Communautéiten, Regiounen a Provënze vun der Belsch Inhaltsverzeechnes Communautéiten | Regiounen | Provënzen | Um Spaweck | Navigatiounsmenüwww.flanders.bewww.cfwb.bewww.dglive.bewww.flanders.bewww.wallonie.bewww.brussels.irisnet.beä
Däitschsproocheg CommunautéitFlämesch CommunautéitFranséisch CommunautéitAntwerpenFlämesche BrabantLimburgOstflandernWestflandernHainautLéckLëtzebuergNamouerWallounesche Brabant
Belsch
Belschbelscher KonstitutiounArelProvënz LéckdäitschCantons de l'EstHaaptstadregioun BréisselFlämesch RegiounWallounesch Regioun
Communautéiten, Regiounen a Provënze vun der Belsch
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
D'Belsch ass e federale Staat, dee sech aus dräi Communautéiten (oder Gemeinschaften), dräi Regiounen, a véier Linguistesche Regiounen zesummesetzt. Zwou vun den dräi Regioune bestinn aus jee fënnef, deemno am Ganzen zéng Provënzen.
D'Belsch huet 589 Gemengen. Nieft deenen Ënnerandeelungen, déi an der belscher Konstitutioun definéiert sinn, gëtt et nach Distrikter bannent de Gemengen, Police- a Waldistrikter, asw.
Vereinfacht ausgedréckt sinn d'Regiounen zoustänneg fir alles, wat mam "Buedem" ze dinn huet, also Landesplanung, Landwirtschaft, Transport, Energie, Ëmwelt, asw., an d'Communautéite fir dat, wat mat "Sprooch" ze dinn huet, deemno Erzéiung, Kultur, Sport, asw. De Federalstaat selwer huet an deene leschte Joerzéngten ëmmer méi Kompetenzen un d'Regiounen an d'Communautéiten ofginn, soudatt net méi vill "nationales" rescht bliwwen ass.
All déi Ënnerandeelungen hu geographesch Grenzen: d'Regiounen, d'Sproochregiounen, d'Communautéiten, d'Provënzen an d'Gemengen. D'Andeelung a Communautéiten ass och geographesch delimitéiert: D'Flämesch Regierung huet Gesetzesautoritéit (wat Communautéits-Kompetenzen ubelaangt) nëmmen an der Regioun Flandern an an der Regioun Bréissel-Haaptstad; d'franséisch Communautéit huet analog just Pouvoiren iwwer communautaire Themen a Wallounien an an der Haaptstadregioun Bréissel. An anere Wierder: E Flam, deen zu Arel wunnt, kann sech net op déi flämesch Gesetzgebung mat Bezuch op déi Flämesch Communautéit beruffen. Déi Belsch Communautéite bezéien sech net direkt op Leit (oder Gruppe Leit), mä op politesch, kulturell a sproochlech Kompetenzen a verschiddene Regioune vum Land.
Deemno ass déi Flämesch Communautéit kompetent an der Flämescher a Bréisseler Regioun, déi Franséisch an de Regioune Wallounien (mat Ausnam vun deene Gemengen, an deenen däitsch geschwat gëtt) a Bréissel, an déi däitschsproocheg Communautéit fir en Deel vun der Provënz Léck, laanscht d'däitsch Grenz, déi sougenannt Cantons de l'Est.
Déi dräi Regioune sinn d'Haaptstadregioun Bréissel, d'Flämesch Regioun an d'Wallounesch Regioun.
Déi dräi Communautéite sinn:
- d'franséischsproocheg Franséisch Communautéit vun der Belsch (Communauté Française de Belgique)
- d'hollänneschsproocheg Flämesch Communautéit (Vlaamse Gemeenschap) an
- d'Däitschsproocheg Communautéit vun der Belsch (Deutschsprachige Gemeinschaft Belgiens)
Am Géigesaz zu deenen anere Regiounen hunn d'Flämesch Regioun an d'Flämesch Communautéit hiert Parlament an hir Regieurng zesummegeluecht.
Déi véier linguistesch Regioune sinn déi franséischsproocheg Regioun, déi däitschsproocheg Regioun, déi hollänneschsproocheg Regioun an déi zweesproocheg Regioun Bréissel-Haaptstad.
Inhaltsverzeechnes
1 Communautéiten
2 Regiounen
3 Provënzen
4 Um Spaweck
Communautéiten |
Communautéiten | Flämesch Communautéit | Franséisch Communautéit | Däitschsproocheg Communautéit |
Hollänneschen Numm | Vlaamse Gemeenschap | (Franse Gemeenschap) | (Duitstalige Gemeenschap) |
Franséischen Numm | (Communauté flamande) | Communauté française | (Communauté germanophone) |
Däitschen Numm | (Flämische Gemeinschaft) | (Französische Gemeinschaft) | Deutschsprachige Gemeinschaft |
Lag | |||
Fändel | |||
Haaptstad | Bréissel (zesumme mat der Flämescher Regioun) | Bréissel | Eupen |
Ministerpresident | Kris Peters (zesumme mat der Flämescher Regioun) | Marie Arena | Karl-Heinz Lambertz |
Websäit | www.flanders.be | www.cfwb.be | www.dglive.be |
Regiounen |
Regioun | Flämesch Regioun | Wallounesch Regioun | Haaptstadregioun Bréissel |
hollänneschen Numm | Vlaams gewest | (Waals gewest) | Brussels Hoofdstedelijk Gewest |
franséischen Numm | (Région Flamande) | Région Walonne | Région Bruxelles-Capitale |
däitschen Numm | (Flämische Region) | Wallonische Region | (Hauptstadtregion Brüssel) |
Lag | |||
Fändel | |||
Haaptstad | Bréissel | Namouer | Bréissel |
Fläch | 13522 km² | 16844 km² | 161 km² |
Awunnerzuel | 6,043,161 | 3,358,560 | 1,006,749 |
Populatiounsdicht | 442/km² | 199/km² | 6238/km² |
Ministerpresident | Kris Peeters | Rudy Demotte | Charles Picqué |
Websäit | www.flanders.be | www.wallonie.be | www.brussels.irisnet.be |
Provënzen |
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Belsch Provënzen
Um Spaweck |
Commons: Belsch Provënzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kategorie:
- Belsch
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.104","walltime":"0.185","ppvisitednodes":"value":610,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":16196,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":737,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 107.785 1 -total"," 88.58% 95.481 1 Schabloun:Navigatioun_Belsch_Provënzen"," 63.43% 68.363 2 Schabloun:Navbox"," 20.39% 21.977 1 Schabloun:Navbox_subgroup"," 8.56% 9.224 1 Schabloun:Commonscat"," 5.80% 6.253 1 Schabloun:Commons"," 2.67% 2.880 1 Schabloun:Link-Bild"," 2.48% 2.674 1 Schabloun:Méi_Info_1"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.010","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":784730,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1282","timestamp":"20191029215611","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Communautu00e9iten, Regiounen a Provu00ebnze vun der Belsch","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Communaut%C3%A9iten,_Regiounen_a_Prov%C3%ABnze_vun_der_Belsch","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q838185","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q838185","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-07-29T21:43:36Z","dateModified":"2019-03-05T12:47:56Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":137,"wgHostname":"mw1272"););