Skip to main content

2014 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Katastrophen | Konscht a Kultur | Ekonomie | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüSigma-RapportLëtzebuerg an de Cap Vert trenne sech 0-01:5 verléieren d'Rout Léiwe géint déi Rout DäiwelenDe Lännermatch Italien-Lëtzebuerg vum 4. Juni 2014 op der Websäit eu-football.infoDe Lännermatch Lëtzebuerg-Wäissrussland vum 8. September 2014 op der Websäit eu-football.infoDe Lännermatch Mazedonien-Lëtzebuerg vum 9. Oktober 2014 op der Websäit eu-football.infoDe Lännermatch Lëtzebuerg-Spuenien vum 12. Oktober 2014 op der Websäit eu-football.infoDe Lännermatch Lëtzebuerg-Ukrain vum 15. November 2014 op der Websäit eu-football.info

Joren (21. Joerhonnert)2014


◄20. Joerhonnert◄◄◄20102011201220132015201620172018►►►MëttwochÄerdbiewenchinesescherProvënz YunnanAugust












2014




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
 
 
◄◄ |
◄ |
2010 |
2011 |
2012 |
2013 |
2014
| 2015
| 2016
| 2017
| 2018
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 2014.


D'Joer 2014 huet op engem Mëttwoch ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Mëttel- a Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Arabesch Welt an Noen Osten



  • 2 Katastrophen


  • 3 Konscht a Kultur

    • 3.1 Molerei


    • 3.2 Literatur

      • 3.2.1 Lëtzebuerg



    • 3.3 Musek


    • 3.4 Kino

      • 3.4.1 Lëtzebuerg




  • 4 Ekonomie


  • 5 Wëssenschaft an Technik

    • 5.1 Raumfaart



  • 6 Sport

    • 6.1 Lëtzebuerg



  • 7 Gebuer


  • 8 Gestuerwen


  • 9 Um Spaweck


  • 10 Referenzen




Evenementer |



Europa |



  • 01. Januar: Lettland gëtt Member vun der Eurozon a féiert den Euro als Währung an.


  • 22. Januar: D'Laimdota Straujuma gëtt nei Premièreministesch a Lettland.


  • 29. Januar: De Bohuslav Sobotka gëtt als neie Premierminister an Tschechien vereedegt.


  • 18. Februar: D'Protester op der Maidan-Plaz zu Kiew, an der Ukrain, déi zanter dem 21. November 2013 am Gaang sinn, eskaléieren; et kënnt zu 77 Doudeger, wouropshin d'Parlament den 22. Februar de President Wiktor Janukowytsch fir ofgesat erkläert. Gläichzäiteg fänkt de Konflikt mat Russland ëm d'Krim un.


  • 22. Februar: De Matteo Renzi gëtt neie Conseilspresident (Premierminister) an Italien.


  • 16. Mäerz: Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Serbien gewënnt dem Aleksandar Vučić seng Fortschrëttsparei d'Majoritéit vun de Sëtzer.


  • 18. Mäerz: No engem Refrendum, de 16. Mäerz, deklaréiert d'russesch Regierung d'Republik Krim an d'Stad Sewastopol, déi bis dohin zu der Ukrain gehéiert hunn, zu zwéin neie Federatiounssujete vu Russland.


  • 26. Mäerz: Den Taavi Rõivas gëtt neie Premierminister an Estland, nodeem den Andrus Ansip de 4. Mäerz zréckgetruede war.


  • 29. Mäerz: Den Andrej Kiska gewënnt am 2. Tour d'Presidentewalen an der Slowakei, hie gëtt de 15. Juni vereedegt.


  • 02. Abrëll: Nom Récktrëtt vum Jean-Marc Ayrault senger Regierung, den 30. Mäerz, ernennt de François Hollande de Manuel Valls zum neie franséische Premierminister.


  • 04. Abrëll: D'Marie Louise Coleiro Preca gëtt als nei Presidentin vu Malta vereedegt.


  • 06. Abrëll: Bei de Parlamentswalen an Ungarn behält d'Fidesz-KDNP-Koalitioun hir Majoritéit; de Premier Viktor Orbán gëtt den 10. Mee a senger Fonctioun confirméiert.


  • 27. Abrëll: Virgezunne Parlaments- a Presidentschaftswalen a Mazedonien. De Gjorge Ivanov gëtt als President erëmgewielt.


  • 18. Mee: Iwwer 50 Doudesaffer bei Iwwerschwemmungen a Südosteuropa, besonnesch an de Balkan-Länner.


  • 25. Mee: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament huet d'Europäesch Vollekspartei déi meeschte Sëtzer kritt (214; 28,5 %) Zweetstäerkst Fraktioun ginn d'Sozialdemokrate mat 191 Sëtz (25,4 %). An Dänemark, Frankräich a Groussbritannien hunn (extrem)riets Gruppéiereungen, déi géint d'Europäesch Unioun sinn, staark u Sëtzer gewonnen oder goufe stäerkst Partei. Mat populistesche Parteie vu soss an Europa fale sou bal e Véirel vun de Sëtzer un euroskeptesch Protestparteien. Gréng a liberal Parteie kommen op 6,9 %, resp. 8,5 %.

  • 25. Mee: An der Belsch gewënnt bei de Parlamentswalen d'Nieuw-Vlaamse Alliantie (NVA) staark u Sëtzer bäi.

  • 25. Mee: De Petro Poroschenko gewënnt d'Presidentewalen an der Ukrain, hie gëtt de 7. Juni vereedegt.

  • 25. Mee: D'Dalia Grybauskaitė gëtt bei de Presidentewalen a Litauen an hirer Fonctioun erëmgewielt.


  • 18. Juni: De spuenesche Kinnek Juan Carlos dankt zu Gonschte vu sengem Jong Felipe of, deen deen Dag drop säin Nofolger gëtt.


  • 24. Juni: Nom Récktrëtt vum Jyrki Katainen gëtt den Alexander Stubb neie Premierminister a Finnland.


  • 13. Juli: Neiwale fir dat Slowenescht Parlament, nom Récktrëtt vun der Premierministesch Alenka Bratušek, de 5. Mee. De Miro Cerar gëtt de 25. August neie Premierminister.


  • 15. Juli: D'Europäescht Parlament wielt de Jean-Claude Juncker zum neie President vun der Europäescher Kommissioun.


  • 17. Juli: Nodeems sech an de Méint virdrun an der Ost-Ukrain pro-russesch Milizen gebilt hunn, déi sech vun der Ukrain wëllen onofhängeg maachen, gëtt e Linnefluch vun der Malaysian Airlines um Wee op Kuala-Lumpur iwwer dem Dombass ofgeschoss, all 298 Leit u Bord stierwen.


  • 25. Juli: De Wolodymyr Hrojsman gëtt neie Premierminister an der Ukrain, nom Récktrëtt vum Arseni Jatseniuk, deen Dag vidsrun.


  • 30. August: Op engem informelle Conseil vun europäesch Staats- a Regierungscheffe gëtt den Donald Tusk zum neie Conseilspresident; d'Federica Mogherini zu der neier Héijer Representantin vun der Unioun fir Aussen- a Sécherheetspolitik ernannt. Si trieden hiert Mandat den 1. Dezember, resp. 1. November un.


  • 18. September: Bei engem Referendum huet sech d'Bevëlkerung vu Schottland majoritär dofir entscheet, Deel vum Vereenegte Kinnekräich ze bleiwen.


  • 22. September: D'Ewa Kopacz gëtt als nei Premierministesch vu Polen vereedegt.


  • 02. Oktober: De Stefan Löfven gëtt neie Premierminister a Schweden, nodeems seng Partei bei de Parlamentswale vum 14. September déi meeschte Stëmme krut.


  • 03. Oktober: Grënnung vun der Europapartei Bewegung fir en Europa vun den Natiounen an de Fräiheeten


  • 11. Oktober: No de Parlamentswale vum 25. Mee gëtt an der Belsch déi nei mëtt-riets Regierung ënner dem Charles Michel vereedegt.


  • 01. November: D'Kommissioun Juncker trëtt hir Aarbecht un.


  • 17. November: De Klaus Johannis gewënnt am zweeten Tour d'Presidentewalen a Rumänien, hie gëtt den 21. Dezember vereedegt.


Lëtzebuerg |


  • 25. Mee: Bei den Europawalen zu Lëtzebuerg kritt d'CSV 3 Sëtzer, an d'DP, déi gréng an d'LSAP jee een, d'selwecht wéi d'virescht Legislaturperiod.


  • 04. Juni: D'Chamber stëmmt mat grousser Majoritét dofir, nees en Tram an der Stad Lëtzebuerg fueren ze loossen.


  • 18. Juni: D'Chamber stëmmt e Gesetz, dat d'Bestietnes reforméiert; ë. a. ginn homosexuell Koppelen deenen heterosexuelle gläichgestallt.


Afrika |



  • Zanter dem Ufank vum Joer: Biergerkrich am Südsudan; bis Enn Juli 2014 gëtt et zéngdausende vun Doudegen an 1,2 Milliouen Leit, déi aus dem Krichsgebitt hu misse fortlafen.


  • 20. Januar: D'Catherine Samba-Panza gëtt Interims-Presidentin vun der Zentralafrikanescher Republik.


  • 17. Abrëll: Den algeresche Staatspresident Abdelaziz Bouteflika gëtt bei de Presidentschaftswale mat 81,53 % vun de Stëmme fir e véiert Mandat erëmgewielt.


  • 10. Mee: Bei de Parlamentswalen a Südafrika kritt den ANC d'Majoritéit vun de Stëmmen. De Jacob Zuma gëtt de 24. Mee fir eng zweet Amtszäit als President vereedegt.


  • 26.-28. Mee: Bei de Presidentewalen an Egypten gewënnt den Arméichef Abdel Fattah al-Sissi. Hien trëtt den 8. Juni säin Amt un.


  • 31. Mee: De Peter Mutharika gëtt zum President vu Malawi gewielt.


  • 21. Juni: De Mohamed Ould Abdel Aziz gëtt als President vu Mauretanien erëmgewielt.


  • 23. Juni: De José Mário Vaz fänkt säi Mandat als President vu Guinea-Bissau un.


  • 04. Juli: Den Domingos Simões Pereira gëtt neie Premierminister vu Guinea-Bissau.


  • 06. Juli: De Mohamed Dionne gëtt zum neie Premierminister vum Senegal ernannt.


Amerika |



USA |



Mëttel- a Südamerika |



  • 27. Januar: De Juan Orlando Hernández trëtt säin Amt un als President vun Honduras.


  • 02. Februar: Legislativ- a Presidentewalen a Costa Rica; de Luis Guillermo Solís gëtt den 8. Mee zum President ernannt.


  • 06. Mäerz: De Salvador Sánchez Cerén gewënnt d'Presidentewalen an El Salvador; hien trëtt säin Amt den 1. Juni un.


  • 11. Mäerz: D'Michelle Bachelet trëtt hiert zweet Mandat als Presidentin vum Chile un.


  • 15. Juni: Bei de Presidentewalen a Kolumbien gëtt den amtéierende President Juan Manuel Santos erëmgewielt.


  • 01. Juli: De Juan Carlos Varela gëtt offiziell President vu Panama.


  • 06. Oktober: D'Dilma Rousseff gëtt bei de brasilianesche Presidentewalen am zweeten Tour erëmgewielt.


  • 12. Oktober: Den Evo Morales gëtt als President vu Bolivien erëmgewielt.


  • 30. November: Den Tabaré Vázquez gewënnt am Zweeten Tour d'Presidentewalen an Uruguay.


  • 21. Dezember: D'Florence Duperval Guillaume gëtt zur Premierministesch vun Haïti ernannt.


Asien |



  • 02. Februar: Parlamentswalen an Thailand.


  • 08. Mäerz: De Fluch MH370 vun de Malaysia Airlines verschwënnt am Indeschen Ozean. Trotz wochelaanger Sich kënne keng Reschter vum Fliger fonnt ginn. Et gëtt ugeholl, datt keen u Bord d'Ongléck iwwerlieft huet.


  • 08. Abrëll-16. Mee: D'Parlamentswalen an Indien gi vun der oppositioneller BJP ënner dem Narendra Modi gewonnen, deen neie Premierminister gëtt.


  • 13. Mee: Bei engem Feier an enger Minière am tierkesche Soma stierwen iwwer 300 Mënschen.


  • 22. Mee: Putsch an Thailand vum Generol Prayuth Chan-ocha, nodeems d'Premierministesch Yingluck Shinawatra de 7. Mee vum Verfassungsgeriicht fir ofgesat erkläert gi war.


  • 29. Mee: D'Presidente vu Russland, Kasachstan a Wäissrussland ënnerschreiwen en Traité fir eng Eurasiesch Wirtschaftsunioun ze grënnen.


  • 02. Juni: Telangana gëtt offiziell den 29. Budesstaat vun Indien.


  • 09. Juli: Presidenteswalen an Indonesien; de Joko Widodo gëtt den 22. Juli zum Gewënner proklaméiert an den 20. Oktober vereedegt.


  • 28. August: De Recep Tayyip Erdoğan gëtt als President vun der Tierkei vereedegt, nodeems hien den 10. August d'Wale fir dat Amt gewonnen hat. De 27. August gëtt den Ahmet Davutoğlu säin Nofolger als Regierungschef.


  • 17. September: Éischt Parlamentswalen no 8 Joer Militärdiktatur op de Fidschi-Inselen.


Ozeanien & Pazifik |



  • 20. September: De Premierminister John Key gewënnt mat senger National Party (Mëtt-riets) d'Parlamentswalen an Neiséiland.


Arabesch Welt an Noen Osten |



  • uechtert d'Joer: De Biergerkrich a Syrien geet weider.


  • uchtert d'Joer: De Biergerkrich am Irak geet weider.


  • 08. Juli: Ufank vun der Offensiv Protective Edge vun der israelescher Arméi géint d'Hamas an aner militant palestinensesch Gruppen an der Gazasträif. Bis de 26. Juli gëtt et iwwer 1000 Doudeger.


  • 24. Juli: De Fuad Massum gëtt vum irakesche Parlament zum Staatspresident gewielt.


  • 22. Dezember: De Beji Caid el Sebsi gëtt am zweeten Tour zum neie President vun Tunesien gewielt.


Katastrophen |


2014 hunn eppes méi wéi 12 700 Persounen als Folleg vun techneschen oder natierleche Katastrophen d'Liewe verluer oder goufen als vermësst erkläert, wat an der Geschicht vun de Katastrophen eng vun den niddregsten Zuelen trotz der gréisster Zuel vu Katastrophen an engem Joer ass. Et war mol net d'Halschent vun 2013, a louch wäit ënner der Joresmoyenne vu 66.000 zënter 1990. Dat déitlechst Evenement war en Äerdbiewen an der chinesescher Provënz Yunnan am August mat op d'mannst 731 Affer.[1]



Konscht a Kultur |


  • 1. Januar - 31. Dezember: Riga (Lettland) an Umeå (Schweden) sinn Europäesch Kulturhaaptstied 2014.


Molerei |



Literatur |



Lëtzebuerg |



  • Batty-Weber-Präis fir de Lambert Schlechter


  • Servais-Präis fir dem Nico Helminger säin Abrasch.


Musek |



  • 9. November: Trennung vun der lëtzebuergescher Metalband Falling Promises


Kino |



  • César fir de beschte Film: Les garçons et Guillaume à table vum Guillaume Gallienne.


  • Oscar fir de beschte Film: Twelve Years a Slave vum Steve McQueen.


  • Gëlle Palm vum Filmfestival vu Cannes fir de beschte Film: Kış Uykusu (en: Winter Sleep) vum Nuri Bilge Ceylan.


Lëtzebuerg |



  • Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Film: Doudege Wénkel vum Christophe Wagner.

  • Déi lëtzebuergesch-franséisch Produktioun Mr Hublot gewënnt den Oscar fir dee beschten Animatiouns-Kuerzfilm.

  • Première vun: Heemwéi, Succès Fox, Never Die Young, E Futtballspill am Schnéi...


Ekonomie |


  • November: En décke Pak bis dohin net bekannte Steier-Accorden tëscht multinationalen Entreprisen an de Lëtzebuerger Steieradministratioun ginn duerch déi sougenannt LuxLeaks via e Grupp vu Journalisten an de Medie bekannt gemaach a léisen eng international Debatt iwwer Steiervermeidung aus.


Wëssenschaft an Technik |



Raumfaart |



  • 28. Oktober: An der Raumfaartgare Wallops op der Ostküst vu Virginia explodéiert beim Start eng Rakéit vum Typ Antares mat der Transportkapsel Cygnus déi sollt Material op d'ISS bréngen.


  • 12. November: De Lander Philae vun der europäescher Rosetta-Missioun lant als éischt Sond op engem Koméit, dem 67P/Tschurjumow-Gerassimenko.


Sport |



  • 7. - 23. Februar: Olympesch Wanterspiller zu Sotschi.


  • 13. Juni - 13. Juli: 20. Foussball-Weltmeeschterschaft a Brasilien. Déi däitsch Nationalequipe gewënnt an der Finall mat 1:0 géint déi argentinesch.


  • 27. Juli: De Vincenzo Nibali gewënnt den Tour de France 2014.


Lëtzebuerg |



  • 05. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel 0:0 géint de Kap Verde.[2]


  • 26. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Genk bei engem Trainingsmatch 1:5 géint d'Belsch, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[3]


  • 04. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Perugia 1:1 géint Italien, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Maxime Chanot geschoss.[4]


  • 08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1.1 géint Wäissrussland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lars Gerson geschoss.[5]


  • 09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Skopje am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:3 géint Mazedonien, d'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Stefano Bensi an den David Turpel geschoss.[6]


  • 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[7]


  • 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.[8]


  • 04. Dezember: D'Jenny Warling an de Gilles Müller gi Lëtzebuergesch Sportler vum Joer; d'Dëschtennis-Nationalequipe vun den Dammen d'Equipe vum Joer.


Gebuer |



Gestuerwen |



  • 03. Januar: Robert Diligent, franséische Journalist an Televisiouns-Moderateur.


  • 05. Januar: Eusébio, portugisesche Foussballspiller.


  • 09. Januar: Lorella De Luca, italienesch Schauspillerin.


  • 11. Januar: Arnoldo Foà, italienesche Schauspiller.

  • 11. Januar: Vüqar Həşimov, aserbaidschanesche Schachgroussmeeschter.

  • 11. Januar: Ariel Sharon, israelesche Politiker.


  • 14. Januar: Jean-Pierre Adam, lëtzebuergesche Moler, Graveur a Sculpteur.

  • 14. Januar: Fernand Brosius, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 20. Januar: Claudio Abbado, italieneschen Dirigent.


  • 22. Januar: Fred Bertelmann, däitsche Schlagersänger a Schauspiller.


  • 23. Januar: Henri Ackermann, lëtzebuergesche Vëlossportler, Gewerkschaftler a Politiker.


  • 27. Januar: Pete Seeger, US-amerikanesche Folk-Museker.


  • 29. Januar: François Cavanna, franséischen Auteur an Zeechner.


  • 31. Januar: Roland Baldauff, lëtzebuergeschen Architekt.

  • 31. Januar: Miklós Jancsó, ungaresche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

  • 31. Januar: Christopher Jones, US-amerikanesche Schauspiller.

  • 31. Januar: Jean-Claude Wolff, lëtzebuergesche Journalist.


  • 01. Februar: Luis Aragonés, spuenesche Foussballspiller an -trainer.


  • 01. Februar: Maximilian Schell, éisträichesche Schauspiller a Regisseur.


  • 02. Februar: Philip Seymour Hoffman, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 07. Februar: Camille Wagner, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 10. Februar: Shirley Temple, US-amerikanesch Schauspillerin a Kannerstar.


  • 17. Februar: Carlo Devillet, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 21. Februar: Jacques Bintz, lëtzebuergesche Geolog.


  • 22. Februar: Fred Sunnen, lëtzebuergesche Politiker.


  • 24. Februar: Harold Ramis US-amerikanesche Regisseur, Schauspiller, Auteur.


  • 25. Februar: Paco de Lucía, spuenesche Gittarist a Komponist.


  • 01. Mäerz: Alain Resnais, franséische FIlmregisseur.


  • 09. Mäerz: Gerard Mortier, belschen Operen- an Theaterintendant.


  • 12. Mäerz: Věra Chytilová, tschechesch Filmregisseurin.

  • 12. Mäerz: Jean Vallée, belsche Sänger.


  • 13. Mäerz: Gérard Lartigau, franséische Schauspiller.


  • 16. Mäerz: Mareike Carrière, däitsch Schauspillerin.


  • 19. Mäerz: Guy Binsfeld, lëtzebuergeschen Editeur.

  • 19. Mäerz: Ernest Mühlen, lëtzebuergesche Politiker.


  • 23. Mäerz: Adolfo Suárez, spuenesche Politker.


  • 30. Mäerz: Paul Ulveling, lëtzebuergesche Musikolog.


  • 01. Abrëll: Jacques Le Goff, franséischen Historiker.


  • 02. Abrëll: Urs Widmer, Schwäizer Schrëftsteller.


  • 03. Abrëll: Régine Deforges, franséisch Schrëftstellerin.


  • 05. Abrëll: Yvonne Stoffel-Wagner, lëtzebuergesch Turnerin an Olympionikin.


  • 06. Abrëll: Mickey Rooney, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 08. Abrëll: Karlheinz Deschner, däitsche Schrëftsteller.


  • 09. Abrëll: Marcel Gilles, Radio- a Fernsehcommentateur.


  • 10. Abrëll: Georges Als, fréieren Direkter vum Statec.

  • 10. Abrëll: Madeleine Weis-Bauler, lëtzebuergesch Autorin, Molerin a Resistenzlerin.


  • 17. Abrëll: Gabriel García Márquez, kolumbianesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.


  • 20. Abrëll: Rubin Carter, US-amerikaesche Boxer.


  • 21. Abrëll: Craig Hill, US-amerikanesche Filmschauspiller.


  • 23. Abrëll: Roby Schaeffer, lëtzebuergesche Liichtathlet, Olympionik an Diplomat.


  • 27. Abrëll: Micheline Dax, franséisch Schauspillerin.

  • 27. Abrëll: Andréa Parisy, franséisch Schauspillerin.


  • 28. Abrëll: Jeannot Bonifas, lëtzebuergesche Gemengepolitiker.


  • 29. Abrëll: Bob Hoskins, britesche Schauspiller, Filmregisseur, -produzent an Dréibuchauteur.


  • 02. Mee: John E. Dolibois, lëtebuergesch-US-amerikaneschen Diplomat.


  • 05. Mee: Jean Gaven, franséische Schauspiller.


  • 12. Mee: H. R. Giger, Schwäizer Kënschtler.


  • 15. Mee: Jean-Luc Dehaene, belsche Politiker.


  • 25. Mee: Wojciech Jaruzelski, polnesche Militär a Politiker.


  • 27. Mee: Helma Sanders-Brahms, däitsch Filmregisseurin.


  • 29. Mee: Karlheinz Böhm, éisträichesche Schauspiller.


  • 09. Juni: William Bradfield, neiséilänneschen Astronom.


  • 14. Juni: Robert Lebeck, däitsche Fotojournalist.


  • 15. Juni: Jacques Bergerac,franséische Schauspiller.


  • 19. Juni: Paul Faber, lëtzebuergeschen Diplomat.


  • 24. Juni: Eli Wallach, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 27. Juni: Bobby Womack, US-amerikanesche Sänger a Lidderauteur.


  • 30. Juni: Paul Mazursky, US-amerikanesche Filmregisseur.


  • 02. Juli: Paul Wild, schwäizer Astronom.


  • 07. Juli: Alfredo Di Stéfano, argentinesch-spuenesche Foussballspieler an -trainer.


  • 07. Juli: Eduard Schewardnadse, georgesche Politiker.


  • 13. Juli: Nadine Gordimer, südafrikanesch Schrëftstellerin an Nobelpräisdréiesch.


  • 16. Juli: Johnny Winter, US-amerikanesche Blues-Gittarist.


  • 18. Juli: Dietmar Schönherr, éisträichesche Schauspiller.


  • 19. Juli: James Garner, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 24. Juli: Georges Arendt, lëtzebuergesche Bankier, Fechter an Olympionik.


  • 05. August: Elfriede Brüning, däitsch Schrëftstellerin.


  • 08. August: Menahem Golan, israelesche Filmregisseur a Filmproduzent.


  • 11. August: Robin Williams, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 12. August: Lauren Bacall, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 16. August: Peter Scholl-Latour, däitsch-franséische Journalist a Publizist.


  • 19. August: Brian G. Hutton, US-amerikanesche Filmregisseur a Schauspiller.


  • 24. August: Richard Attenborough, englesche Filmregisseur a Schauspiller.


  • 26. August: Maria Mauban, franséisch Schauspillerin.


  • 01. September: Gottfried John, däitsche Schauspiller.


  • 10. September: Richard Kiel, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 11. September: Antoine Duhamel, franséische Komponist.

  • 11. September: Mirko Ellis, Schwäizer Schauspiller.

  • 11. September: Joachim Fuchsberger, däitsche Schauspiller an Entertainer.


  • 12. September: Catherine Sola, franséisch Schaupillerin.


  • 20. September: Polly Bergen, amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.

  • 20. September: Pino Cerami, belsche Vëlossportler.


  • 30. September: Élina Labourdette, franséisch Schauspillerin.

  • 30. September: Martin L. Perl, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.


  • 01. Oktober: Claude Meintz, lëtzebuergeschen Archivist.


  • 04. Oktober: Jean-Claude Duvalier, haitianeschen Diktator.


  • 07. Oktober: Siegfried Lenz, däitsche Schrëftsteller.


  • 15. Oktober: Marie Dubois, franséisch Schauspillerin.


  • 20. Oktober: René Burri, Schwäizer Fotograf.


  • 28. Oktober: Michael Sata, President vu Sambia.


  • 02. November: Acker Bilk, engleschen Jazz-Klarinettist.


  • 02. November: Christiane Minazzoli, franséisch Schauspillerin.


  • 06. November: Manitas de Plata, franséische Gittarist.


  • 10. November: Georges Parent, belsche Professer, Botaniker an Herpetolog.


  • 11. November: Victor Kalmes, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Zwangsrekrutéierten an Historiker.


  • 12. November: Léon Lambert, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Zwangsrekrutéierten.


  • 19. November: Mike Nichols, US-amerikanesche Filmregisseur.


  • 03. Dezember: Jacques Barrot, franséische Politiker.


  • 05. Dezember: Fabiola de Mora y Aragón, Kinnigin vun de(r) Belsch.


  • 09. Dezember: Mary Ann Mobley, US-amerikanesch Filmschauspillerin.


  • 10. Dezember: Ralph Giordano, däitsche Schrëftsteller.


  • 11. Dezember: Giorgio Ardisson, italienesche Schauspiller.


  • 13. Dezember: Ina Bauer, däitsch Äiskonschtleeferin a Schauspillerin.


  • 16. Dezember: Théo Peffer, lëtzebuergeschen Auteur vu Gaarden- a Planzebicher.


  • 17. Dezember: Maurice Duverger, franséische Jurist a Politikwëssenschaftler.


  • 18. Dezember: Virna Lisi, italienesch Schauspillerin.


  • 21. Dezember: Udo Jürgens, éisträichesche Komponist a Sänger.

  • 21. Dezember: Billie Whitelaw, englesch Schauspillerin.


  • 22. Dezember: Joe Cocker, britesche Rock a Blues-Sänger.


  • 26. Dezember: Leo Tindemans, belsche Politiker.


  • 30. Dezember: Luise Rainer, däitsch Schauspillerin.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 2014 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. Sigma-Rapport


  2. Lëtzebuerg an de Cap Vert trenne sech 0-0 op rtl.lu (ofgeruf de 5. Mäerz 2014)


  3. 1:5 verléieren d'Rout Léiwe géint déi Rout Däiwelen op rtl.lu. De Match gouf nodréiglech vun engem Frëndschaftsmatch op en Trainingsmatch erofgestuft, well d'Belsch ee Mann zevill ausgetosch haten.


  4. De Lännermatch Italien-Lëtzebuerg vum 4. Juni 2014 op der Websäit eu-football.info


  5. De Lännermatch Lëtzebuerg-Wäissrussland vum 8. September 2014 op der Websäit eu-football.info


  6. De Lännermatch Mazedonien-Lëtzebuerg vum 9. Oktober 2014 op der Websäit eu-football.info


  7. De Lännermatch Lëtzebuerg-Spuenien vum 12. Oktober 2014 op der Websäit eu-football.info


  8. De Lännermatch Lëtzebuerg-Ukrain vum 15. November 2014 op der Websäit eu-football.info




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=2014&oldid=2171326“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.228","walltime":"0.347","ppvisitednodes":"value":1171,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":8299,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":3247,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 204.573 1 -total"," 7.34% 15.012 1 Schabloun:Referenzen"," 4.79% 9.801 1 Schabloun:9._Oktober"," 4.39% 8.982 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 3.40% 6.955 1 Schabloun:Commonscat"," 3.05% 6.230 2 Schabloun:2._Abrëll"," 2.41% 4.922 1 Schabloun:Commons"," 2.32% 4.756 1 Schabloun:Clr"," 2.25% 4.601 1 Schabloun:1._Januar"," 1.76% 3.604 1 Schabloun:3._Oktober"],"cachereport":"origin":"mw1347","timestamp":"20190328153558","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"2014","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/2014","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q1999","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q1999","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2010-01-10T15:35:29Z","dateModified":"2019-03-28T15:35:57Z","headline":"Joer"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":153,"wgHostname":"mw1244"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?