Skip to main content

Traité vu Versailles Navigatiounsmenü

1919Geschicht vun EuropaTraitéenGeschicht vun Däitschland


Paräisser Friddenskonferenz vun 1919Schlass vu VersaillesTriple EntenteÉischte WeltkrichVëlkerbondArmistice vu CompiègneDäitschlandUltimatumSpigelsall vu VersaillesWeimarer RepublikZäit vum NationalsozialismusVereenegt Staate vun AmerikaVereenegt KinnekräichFrankräichItalienJapanDätschlandBelschBolivienBrasilienKubaEcuadorGriichelandGuatemalaHaitiHedschasHondurasLiberiaNicaraguaPanamaPeruPolenPortugalRumänienKinnekräich vun de Serben, Kroaten a SlowenenSiamTschechoslowakeiUruguayChinaSowjetuniounOktoberrevolutiounRusslandKongress vun de Vereenegte StaatenratifizéierenÉisträich-UngarnTraité vu St. GermainTraité vun Neuilly-sur-SeineBulgarienTraité vun TrianonUngarnTraité vu SèvresOsmanesche RäichNordschleswigDänemarkDanzigSchlesienZweet Polnesch RepublikElsass-LoutrengenBelschEupenMalmedyCantons de l'EstNeutral-MoresnetKolonienÉisträich












Traité vu Versailles




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen





Disambig.svg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Friddenstraité vu Versailles vun 1919. Fir aner Traitéen, déi do ënnerschriwwe goufen, kuckt w.e.g. Traité vu Versailles (Homonymie).


Ënnerschrëft vum Traité an der Galerie des glaces am Schlass vu Versailles, (William Orpen, 1919).




Fichier:The signing of the peace treaty of Versailles.webmMediendatei abspielen


The Signing of the Peace Treaty of Versailles


De Friddenstraité (oder -vertrag) vu Versailles (dacks einfach Versailler Vertrag oder Versailler Traité, respektiv Traité oder Vertrag vu Versailles), ass en internationalen Traité, deen op der Paräisser Friddenskonferenz vun 1919 am Schlass vu Versailles vun de Länner vun der Triple Entente an hiren Alliéierte bis Mee 1919 ausgehandelt gouf. Mat senger Ënnerschrëft goung den Éischte Weltkrich vëlkerrechtlech op en Enn. Gläichzäiteg gouf domat de Vëlkerbond (Société des Nations) gegrënnt.


Den 11. November 1918 war mat der Armistice vu Compiègne zwar d'Enn vun de Kämpf am Éischte Weltkrich agelaut ginn, mee net dat vum Krichszoustand. Déi däitsch Delegatioun huet bei de Verhandlungen net dierfen dobäi sinn, a konnt eréischt zum Schluss, wéi den Text praktesch fäerdeg war, Commentairë maachen, vun deenen der vereenzelt ugeholl goufen.


Am Traité gouf festgestallt, datt Däitschland a seng Alliéiert als eenzeg Schold um Ausbroch vum Éischte Weltkrich gewiescht wieren. Et gouf dofir dozou verplicht, Oftrennunge vu sengem Territoire z'acceptéieren, sou wéi och d'Bezuele vu Kompensatiounen ("Reparatiounen") a seng Arméi ofzerëschten, d.h. ze reduzéieren. Däitschland huet dat, no engem Ultimatum, ënner Protest den 28. Juni 1919 am Spigelsall vu Versailles ënnerschriwwen.


Den Traité ass den 10. Januar 1920 a Kraaft getrueden. An Däitschland huet eng Majoritéit vun de Leit, wéinst der Aart a Weis, wéi en zustane koum, ma och wéinst de Fuerderungen, déi hinnen ze staark virkoumen, als illegitim an als Humiliatioun emfonnt. Dat hat direkt Reperkussiounen op d'Politik an Däitschland wärend der Weimarer Republik an der Zäit vum Nationalsozialismus.


Den Traité gouf vu folgende Länner ënnerschriwwen: Vereenegt Staate vun Amerika(USA), Vereenegt Kinnekräich, Frankräich, Italien, Japan, Dätschland, souwéi der Belsch, Bolivien, Brasilien, Kuba, Ecuador, Griicheland, Guatemala, Haiti, Hedschas, Honduras, Liberia, Nicaragua, Panama, Peru, Polen, Portugal, Rumänien, Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Slowenen, Siam, der Tschechoslowakei an Uruguay. China, dat 1917 op der Säit vun Däitschland an de Krich agetruede war, huet den Traité net ënnerschriwwen. D'Sowjetunioun, déi no der Oktoberrevolutioun Russland ersat huet, war net derbei.


De Kongress vun de Vereenegte Staaten huet 1920 refuséiert den Traité ze ratifizéieren. D'USA goufen dann och net Member vum Vëlkerbond an hunn 1921 e separate Fridde mat Däitschland geschloss, de Berliner Vertrag.


An der Suite goufe weider Friddensverträg mat de Nofolgerlänner vum Éisträich-Ungarn an aneren Osteuropäesche Länner ofgeschloss: den 10. September 1919 den Traité vu St. Germain mat Éisträich, de 27. November 1919 den Traité vun Neuilly-sur-Seine mat Bulgarien, de 4. Juni 1920 den Traité vun Trianon mat Ungarn an den 10. August 1920 den Traité vu Sèvres mam Osmanesche Räich.




Ënnerschrëft-Zeremonie an déi zwou éischt Säite vum Traité


Däitschland huet missen eng ganz Rëtsch Territoiren oftrieden: Nordschleswig un Dänemark, d'Provënze Westpreußen (ausser Danzig, dat ënner Mandat vum Vëlkerbond koum) a Posen a soss nach Géigenden a Schlesien un déi nei Zweet Polnesch Republik, an d'Hultschiner Ländchen un déi nei gegrënnt Tschechoslowakei. Am Weste goung Elsass-Loutrengen nees u Frankräich, an d'Belsch krut d'Géigend ëm Eupen-Malmedy (Cantons de l'Est inklusiv Neutral-Moresnet). Am ganzeen huet Däitschland 13 % vu sengem Territoire an 10 % vu senger Populatioun verluer. Weiderhi goufen all déi däitsch Kolonien ënner d'Opsiicht vum Vëlkerbond gestallt, dee s'als Mandatsgebitter un déi Länner, déi gewonnen haten an drun intresséiert waren, viruginn huet. Däitschland huet och missen Éisträich als en eegent Land unerkennen a krut verbueden, sech mat him ze vereenen.









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Traité_vu_Versailles&oldid=2158174“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.040","walltime":"0.055","ppvisitednodes":"value":15,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":528,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":198,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 3.210 1 Schabloun:Aner_Bedeitungen_op_Mooss","100.00% 3.210 1 -total"],"cachereport":"origin":"mw1336","timestamp":"20191115211225","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Traitu00e9 vu Versailles","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Trait%C3%A9_vu_Versailles","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q8736","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q8736","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2018-01-10T11:57:27Z","dateModified":"2019-01-27T10:52:36Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/f/fe/William_Orpen_-_The_Signing_of_Peace_in_the_Hall_of_Mirrors%2C_Versailles.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":167,"wgHostname":"mw1328"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?