Skip to main content

Iechternach Inhaltsverzeechnes Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng | Geschicht | Politik | Tourismus | Museksfestivallen | Kuckeswäertes | Bekannt Iechternacher | Literatur | Interkommunal Syndikater | Medien | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen Navigatiounsmenü49° 48’ 46’’ N06° 25’ 16’’ Ohttp://www.echternach.luSTATECOralaboraOffiziell Säit vun der StadD'Gemeng Iechternach op der Websäit vum SyvicolWëssenswäertes vun IechternachWillibrord.luTouristeninfo Iechternache-lake festivalIntra Muros asbl - Vir d'Beräicherung vum historesche Kär vun IechternachHuttfabréck vun IechternachäPDFRücktritt von Théo ThiryLe collège échevinal op echternach.lu."Accord CSV-LSAP, mä Reiwereien hannert de Kulissen?"

BäerdrefBechBeefortIechternachKonsdrefRouspert-MompechWalbëlleg


Gemeng IechternachGemengen zu LëtzebuergStied zu LëtzebuergKanton Iechternach


lëtzebuergeschKanton Iechternach2004Stied am LandLycéeGrondschoulPrécoce1. Joerhonnert no ChristusRéimerIechternacher Séi698WillibrordMissionärIrmina vun OerenTréierKlouschterAbtei IechternachScriptoriumBibelenNürnbergFacsimileEl EscorialMadrid1236Ermesinde1596Jean BertelsHollännerLéisegeldFranséischer RevolutiounParzeläinsbrennereiBasilikaKasärRuinWillibrordus-Bauveräin1886Henri TudorLuxusEisebunnChareliZweete WeltkrichArdennenoffensivGemengerotProporz-WalsystemConseillerenCSVLSAPThéo ThiryYves WenglerTourismusSauerdallMëllerdallKlenger Lëtzebuerger SchwäizAbteimuséeMusée fir VirgeschichtTrifolionSprangprëssessiounPäischtdënschdese-Lake festivalRockTechnoPopmusekIechternacher Museksfestival2004BallonstreffenTriathlonIechternacher Marathonseng BasilikaKryptaAbtei IechternachIechternacher KolléischOrangerieSallHochzäitenErmesindeRéimervillaLëschenhausIechternacher SéiMarathonWollefschluchtLëtzebuerger SandsteenÄsbechKlenger Lëtzebuerger SchwäizLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng IechternachSIGISIGRESyndicat Mullerthal












Iechternach




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen






















Iechternach

Coat of arms echternach luxbrg.png

Echternach mairie.jpg
d'Gemengenhaus

Aussprooch

An anere Sproochen
fr: Echternach
de: Echternach
Land
Lëtzebuerg
Kanton
Kanton Iechternach
Gemeng
Coat of arms echternach luxbrg.png Iechternach
Buergermeeschter
Yves Wengler CSV
Awunner
5.618 (1 Januar 2019)
Fläch
2.049 ha
Koordinaten
49° 48’ 46’’ N
06° 25’ 16’’ O

Websäit
http://www.echternach.lu


Map Echternach.PNG
D'Gemeng Iechternach (orange)
am Kanton Iechternach (rout).





Iechternach vum Troossknäppchen aus




De "Moart" zu Iechternach




d'Justizkräiz




den Dënzelt




d'Basilika




de Rokoko-Pavillon




Reschter vun der Stadmauer




d'Réimesch Villa




d'Kräizkapell




d'Wollefsschlucht


Iechternach (oder Eechternoach am Dialekt) ass eng lëtzebuergesch Stad am Kanton Iechternach an der Gemeng mam selwechten Numm. Zu Iechternach selwer wunne 4.936 Leit (Stand 2004).


Iechternach ass eng vun deene klengste Stied am Land, an eng vun deenen eelsten. Et huet e Lycée (Lycée classique d'Echternach), eng Grondschoul an e Précoce.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng


  • 2 Geschicht

    • 2.1 Entwécklung vun der Awunnerzuel



  • 3 Politik

    • 3.1 Buergermeeschteren



  • 4 Tourismus


  • 5 Museksfestivallen


  • 6 Kuckeswäertes


  • 7 Bekannt Iechternacher


  • 8 Literatur


  • 9 Interkommunal Syndikater


  • 10 Medien


  • 11 Kuckt och


  • 12 Um Spaweck


  • 13 Referenzen




Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng |



  • Belair

  • Fielsbuch

  • Fielsmillen

  • Iechternach

  • Kefferbur

  • Lauterbur

  • Lauterburer Millen


  • Lütschen (Lëschen)

  • Manertchen

  • Melicksbierg

  • Melickshaff

  • Neimillen

  • Nonnemillen

  • Roudenhaff

  • Specksmillen

  • Tull

  • Uelegmillen

  • Wann



Geschicht |


Schonn am 1. Joerhonnert no Christus hu Réimer an der Géigend gewunnt, wéi d'Reschter vun enger Réimervilla um Iechternacher Séi haut nach weisen.


D'Grënnung vun der Stad Iechternach geet op d'Joer 698 no Christus zréck. Den hellege Willibrord, en englesche Missionär, krut vun der Irmina vun Oeren (bei Tréier) e Stéck Supp geschenkt, wou hie säi Klouschter kéint opriichten. D'Abtei Iechternach war bekannt fir hire Scriptorium, an deem ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, an de Codex Aureus Escorialensis, zwou gëlle Bibelen (Evangeliaren), geschriwwen a gemoolt gi sinn. Deen ee Codex läit haut zu Nürnberg (zu Iechternach ass e Facsimile ze gesinn); deen aneren, wéi säin Numm et seet, am El Escorial-Klouschter, 60 Kilometer nordwestlech vu Madrid.


Duerch dat Klouschter gouf Iechternach séier zu enger wichteger Handels- an Handwierkergemeng, déi 1236 vun der Ermesinde d'Stadrecht krut. 1596 gouf enges nuets den Abt Jean Bertels vun den Hollänner gefaange geholl a koum eréischt duerch e Léisegeld erëm fräi. An der Besatzungszäit duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun ass d'Abtei verkaaft ginn. Si gouf zu enger Parzeläinsbrennerei ëmfunktionéiert an d'Tierm vun der Basilika hunn als Schaarschtecher gedéngt. Spéider war s'eng Kasär, duerno nëmmen nach eng Ruin. Mat Hëllef vum Willibrordus-Bauveräin gouf d'Basilika erëm opgebaut.


1886 huet d'Gemengeverwaltung den Henri Tudor chargéiert fir an der Stiedchen eng elektresch Beliichtung mat Hëllef vun Tudor-Akkumulatoren opzebauen. Iechternach war domat net nëmmen déi éischt Stad am Land, mä och eng vun den éischte Stied an Europa, déi sech deen, fir déi deemoleg Verhältnesser, Luxus erlaabt huet. D'Anlag ass de 24. Oktober 1886 a Betrib geholl ginn[1].


Mat der Eisebunn, dem Chareli, koum den Opschwonk erëm, Iechternach gouf lues a lues touristesch. Am Zweete Weltkrich hat Iechternach, well et direkt op der Grenz louch, an der Ardennenoffensiv staark ze leiden; grouss Deeler vun der Stad goufen zerstéiert, dorënner och d'Basilika. D'Basilika, wéi d'Stad, gouf nom Krich erëm opgebaut.



Entwécklung vun der Awunnerzuel |




Quell:STATEC



Politik |


De Gemengerot vun Iechternach gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.


Zesummesetzung
































JoerCSVDPgréngLSAPFBL
199934-4-
200543-4-
201132330
20173233-

FBL:Fräi Bierger Lëscht. Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu


De Schäfferot, dee sech no de Wale vun 2011 gebilt huet, huet op enger CSV-LSAP-Koalitioun baséiert, mam Théo Thiry (CSV) als Buergermeeschter. Dësen ass dann awer wéinst enger "Immoblienaffär" den 29. Januar 2015 zréckgetrueden[2]; zanterhier ass den Yves Wengler (CSV) Buergermeeschter[3].


No de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 gouf dës Koalitioun vun LSAP an CSV virugefouert[4].



Buergermeeschteren |


Fir déi fréier Buergermeeschteren, kuckt: Lëscht vun de Buergermeeschtere vun Iechternach.



Tourismus |


Eent vun de Standbee vun Iechternach ass den Tourismus. Iechternach läit am Sauerdall an um Bord vum Mëllerdall, direkt bei der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Vill Trëppelweeër gi vun Iechternach aus an d'Bëscher ronderëm.


Zwéi Muséeën, den Abteimusée an de Musée fir Virgeschicht, ginn en Abléck an d'Vergaangenheet vun der Stad, an den Trifolion (Centre culturel, touristique et de congrès) bitt Plaz fir Evenementer.


Zu Iechternach gëtt et e puer iwwer d'Grenzen eraus bekannten Evenementer. Virbäi ass d'Sprangprëssessioun bei där all Joer Päischtdënschdes bis zu 10.000 Pilger zu Éiere vum hellege Willibrord, a Reien op d'Weis vun enger traditioneller Musek duerch Iechternach sprangen.


En anert grousst Evenement ass den e-Lake festival, bei deem 20.000 Leit, haaptsächlech Jonker, dräi Deeg laang bei Rock, Techno a Popmusek feieren.


Den Iechternacher Museksfestival ass am Beräich vun der klassescher a Jazzmusek och e ganz renomméierte Festival dee wäit iwwer d'Grenze bekannt ass.


Zanter 2004 gëtt zu Iechternach dat gréisst Ballonstreffen am Land ofgehalen. Donieft sinn all Joer international Sportveranstaltungen, wéi den Triathlon an de Run For Fun — bis 2011 och den Iechternacher Marathon — mat vun der Parti.



Museksfestivallen |


  • den Iechternacher Museksfestival

  • den e-Lake festival


Kuckeswäertes |


  • Basilika

Am bekanntsten ass Iechternach fir seng Basilika, an där an der Krypta déi stierflech Iwwerreschter vum hellege Willibrord leien.


  • Abtei

An der fréierer Abtei Iechternach ass haut den Iechternacher Kolléisch. D'Abtei besteet aus fënnef Deeler, der Rotonde, dem Haaptgebai, der aler Primärschoul, engem Bausseflillek an der Orangerie. Si ass verbonne mat der Basilika.


  • Rokoko-Pavillon

De Rokoko-Pavillon vu 1765 steet an engem Eck vum Stadpark no bei der Sauer.
Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Rokoko-Pavillon zu Iechternach


  • Dënzelt

Dat fréiert Geriichtsgebai bilt mat dem Haus niewendrun dat haitegt Stadhaus. Am Dënzelt selwer ass e Sall fir d'Gemengerotssëtzungen, e Sall an deem d'Hochzäiten ofgehale ginn, e puer Büroen, Archivraim an Ausstellungssäll. Eng Plackett um Gebai erënnert un de Stadbréif, deen Iechternach vun der Ermesinde krut.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dënzelt


  • Stadmauer

Vun der mëttelalterlecher Stadmauer, déi 2360 m laang war, gëtt et nach gutt erhale Stécker a vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm sinn der fënnef nach gutt erhalen a ginn als Wunneng benotzt bzw. un Touriste verlount.
Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Iechternacher Stadmauer


  • Réimervilla

D'Grondmauere vun enger Réimervilla, goufe bei den Aarbechte fir de Séi fräigeluecht. Si war den zweete Wunnsëtz vun engem räiche Réimer.
Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimesch Villa Iechternach


  • Iechternacher Séi

Dëse kënschtleche Séi ass op der Plaz, wou fréier d'Lëschenhaus, eng Aart Erholungsheim fir d'Pateren aus der Abtei, war. Den Iechternacher Séi ass och d'Plaz vum Mobilux Trophy, dem e-Lake festival an dem Marathon.


  • Troosknäppchen

Um Troosknäppchen (Trooskneepchen am Iechternacher Dialekt)[5] steet e klenge Pavillon, vun deem aus een eng Vue iwwer Iechternach huet.


  • Wollefschlucht

D'Wollefschlucht (Wolfsschlucht, gorge du loup) ass en enke Schloff am Lëtzebuerger Sandsteen, deen um Wee vum Troosknäppchen an den Dall vun der Äsbech leit. Et ass eng vun de spektakuläerste Plaze vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.


  • Lëscht vun de Monumenter

Op der Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Iechternach stinn nach weider Gebaier, déi klasséiert a kuckeswäert sinn.



Bekannt Iechternacher |




  • Fernand Boden (Deputéierten a Minister)


  • Carole Dieschbourg (Politikerin)


  • Jules Hoffmann (Biolog, Nobelpräis fir Medezin 2011)


  • Georges Lentz (Komponist)


  • Jos Massard (Professer, Auteur a Buergermeeschter)


  • Charles Munchen (Jurist, Journalist a Politiker)


  • Joseph Namur (Apdikter a Professer)


  • Rudolf Palgen (Literaturfuerscher)


  • Marcel Reuland (Dichter)


  • Robert Schaffner (Buergermeeschter, Deputéierten a Minister)


  • Paul Spang (Historiker a Professer)


  • Caspar Mathias Spoo (Industriellen a Politiker)


  • Frank Wilhelm (Professer an Auteur)



Literatur |


  • Brimmeyr, J.P., 1921.Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 1. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen. Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 320 S.

  • Brimmeyr, J.P., 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen. Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 259 S.

  • Coussement, S., 2003. Echternach et ses environs. Echternach und Umgebung. Stroud (Gloucestershire), Tempus Publishing Group, 128 S. (2. Oplo: 2009). [1]


  • Echternach - Notre ville. Le livre d'or du centenaire. Echternach: Société d'embellissement et de Tourisme, 1977.

  • Kauthen, P., J. Simon & F. Wilhelm (textes); P. Barone-Wagener & J.C. Degrelle (photos), 1997. Echternach 1998: Itinéraire illustré. Echternach, Ville d'Echternach, 86 S.

  • Mayer, C., 2010. Kanton Echternach. Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Bd. 1. Ein Katalog der erhaltenswerten Kulturgüter und Ensembles. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, Luxembourg 2010, 591 S.

  • Rousseau, P., 1985. Echternach. Cité abbatiale. Abteistadt. An Abbey City. Abdijstad. Luxembourg, Éditions Guy Binsfeld, 64 S.


  • Spang, P., 1967. Handschriften und ihre Schreiber: ein Blick in das Scriptorium der Abtei Echternach. Luxemburg, Bourg-Bourger, 95 S. (Editiones Epternacenses).

  • Spang, P., 1983. Echternach: Geschichte einer Stadt. Luxemburg, RTL Edition, 125 S.

  • Spang, P., 1985. Das totgesagte Echternach. Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 143 S. (betr.: Iechternach 1944/45).

  • Spang, P., 1988. Die Echternacher und ihre Basilika. Luxemburg, Sankt-Paulus Druckerei,167 S.


Interkommunal Syndikater |


SIGI - SIGRE - Syndicat Mullerthal



Medien |



  • Oralabora, eng CD op där déi ganz Geschicht an engem Mix vu Musek a Virliesung zesummegefaasst ass.


Kuckt och |



  • Ciné Sura

  • Daring-Club Echternach

  • Foussgängerbréck zu Iechternach

  • Iechternacher Verschéinerungsveräin


  • Bemierkenswäerte Käschtebam bei der Péitrus a Paulus-Kierch

  • Lycée classique d'Echternach

  • Monument aux morts Iechternach

  • Péitrus a Paulus-Kierch Iechternach

  • Schaffbaier

  • Urtsel zu Iechternach

  • Wollefsschlucht

  • Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Iechternach



  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften

  • Lëtzebuerger Kantonen

  • Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied



Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Offiziell Säit vun der Stad

  • D'Gemeng Iechternach op der Websäit vum Syvicol

  • Wëssenswäertes vun Iechternach

  • Willibrord.lu

  • Touristeninfo Iechternach

  • e-lake festival

  • Intra Muros asbl - Vir d'Beräicherung vum historesche Kär vun Iechternach

  • Huttfabréck vun Iechternach






Referenzen



  1. Massard, Jos. A. (1997): 1886-1996: Hundertzehn Jahre elektrisches Licht in Echternach. Ein Beitrag zur Geschichte der öffentlichen und privaten Beleuchtung im 19. und frühen 20. Jahrhundert in Luxemburg mit Blick ins deutsche Grenzgebiet. Annuaire de la Ville d'Echternach 1996: 101-144. PDF


  2. Rücktritt von Théo Thiry, wort.lu, 29. Januar 2015.


  3. Le collège échevinal op echternach.lu.


  4. "Accord CSV-LSAP, mä Reiwereien hannert de Kulissen?" rtl.lu, 12.10.2017, 07:59:07.


  5. Luxemburger Wörterbuch, Bd. 4, Luxemburg 1971-1975, S. 349.




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Iechternach&oldid=2196287“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.940","walltime":"2.018","ppvisitednodes":"value":1066,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":19587,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":1804,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":13,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":3,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":2368,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":4,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 1893.514 1 -total"," 91.09% 1724.858 2 Schabloun:Infobox"," 90.33% 1710.479 1 Schabloun:Infobox_Uertschaft_Lëtzebuerg"," 83.14% 1574.354 21 Schabloun:If_empty"," 82.47% 1561.641 23 Schabloun:Wikidata"," 0.68% 12.860 1 Schabloun:Navigatioun_Gemengen_am_Kanton_Iechternach"," 0.67% 12.749 1 Schabloun:Referenzen"," 0.61% 11.505 1 Schabloun:Br_separated_entries"," 0.51% 9.632 1 Schabloun:Navbox"," 0.49% 9.281 1 Schabloun:Commonscat"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.712","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":11268554,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1296","timestamp":"20191017172358","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Iechternach","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Iechternach","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q204317","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q204317","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-09-14T17:43:01Z","dateModified":"2019-08-24T15:58:11Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/4/4d/Echternach_mairie.jpg","headline":"Stad an Haaptuert vun der Gemeng Iechternach"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":139,"wgHostname":"mw1272"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?