Skip to main content

Bruges Inhaltsverzeechnes Geographie a Lag | Geschicht | Hafen | Schoulen a Bildung | Kuckeswäertes | Kuckt och | Um Spaweck | Navigatiounsmenü51° 12’ 00’’ N03° 13’ 00’’ OBrugge/Bruges/BrüggeFotoe vu BrugesSäit vum Collège d'Europe, BrugesUnesco Weltierfschaftslëscht (franséisch)ä

BlankenbergeBruggeDammeDiksmuideGistelHarelbekeIeperIzegemKortrijkLo-ReningeMenenMesenNieuwpoortOostendeOudenburgPoperingeRoeselareTieltTorhoutVeurneWaregemWervik


Uertschaften an der Provënz WestflandernGemengen an der Provënz WestflandernStied an der Provënz WestflandernHaaptstied vun de belsche ProvënzenUniversitéitsstied an der BelschWeltkulturierfschaften an der Belsch


belschProvënz WestflandernUNESCOWeltierfschaftNordséiBoudewijnkanaal9. JoerhonnertBaudouin I.VassalCharles de PlakappInvasiounWikinger10. Joerhonnert9601127ChartaSchäffegeriichtRankmauere13. JoerhonnertMauereReieNordséi13. JoerhonnertGrofschaft FlandernFrankräichEnglandPhilippe IV le Bel1302MassakerCourtraiOligarchieGildenKorporatioune14. JoerhonnertHansestadHerzoge vu BurgundArtoisZwinNordséiAntwerpenHabsburgerNidderlandenMaximilian vun Éisträich16041892Georges RodenbachZeebrugesHafe Bruges-Zeebruges1376142015341537Alabasterfris












Bruges




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen






Belgium stub.svg
Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.




















Bruges
Brugge

BruggeVlag.png


Land:

Flag of Belgium (civil).svg Belsch

Regioun:

Flag of Flanders.svg Flandern

Communautéit:

Flämeschproocheg Communautéit

Provënz:

Flag of West Flanders.svg Westflandern

Arrondissement:

Bruges

Fläch:
138,40 km²

Awunner:
118 187 1. Januar 2006

Bevëlkerungsdicht:
847/km²

Koordinaten:

51° 12’ 00’’ N
03° 13’ 00’’ O

Bruges (nl:Brugge) ass eng belsch Stad an der Provënz Westflandern. Si huet eppes iwwer 118.000 Awunner. Hire Stadkär gouf am Joer 2000 vun der UNESCO op d'Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geographie a Lag

    • 1.1 Quartiere vun der Gemeng



  • 2 Geschicht


  • 3 Hafen


  • 4 Schoulen a Bildung


  • 5 Kuckeswäertes

    • 5.1 D'Stadhaus


    • 5.2 D'Stadschreiwerei


    • 5.3 D'Basilika zum hellege Blutt


    • 5.4 D'Vogtei


    • 5.5 De Musée Gruuthuse


    • 5.6 D'Kierch Notre-Dame


    • 5.7 D'Klouschter Béguinage de la Vigne



  • 6 Kuckt och


  • 7 Um Spaweck




Geographie a Lag |




Quartiere vun der Gemeng Bruges


Bruges läit eng ronn 11 Kilometer vun der Nordséi ewech, an huet en direkten Zougank op d'Mier iwwer de Boudewijnkanaal.



Quartiere vun der Gemeng |


  • Stadkär, Sint-Jozef a Sint-Pieters (I)


  • Koolkerke (II)


  • Sint-Andries (III)


  • Sint-Michiels (IV)


  • Assebroek (V)


  • Sint-Kruis (VI)


  • Dudzele (VII)


  • Lissewege (+ Zeebruges + Zwankendamme) (VIII)


Geschicht |




Maartplaz



Map of bruges in belgium.PNG




(Rozenhoedkaai)




Maartplaz mat senge Restauranten




Belfort




(Concertgebouw)




Gracht


Bruges gouf am 9. Joerhonnert vum Baudouin I., engem Vassal vum Charles de Plakapp, als befestegt Siidlung ageriicht, fir sech géint d'Invasioun vun de Wikinger kënnen ze wieren.


Am Ufank vum 10. Joerhonnert hu sech am Norden an am Süde Geschäfter etabléiert, a vun 960 un gouf och reegelméisseg e Maart ofgehalen.


Vun 1127 un hat d'Stad eng Charta an e Schäffegeriicht. Déi éischt Rankmauere waren och gebaut. Well d'Stad sech séier vergréissert huet, hu missen am 13. Joerhonnert nees nei Mauere ronderëm gebaut ginn.


Bruges war iwwer e Mieresaarm, dee bei enger Sprangflut entstane war, bei där d'Mëndung vum der Reie vergréissert gouf, mat der Nordséi verbonnen.


Am Ufank vum 13. Joerhonnert war de groussen Duerchbroch, den Handel an d'Industrie, haaptsächlech d'Duchindustrie, stoungen an der grousser Bléi, an um Héichpunkt vu sengem Opschwonk hat Bruges déizäit ëm 40.000 Awunner. D'Muecht blouf awer an den Hänn vun de Geschäftsleit, déi op der anerer Säit d'Handwierker géint sech haten, déi net sou räich waren, awer vum Grof ënnerstëtzt goufen.


Obwuel d'Grofschaft Flandern rechtlech gesinn e franséische Fief war, war de Grof, ë. a. aus wirtschaftlechen Intressen, ëmmer nees a Streidereie mat Frankräich verwéckelt. Doduerch sinn zwou grouss Parteien entstanen: d'Patrizier, d. h. de räichen Händlermilieu, déi zum Kinnek vu Frankräich gehalen hunn, an d'Handwierker, déi sech ëm de Grof vu Flandern versammelt hunn.


An deem Moment wou d'Stad wirtschaftlech, besonnesch wéinst dem Handel mat England, um Sommet war, huet de Kinnek vu Frankräich Philippe IV le Bel Flandern besat an de Grof, dee seng Flicht als Vasall net respektéiert hat, gefaange geholl.


Mä d'Vollek huet sech revoltéiert, an 1302 goufen d'Patrizier massakréiert. Dee Massaker ass ënner dem Numm Matines brugeoises an d'Geschicht agaangen. D'Fransouse goufen dunn nach zu Courtrai an der Bataille des Éperons d'Or geklappt. Domat war d'Oligarchie vun den Händler zu Bruges gebrach, an d'Gilden an d'Korporatioune konnten am Kader vum Stadrot an der Stad matbestëmmen.


D'14. Joerhonnert war fir Bruges e gëllent Joerhonnert. Do gouf Woll aus England no allen Noute stockéiert, all Hansestad hat e Sëtz zu Bruges, an net manner wéi 17 Natiounen haten do eng Handelsvertriedung.


An deem Joerhonnert hunn d'Herzoge vu Burgund, déi duerch e Bestietnes d'Grofschafte vu Flandern a vum Artois kritt haten, keng Méi gescheit, fir Bruges op Topniveau ze bréngen. Si hu grouss Fester an Turnéieren organiséiert, bei deenen alles wat Rang an Numm an Europa hat, vertruede war.


Um Enn vum 14. Joerhonnert ass et mat Bruges lues a lues biergof gaangen. De Zwin, dee Bruges bis dohi mat der Nordséi verbonnen hat, ass lues a lues versant, d'Schëffer konnten net méi bis op Bruges kommen, an Antwerpen huet sech als haarde Konkurrent bemierkbar gemaach.


Wéi du schliisslech no de Burgunder, d'Habsburger den Ensembel vun den Nidderlanden (nl. Lage Landen) iwwerholl hunn, huet de Maximilian vun Éisträich, sou gutt wéi d'Doudesuerteel iwwer Bruges gesprach, andeems en den Händler ordonnéiert huet, sech zu Antwerpen nidderzeloossen.


Wéi den Zwin definitiv 1604 zougemaach gouf, ass vu Bruges net méi vill Rieds gaangen, bis 1892 mam Roman Bruges la Morte vum Georges Rodenbach, Bruges praktesch erëm nei entdeckt gouf, a sech zu enger Touristestad entwéckelt huet (Venedeg vum Norden), déi haut op deem Gebitt eng vun de bekanntste vun der Welt ass.



Hafen |


Zeebruges (Hafe Bruges-Zeebruges)



Schoulen a Bildung |


  • De Collège d'Europe zu Bruges ass eng bekannt Europäesch Universitäit, déi vun der Europäescher Unioun ënnerstëtzt gëtt.


Kuckeswäertes |



D'Stadhaus |


Op der Buergplaz, steet ënner anerem d'Stadhaus dat tëscht 1376 a 1420 am gothesche Stil gebaut gouf. Am gothesche Sall gëtt et historesch Molereien ze kucken an en dekoréierten hëlze Plafong. Am Geschichtssall ass eng Kollektioun vun Objeten, Dokumenter an Tableauen ze gesinn déi vun der Vergaangenheet vu Bruges erzielen.



D'Stadschreiwerei |


Lénks vum Stadhaus ass déi al Stadschreiwerei déi am Renaissancestil tëscht 1534 a 1537 gebaut gouf. Do ass de Musée provincial du Franc de Bruges dran. Eng Schminni mat enger Alabasterfris erzielt aus dem Liewe vum Charel de V.



D'Basilika zum hellege Blutt |



D'Vogtei |



De Musée Gruuthuse |



D'Kierch Notre-Dame |



D'Klouschter Béguinage de la Vigne |



Kuckt och |


  • Lëscht vun der Weltierfschaft

  • Naturschutzgebitt Het Zwin

  • Damse Vaart


Um Spaweck |


  • Brugge/Bruges/Brügge

  • Fotoe vu Bruges

  • Säit vum Collège d'Europe, Bruges

  • Unesco Weltierfschaftslëscht (franséisch)







Commons-logo.svg
   



Commons: Bruges – Biller, Videoen oder Audiodateien








Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Bruges&oldid=2184864“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.096","walltime":"0.139","ppvisitednodes":"value":266,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":11461,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":616,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":7,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 58.035 1 -total"," 61.18% 35.507 1 Schabloun:Navigatioun_Stied_a_Gemengen_an_der_Provënz_Westflandern"," 55.76% 32.358 1 Schabloun:Navbox"," 14.22% 8.254 1 Schabloun:Coor_dms"," 12.22% 7.090 1 Schabloun:Commonscat"," 10.12% 5.875 1 Schabloun:Small"," 8.13% 4.721 1 Schabloun:Commons"," 8.01% 4.651 1 Schabloun:SkizzGeoBE"," 4.51% 2.620 1 Schabloun:Coor"," 3.74% 2.172 1 Schabloun:SkizzMéi"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.007","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":714994,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1303","timestamp":"20191015150055","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Bruges","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Bruges","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q12994","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q12994","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-12-20T20:30:21Z","dateModified":"2019-06-10T10:14:15Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/5/5c/BruggeVlag.png"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":122,"wgHostname":"mw1251"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?