärekéipStären


AstronomieStärenStärenhannergrondBewegungsrichtungStärestréimBieregruppStärebildUrsa MajorBewegungsrichtungMëllechstrooss1915StäregenesissgebittStärereieOppene StärekoupMëllechstroossesystemSaturn 01.svg












Stärenassociatioun




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


Als Stärenassociatioun bezeechent een an der Astronomie eng lasse Gruppéierung vu 5 bis 100 jonk Stären, där hir Membere physikalesch Eegenschaften hunn déi sech gläichen. Si sinn am Allgemengen nëmme wéineg géint en Zentrum verdicht – soudatt si sech munnechmol kaum vum Stärenhannergrond ofhiewen – an dofir gravitativ net oder kaum uneneen gebonne sinn. Wann si eng zimlech ähnlech Bewegungsrichtung hunn, kann ee se och zu de Stärestréim zielen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Grousse Bier an aner Stärestréim


  • 2 Aarte vun Associatiounen


  • 3 Literatur


  • 4 Kuckt och




Grousse Bier an aner Stärestréim |


Ënner dëse Stäregruppen, vun deenen een haut e puer Dose kennt, war déi sougenannt Bieregrupp eng vun deenen éischten, déi entdeckt an ënnersicht goufen. Fënnef vun de siwen Haaptstäre vum Stärebild Ursa Major, déi de „Grousse Woon“ formen, hunn net nëmme bal déiselwecht Hellegkeet a Gréisst, mä och déi gläich Bewegungsrichtung relativ zu der Mëllechstrooss. De Courvoisier hat 1915 nach weider 6 Stäre vun dësem Stärestroum; zwéi leien souguer um Südhimmel, wouraus ze schléissen ass, datt eist Sonnesystem am Ëmkrees vun dëser Grupp läit, obwuel et net dozou gehéiert.


D'Membere vu Stärenassociatiounen hu sech meeschtens während engem vergläichswäis kuerzem Zäitraum an engem kollektiven Stäregenesissgebitt entwéckelt. Hir relativ heefeg Glidderung an eenzele Stärereie kënnt mat der gruppeweiser Genesis an "Elefanterüsselen" vun der originärer Gaswollek zesummenhänken. Eng Stärenassociatioun ass déi labber Form vun engem Oppene Stärekoup, an där d'Stären am mannsten uneneegebonne sinn, soudatt si sech am Laf vun der Zäit duerch Kräfte bannent dem Mëllechstroossesystem zerstreeën.



Aarte vun Associatiounen |


Unhand vu bestëmmte Critère gi Gruppe vu Stärenassociatiounen ënnerscheet:


  • OB-Associatioun (och O-Associatioun)
    Eng OB-Associatioun besteet virun allem aus gliddege Stäre vun de Spektralklassen O a B. Et gëtt ongeféier 70 Associatiounen, z. B. am Stärebild Perseus a bei der Orionceinture.

  • T-Associatioun
    Eng T-Associatioun besteet virun allem aus Stäre vu verännerlechen Type wéi T Tauri. Dës ganz jonk Stäre hunn nach net den Zoustand vun der Haaptrei erreecht, si sinn also nach net am banneschte Gläichgewiicht. Eng bekannt T-Associatioun läit am Ëmfeld vun den Trapezstären am Orion).

  • R-Associatioun
    Eng Usammlung vu Stäre mat engem Alter vun ëm 1 Millioun Joer, déi an e Reflexiounsniwwel agebett sinn. Den Niwwel besteet aus der Matière, aus deenen och d'Stäre geschaf sinn.


Literatur |


  • Helmut Zimmermann, Alfred Weigert: Lexikon der Astronomie. Spektrum, Heidelberg 1999, ISBN 3-8274-0575-0

  • L. Courvoisier: Über die Bahnkrümmung des Sternsystems Ursa major. Astr.Nachrichten Band 202, Berlin 1915; siehe auch [1]


Kuckt och |


Saturn 01.svgPortal Astronomie









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Stärenassociatioun&oldid=2168058“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.020","walltime":"0.024","ppvisitednodes":"value":41,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":76,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":2,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 2.303 1 Schabloun:Kuckt_och_Portal:Astronomie","100.00% 2.303 1 -total"],"cachereport":"origin":"mw1253","timestamp":"20191003055057","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Stu00e4renassociatioun","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/St%C3%A4renassociatioun","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q736194","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q736194","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2011-10-30T10:18:42Z","dateModified":"2019-03-05T14:37:57Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":172,"wgHostname":"mw1253"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?