Skip to main content

José Carreras Säi Liewen | Repertoire an Interpretatiounen | Um Spaweck | NavigatiounsmenüSäit iwwer de Carreras a méi SproochenDeutsche José Carreras Leukämie-Stiftung e. V.José Carreras bei Sony ClassicalJosé Carreras bei der Decca Music GroupBiographie vum José CarrerasFansite

TenorsängerGebuer 1946


5. Dezember1946BarcelonaspueneschenTenorDomingoPavarottiChimieGesangsstudiumJaime Francisco PuigiBarcelonaOperenhausVerdiBussetoMadriderMontserrat CaballéLondonDonizettiBuenos AiresChicagoMetropolitan OperaRoyal Opera HouseWiener StaatsoperScalaSalzburgHamburgMünchenBréisselSan FranciscoLondonakut lymphatesch LeukemieNobelpräisdrEdward Donnall ThomasSeattlemedezineschBarcelonaDeutsche José Carreras Leukämie-Stiftung e. V.ARD-TélévsiounFoussball-Weltmeeschterschaft 1990Plácido DomingoLuciano Pavarotti












José Carreras




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




De José Carreras zu London am Royal Albert Hall


De Josep Carreras i Coll, bekannt als José Carreras, gebuer de 5. Dezember 1946 zu Barcelona) ass e spueneschen Tenor. Hie gehéiert nieft dem Domingo an dem Pavarotti (an der Tëschenzäit verscheet) zu den Dräi Tenoren.



Säi Liewen |


De Carreras huet fir d'éischt Chimie studéiert, ass dunn awer 1963 zum Gesangsstudium beim Jaime Francisco Puigi um Conservatoire vu Barcelona iwwergewiesselt. Seng Debuten huet hien 1970 am Liceo, dem Operenhaus vu senger Heemechtsstad, am Verdi senger Oper Nabucco gemaach. 1971 huet hien de Verdi-Concours zu Busseto gewonnen; duerops gouf hie vun der Madrider Oper engagéiert an ass fir d'éischt mat der Montserrat Caballé zu London am Donizetti senger Oper Maria Stuarda opgetratt.


Vun 1972 un, koum hien am Laf vu sengen Tourneeën an d'New York City Opera, den Teatro Colón zu Buenos Aires, d'Oper vu Chicago, d'Metropolitan Opera, d'Royal Opera House, d'Wiener Staatsoper an och den Scala (1972). No sengem internationalen Duerchbroch als lyrischen Tenor krut hien Invitatiounen aus Salzburg, Hamburg, München, Bréissel, San Francisco, London an anere Stied.


1987, um Héichpunkt vu senger Carrière, huet de Carreras eng akut lymphatesch Leukemie kritt. Géint d'kritesch Prognose vu sengen Dokteren konnt hien, no enger Knachenmuerch-Transplantatioun duerch den Nobelpräisdréier Edward Donnall Thomas zu Seattle, an no enger intensiver Behandlung, déi ee Joer gedauert huet, seng Krankheet iwwerwannen a seng Gesangcarrière erëm ophuelen.


Aus Dankbarkeet fir déi medezinesch Hëllef huet hien 1988 d'Fundación Internacional José Carreras para la lucha contra la leucemia (International Stëftung José Carreras fir d'Bekämpfung vun der Leukemie mat Haaptsëtz zu Barcelona gegrénnt. D'Stëftung ënnerstëtzt zanterhier d'Leukämiefuerschung. Vun 1995 un ass de José Carreras an dësem Sënn och iwwer seng Deutsche José Carreras Leukämie-Stiftung e. V. an Däitschland aktiv. Hir Benefizgalaën, déi vun der ARD-Télévsioun iwwerdroe ginn, sinn iwwer Däitschand eraus bekannt.


Am Kader vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 1990 huet sech, zesumme mam Plácido Domingo a Luciano Pavarotti, den Trio Dräi Tenoren forméiert, déi och etlech CDen enregistréiert hunn.


Zanter 2006 ass de Carreras fir d'zweet bestuet. Aus sengem éischte Bestietnes huet hien e Fils an eng Duechter.



Repertoire an Interpretatiounen |



  • 1970

    • Barcelona: Flavio, an der Norma, vum Vincenzo Bellini

    • Barcelona: Gennaro, an Lucrezia Borgia, vum Gaetano Donizetti

    • Barcelona: Ismaele, an Nabucco, vum Giuseppe Verdi



  • 1971
    • Barcelona: Siebel, am Faust, vum Charles Gounod


    • London: Roberto Conte di Leicester, an Maria Stuarda, vum Gaetano Donizetti


    • Madrid: an Maruxa, vum Amadeo Vives


    • Minorca: Edgardo di Ravenswood, an Lucia di Lammermoor, vum Gaetano Donizetti


    • Paräis: Oronte, an I Lombardi, vum Giuseppe Verdi


    • Prag: Alfredo Germont, an La Traviata, vum Giuseppe Verdi


    • Teneriffe: Il Duca di Mantova, an Rigoletto, vum Giuseppe Verdi



  • 1972
    • Barcelona: Maurizio, an Adriana Lecouvreur, vum Francesco Cilèa

    • Barcelona: an El Giravolt, vum Eduardo Toldrá

    • Barcelona: Rodolfo, an Luisa Miller, vum Giuseppe Verdi

    • London: Faust, am Mefistofele, vum Arrigo Boito

    • London: Gerardo, an Caterina Cornaro, vum Gaetano Donizetti


    • New York: Oronte, an I Lombardi, vum Giuseppe Verdi

    • New York: Pinkerton, an Madame Butterfly, vum Giacomo Puccini

    • Alice Tully Hall, New York: Chevalier Giocondo, an La Pietra del Paragone, vum Gioacchino Rossini


    • Parma: Rodolfo, an La Bohème, vum Giacomo Puccini

    • Parma: Riccardo, an Un ballo in maschera, vum Giuseppe Verdi


    • Toulouse: Don Carlos, am Don Carlos, vum Giuseppe Verdi



  • 1973

    • Marseille: Nemorino, an L'Elisir d'amore, vum Gaetano Donizetti


    • Metropolitan Opera, New York: Mario Cavaradossi, an Tosca, vum Giacomo Puccini


    • Turin: Orombello, an Beatrice di Tenda, vum Vincenzo Bellini



  • 1974

    • Berlin: Viscardo di Benvento, dans Il Giuramento, de Saverio Mercadante

    • London's Royal Opera House, London: Alfredo Germont, an La Traviata, vum Giuseppe Verdi

    • Turin: an der Messe de Requiem, vum Giuseppe Verdi



  • 1975
    • La Scala, Mailand: Riccardo, an Un ballo in maschera, vum Giuseppe Verdi

    • Turin: Gaston, an Jérusalem, vum Giuseppe Verdi



  • 1977

    • Aix-en-Provence: Roberto Devereux, an Roberto Devereux, vum Gaetano Donizetti


    • Mailand: Don Carlo, an Don Carlos, vum Giuseppe Verdi



  • 1978

    • Hamburg: E Sänger, an Der Rosenkavalier, vum Richard Strauss

    • Mailand: Don Alvaro, an La Forza del Destino vum Giuseppe Verdi


    • San Francisco: Werther, an Werther, vum Jules Massenet



  • 1979
    • Barcelona: André Chénier, an Andrea Chénier, vum Umberto Giordano


    • Genf: Enzo Grimaldo, an La Gioconda, vum Amilcare Ponchielli


    • Salzburg: Radamès, an Aïda, vum Giuseppe Verdi



  • 1981, Wien: Éléazar, an La Juive, vum Jacques Halévy


  • 1982, Madrid: Don José, an Carmen, vum Georges Bizet


  • 1983
    • Barcelona: Roméo, an Roméo et Juliette, vum Charles Gounod

    • Barcelona: Jean, an Hérodiade, vum Jules Massenet

    • London: Manrico, an Il Trovatore, vum Giuseppe Verdi

    • Wien: Calaf, an Turandot, vum Giacomo Puccini



  • 1984, Wien: Gabriele Adorno, an Simon Boccanegra, vum Giuseppe Verdi


  • 1986

    • Madrid: Canio, dans Il Pagliacci, de Ruggiero Leoncavallo

    • Wien: Poliuto, an Poliuto, vum Gaetano Donizetti



  • 1989
    • Barcelona: Cristobal, an Cristobal Colon, vum Leonardo Balada


    • Merida: Giasone, an Medea, vum Luigi Cherubini



  • 1990, Peralada: Samson, an Samson et Dalila, vum Camille Saint-Saëns


  • 1992, Zürich: Il Conte Loris Ipanoff, an Fedora, vum Umberto Giordano


  • 1993, London: Stiffelio, an Stiffelio, vum Giuseppe Verdi


  • 1998, Zürich: Sly, an Sly, vum Ermanno Wolf-Ferrari

Dës Lëscht ass net vollstänneg.



Um Spaweck |


  • Säit iwwer de Carreras a méi Sproochen


  • Deutsche José Carreras Leukämie-Stiftung e. V. (de)

  • José Carreras bei Sony Classical

  • José Carreras bei der Decca Music Group

  • Biographie vum José Carreras


  • Fansite (en)





Commons-logo.svg
   



Commons: José Carreras – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=José_Carreras&oldid=2079933“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.060","walltime":"0.080","ppvisitednodes":"value":233,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1996,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":127,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 16.074 1 -total"," 48.84% 7.851 1 Schabloun:Commonscat"," 33.91% 5.450 1 Schabloun:De"," 32.93% 5.293 1 Schabloun:Commons"," 18.04% 2.900 2 Schabloun:Sproochindikatioun"," 16.26% 2.614 1 Schabloun:En"," 15.16% 2.437 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1264","timestamp":"20190928113833","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Josu00e9 Carreras","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Jos%C3%A9_Carreras","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q485165","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q485165","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-09-22T17:18:36Z","dateModified":"2017-12-30T23:28:42Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/b/b3/Jose_Carreras_Royal_Albert_Hall_2001.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":145,"wgHostname":"mw1255"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?