Skip to main content

Norbert Etringer Inhaltsverzeechnes Säi Liewen | Allgemenges zu sengem Wierk | Wierker (Auswiel) | Literatur | Referenzen an Notten Kuckt och | NavigatiounsmenüPDF

Lëtzebuergesch AuteurenLëtzebuergesch HistorikerGebuer 1913Gestuerwen 2001


4. November1913Léiweng23. Januar2001Stad LëtzebuerglëtzebuergeschenDouanesbeamtenLokalhistorikerDäitschTourismusGastronomieFolkloreKinoRadio RTL LëtzebuergZeitungenZäitschrëftenLampertsbiergHollerechStater JongelycéePaul WurthZweete WeltkrichBautzenRheinlandSchengenEsch-UelzechtBounewegSection historiqueInstitut grand-ducalRadio RTL LëtzebuergLuxemburger WortDem BiergmannLëtzebuerger SonndesbladRépublicain Lorrainons stadRevueSchrotthändlerSchéiereschlëfferNaturLandschaftenDäitschlandMarschMuselgKinoParenGemengeSchengenBiermerengHollerech












Norbert Etringer




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen










Norbert Etringer
Gebuer
4. November 1913
Gestuerwen
23. Januar 2001
Nationalitéit
Lëtzebuerg
Aktivitéit
Historiker

Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Norbert Etringer, gebuer de 4. November 1913 zu Léiweng a gestuerwen den 23. Januar 2001[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Douanesbeamten, Lokalhistoriker an Auteur. Hien huet op Däitsch geschriwwen.


Nieft enger ganzer Rëtsch vun Artikelen iwwer den Tourismus, d'Gastronomie an de Folklore, huet hie Kuerzgeschichten an Novellen, an eng Geschicht vum Kino zu Lëtzebuerg geschriwwen


Hie war Korrespondent vum Radio RTL Lëtzebuerg a vun enger Rëtsch vun Zeitungen an Zäitschrëften.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Säi Liewen


  • 2 Allgemenges zu sengem Wierk


  • 3 Wierker (Auswiel)


  • 4 Literatur


  • 5 Referenzen an Notten


  • 6 Kuckt och




Säi Liewen |


Den Norbert Etringer ass um Lampertsbierg (1919-1923) an zu Hollerech (1923-1926) an d'Schoul gaangen. No zwee Joer an der deemoleger Industrieschoul (haut de Stater Jongelycée) huet hien eng Léier an der Firma Paul Wurth gemaach. 1937 ass hie bei d'Douane gewiesselt, wou hie bis zu senger Pensioun bliwwen ass.


Am Zweete Weltkrich war hien an der Douanesschoul zu Bautzen (1941) an huet op engem Chantier am Rheinland geschafft.


Nom Krich war hien Douanesbeamten zu Schengen, Esch-Uelzecht a Bouneweg.


1983 gouf hie Membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal.


Hie war Mataarbechter vu Radio RTL Lëtzebuerg a Korrespondent vum Luxemburger Wort, Dem Biergmann, dem Lëtzebuerger Sonndesblad, dem Républicain Lorrain, ons stad an der Revue.[2]



Allgemenges zu sengem Wierk |


Seng literaresch Texter huet den Norbert Etringer verstanen als Erënnerung un ausgestuerwe Beruffer (Schrotthändler, Schéiereschlëffer), d'Gebräicher an d'Liewensweis vun de Leit. Aner Schwéierpunkte sinn d'Beschreiwung vun der Natur an de Landschaften, dat an Däitschland (Marsch) an zu Lëtzebuerg (der Muselgéigend).


Weider Theme sinn d'Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg, virun allem d'Geschicht vum Kino an den Zinemaen, d'Krichshandlungen am Zweete Weltkrich, d'Gastronomie, den Turismus an de Folklor.


Den Norbert Etringer huet d'Chronike vun de Paren an de Gemenge vu Schengen (1956), Biermereng (1981) an Hollerech (1983) geschriwwen.



Wierker (Auswiel) |


  • 1964: Sterne über der Marsch. Novelle in einer Landschaft. Mat Fiederzeechnunge vun der Ger Maas. (Nei Oplo am Joer 1993, Éditions Émile Borschette, Christnach, 38 Säiten).[3]

  • 1965: Inauguration du monument aux morts 1940-1945 Hollerich 26 septembre 1965. Dréckerei Jos Ewen, Lëtzebuerg-Hollerech. 64 S.

  • 1983: Hollerich: Vom Dorf zur Industriegemeinde. ons stad 14, S. 4-6. PDF

  • 1984: Es gab einmal einen steinernen Zirkus auf Limpertsberg. ons stad 18, S. 5.

  • 1989: Liebes, altes Hollerich. Verlag Emile Borschette, 172 S. Dréckerei Joseph Beffort, Lëtzebuerg.

  • 1992: Die Schobermesse. So war sie früher. Saint-Paul, 197 S.

  • 1994: Vorstadtfrühling. ons stad 45, S. 26-27.

  • 1997: Spätlese. Éd. Borschette, 69 S.


Literatur |



  • Conter, C.D., 2007. Etringer, Norbert. In: Luxemburger Autorenlexikon, S. 152.


  • Hausemer, G., 2004. Etringer, Norbert. In: Luxemburger Lexikon, S. 109. Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg.

  • Anonym, 2001. Norbert Etringer, Lokalhistoriker und langjähriger LW-Mitarbeiter, gestorben. Luxemburger Wort vum 25. Januar 2001, S. 7.

  • Anonym, 2001. Lokalhistoriker Norbert Etringer (88) verstorben. Tageblatt vum 25. Januar 2001.

  • Anonym, 2001. In memoriam Norbert Etringer. ons stad 61, S. 31.

  • K.M., 1993. Norbert Etringer: ein Lokalhistoriker wurde 80. Tageblatt 1993, Nr. 261 (16. November), S. 14.



Referenzen an Notten



  1. De Luxemburger Autorenlexikon (S. 152) an de Luxemburger Lexikon (S. 109) ginn den 23. Januar als Stiewesdatum, an ons stad (61 S. 31) steet iertemlecherweis de 24. Januar.


  2. D'biographesch Donnéeë baséieren um Text vum Artikel am Luxemburger Autorenlexikon (2007).


  3. Kuck: pl., 1993. Behutsames Landschafts- und Seelenspiel: zur Neuauflage von "Sterne über der Marsch" von Norbert Etringer. Die Warte 1993, Nr. 35 (9. Dezember), S. 2.


Kuckt och |



  • Monument aux morts Hollerech (Broschür fir d'Aweiung vum Monument, déi vum Norbert Etringer zesummegestallt gouf.)



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Norbert_Etringer&oldid=2168319“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.204","walltime":"0.262","ppvisitednodes":"value":497,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2663,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":8,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":1142,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 231.185 1 -total"," 84.06% 194.335 1 Schabloun:Infobox_Biographie"," 81.51% 188.450 1 Schabloun:Infobox"," 36.88% 85.265 23 Schabloun:Wikidata"," 33.27% 76.926 10 Schabloun:If_empty"," 10.60% 24.499 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 3.36% 7.766 2 Schabloun:PAGENAMEBASE"," 2.80% 6.464 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 0.92% 2.120 1 Schabloun:Clearboth"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.105","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":3090548,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1265","timestamp":"20190923230047","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Norbert Etringer","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Norbert_Etringer","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q16439141","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q16439141","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2011-04-11T12:34:07Z","dateModified":"2019-03-07T15:04:34Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":155,"wgHostname":"mw1263"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?