Skip to main content

Max Menager Inhaltsverzeechnes Gielercher | Wierker | Literatur | Referenzen NavigatiounsmenüOdre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951

Gebuer 1874Lëtzebuergesch KomponistenLëtzebuergesch OrganistenChevalier de l'ordre de la couronne de chêneGestuerwen 1963


14. November1874Pafendall15. Juni1963IechternachKölnParäisIechternacher KolléischLëtzebuerger Adolph-VerbandIsi ComesAndré DuchscherBatty WeberSprangprëssiounLaurent MenagerGeorges Calteux












Max Menager




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen








Max Menager
Gebuer
14. November 1874
Gestuerwen
15. Juni 1963
Aktivitéit
Komponist

Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Max Menager, gebuer de 14. November 1874[1] am Pafendall, gestuerwen de 15. Juni 1963 zu Iechternach an do begruewen, war e lëtzebuergesche Museker.


Nom Ofschloss vu sengem Studium op de Conservatoirë vu Köln a Paräis krut hien 1899[2] eng Ustellung als Organist an der Basilika vun Iechternach an huet déi sougenannt "Musikschull" vun der Stadmusek geleet.[3] Vun 1901 un huet hien als "maître de musique" Musek, a vun 1912 un och Gesank, am Iechternacher Kolléisch enseignéiert,[4] wou hien donieft d'Studentemusek dirigéiert huet[3]. Am September 1939 krut hie seng Pensioun als Museksprof, huet awer op ausdréckleche Wonsch vun dem Direkter vum Kolléisch nach bis de Juli 1940 weidergeschafft.[5]


Vun 1899 bis 1939 war hien den Dirigent vun der Iechternacher Stadmusek,[6] Am Joer 1910 huet hien de "Sängerbond" gegrënnt, e lokale weltleche Chouer, dee vun der Gemeng ënnerstëtzt gouf.[7] Hie war och Verbandsdirekter vum Lëtzebuerger Adolph-Verband.[8]


Hien huet Kaméidisstécker geschriwwen a Lidder a Melodië komponéiert, dorënner musikalesch Intermezzi a Lidder fir d'Theaterstécker vum Isi Comes. Hien huet och Liddertexter vum André Duchscher a vum Batty Weber (z. B. D'Lidd vum Muselgréchen) vertount; hien huet och d'Melodie vun der Sprangprëssioun nei arrangéiert.[9] Ganz besonnesch beléift zu Iechternach ass säi Lidd Kän schinner Stad (Weis: Max Menager, Text: Isi Comes).[10]


Hie war de Jong vum Laurent Menager.


Den 22. Juni 1997 ass am Iechternacher Stadpark eng Büst vum Max Menager, déi de Georges Calteux entworf huet, ageweit ginn.[11]




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Gielercher


  • 2 Wierker


  • 3 Literatur


  • 4 Referenzen




Gielercher |


  • Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1951)[12]


Wierker |



  • Den Anti-Alkoholiker oder E misteriöse Schâf. Schwank an engem Akt. 1917


  • D'Pankuchsfe'wer oder De' brav Amerikaner. Kome'de'stëck an engem Akt. 1920.


  • Opgestéckt. Theaterstéck an engem Akt. 1947


  • D'Madame dét hiren Hutt un. E löschtegt Stéck an engem Akt mat Gesank. 1950.


Literatur |



  • Blasen, L., 1988. Lëtzebuerger Komponisten. In: 125 Joer Lëtzebuerger Stadmusek. Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Dréckerei, S. 23-191

  • Delleré, M., 1992. Max Menager, professeur de musique au Gymnase d'Echternach, 1874-1963. In: Harmonie municipale Echternach. 1872-1972: témoignages et présences. Luxembourg, S. 20-21.


  • Didier, N., 1926. Le gymnase d'Echternach de 1901 à 1926. Travail statistique. J. Beffort, Luxembourg, 63 S. (Max Menager: S. 26).


  • Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesummen mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. (Max Menager: S. 413).


  • Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, en collaboration avec Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit et Frank Wilhelm, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. 697 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-20-7. (Max Menager: S. 407-408).


  • Hausemer, G. 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg, 479 S. (Max Menager: S. 292).

  • Heintz, J., 1997. Echternach: Einweihung einer Büste zu Ehren von Max Menager. Luxemburger Wort 1997 (26. Juni), S. 17. (JH)


  • Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Imprimerie St.-Paul, Luxembourg, VIII, 79 S. (Max Menager: S.38).

  • Juncker, M. & M. Lorenz, 1999. Eechternoach, schi Steedchen. E Léiderbouch mat Anekdoten a Kommentäre voam Marcel Lorenz mat CD fär ze laousteren a matzesangen. [Virwuert:Jos. A. Massard]. Ville d'Echternach, 100 S. + Audio-CD.

  • Krier, G., 1982. Markante Persönlichkeiten aus Pfaffenthal. In: 125 Jor Sang a Klang Pafendall. Print-Service, Luxembourg, S. 61-63.

  • Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 1-125.

  • Lorenz, M., 1997. Mein persinnlich Erënnerungen oan de Max Menager (1874-1963). In: Harmonie municipale Echternach. 1872-1997: témoignages et présences II. Luxembourg, S. 103-122.

  • Schritz, P., 1981. Max Menager (1874-1963). Erinnerungen. In: P. Schritz & A. Hoffmann: Abteistadt Echternach. Echternach, cité abbatiale. Impr. St-Paul, Luxembourg, S. 331-335.

  • Spedener, G, 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, 106 S. (Max Menager: S. 59).


  • Wilhelm, F., 1992. Nos professeurs écrivains. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Impr. St Paul, Luxembourg, S. 427-464.

  • Wilhelm, F., 1997. An der Eechternoacher Geschicht gebliedert…(32): E Brostbild fär de Menagers Max. In: Die Warte, Nr. 20/1813.



Referenzen



  1. Dësen Datum ass dee richtegen, an et fënnt een e bäi: Heuertz 1922, Lang 1967 a Goetzinger & Conter 2007, 2010. Donieft fënnt een de 14. September 1874 (Didier 1926, Delleré 1972, Schritz 1981, Hausemer 2006) a souguer de 14. 1. 1874 (Spedener 1937, Krier 1982) an de 14. November 1878 (Blasen 1988, S. 36).


  2. Lorenz 1997.


  3. 3,03,1 Schritz, S. 331.


  4. Lang, S. 64.


  5. Lang 1967.


  6. Chefs de musique de l'Harmonie municipale d'Echternach. In: Harmonie municipale Echternach. 1872-1972: témoignages et présences. Luxembourg, S. 19.


  7. Lorenz 1997, S. 103; Juncker & Lorenz 1999, S. 4, schreiwen, dat wier 1909 gewiescht.


  8. 42 Jahre Adolfverband. In: La Musique, Nr. 22 (28. Oktober). Supplément du Journal d'Esch, S. 1 (Escher Tageblatt, Nr. 251, 27. Oktober 1933).[1]. Kuckt och: Franz Rehm: Unsere Verbandsdirektoren 1863-1934. In: Union Adolphe. Ville de Luxembourg. concours national et international de Chant et de Musique organisé par l'Union Adolphe... les dimanches 10 et 17 juin 1934.


  9. Goetzinger & Conter 2007, 2010.


  10. Juncker & Lorenz 1999, S. 10-11.


  11. Wilhelm 1997, Heintz 1997. Kuckt och: De Georges Calteux bäi der Aarbicht oam Buste voam Max Menager. In: Harmonie municipale Echternach. 1872-1997: témoignages et présences II. Luxembourg, S. 123.


  12. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Max_Menager&oldid=2129583“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.196","walltime":"0.268","ppvisitednodes":"value":549,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2968,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":4548,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 233.156 1 -total"," 73.26% 170.813 1 Schabloun:Infobox_Biographie"," 71.03% 165.619 1 Schabloun:Infobox"," 29.74% 69.341 23 Schabloun:Wikidata"," 29.34% 68.405 10 Schabloun:If_empty"," 9.82% 22.886 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 7.16% 16.705 1 Schabloun:Referenzen"," 3.22% 7.503 2 Schabloun:PAGENAMEBASE"," 2.83% 6.595 1 Schabloun:Autorenlexikon-FR-2010"," 2.20% 5.125 1 Schabloun:Clr"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.079","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":2972979,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1319","timestamp":"20191008193240","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Max Menager","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Max_Menager","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q16439810","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q16439810","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2011-03-04T22:36:00Z","dateModified":"2018-08-21T23:24:48Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":117,"wgHostname":"mw1320"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?