Skip to main content

Vëlkerbond Inhaltsverzeechnes Conseil vum Vëlkerbond | Assemblée | Quell | Um Spaweck | Navigatiounsmenü1. November 2011Pakt vum Vëlkerbond

Vëlkerbond


fr.en.sp.Paräisser FriddenskonferenzÉischte WeltkrichTraité vu VersaillesOfrëschtungkollektiver SécherheetFriddenindigenerGroussmuechtenZweeten Italieenesch-Ethiopesche KrichRoude KräizBenito MussoliniSpatzeAdlerenAchsemuechtenDäitschlandJapanItalienSpuenienZweete WeltkrichVereent NatiounenGenfJames Eric DrummondJoseph AvenolIrSeán Lester16. Dezember1920däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich28. Juni191916. Januar1920












Vëlkerbond




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




D'Evolutioun vum Vëlkerbond an der Welt (1920-1945)


De Vëlkerbond (fr.: Société des Nations, en.: League of Nations, sp.: Sociedad de Naciones) war déi éischt grouss international Organisatioun, déi den 10. Januar 1920 als Konsequenz vun der Paräisser Friddenskonferenz nom Enn vum Éischte Weltkrich mam Traité vu Versailles gegrënnt gouf. Säin Zil war et, duerch Ofrëschtung, e System vu kollektiver Sécherheet an d'Bäileeë vun internationale Konflikter duerch Verhandlung a Mediatioun de Fridden op der Welt ze garantéieren.


Aner Domäner, an deenen de Vëlkerbond aktiv war, waren Aarbechtskonditiounen, gerecht Behandlung vun der indigener Bevëlkerung, Mënschen-, Drogen- a Waffenhandel, Gesondheet, Krichsgefaangen an de Schutz vun de Minoritéiten an Europa. Déi meescht Memberen hat d'Organisatioun tëscht September 1934 a Februar 1935; zu där Zäit waren 58 Länner Member vum Vëlkerbond.


Déi diplomatesch Philosophie, déi hanner der Grënnung vum Vëlkerbond steet, representéiert e fundamentale Gedankewiessel par Rapport zu den 100 Joer virdrun. D'Organisatioun hat keen eegene Militär a war vun de Groussmuechten ofhängeg, fir seng Resolutiounen duerchzesetzen, Wirtschaftssanktiounen anzehalen oder eng Arméi zur Verfügung ze stellen, wann eng gebraucht gouf. D'Groussmuechte waren awer dacks onwëlleg, dat ze maachen, well Sanktiounen zum Beispill anere Membere hätte schuede kënnen. Sou huet, wéi de Vëlkerbond wärend dem Zweeten Italieenesch-Ethiopesche Krich Italien accuséiert, seng Zaldote géifen Zelter vum Roude Kräiz ugräifen, de Benito Mussolini geäntwert, datt "de Vëlkerbond ganz gutt ass, wann d'Spatze jäizen, mee guer net gutt ass, wann d'Adleren erauskommen."


No enger Rei nennenswäerte Succèsen an e puer fréien Echecken an den 1920er huet sech de Vëlkerbond schliisslech als incapabel erwisen, d'Aggressioun vun den Achsemuechten an den 1930er ze verhënneren. Däitschland, Japan, Italien, Spuenien an aner Länner hu sech aus der Organisatioun zréckgezunn. Den Zweete Weltkrich, deen duerno komm ass, huet gewisen, datt de Vëlkerbond net amstand war, säin Haaptzweck, en neie Weltkrich ze verhënneren, z'erfëllen. D'Vereent Natiounen hunn de Vëlkerbond nom Enn vum Krich ersat an eng Rei Agencen an Organisatiounen geierft, déi vum Vëlkerbond gegrënnt goufen.


De Sëtz vum Vëlkerbond war zu Genf, offiziell Sprooche waren Englesch, Franséisch a Spuenesch. Am Ganzen hat d'Organisatioun dräi Generalsekretären: den Englänner James Eric Drummond (1920-1933), de Fransous Joseph Avenol (1933-1940) an den Ir Seán Lester (1940-1946).


Lëtzebuerg gouf de 16. Dezember 1920 Member, huet awer seng Memberschaft wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich mussen aussetzen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Conseil vum Vëlkerbond


  • 2 Assemblée

    • 2.1 Presidente vun der Assemblée (1920-1946)



  • 3 Quell


  • 4 Um Spaweck




Conseil vum Vëlkerbond |


De Conseil vum Vëlkerbond (fr. Conseil de la Société des Nations; eng. Council of the League of Nations) ass mat dem Pakt vum Vëlkerbond vum 28. Juni 1919 geschaaft ginn. E war eng vun den dräi Haaptinstitutioune vum Vëlkerbond, zesumme mat der Assemblée an dem Sekretariat. En huet sech aus permanenten a gewielte Memberen zesummegesat an huet de Sekretär vum Vëlkerbond ernannt. De Conseil war fir de Weltfridden zoustänneg.[1] Seng éischt Sessioun war de 16. Januar 1920.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Sessioune vum Conseil vum Vëlkerbond



Assemblée |



Presidente vun der Assemblée (1920-1946) |



  • Flag of France.svg Frankräich, Léon Bourgeois, 1920


  • Flag of Belgium (civil).svg Belsch, Paul Hymans, 1920-1921


  • Flag of the Netherlands.svg Holland, Herman Adriaan van Karnebeek, 1921-1922


  • Flag of Chile.svg Chile, Agustin Edwards, 1922-1923


  • Flag of Cuba.svg Kuba, Cosme de la Torriente y Peraza, 1923-1924


  • Flag of Switzerland.svgEidelt Bild.jpg Schwäiz, Giuseppe Motta, 1924-1925


  • Flag of Canada.svg Kanada, Raoul Dandurand, 1925-1926


  • Flag of Portugal.svg Portugal, Augusto de Vasconcelos 1926-1926


  • Flag of Yugoslavia (1946-1992).svg Jugoslawien, Momčilo Ninčić, 1926-1927


  • Flag of Uruguay.svg Uruguay, Alberto Guani, 1927-1928


  • Flag of Denmark.svg Dänemark, Herluf Zahle, 1928-1929


  • Flag of El Salvador.svg El Salvador, José Gustavo Guerrero, 1929-1930


  • Flag of Romania.svg Rumänien, Nicolae Titulescu, 1930-1932


  • Flag of Belgium (civil).svg Belsch, Paul Hymans, 1932-1933


  • Flag of South Africa (1928–1994).svg Südafrika, Charles Theodore Te Water, 1933-1934


  • Flag of Sweden.svg Schweden, Rickard Sandler, 1934


  • Flag of Mexico.svg Mexiko, Francisco Castillo Nájera, 1934-1935


  • Flag of the Czech Republic.svg Tschechoslowakei, Edvard Beneš, 1935-1936


  • Flag of Argentina.svg Argentinien, Carlos Saavedra Lamas, 1936-1937


  • Flag of Turkey.svg Tierkei, Tevfik Rüştü Aras, 1937-1937


  • Flag of the British Indian Ocean Territory.svg Britesch Indien, Aga Khan III 1937-1938


  • Flag of Ireland.svg Irland, Éamon de Valera, 1938-1939


  • Flag of Norway.svg Norwegen, Joachim Hambro, 1939-1946


Quell |


  • Dësen Artikel ass eng Iwwersetzung vun der Introduktioun vum Artikel League of Nations aus der engleschsproocheger Wikipedia, an der Versioun vum 1. November 2011 (konfirméiert als Qualitéitsartikel/"Featured article").


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Vëlkerbond – Biller, Videoen oder Audiodateien

  1. Pakt vum Vëlkerbond




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Vëlkerbond&oldid=2223726“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.132","walltime":"0.207","ppvisitednodes":"value":218,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":3096,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":187,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":83,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 76.693 1 -total"," 14.00% 10.736 1 Schabloun:Commonscat"," 10.42% 7.989 1 Schabloun:Commons"," 6.84% 5.245 1 Schabloun:DEN"," 4.75% 3.646 1 Schabloun:CHE"," 4.67% 3.582 1 Schabloun:TUR"," 4.46% 3.420 1 Schabloun:Link-Bild"," 4.22% 3.240 2 Schabloun:BEL"," 4.07% 3.119 1 Schabloun:CAN"," 3.85% 2.952 1 Schabloun:NLD"],"cachereport":"origin":"mw1302","timestamp":"20191119070348","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Vu00eblkerbond","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/V%C3%ABlkerbond","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q38130","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q38130","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2015-01-06T10:23:43Z","dateModified":"2019-11-18T18:46:41Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/c/c0/League_of_Nations_Anachronous_Map.PNG"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":112,"wgHostname":"mw1243"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?