Skip to main content

The Spiderwick Chronicles Inhaltsverzeechnes Handlung | Literatur | Navigatiounsmenü

Fantasyliteratur


US-amerikanescherHolly BlackTony DiTerlizziScheedungNei-EnglandBibliothéikmagescheKoboldWiichtelmännchenKuederFlorettTrollFabelwiesenElfenZwerge












The Spiderwick Chronicles




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


The Spiderwick Chronicles, op Däitsch Die Spiderwick-Geheimnisse, ass eng aachtdeeleg Fantasyrei fir Kanner vun 8 Joer un, déi vun der US-amerikanescher Autorin Holly Black geschriwwen a vum Tony DiTerlizzi illustréiert ginn ass. D'Haaptfigure sinn d'Gesëschter Jared, Simon a Mallory, déi no der Scheedung vun hiren Elteren an en aalt Haus an Nei-England geplënnert sinn. Do geschéie komesch Saachen, déi sech keen erkläre kann, bis den Jared an der Bibliothéik vum Arthur Spiderwick op deem säin Handbuch stéisst, dat vun de magesche Kreaturen handelt, an an deem en Hiwäiser vun engem Kobold fënnt.


Domat fänken d'fantastesch Aventurë vun den dräi Gesëschter an der Welt vun den Zauberwiesen un…


D'Serie gëtt vun den däitsche Bicher Spiderwicks Handbuch für die fantastische Umwelt um dich herum, Über Haltung und Pflege von Elfen, Notizbuch für fantastische Beobachtungen, Die große Entdeckungsreise durch die verzauberte Welt dokumentiert von Thimbletack an Das Geheimnis der Spiderwicks - Das Buch zum Film ergänzt.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Handlung

    • 1.1 Band 1 – The Field Guide


    • 1.2 Band 2 – The Seeing Stone


    • 1.3 Band 3 – Lucinda's Secret


    • 1.4 Band 4 - The Ironwood Tree



  • 2 Literatur




Handlung |



Band 1 – The Field Guide |


D'Eltere vun de Gesëschter Jared, Simon an Mallory si grad gescheet ginn. Du plënneren déi dräi mat hirer Mamm an d'Haus vun hirer Grousstatta, en aalt onheemlecht Gebai, dat ausgesäit wéi iwwerenee getässelt Heipen. Ëmmer erëm geschéien am Alldagsliewe komesch Saachen, wou dann ugeholl gëtt, de Jared hätt eng gestiicht oder e Witz gemaach. Den Onschëllege verdréit dat net laang a sicht no der wierklecher Léisung.


Hie fënnt doropshin d'geheim Bibliothéik vum Arthur Spiderwick, dee mat hirer Grousstatta Famill war, an d'Buch Arthur Spiderwicks Handbuch für die fantastische Welt um dich herum. Dëst Buch weist dem Jared d'Dier zu enger fantastescher Welt, well nodeem hien d'Buch gelies huet, ass hie sécher, datt en Irrwicht am Haus säin Onwiesen dreiwe muss. A senger Fal verfänkt sech allerdéngs de Wiichtelmännchen Thimbletack ...


Elo gleewen him och seng Gesëschter.



Band 2 – The Seeing Stone |


D'Buch Arthur Spiderwicks Handbuch für die fantastische Welt um dich herum ass weiderhin am Besëtz vum Jared. Den Thimbletack warnt hien, datt et geféierlech wier, mä de Jong lauschtert net op hien.


De Simon sicht säi Kueder Tibbs, wou hien am Gaart verschwënnt ouni Spuren ze hannerloossen. Den Jared kritt e "Sehersteen" vum Wiichtelmännchen, mat deem senger Hëllef d'Fabelwiese siichtbar ginn. Leider war den Jared onhéiflech zum Thimbletack, an de Wiichtelmännchen ass net gutt op hien ze spriechen. Dofir muss den Jared sech eleng mam Mallory op de Wee maachen.


A scho gi se vun engem Kobold ugegraff, mä d'Mallory kann se mat sengem Florett nach eng Kéier retten. Den zweeten Wee féiert déi zwéin an e Bësch, wou se op en Troll an d'Kobolden treffen...



Band 3 – Lucinda's Secret |


Den Thimbletack ass nach ëmmer rosen a stiicht de Kanner eng. Se wëssen sech net aanescht ze hëllefen a besichen hir Grousstatta Lucinda am Spidol, déi sech mat de Fabelwiesen ganz gutt ausskennt.


D'Handbuch ass duerno awer leider verschwonnen. Mat enger Landkaart, déi hinnen den Thimbletack hannerlooss huet, mussen d'Gesëschter sech erëm op d'Rees maachen. Obwuel e Phooka se gewarnt huet, trëppelen d'Kanner an d'Fal vun den Elfen a gi vun hinnen gefaange geholl…



Band 4 - The Ironwood Tree |


D'Mallory gewënnt bei engem Fechttournéier eng Medail, mä während dem Concours maache sech zwee Kanner u sengem Sportskuerf ze schafen, wéi hir Bridder gesinn. Nodeem de Jared ee vun deenen zwee zur Ried stelle wëll, leeft dee fort…


D'Mallory ass zanter deem Tëschefall spurlos verschwonnen. An der Schoul fannen hir Bridder e Steen, op deem Handel ze liesen ass. Dowéinst siche se fir d'éischt an enger Minière no Hiwäiser. Nodeem déi zwee e Rätsel geléist hunn, gi se vun Zwerge gefaange geholl, déi d'Mallory géint d'Handbuch tausche wëllen…



Literatur |


  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 1: The Field Guide . Simon & Schuster Australia , 2004, ISBN 978-0-689-85936-6

  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 2: The Seeing Stone. Simon & Schuster Australia , 2004, ISBN 978-0-689-85937-3

  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 3: Lucinda's Secret. Simon & Schuster Australia , 2005, ISBN 978-0-689-85938-0

  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 4: The Ironwood Tree. Simon & Schuster Australia , 2005, ISBN 978-0-689-85939-7

  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 5: The Wrath of Mulgarath. Simon & Schuster Australia , 2005, ISBN 978-0-689-85940-3

  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Nixie's Song: Beyond the Spiderwick Chronicles, Bd. 6. Simon & Schuster Australia , 2007, ISBN 978-3-570-13211-1

  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: Arthur Spiderwick's Field Guide to the Fantastical World Around You. Simon & Schuster Australia , 2006, ISBN 0-7435-6915-6

  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: Arthur Spiderwick's Notebook for Fantastical Observations. Simon & Schuster Australia , 2007, ISBN 978-1-4169-0345-1




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=The_Spiderwick_Chronicles&oldid=1971645“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.016","walltime":"0.020","ppvisitednodes":"value":35,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":0,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":2,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 0.000 1 -total"],"cachereport":"origin":"mw1320","timestamp":"20191110045524","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"The Spiderwick Chronicles","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/The_Spiderwick_Chronicles","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q914239","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q914239","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2008-04-07T21:02:47Z","dateModified":"2016-12-04T13:18:16Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":179,"wgHostname":"mw1265"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?