Auguste van Werveke Inhaltsverzeechnes Säi Liewen | Säi Wierk | Fondatioun | Literatur | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen an Notten Navigatiounsmenü"Mélanie Planchard kritt Bourse Auguste van Werveke-Hanno."
Gebuer 1866Gestuerwen 1927Lëtzebuergesch MolerLëtzebuergesch ArchitektenPrix Grand-Duc AdolpheLëtzebuergesch Enseignanten
2. August1866Gronn30. Januar1927Stad Lëtzebuerglëtzebuergeschen1893Cercle Artistique de Luxembourg1907Jean CurotPrix Grand-Duc AdolpheGust van WervekeLeopold van WervekeNicolas van WervekeStater Kolléisch1893Handwierkerschoul1901Michel Engels19021919AquarellenPastellenFiederzeechnungeLand2002Fondatioun
Auguste van Werveke
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Den Auguste-Léopold van Werveke[1], gebuer den 2. August 1866 am Gronn a gestuerwen den 30. Januar 1927 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt, Zeecheprofesser a Moler.
Hie war 1893 Grënnungsmember vum Cercle Artistique de Luxembourg a krut 1907, zesumme mam Jean Curot, de Prix Grand-Duc Adolphe.
Hie war de Papp vum Gust van Werveke an de Brudder vum Geolog Leopold van Werveke an dem Historiker Nicolas van Werveke.
Inhaltsverzeechnes
1 Säi Liewen
2 Säi Wierk
2.1 Säin architektonescht Wierk (Auswiel)
2.2 Säi kënschtlerescht Wierk
3 Fondatioun
4 Literatur
5 Kuckt och
6 Um Spaweck
7 Referenzen an Notten
Säi Liewen |
Den Auguste van Werveke huet am Stater Kolléisch geléiert. Duerno goung hien op d'Kunstakademie Düsseldorf an 1893 op d'École française zu Roum. Datselwecht Joer gouf hie Chargé de cours an der Handwierkerschoul an der Stad an 1901 am Kolléisch, wou hien de Michel Engels ersat huet.
1902 huet hie seng Maîtrise de dessin gemaacht a krut dunn eng Nominatioun als Zeecheprofesser am Gymnase an der Stad. 1919 gouf hien Zeecheprofesser an der Stater Handwierkerschoul.
Säi Wierk |
Säin architektonescht Wierk (Auswiel) |
- D'Aarbechterkolonie zu Stengefort
- D'Primärschoul zu Gréiwemaacher
- 1925 hat hien de Plang gemaach vum Austellungspavillon vun de lëtzebuergesche Rousenziichter op der Exposition Internationale des Arts Décoratifs zu Paräis.
Säi kënschtlerescht Wierk |
Den Auguste van Werveke huet eng Rëtsch Wierker gemaacht, déi niewent dem kënschtlereschen och nach e groussen dokumentaresche Wäert hunn. Hien huet Aquarellen, Pastellen a Fiederzeechnunge vun de pittoresken Ecker aus dem Land an der Stad gemaacht.
Fondatioun |
2002 huet dem Auguste van Werveke seng Duechter Anita testamentaresch eng Fondatioun grënne gelooss, d'Fondation Auguste van Werveke-Hanno, déi Boursen un Architektur- oder Konschtstudente vergëtt.[2]
Literatur |
- Anonym, 1998. Gedenktage: Auguste van Werveke, 30. Januar. Lëtzebuerger Journal 1998, 30. Januar, S. 15.
- Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur, S. 98-99, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2
- Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 1-125 (van Werveke Auguste, S. 117).
Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 161
Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 119
Kuckt och |
- Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden
Um Spaweck |
Commons: Auguste van Werveke – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
↑ Geleeëntlech fënnt een och d'Schreifweis Werweke.
↑ "Mélanie Planchard kritt Bourse Auguste van Werveke-Hanno." RTL.lu - 14.02.2013, 08:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.02.2013, 08:53.
Kategorien:
- Gebuer 1866
- Gestuerwen 1927
- Lëtzebuergesch Moler
- Lëtzebuergesch Architekten
- Prix Grand-Duc Adolphe
- Lëtzebuergesch Enseignanten
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.060","walltime":"0.071","ppvisitednodes":"value":135,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1686,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":155,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":754,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 15.526 1 -total"," 56.54% 8.779 1 Schabloun:Commonscat"," 42.59% 6.612 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 36.62% 5.685 1 Schabloun:Commons"," 16.03% 2.488 1 Schabloun:Link-Bild"," 14.12% 2.192 1 Schabloun:Clearboth"],"cachereport":"origin":"mw1238","timestamp":"20190930062857","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Auguste van Werveke","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Auguste_van_Werveke","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q13101633","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q13101633","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-08-20T22:34:39Z","dateModified":"2019-05-16T08:22:11Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/1/15/Auguste_van_Werveke_%281866-1927%29.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":132,"wgHostname":"mw1261"););