Skip to main content

Ekonomie Kuckt och | Um Spaweck | Navigatiounsmenü

Ekonomie


RessourcenWirtschaftsethikLëtzebuerger WirtschaftsstrukturLandwirtschaftWäibauBiergbauIndustrieHandelServicerPrimäre WirtschaftssecteurSekundäre WirtschaftssecteurTertiäre WirtschaftssecteurColin ClarkJean FourastiéW.W. RostowPaul Anthony Samuelson












Ekonomie




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


De Begrëff Ekonomie (v. gr.: oïkos - "Haus" an nomos - "verwalten"), oder Wirtschaft (v. dt.: "Wäert schafen") ëmschreift all Ariichtungen an Handlunge vu Mënsche mat dem Zil, déi an der Ëmwelt disponibel Ressourcen an déi vum Mënsch geschaf Ressourcen optimal auszenotzen, fir den Erhalt an d'Sécherheet vum Liewe vun de Mënschen ze garantéieren an ze fërderen, wéi och hir materiell an immateriell Besoinen ze befriddegen.


D'Besoine vum Mënsch kënnen an dräi Beräicher opgedeelt ginn, där hir Reiefolleg eng Privatiséierung bei der Zoudeelung vu Gidder erméiglecht:



  • Existenzbedürfnisser ëmfaassen ënner anerem de Besoin no genuch Iessen, Flëssegkeet a Wunnraum;


  • Grondbedürfnisser a


  • Luxusbedürfnisser kënnen dogéint net generaliséiert beschriwwe ginn. Si hänke vum Stand vun der jeeweileger Gesellschaft of. Sou kann an enger moderner westlecher Ekonomie d'Sécherheet oder déi international Mobilitéit schonn als Grondbedürfnis ugesi ginn, an anere Gesellschaften dogéint nach als Luxusbedürfnis.

D'Ekonomie huet eng Responsabilitéit als eng vun de gestaltende Forcen an der Gesellschaft. Mat dëser Dimensioun vun der Gestaltung ass d'Wirtschaftsethik befaasst. Vill Beroder vun Entreprisen weisen op d'Geforen hin, an déi sech Entreprise beginn, wa se offensichtlech egoistesch handelen an doduerch hire gudde Ruff bei potentielle Clienten a Geschäftspartner schiedegen.


Wat elo d'Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur ugeet, do ënnerscheede mir méi besonnesch d'Landwirtschaft, de Wäibau, an de Biergbau, d'Industrie, den Handel, d'Finanzservicer an déi aner Servicer. Den Akerbau, de Wäibau an de Biergbau gi vun den Ekonomisten als Primäre Wirtschaftssecteur, d'Industrie als Sekundäre Wirtschaftssecteur an den Handel, d'Finanzservicer souwéi déi aner Servicer als Tertiäre Wirtschaftssecteur bezeechent. An deem Zesummenhang hunn d'Ekonomisten Colin Clark a spéider de Jean Fourastié an W.W. Rostow eng Theorie entwéckelt, wouno d'Wirtschaftsentwécklung duerch eng Verschiebung vun den Aktivitéiten aus dem primären an den sekundären an duerno an den tertiäre Secteur gekennzeechent ass.


Ee Standardwierk iwwer d'Ekonomie, Economics: An Introductory Analysis, gouf vum US-amerikaneschen Ekonomist Paul Anthony Samuelson geschriwwen. Et gëtt och an de Schoule benotzt an ass dat Textbuch iwwer d'Ekonomie, dat an der Welt déi gréisst Oplo huet.



Kuckt och |


  • Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur

  • Lëscht Nobelpräis Ekonomie


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Ekonomie – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Ekonomie&oldid=2153205“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.016","walltime":"0.028","ppvisitednodes":"value":68,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1482,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":113,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 9.741 1 Schabloun:Commonscat","100.00% 9.741 1 -total"," 65.46% 6.376 1 Schabloun:Commons"," 34.50% 3.361 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1287","timestamp":"20190408033912","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":105,"wgHostname":"mw1331"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü