Skip to main content

Evy Friedrich Inhaltsverzeechnes No him genannt | Schrëftlech Wierker | Filmer | Quellen | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen an Notten NavigatiounsmenüDen Evy Friedrich op autorenlexikon.lu

Lëtzebuergesch JournalistenLëtzebuergesch FilmregisseurenLëtzebuergesch FilmkritikerGebuer 1910Gestuerwen 1989


30. Abrëll1910Stad Lëtzebuerg30. Juli1989lëtzebuergescheJournalistKino1947KuerzfilmIechternacherSprangprëssessiounLëtzebuergesche FilmCannesFilmfestivalLëtzebuergerRadio LëtzebuergJosy BraunQuartier GaasperechEscher Stroossrue Léopold-Hoffmann












Evy Friedrich




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen










Evy Friedrich
Gebuer
30. Abrëll 1910
Gestuerwen
30. Juli 1989
Nationalitéit
Lëtzebuerg
Aktivitéit
Filmregisseur, Filmkritiker, Journalist

Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Évrard Jean Pierre ("Evy") Friedrich gebuer den 30. Abrëll 1910 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 30. Juli 1989, war e lëtzebuergesche Journalist, Filmemécher, Editeur a Chronist.


Hien huet sech besonnesch fir de Kino intresséiert, an huet jorelaang Filmkritike publizéiert. 1947 huet hien och en eegene Kuerzfilm gedréint: Les danseurs d'Echternach, eng Docu-fiction iwwer d'Iechternacher Sprangprëssessioun. Dat war den éischte Lëtzebuergesche Film, deen zu Cannes um Filmfestival gewise gouf (Kategorie "Documentaire").


An den 1980er Joren hat hien am Lëtzebuerger Programm vu Radio Lëtzebuerg eng Chronik, Kalennerblieder genannt. Dës huet hien, no eegenen Aussoen, als eng Zort Virleefer vun engem Lexikon iwwer Lëtzebuerg ugesinn.


A sengem Roman De franséischen Doud vum Oscar Messidor vun 2007 huet de Josy Braun him, als "Fred Evrard", e literarescht Denkmal gesat.


Hien huet nach ënner folgende Pseudonyme geschriwwen: A. Béjo; C.T.; Jacques Cartier; Censor; Marcel Contin; E.F. / e.f.; Filaxen Hary; Fréf; Harungo Marino; Willy Helm; Impresario; Jacques et Marcel; Camille Kraus; Kucki; Le; René Maupert a Wanda.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 No him genannt


  • 2 Schrëftlech Wierker


  • 3 Filmer

    • 3.1 Als Regie-Assistent


    • 3.2 Als Regisseur



  • 4 Quellen


  • 5 Kuckt och


  • 6 Um Spaweck


  • 7 Referenzen an Notten




No him genannt |


Am Quartier Gaasperech vun der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss nom Evy Friedrich genannt: d'rue Evy Friedrich, eng Sakgass op béiden Enner, déi parallel zur Escher Strooss leeft an iwwer d'rue Léopold-Hoffmann z'erreechen ass. Den Numm krut d'Strooss duerch eng Decisioun vum Stater Schäfferot vum 11. November 2014.[1]



Schrëftlech Wierker |



  • Der Spiegel, 1937, 2 Bänn vun 160 Säiten, Malpaartes-Verlag


  • Camping-Briefe, 1939, 76 S., Luxemburger Genossenschafts-Druckerei, Esch-Uelzecht


  • Jamboree am Wolfgangsee, 1951, 30 S., C.O.P.E.


  • Die Tage der Wende - Luxemburgische Umsiedler in Niederschlesien erleben die Tage der Befreiung durch die Rote Armee, 1951, 70 S., C.O.P.E.


  • Notiert in der Sowjetunion, 1953, 120 S., Luxembourg-U.R.S.S.


  • Der 10. Mai - Versuch einer zusammenfassenden Darstellung, 1955, 24 S., C.O.P.E


  • Als Luxemburg entvölkert werden sollte - Geschichte und Geschichten der Umsiedlung, 1969, 159 S., Bourg-Bourger


  • Zeitung in Luxemburg - chronologischer Überblick, 1975, 31 S., Bourg-Bourger


  • Kalennerblieder, 5 Bänn, 1978 - 1985, Bourg-Bourger, J.-P. Krippler-Muller


Filmer |



Als Regie-Assistent |



  • Il est un petit pays (1937) vum René Leclère (Kuerzfilm) (47 Minutten)


  • Garçon... un Bock (1938) vum René Leclère (Kuerzfilm) (12 Minutten)


  • Circulez (1939) vum René Leclère (Kuerzfilm) (9 Minutten)


Als Regisseur |



  • La journée des orphelins (1931) (Kuerzfilm) (11 Minutten)


  • Les danseurs d'Echternach (1947) (Kuerzfilm) (19 Minutten)


Quellen |



  • Goetzinger, G. & C. D. Conter (zesumme mat aneren), 2007. Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature. Dréckerei Graphic Press, Lëtzebuerg, S. 182-183. ISBN 978-2-919903-06-1.


Kuckt och |


  • Lëscht vu lëtzebuergesche Filmregisseuren


Um Spaweck |


  • Den Evy Friedrich op autorenlexikon.lu


Referenzen an Notten



  1. Simone Beck, 2017. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? ons stad 114, S. 55.




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Evy_Friedrich&oldid=2210252“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.204","walltime":"0.256","ppvisitednodes":"value":461,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2768,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":341,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 230.878 1 -total"," 89.26% 206.087 1 Schabloun:Infobox_Biographie"," 87.69% 202.461 1 Schabloun:Infobox"," 39.18% 90.465 23 Schabloun:Wikidata"," 32.02% 73.922 10 Schabloun:If_empty"," 10.90% 25.176 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 2.77% 6.388 2 Schabloun:PAGENAMEBASE"," 2.65% 6.128 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 1.03% 2.377 1 Schabloun:Clearboth"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.113","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":2849279,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1276","timestamp":"20190929211924","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Evy Friedrich","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Evy_Friedrich","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q13102526","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q13102526","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-05-08T15:17:32Z","dateModified":"2019-09-29T21:19:24Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":140,"wgHostname":"mw1263"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region