Skip to main content

2013 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Ekonomie | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüDe Lännermatch Armenien-Lëtzebuerg de 5. Februar 2013 op wort.luReportage vum Lännermatch Lëtzebuerg-Aserbaidschan den 22. Mäerz 2013 op wort.luReportage iwwer de Lännermatch Lëtzebuerg-Finnland de 26. Mäerz 2013 op tageblatt.luWM-Qualifikation: Bensi trifft und vergibt 1:1-Unentschieden der FLF-Auswahl in AserbaidschanFLF-Auswahl siegt gegen Litauen: Hier sind die ReaktionenReportage iwwer de Foussballlännertmatch Russland -Lëtzebuerg de 6. September 2013 zu Kazan op wort.luArtikel iwwer de Lännermatch Lëtzebuerg-Nordirland vum 10. September 2013 op wort.luFootball: WM-Qualifikatiounsmatch Lëtzebuerg-Russland 0:4 op sport.rtl.luFootball: Lëtzebuerg géint Portugal ouni Fortune op sport.rtl.lu"Football: Lëtzebuerg verléiert 1-4 géint Montenegro"

Joren (21. Joerhonnert)2013


◄20. Joerhonnert◄◄◄20092010201120122014201520162017►►►Dënschdeg












2013




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
 
 
◄◄ |
◄ |
2009 |
2010 |
2011 |
2012 |
2013
| 2014
| 2015
| 2016
| 2017
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 2013.


D'Joer 2013 huet op engem Dënschdeg ugefaangen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Mëttel- a Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Arabesch Welt an Noen Osten



  • 2 Konscht a Kultur

    • 2.1 Molerei


    • 2.2 Literatur


    • 2.3 Musek


    • 2.4 Kino



  • 3 Ekonomie


  • 4 Wëssenschaft an Technik

    • 4.1 Astronomie



  • 5 Sport

    • 5.1 Lëtzebuerg



  • 6 Gebuer


  • 7 Gestuerwen


  • 8 Um Spaweck


  • 9 Referenzen




Evenementer |



  • 01. Januar: Lëtzebuerg gëtt mat Argentinien, Australien, Ruanda a Südkorea fir 2 Joer net-permanente Member vum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen.


Europa |



  • 26. Januar: De Miloš Zeman gëtt am zweeten Tour zum President vun Tschechien gewielt. Hien trëtt säin Amt den 8. Mäerz un.


  • 6. Februar: D'politesch Partei Alternative für Deutschland gëtt gegrënnt.


  • 24. Februar: Den Nikos Anastasiades gewënnt am 2. Tour d'Presidentewalen an Zypern.


  • 24.-25. Februar: Parlamentswalen an Italien, no vill Gedeessems gëtt den 29. Abrëll d'Regierung vum Enrico Letta (PD) vereedegt.


  • 27. Februar: Konstruktive Mësstrauensvote géint dem Janez Janša seng Regierung a Slowenien; d'Alenka Bratušek gëtt Ministerpresidentin vun enger neier Koalitioun, déi den 20. Mäerz vum Parlament confirméiert gëtt.


  • 09. Mäerz: A Malta gewënnt déi oppositionell Labour Party mat un der Spëtzt dem Joseph Muscat mat 39 vun 69 Sëtz d'Parlamentswalen.


  • 13. Mäerz: Den Argentinier Jorge Mario Bergoglio gëtt, nom Récktrëtt vum Benoît XVI. den 28. Februar, als Poopst Franciscus zum neie Chef vun der kathoulescher Kierch gewielt.


  • 27. Mäerz: Den Adrian Hasler gëtt, no de Parlamentswalen, nei Premierminister a Liechtenstein.


  • 07. Abrëll: De Filip Vujanović gëtt zum President vu Montenegro erëmgewielt.


  • 20. Abrëll: Den Giorgio Napolitano gëtt zum President vun der Republik Italien erëmgewielt.


  • 27. Abrëll: An Island gewënnt déi oppositionell Mëtt-Riets-Koalitioun d'Parlamentswalen. De Sigmundur Gunnlaugsson trëtt den 22. Mee als Premierminister säin Amt un.


  • 30. Abrëll: D'Kinnigin Beatrix I. vun Holland trëtt zu Gonschte vun hirem Jong Willem-Alexander zréck.


  • 12. Mee: Neiwalen a Bulgarien nom Récktrëtt vum Premier Bojko Borissow, de Plamen Orescharski gëtt den 29. Mee zum neie Premierminister ernannt.


  • 15. Mee: De Iurie Leancă gëtt Premierminister a Moldawien.

  • Uganks Juni: Schro Iwwerschwemmungen a Südostdäitschland, Tschechien an Deeler vun Éisträich an de Basenge vun Donau an Elbe; ëm déi 30 Leit kommen ëm d'Liewen.


  • 25. Juni: De Jiří Rusnok gëtt, nom Récktrëtt vum Petr Nečas, zum neie Premierminister an Tschechien ernannt; seng Regierung gëtt den 10. Juli vereedegt, kritt awer schonn de 7. August vum Parlament d'Vertrauen entzunn.


  • 01. Juli: Kroatien gëtt den 28. Memberstaat vun der Europäescher Unioun.


  • 21. Juli: De belsche Kinnek Albert II. trëtt zu Gonschte vu sengem Jong Philippe zréck.


  • 24. Juli: En Zuch entgleist bei Santiago de Compostela, 79 Leit stierwen dobäi, iwwer duebel souvill ginn der blesséiert.


  • 10. September: D'Parlamentswalen an Norwegen gi vun der liberal-konservativer Oppositioun gewonnen, d'Høyre- an d'Fortschrëttspartei (Fremskrittspartiet) forméieren eng nei Regierung ënner der Premièreministesch Erna Solberg, déi den 18. Oktober ageschwuer gëtt.


  • 10. September: Den Edi Rama gëtt Ministerpresident vun Albanien.


  • 22. September: Bei de Parlamentswalen an Däitschland gewënnt d'Unioun vun CDU/CSU ënner der Kanzlerin Angela Merkel.


  • 30. September: Parlamentswalen an Éisträich.


  • 01. Oktober: Viru Lampedusa geet e Boot mat Flüchtlingen aus Afrika ënner, iwwer 300 Leit erdrénken.


  • 19. Oktober: Bei engem Fligeraccident zu Gelbressée an der Provënz Namouer kommen eelef Leit ëm d'Liewen.


  • 25./26. Oktober: Virgezunne Parlmanetswalen an Tschechien; ČSSD an ANO 2011 kréien déi meescht Stëmmen.


  • 21. November: Zu Riga, a Lettland, stierwen iwwer 50 Mënschen, wéi den Daach vun engem Shopping-Center an e Koup fält.


  • 16. Dezember: Éisträich: D'Regierung Faymann II, eng grouss Koalitioun aus SPÖ an ÖVP, gëtt vereedegt. De Werner Faymann (SPÖ) gëtt nees Bundeskanzler.


  • 17. Dezember: Däitschland: D'Regierung Merkel III, eng grouss Koalitioun aus CDU/CSU an SPD, gëtt vereedegt.


Lëtzebuerg |



  • 10. Juli: De Jean-Claude Juncker deklaréiert an der Chamber d'fréizäitegt Enn vun der Regierung Juncker-Asselborn II, nodeem kloer gouf, datt se, no der Publikatioun vum Rapport vun der SREL-Enquêtekommissioun, keng Ënnerstëtzung vun der LSAP-Fraktioun méi hätt.


  • 20. Oktober: Bei de Virgezunne Chamberwale kritt d'CSV 23 Sëtzer (-3), d'LSAP der 13 (+/-0), d'DP der 13 (+3), déi Gréng der 6 (-1), d'ADR der 3 (-1), déi Lénk der 2 (+1), iwwerdeems KPL, Piratepartei a PID kee Sëtz kréien.


  • 04. Dezember: Vereedegung vun der Regierung Bettel-Schneider, enger Koalitioun tëscht DP, LSAP an deene Gréngen.


Afrika |



  • 11. Januar: Ufank vun der Opération Serval, enger franséischer Militärinterventioun am Norddeel vum Mali.


  • 09. Mäerz: Den Uhuru Kenyatta gewënnt d'Presidentewalen a Kenya.


  • 31. Juli: De Robert Mugabe gëtt als President vum Simbabwe erëmgewielt.


  • 11. August: Den Ibrahim Boubacar Keïta gewënnt d'Presidentschaftswalen am Mali.


Amerika |



USA |



  • 20. Januar: De Barack Obama leet den Eed fir seng zweet Amtszäit als President vun de Vereenegte Staaten of.


Mëttel- a Südamerika |



  • 17. Februar: De Rafael Correa gëtt zum President vun Ecuador erëmgewielt.


  • 14. Abrëll: Den Nicolás Maduro, bis dohin Interims-President, gewënnt knappss d'Presidentewalen am Venezuela.


  • 21. Abrëll: Den Horacio Cartes gëtt zum President vu Paraguay gewielt.


  • 10. Mee: De fréiere President vu Guatemala Efraín Ríos Montt gëtt zu 80 Joer Prisong wéinst Vëlkermord a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet veruerdeelt.


  • 15. Dezember: D'Michelle Bachelet gewënnt d'Presidentewalen am Chile.


Asien |



  • 18. Februar: Bei de Presidentewalen an Armenien gëtt de Sersch Sargsjan a sengem Amt confirméiert.


  • 25. Februar: D'Park Geun-hye trëtt hiert Amt als Presidentin vu Südkorea un.


  • 14. Mäerz: De Xi Jinping gëtt Staatspresident vun der Volleksrepublik China.


  • 24. Abrëll: Zu Savar bei Dhaka (Bangladesch) stierwen iwwer 1100 Mënschen, wéi eng Kleederfabréck an e Koup fält.


  • 05. Mee: A Malaysia gewënnt d'Regierungs-Allianz Barisan Nasional vum Premierminister Najib Razak d'Parlamentswalen.


  • 11. Mee: De Nawaz Sharif gewënnt d'Presidentewalen a Pakistan, hien trëtt säin Amt de 5. Juni un.


  • 14. Juni: Den Hassan Rohani gëtt zum neie President vum Iran gewielt; en trëtt säin Amt den 3. August un.

  • Mëtt Juni: Bei schroen Iwwerschwemmungen an Indien kommen am Ganzen iwwer 5.700 Leit ëm d'Liewen.


  • 27. Juni: Den Tsachiagiin Elbegdordj gëtt zum President vun der Mongolei erëmgewielt.


  • 30. Juli: De Mamnoon Hussain gëtt zum neie President vu Pakistan gewielt.


  • 10. Oktober: Den İlham Əliyev gëtt als President vun Aserbaidschan erëmgewielt.


  • 27. Oktober: De Georgi Margwelaschwili gewënnt d'Presidentschaftswalen a Georgien; hien trëtt de 17. November säin Amt un.


  • 08. November: Op de Philippinnen kommen duerch den Taifun Haiyan tëscht 5.000 a 6.000 Leit ëm d'Liewen.


  • 16. November: Den Abdulla Yameen gëtt President op de Maldiven.


Ozeanien & Pazifik |



  • 07. September: Eng Mëtt-riets Koalitioun gewënnt d'Parlamentswalen an Australien; den Tony Abbott gëtt den 18. September 2013 zum Premierminister ernannt.


Arabesch Welt an Noen Osten |



  • 25. Juni: De Scheich Tamim bin Hamad Al Thani trëtt d'Nofolleg vu sengem Papp als Staatschef vu Qatar un.


  • 03. Juli: Militärputsch géint den egyptesche President Mohammed Mursi.


Konscht a Kultur |


  • 1. Januar - 31. Dezember: Marseille a Košice sinn Europäesch Kulturhaaptstad.


Molerei |



Literatur |



  • Servais-Präis fir dem Pol Greisch säi Monni aus Amerika.


Musek |



Kino |



  • César fir de beschte Film fir dem Michael Haneke säin Amour.


  • Oscar fir de beschte Film fir dem Ben Affleck säin Argo


  • Gëlle Palm fir de beschte Film fir dem Abdellatif Kechiche säi La vie d'Adèle.


Ekonomie |



Wëssenschaft an Technik |



  • 14. Dezember: D'chinesesch Raumsond Chang'e-3 lant um Mound a setzt e Rover mam Numm Yutu ("Hues aus Jade") aus.


Astronomie |



  • 15. Februar: E Meteor zerbascht a fält bei Tscheljabinsk erof.


  • 15. Februar: Den äerdnoen Asteroid 2012 DA14 flitt just 27.000 km laanscht d'Äerd.


Sport |



  • 29. Juni-21. Juli: 100. Editioun vum Tour de France.


Lëtzebuerg |



  • 05. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Valence 1:1 géint Armenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[1]


  • 22. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:0 géint Aserbaidschan.[2]


  • 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Finnland.[3]


  • 27. Mee-1. Juni: Bei de Spiller vun de klenge Länner, déi zu Lëtzebuerg organiséiert ginn, gewannen déi Lëtzebuerger Sportler déi meescht Medailen.


  • 07. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Baku, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 1:1 géint Aserbaidschan. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Stefano Bensi geschoss.[4]


  • 14. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Litauen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Aurélien Joachim an de Stefano Bensi geschoss.[5]


  • 06. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Kazan (Russland), am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 1:4 géint Russland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[6]


  • 10. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 3:2 géint Nordirland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Aurélien Joachim, Stefano Bensi a Mathias Jänisch geschoss.[7]


  • 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:4 géint Russland.[8]


  • 15. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Coimbra (Portugal), am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:3 géint Portugal.[9]


  • 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, bei engem Frëndschaftsmatch, 1:4 géint Montenegro.[10]


Gebuer |



Gestuerwen |



  • 04. Januar: Thomas Holtzmann, däitsche Schauspiller.


  • 09. Januar: James M. Buchanan, US-amerikaneschen Ekonomist.


  • 12. Januar: Jean Krier, lëtzebuergeschen Dichter.


  • 13. Januar: Laurent Koster, lëtzebuergesche Bariton.


  • 14. Januar: Conrad Bain, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 15. Januar: Nagisa Oshima, japanesche Regisseur.


  • 17. Januar: Rolf Wilhelm, däitsche Komponist an Dirigent.


  • 19. Januar: Stewart Sharpless, US-amerikaneschen Astronom.


  • 21. Januar: Michael Winner, britesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.


  • 05. Februar: Gast Michels, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.


  • 13. Februar: Georges Wohlfart, lëtzebuergesche Politiker.


  • 20. Februar: Jean Ley, eelste Lëtzebuerger.


  • 21. Februar: Auguste-Charles Laval, lëtzebuergeschen Entreprener.


  • 22. Februar: Wolfgang Sawallisch, däitschen Dirigent a Pianist.

  • 22. Februar: Josy Asselborn, lëtzebuergesche Museksprofesser a Komponist.


  • 26. Februar: Marie-Claire Alain, franséisch Organistin.


  • 27. Februar: Stéphane Hessel, franséischen Diplomat, Resistenzler an Auteur.

  • 27. Februar: Dale Robertson, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 01. Mäerz: Jacques Bach, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 04. Mäerz: Jérôme Savary, franséische Regisseur.


  • 05. Mäerz: Hugo Chávez, venezuelanesche Politiker.


  • 05. Mäerz: Aly Schroeder, lëtzebuergesche Politiker.


  • 08. Mäerz: Damiano Damiani, italienesche Regisseur an Auteur.


  • 11. Mäerz: Raymond Kirsch, lëtzebuergesche Jurist an Ekonomist.


  • 13. Mäerz: Rosemarie Fendel, däitsch Schauspillerin a Synchronspriecherin.


  • 17. Mäerz: Annette Schwall-Lacroix, lëtzebuergesch Juristin an Affekotin.


  • 28. Mäerz: Richard Griffiths, britesche Schauspiller.


  • 04. Abrëll: Roger Ebert, US-amerikanesche Filmkritiker.


  • 04. Abrëll: Carmine Infantino, US-amerikanesche Comicszeechner.


  • 08. Abrëll: Sara Montiel, spuenesch Schauspillerin.


  • 08. Abrëll: Margaret Thatcher, britesch Politikerin.


  • 10. Abrëll: Robert Edwards, britesche Physiolog an Nobelpräisdréier.


  • 11. Abrëll: Jonathan Winters, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 22. Abrëll: Vivi Bach, dänesch Sängerin, Schauspillerin an TV-Moderatorin.

  • 22. Abrëll: Richie Havens, US-amerikanesche Folk-Sänger.


  • 26. Abrëll: Adalbert Boros, ungareschen Ingenieur.


  • 27. Abrëll: Jean-Paul Frisch, lëtzebuergesche Museker a Komponist.


  • 02. Mee: Norbert Thill, lëtzebuergesche Musekserzéier, Fotograf, Organist an Auteur.


  • 04. Mee: Christian de Duve, belsche Biolog an Nobelpräisdréier.


  • 06. Mee: Giulio Andreotti, italienesche Politiker.


  • 07. Mee: Ray Harryhausen, US-amerikanesche Filmproduzent an Tricktechniker.


  • 07. Mee: Lotte Koch, däitsch Schauspillerin.


  • 08. Mee: Bryan Forbes, britesche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur


  • 09. Mee: Alfredo Landa, spuenesche Schauspiller.


  • 17. Mee: Philippe Gaumont, franséische Vëlossportler.

  • 17. Mee: Jorge Videla, argentinesche Militär a Staatschef.


  • 20. Mee: Ray Manzarek, US-amerikanesche Museker.


  • 23. Mee: Georges Moustaki, franséische Chansonnier.


  • 28. Mee: Eddi Arent, däitsche Schauspiller.


  • 06. Juni: Esther Williams, US-amerikanesch Schauspillerin a Schwëmmerin.


  • 06. Juni: Edmond Pepin, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Resistenzler an Auteur.


  • 07. Juni: Pierre Mauroy, franséische Politiker.


  • 09. Juni: Walter Jens, däitsche Schrëftsteller an Historiker.


  • 15. Juni: José Froilán González, argentinesche Formel-1 Fuerer.


  • 16. Juni: Hans Hass, éisträichesche Biolog an Dauchpionéier.

  • 16. Juni: Will Hoffmann, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.


  • 19. Juni: James Gandolfini, US-amerikanesche Schauspiller.

  • 19. Juni: Gyula Horn, ungaresche Politiker.


  • 26. Juni: Bert Stern, US-amerikanesche Fotograf.


  • 30. Juni: Roger Kahane, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 02. Juli: Douglas C. Engelbart, US-amerikaneschen Erfinder.


  • 07. Juli: Charles Sowa, lëtzebuergesche Sportler.


  • 12. Juli: Pran, indesche Schauspiller.


  • 21. Juli: Denys de La Patellière, franséische Filmregisseur.


  • 25. Juli: Bernadette Lafont, franséisch Schauspillerin.


  • 26. Juli: J. J. Cale, US-amerikanesche Museker.


  • 31. Juli: Michael Ansara, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 05. August: George Duke, US-amerikaneschen Jazzmuseker.


  • 08. August: Karen Black, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.


  • 26. August: Luigi Lucchini, italieneschen Entreprener.


  • 29. August: Bruce C. Murray, US-amerikanesche Geolog a Planetolog.


  • 30. August: Seamus Heaney, iresche Schrëftsteller.


  • 02. September: Ronald Coase, briteschen Ekonomist; Nobelpräisdréier.


  • 09. September: Alberto Bevilacqua, italieneschen Auteur, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Journalist.


  • 11. September: Nic Weber, lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.


  • 12. September: Otto Sander, däitsche Schauspiller.


  • 18. September: Marcel Reich-Ranicki, däitsche Literaturkritiker.


  • 22. September: Paul Kuhn, däitsche Museker a Schauspiller.


  • 28. September: Marc Faber, lëtzebuergesche Schauspiller.


  • 01. Oktober: Tom Clancy, US-amerikanesche Schrëftsteller.


  • 01. Oktober: Giuliano Gemma, italienesche Schauspiller.


  • 04. Oktober: Võ Nguyên Giáp, vietnamesesche Generol a Politiker.


  • 05. Oktober: Carlo Lizzani, italienesche Filmregisseur.


  • 07. Oktober: Patrice Chéreau, franséische Regisseur a Schauspiller.


  • 09. Oktober: Daniel Duval, franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 10. Oktober: Wilfried Martens, belsche Politiker.


  • 11. Oktober: Pierre Massimi, franséische Schauspiller.


  • 12. Oktober: George Howard Herbig, US-amerikaneschen Astronom.


  • 16. Oktober: Ed Lauter, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 19. Oktober: Georges Descrières, franséische Schauspiller.


  • 21. Oktober: Aldo Bolzan, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 23. Oktober: Mathias Greisch, lëtzebuergesche Politiker.


  • 25. Oktober: Hal Needham, US-amerikanesche Cascadeur, Filmregisseur a Schauspiller.


  • 27. Oktober: Lou Reed, US-amerikanesche Museker.


  • 27. Oktober: Luigi Magni, italienesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 28. Oktober: Tadeusz Mazowiecki, polnesche Journalist a Politiker.


  • 04. November: Hans von Borsody, däitsche Schauspiller.


  • 07. November: Manfred Rommel, däitsche Politiker.


  • 07. November: Yvonne Frisch-Urbany, lëtzebuergesch Autorin.


  • 12. November: John Tavener, englesche Komponist.


  • 13. November: Eugène Hanck, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.


  • 17. November: Doris Lessing, britesch Schrëftstellerin.


  • 19. November: Frederick Sanger, britesche Chemiker an Nobelpräisdréier.


  • 20. November: Dieter Hildebrandt, däitsche Kabarettist.


  • 22. November: Georges Lautner, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 24. November: Josy Schlang, NS-Affer, leschte lëtzebuergeschen Zäitzeie vun Auschwitz.


  • 30. November: Chris Howland, britesche Schlagersänger, Radio- a Fernsehmoderator a Schauspiller.


  • 05. Dezember: Nelson Mandela, südafrikanesche Biergerrechtler, Politiker a President.


  • 07. Dezember: Edouard Molinaro, franséische Filmregisseur.


  • 12. Dezember: Audrey Totter, US-amerikanesch Filmschauspillerin.


  • 14. Dezember: Louis Soulanes, franséische Filmregisseur.

  • 14. Dezember: Peter O'Toole, iresche Schauspiller.


  • 15. Dezember: Joan Fontaine, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 17. Dezember: Robert Weides, lëtzebuergeschen Ekonomist.


  • 20. Dezember: Jean Turk, lëtzebuergeschen Ingenieur a Mykolog.


  • 26. Dezember: Marta Eggerth, ungaresch-US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 27. Dezember: Erica Beer, däitsch Schauspillerin.


  • 28. Dezember: Halton Arp, US-amerikaneschen Astronom.


  • 29. Dezember: Wojciech Kilar, polnesche Komponist.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 2013 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. De Lännermatch Armenien-Lëtzebuerg de 5. Februar 2013 op wort.lu


  2. Reportage vum Lännermatch Lëtzebuerg-Aserbaidschan den 22. Mäerz 2013 op wort.lu


  3. Reportage iwwer de Lännermatch Lëtzebuerg-Finnland de 26. Mäerz 2013 op tageblatt.lu


  4. WM-Qualifikation: Bensi trifft und vergibt 1:1-Unentschieden der FLF-Auswahl in Aserbaidschan Artikel op wort.lu vum 7. Juni 2013 ofgeruff den 9. Juni 2013


  5. FLF-Auswahl siegt gegen Litauen: Hier sind die Reaktionen Artikel op wort.lu vum 14. August 2013 ofgeruff de 14. August 2013


  6. Reportage iwwer de Foussballlännertmatch Russland -Lëtzebuerg de 6. September 2013 zu Kazan op wort.lu


  7. Artikel iwwer de Lännermatch Lëtzebuerg-Nordirland vum 10. September 2013 op wort.lu


  8. Football: WM-Qualifikatiounsmatch Lëtzebuerg-Russland 0:4 op sport.rtl.lu


  9. Football: Lëtzebuerg géint Portugal ouni Fortune op sport.rtl.lu


  10. "Football: Lëtzebuerg verléiert 1-4 géint Montenegro" op rtl.lu.




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=2013&oldid=2145306“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.232","walltime":"0.350","ppvisitednodes":"value":1098,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":7566,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":4417,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 205.994 1 -total"," 7.82% 16.106 1 Schabloun:4.Oktober"," 7.48% 15.406 1 Schabloun:Referenzen"," 4.95% 10.207 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 4.27% 8.800 1 Schabloun:Commonscat"," 2.76% 5.690 1 Schabloun:1._Januar"," 2.73% 5.617 1 Schabloun:Commons"," 2.45% 5.044 1 Schabloun:Clr"," 2.38% 4.893 1 Schabloun:2._Juli"," 2.06% 4.241 1 Schabloun:7._Abrëll"],"cachereport":"origin":"mw1320","timestamp":"20190410111353","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":162,"wgHostname":"mw1332"););

Popular posts from this blog

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?