Skip to main content

Chef-lieu Inhaltsverzeechnes Zu Lëtzebuerg | An der Belsch | A Frankräich | An der Schwäiz | Kuriéises | Aussprooch | Navigatiounsmenü

Geographie


DistrikterKantonen102GemengenGemengbelsche ProvënzenAntwerpenLéckNamouerDepartementPrefecturePrefetRegiounSous-prefectureSous-prefetKantonAdamstownPitcairnChef-d'œuvre












Chef-lieu




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


De Chef-lieu ass eng Uertschaft oder eng Stad déi an enger administrativer oder territorialer Ënnerdeelung eng bestëmmt Funktioun z'erfëllen huet.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Zu Lëtzebuerg


  • 2 An der Belsch


  • 3 A Frankräich


  • 4 An der Schwäiz


  • 5 Kuriéises


  • 6 Aussprooch




Zu Lëtzebuerg |


Lëtzebuerg ass ënnerdeelt an 3 Distrikter, 12 Kantonen an 102 Gemengen. Eng Gemeng besteet aus enger oder méi Uertschaften. All Distrikt, Kanton a Gemeng huet säi Chef-lieu. Dat ass déi Uertschaft wou gemenkerhand de Verwaltungssëtz ass. Den Numm vun der Gemeng muss net identesch mam Numm vum Chef-lieu sinn.



An der Belsch |


De Chef-lieu ass den Haaptuert mam Verwaltungssëtz vun den 10 belsche Provënzen. Dräi dovun hunn der Provënz och hiren Numm ginn: (Antwerpen, Léck an Namouer).



A Frankräich |


De Chef-lieu vum Departement, allgemeng Prefecture genannt, ass déi Uertschaft oder Stad wou de Prefet an d'Verwaltung vum Departement, an engem Gebai wat normalerweis och Prefecture genannt gëtt, hire Sëtz hunn. An all franséisch Regioun huet een Departement méi eng héich Positioun wéi déi aner a säi Prefet dréit den Titel Préfet de la région X…, préfet du département Y… an d'Uertschaft wou säi Sëtz ass gëtt als Chef-lieu vun der Regioun oder als Préfecture de région betitelt.


De Chef-lieu vum Arrondissement, allgemeng Sous-prefecture genannt, ass déi Uertschaft oder Stad wou de Sous-prefet an d'Verwaltung vum Arrondissement, an engem Gebai wat normalerweis och Sous-prefecture genannt gëtt, hire Sëtz hunn. Deen Arrondissement wou d'Prefecture vum Departement doheem ass huet kee Sous-prefet a keng Prefecture. De Secrétaire général de la préfecture vum Departement ass gewéinlech zoustänneg fir d'Verwaltung an huet d'Funktioun vum Sous-prefet vun deem Arrondissement.


De Chef-lieu vum Canton huet nëmmen den Zweck fir dem Canton en Numm ze ginn. De Canton ass eng administrativ Ënnerdeelung vum Departement. Normalerweis ass déi Gemeng déi am meeschten Awunner huet de Chef-lieu vum Canton, huet haut awer keng administrativ Servicer méi (ausser de Gemengeservicer). Fréier gouf et an all Chef-lieu vun engem Canton eng Gendarmerie, e Steierbüro an e Friddensgeriicht.


De Chef-lieu vun der Gemeng ass den Haaptuert vun der Gemeng a gëtt hir och gemengerhand den Numm.



An der Schwäiz |


Den Terme Chef-lieu gëtt gebraucht fir d'Haaptstad vun engem schwäizer Kanton ze betitelen. A 16 vun de 26 Kantonen an Hallef-Kantonen ass den Territoire an Distrikter ënnerdeelt. All Distrikt huet e Chef-lieu an e Prefet.



Kuriéises |


Dee klengste Chef-lieu vun der Welt mat 45 Awunner ass Adamstown op der Insel Pitcairn.



Aussprooch |


Am Wuert Chef-lieu gëtt den f ausgeschwat (grad wéi am Wuert Chef eleng) am Géigesaz zu Chef-d'œuvre, wou den „f“ net ausgeschwat gëtt.









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Chef-lieu&oldid=1781607“










Navigatiounsmenü


























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.012","walltime":"0.018","ppvisitednodes":"value":40,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":56,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":2,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 2.453 1 Schabloun:Gemengenzuel","100.00% 2.453 1 -total"],"cachereport":"origin":"mw1252","timestamp":"20190409105325","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":108,"wgHostname":"mw1271"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?