Skip to main content

Holland Inhaltsverzeechnes Geographie | Bevëlkerung | Relioun | Wirtschaft | Kultur | Geschicht | Kuckt och | Referenzen an Notten Um Spaweck | Navigatiounsmenü(Lauschteren)Centraal Bureau voor de Statistiekwww.overheid.nläää

BelschBulgarienDäitschlandÉisträichDänemarkEstlandFinnlandFrankräichGriichelandGroussbritannienIrlandItalienKroatienLettlandLitauenLëtzebuergMaltaHollandPolenPortugalRumänienSchwedenSlowakeiSlowenienSpuenienTschechesch RepublikUngarnZypernAlbanienBelschBulgarienDäitschlandDänemarkEstlandFrankräichGriichelandGroussbritannienHollandIslandItalienKanadaKroatienLettlandLitauenLëtzebuergMontenegroNorwegenPolenPortugalRumänienSlowakeiSlowenienSpuenienTierkeiTschechesch RepublikUngarnUSADrentheFlevolandFrieslandGelderlandGroningenLimburgNordbrabantNordhollandOverijsselSüdhollandUtrechtZeeland


Holland


Hollännesche FändelDetailerCuraçaoSint MaartenArubaBonaireSabaSint EustatiusEuropaNordmierBelschDäitschlandMieresspigelVaalserbergDräilännereck mat Däitschland an der BelschPegelProvënz FlevolandPolderKoogIJsselmeerNordmierZuiderzeeDäichRhäinWaalMeuseScheldeDeltaNordrhein-WestfalenDäitschlandMonacoNamibiaHollänneschProvënz FrieslandWestfriseschtDialekterPapiamentoEngleschAfrikaansSüdafrikaRéimesch-katholesch Kierch an HollandProtestantesch Kierch an Hollandcalvinistesch1980erLiewensmëttelchemesch IndustriePetrolslraffinerienLandwirtschaftproduktivWeessGeméisUebstSchnëttblummenubauTulpenziichtereiUSAFrankräichEuroGulden1. Januar19991. Januar2002BruttoinlandsproduktEuropäescher Unioun19922005Hieronymus Bosch17. JoerhonnertRembrandt van RijnJan VermeerFrans HalsCarel FabritiusGerard DouPaulus PotterJacob Izaaksoon van RuisdaelJan SteenVincent van GoghPiet MondrianM. C. EscherHendrik Petrus BerlageDe-StijlRobert van't HoffJacobus Johannes Pieter OudGerrit RietveldJohannes DuikerNeie BauenAmsterdamer SchoulMichel de KlerkErasmus vu RotterdamBaruch SpinozaChristiaan HuygensAntoni van LeeuwenhoekRené DescartesNoordwijkGëllenen ZeitalterJoost van den VondelPieter Corneliszoon HooftAnne FrankTagebuch20. JoerhonnertHarry MulischW. F. HermansGerard Reve19. JoerhonnertJohann Wilhelm WilmsCarolus Antonius FodorBernard ZweersJulius RöntgenAlphons DiepenbrockKomponistenWillem PijperMathijs VermeulenLouis AndriessenOtto KettingTon de LeeuwTheo LoevendieMisha MengelbergTristan KeurisKlaas de VriesNorth Sea Jazz FestivalDen HaagFrankeräichHellege Réimesche RäichKarl V.spueneschesiwwenzéng ProvënzenFürstenbistum Léck1572DordrechtWëllem vun Oranien23. Januar1579Achzegjärege KrichSpuenienFridde vu Münster15. Mee1648Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen17. JoerhonnertKolonienNew YorkIndonesienSurinamKaribikHollännesch KolonienArubaBonaireCuraçaoSabaSint EustatiusSint MaartenArubaNidderlännesch AntillenArubaHollännesch Antillen1796Batavesch RepublikBataverRhäinMeuse1806Napoleon I.Kinnekräich HollandFrankräich1815Kinnekräich vun de Vereenegten NidderlandenSiwwenzéng ProvënzenWëllem I.Oranien-NassauBelscher Revolutioun1830belscht Kinnekräich18381839Traité vu LondonLëtzebuergLex SalicaWëllem III.1890WilhelminaNassauer FamilljepaktHaus NassauAdolf vun NassauÉischte WeltkrichWilhelm II.Zweete WeltkrichHitlerMaginot-LinnRotterdamUtrechtWehrmachtNationaal-Socialistische BewegingAnton Adriaan MussertWaffen-SSJuddeverfolgungFebruarstreikAnne FrankIndonesien1944IndonesienFrankräichDäitschlandItalienBelschEuropäesch Communautéit fir Kuel a StolEuropäesch UniounNATOFebruar1953StuermflutBenelux1960BeatrixJulianaVertrag iwwer eng europäesch Verfassung fir Europa












Holland




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen





Disambig.svg
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Land Holland (dt.: Niederlande). Fir aner Bedeitunge, kuckt w.e.g. Holland (Homonymie)




































Nederland (Koninkrijk der Nederlanden)






Hollännesche Fändel



Hollännescht Wopen

Detailer



Detailer

National Devise: Je Maintiendrai

EU location NED.png


Offiziell Sprooch:

Hollännesch, Westfrisesch an der Provënz Friesland, Englesch op Saba a Sint Eustatius, Papiamento op Bonaire.

Haaptstad:

Amsterdam
(Regierungssëtz: Den Haag)


Staatsform:

Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek:

Willem-Alexander
 • Premierminister:

Mark Rutte


Fläch:
41 528 km²
 • Dovu Waasser:
18,41 %


Bevëlkerung:
16 357 992 [1]
 • Bevëlkerungsdicht:
394/km²


Onofhängegkeet:
vu Spuenien
23. Mee 1568 (ausgeruff)
30. Januar 1648 (unerkannt)

Nationalfeierdag:

27. Abrëll

Nationalhymn:

Het Wilhelmus
(Lauschteren)

Währung:

Euro

Zäitzon:

UTC +1 (+2 am Summer)

Internet TLD:
.nl

Internationalen
Telefonsprefix:
+31

Holland ass den europäeschen Deel vum Kinnekräich vun den Nidderlanden, dat nieft Holland nach aus den dräi Iwwerséigebidder Curaçao, Sint Maarten an Aruba besteet. D'Iwwerséigebidder Bonaire, Saba a Sint Eustatius gehéieren zu Holland. An der Ëmgangssprooch ass mat Holland dacks - och hei - dat ganzt Kinnekräich gemengt.


Holland ass eng parlamentaresch Demokratie ënner engem konstitutionelle Monarch, am Nordweste vun Europa. Et ass am Norden a Weste vum Nordmier begrenzt, am Süde vun der Belsch an am Oste vun Däitschland. Et ass ee vun den am dichtste besidelte Staate vun der Welt.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geographie


  • 2 Bevëlkerung


  • 3 Relioun


  • 4 Wirtschaft

    • 4.1 Allgemenges


    • 4.2 Staatsausgaben



  • 5 Kultur

    • 5.1 Feierdeeg


    • 5.2 Molerei


    • 5.3 Architektur


    • 5.4 Wëssenschaft an Technologie


    • 5.5 Literatur


    • 5.6 Musek



  • 6 Geschicht


  • 7 Kuckt och


  • 8 Referenzen an Notten


  • 9 Um Spaweck




Geographie |


Ongeféier d'Hallschent vum Land läit op enger Héicht vu manner wéi engem Meter iwwer dem Mieresspigel a ronn ee Véirel drënner. Déi flaach Gebidder ginn an der Reegel duerch Däicher virun de Stierm mat héije Wellen (Stuermfluten) geschützt. Zesummen hu si eng Längt vu ronn 3.000 km. Den héchste Punkt vum Festland, de Vaalserberg, ganz am Süden am Dräilännereck mat Däitschland an der Belsch, läit 322,50 m iwwer dem Amsterdamer Pegel.


Grouss Deeler vun Holland, wéi z. B. bal déi ganz Provënz Flevoland, goufen dem Mier ofgeknäppt an urbar gemaach. Dës nennt ee Polder oder Koog. Ongeféier ee Fënneftel vun der Landesfläch besteet aus Waasser. D'IJsselmeer mécht dovun de gréissten Deel aus; et ass eng fréier Bucht am Nordmier mam Numm Zuiderzee, déi 1932 duerch en 29 km laangen Däich agepoldert gouf.


Déi wichtegst Flëss an Holland sinn de Rhäin, de Waal (eigentlech een Aarm vum Rhäin), d'Meuse an d'Schelde. Si bilden zesummen ee risigen Delta a fléissen haaptsächlech an Ost-West-Richtung an d'Nordmier. De Rhäin an d'Meuse schneiden d'Land praktesch horizontal an zwéin ongläich Deeler.


Holland ass an zwielef Provënzen agedeelt:







  • Drenthe

  • Flevoland

  • Friesland


  • Gelderland

  • Groningen

  • Limburg


  • Nordbrabant

  • Nordholland

  • Overijssel


  • Südholland

  • Utrecht

  • Zeeland



Kaart vun Holland




Bevëlkerung |


Holland zielt mat ongeféier 484 Awunner pro Quadratkilometer zu den am dichtste besiidelte Staate vun der Welt (als Vergläich: Nordrhein-Westfalen 530, Däitschland 231, Monaco 16.923, Namibia 2,4) [2]. Am Juni 2006 hat Holland 16.336.000 Awunner, dovun huet ongeféier d'Hallschent an der Randstad, dem dicht bevëlkerte Weste vum Land, gewunnt.


Hollännesch ass déi offiziell Sprooch am ganze Staat, och wann et an dëser Bezéiung keng gesetzlech Bestëmmunge gëtt. An der Provënz Friesland ass zousätzlech dat staark ähnlecht Westfrisescht d'Verwaltungssprooch.


Donieft gëtt et Dialekter. An den Iwwerséigebidder vun Holland (an der Karibik) ass Hollännesch déi offiziell Sprooch, nieft Papiamento oder Englesch. Eng vum Hollänneschen ofgeleet Sprooch ass d'Afrikaans a Südafrika.


D'Hollänner si statistesch gesinn déi gréisst Leit vun der Welt, mat engem Duerchschnëtt vun 1.83 m (Männer)a 1.72 m (Fraen).



Relioun |




Reliounsverhältnes an Holland, 1849


Déi wichtegst Relioune sinn, opgrond vu statistesche Fuerschunge vun der Zentral fir Statistik:


  • 30 % Katholiken

  • 20 % Protestanten (reforméiert, alreforméiert a lutherianesch)

  • 9 % aner Reliounen (5,8 % Muslimen, 0,6 % Hinduen, Buddhisten, Judden, Aner Kierchen,)

  • 41 % ouni Konfessioun

Der Zuel vu Memberen no (Stand: 31.12.2005) sinn déi zwou gréisste Kierchen déi Réimesch-katholesch Kierch an Holland (4,4 Millioune Memberen, 27 % vun der Bevëlkerung) an d'Protestantesch Kierch an Holland (Protestantse Kerk in Nederland, PKN) (1,9 Millioune Memberen, 12 % vun der Bevëlkerung). Déi aner Kierche sinn däitlech méi kleng a stellen all manner wéi ee Prozent vun der ganzer Populatioun duer.


Bis an d'1960er Jore war d'Majoritéit vun der Bevëlkerung (55-60 %) protestantesch, wat hei virun allem calvinistesch bedeit. Eng grouss Minoritéit (bis 40 %) war kathoulesch. De Norden a Weste vum Land ass traditiounsgeméiss protestantesch, während am Süden an Osten d'Katholiken déi éischt Plaz anhuelen. An der Mëtt vum Land gëtt et de sougenannte Bijbelbelt (Bibelceinture) mat engem méi héijen Undeel vu strenggleewege Calvinisten.



Wirtschaft |



Allgemenges |


Holland huet e liberale Wirtschaftssystem, dee gutt funktionéiert. Zanter den 1980er Joren, sou gëtt allgemeng behaapt, huet d'Regierung manner an d'Wirtschaft ageraff. Et stëmmt awer datt d'Salariat sech op d'Awierkung vun der Regierung, a senge Lounfuerderungen zréckgehalen huet. D'Aarbechtslosequote ass relativ kleng, allerdéngs gëtt et wéinst hirem System vun Aarbechtsonfäegkeetsversécherung eng net onbedeitend verstoppt Aarbechtslosegkeet.


Bei der industrieller Produktioun dominéieren d'Liewensmëttel- an d'chemesch Industrie, d'Petrolslraffinerien an d'Produktioun vun elektreschen Apparaten.
Laang viru sengen europäeschen Nopere war d'Land ëm en equilibréierte Budget beméit an huet mat Succès d'Stagnatioun um Aarbechtsmaart verhënnert.


Déi modern a staark technesch entwéckelt Landwirtschaft ass aussergewéinlech produktiv: nieft Weess-, Geméis-, Uebst- aSchnëttblummenubau - d'Tulpenziichterei huet souguer d'Geschicht vum Land beaflosst - gëtt d'Mëllech- an d'Véiwirtschaft staark bedriwwen. Si liwwert de Kéis, e wichtegt Exportprodukt vun Holland. Holland ass, no den USA a Frankräich, weltwäit den drëttgréissten Exportateur vu landwirtschaftleche Produkter.


Als Matgrënner vun der Euro-Zon huet Holland seng Währung, de Gulden, den 1. Januar 1999 an de Bankgeschäfter duerch den Euro ergänzt. Dräi Joer méi spéit, den 1. Januar 2002, koumen d'Euromënzen a -Schäiner an Ëmlaf.


Am Verglach mam Bruttoinlandsprodukt vun der Europäescher Unioun ass de Kafkraaftindex an Holland 26 % méi héich.



Staatsausgaben |


Tëscht 1992 an 2005 war den Undeel vun de Staatsausgabe fir


  • de Gesondheetssystem bei 31 %

  • d'Educatiounswiesen bei 17 %

  • d'Arméi bei 2,7 %


Kultur |



Feierdeeg |




Kinnigin Beatrix um Koninginnedag













































DatumNummLëtzebuerger NummBemierkungen
1. JanuarNieuwjaar
Neijor

Mäerz/ Abrëll
PasenOuschteren
Karfreideg ( Goede vrijdag  ; hei an do fräien Dag ), Ouschtersonndeg an Ouschterméindeg
27. AbrëllKoningsdag Kinneksdag
Gebuertsdag vum Kinnek Willem-Alexander): Nationalfeierdag (zënter 2014)
4. MeeDodenherdenking Dag vun den Doudegen
Gedenkdag un déi déi am Krich gefall si (kee fräien Dag)
5. MeeBevrijdingsdagLiberatiounsdag
Erënnerung un d'Befreiung vun der däitscher Besatzung, dag van de vrijheid (fir munnech e fräien Dag)
40 Deeg no Ouschteren
Hemelvaartsdag
Christi Himmelfaart
7 Wochen no OuschterenPinksterenPäischtenPäischtsonndeg a Päischtméindeg
5. Dezember
Sinterklaasavond oder Pakjesavond

Niklosowend
(kee fräien Dag), den Dag, wou d'Kanner Geschenker kréien

25. und 26. Dezember
KerstmisChrëschtdag1. an 2. Chrëschtfeierdag
31. DezemberOudejaar(sdag)Silvester(kee fräien Dag)


Molerei |





Van Gogh „ Sonneblummen “


Vill weltberühmt Moler waren Hollänner. Ee vun de bekanntste Kënschtler war den Hieronymus Bosch. An der Glanzzäit vun der Republik am 17. Joerhonnert, am sougenannte Gëllenen Zäitalter hu grouss Kënschtler do gelieft an hir bedeitend Wierker geschaf, wéi de Rembrandt van Rijn, Jan Vermeer, Frans Hals, Carel Fabritius, Gerard Dou, Paulus Potter, Jacob Izaaksoon van Ruisdael oder Jan Steen. Berühmt Moler a spéideren Epoche waren ë. a. de Vincent van Gogh an de Piet Mondrian. Den M. C. Escher ass e bekannte Graphiker.



Architektur |


Hollännesch Architekten hunn d'Architektur vum 20. Joerhonnert staark beaflosst. Et verdéngen an deem Zesummenhang ernimmt ze ginn: Hendrik Petrus Berlage d'Architekte vun dem De-Stijl-Grupp (Robert van't Hoff, Jacobus Johannes Pieter Oud, Gerrit Rietveld ). De Johannes Duiker war e Vertrieder vum Neie Bauen. Déi sougenannt Amsterdamer Schoul ëm de Michel de Klerk huet eng wichteg Kontributioun am Hibléck op eng expressionistesch Architektur geleescht.



Wëssenschaft an Technologie |


Aus Holland stamen: Erasmus vu Rotterdam, Baruch Spinoza, Christiaan Huygens an Antoni van Leeuwenhoek. De René Descartes huet laang an Holland gelieft an do e groussen Deel vu senge Schrëfte geschaf. Eng ganz Rei vu verfollegte Wëssenschaftler hu rezent an Holland Asyl fonnt an och nei Wierkungsméiglechkeeten.


Zu Noordwijk huet d'European Space Agency hire Sëtz.



Literatur |


Am „Gëllenen Zeitalter“ (Gouden Eeuw) ass, nieft der Molerei och d'Literatur opgeblitt: als bekannt Vertrieder sollten de Joost van den Vondel a Pieter Corneliszoon Hooft ernimmt ginn.


Während der däitscher Besatzung (1940–1945) huet d'Anne Frank zu Amsterdam hiert weltbekannt Tagebuch geschriwwen.


Als déi dräi wichtegst Auteuren aus der 2. Hallschent vum 20. Joerhonnert ginn den Harry Mulisch ("Die Entdeckung des Himmels", och verfilmt), de W. F. Hermans an de Gerard Reve ugekuckt.



Musek |


Wann d'hollännesch klassesch Musek laang net deselwechten Niveau wéi an anere westlechen europäesche Länner erreecht huet, dann huet sech dach géint d'Enn vum 19. Joerhonnert an Holland e méi staarke Professionalismus duerchgesat a vill Orchesteren a Museksensemble sinn entstanen.


Grouss hollännesch Komponisten aus der Zäit ëm 1800 ware beispillsweis deen an Däitschland gebuerene Johann Wilhelm Wilms an och de Carolus Antonius Fodor, déi sech allen zwéin no der Wiener klassescher Musek orientéiert hunn. Am 19. Joerhonnert hat déi däitsch Romantik e groussen Afloss op déi hollännesch Musek. De Bernard Zweers huet als éischte versicht, enger spezifesch hollännescher Musek zum Duerchbroch ze verhëllefen. Anerer si sengem Beispill gefollegt, wéi de Julius Röntgen an den Alphons Diepenbrock. Wichteg Komponisten am 20. Joerhonnert sinn: Willem Pijper, Mathijs Vermeulen, Louis Andriessen, Otto Ketting, Ton de Leeuw, Theo Loevendie, Misha Mengelberg, Tristan Keuris a Klaas de Vries.


Den all Joer organiséierten North Sea Jazz Festival zu Den Haag gehéiert weltwäit zu deene wichtegsten Jazz-Events.



Geschicht |


No der Opdeelung vum Frankeräich hunn déi "nidderech Länner" (niederen Lande) zum ostfränkesche Kinnekräich (Regnum Teutonicae) an duerno zum Hellege Réimesche Räich gehéiert. Ënner dem Keeser Karl V., dee gläichzäiteg spuenesche Kinnek war, gouf d'Land a siwwenzéng Provënzen opgespléckt an huet och déi haiteg Belsch a Lëtzebuerg, mat Ausnam vum Fürstenbistum Léck, an Deeler vun Nordfrankräich a Westdäitschland abegraff. De 15./16. Juli 1572 koumen d'Vertrieder vun de meeschte Stied vum haitegen Holland zu Dordrecht ( am Gebai „Het Hof“) zesummen an hunn hir Onofhängegkeet vu Spuenien decidéiert. Si hunn de Wëllem vun Oranien zu hirem Spriecher gemaach. No der definitiver Onofhängegkeetserkläerung vun de siwen nërdleche Provënzen (Allianz vun Utrecht) vum 23. Januar 1579 am Achzegjärege Krich géint de spueneschen Habsburger, deen duerno koum, gouf déi formell Onofhängegkeet vu Spuenien am Fridde vu Münster de 15. Mee 1648 bekräftegt. Dësen Datum gëtt als als Gebuertsstonn vun Holland vun haut betruecht.


Duerno huet Holland oder („de nederen duitsche landen”) sech als Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen zu enger vun de gréisste Séi- a Wirtschaftsmuechte vum 17. Joerhonnert entwéckelt. An där Zäit goufe Kolonien an Handelspaarten op der ganzer Welt opgeriicht. Bekannt ass d'Grënnung vun Nei Amsterdam (Nieuw Amsterdam), dat spéider an "New York" ëmgedeeft ginn ass. An Asien hunn d'Hollänner hiert Kolonialräich Nidderlännesch-Indien (Nederlands-Indië) dat haitegt Indonesien, opgebaut, dat am Dezember 1949 onofhängeg ginn ass. Och am nordëstleche Südamerika (Surinam) an an der Karibik sinn Hollännesch Kolonien: Aruba, Bonaire, Curaçao, Saba, Sint Eustatius a Sint Maarten entstanen; déi Inselen, Aruba a d'Nidderlännesch Antillen (déi fënnef aner Inselen), bilden haut een autonomen Deel vun der hollännescher Monarchie. Dat ass de Grond, firwat dat hollännescht Kinnekräich („Koninkrijk der Nederlanden“) offiziell aus dräi Deeler besteet: Holland, Aruba an d'Hollännesch Antillen.


1796 gouf mat franséischer Hëllef d'Batavesch Republik (benannt nom germanesche Stamm vun de Bataver, deen dat Gebitt tëscht dem Rhäin an der Meuse fir d'éischt besidelt hat) gegrënnt. 1806 huet den Napoleon I. doraus d'Kinnekräich Holland gemaach.


Nodeem Frankräich ënner dem Napoleon och Holland ënnerjacht hat, gouf aus him 1815 d'Kinnekräich vun de Vereenegten Nidderlanden, well déi verschidden Deeler vun den eigentlechen Nidderlanden (an der Haaptsaach déi fréier Siwwenzéng Provënzen) nees zesummekoumen. Éischte Kinnek gouf de Wëllem I. aus dem Haus Oranien-Nassau. De Süde gouf no der Belscher Revolutioun vun 1830 als belscht Kinnekräich onofhängeg, eng Onofhängegkeet, déi allerdéngs eréischt 1838 vum Wëllem I. unerkannt an 1839 am Traité vu London definitiv verankert gouf.


Den hollännesche Kinnek war gläichzäiteg, als Prënz vun Oranien-Nassau, Groussherzog vu Lëtzebuerg, wou d'Lex Salica (no där keng weiblech Persoun op den Troun duerft kommen) gegollt huet. Wéi de Wëllem III. bei sengem Doud 1890 nëmmen eng Duechter (d'Kinnigin Wilhelmina) hannerlooss huet, ass de Lëtzebuerger Troun, nom Nassauer Familljepakt, un déi aner Linn am Haus Nassau, um Wëllem säi Cousin Adolf vun Nassau iwwergaangen.


Am Éischte Weltkrich war Holland offiziell neutral. Seng Truppe blouwen awer bis zum Enn vum Krich mobiliséiert. Wéi du den Däitsche Keeser Wilhelm II. huet missen ofdanken, ass en an Holland an den Exil gaangen.


Och am Zweete Weltkrich huet d'hollännesch Regierung am Ufank probéiert, sech neutral ze verhalen. Den Hitler ass awer an Holland agefall, fir Frankräich vum Norden aus ze besetzen a sou d'Maginot-Linn z'ëmgoen. Nodeem d'hollännesch Arméi sech dräi Deeg laang gewiert hat, hunn déi däitsch Truppen de 14. Mee 1940 Holland gezwongen, opzeginn. Dat schrecklecht Bombardement vu Rotterdam an d'Drohung och grad sou mat dem zéi verdeedegten Utrecht ze verfueren, hat dofir den Ausschlag ginn. D'kinneklech Famill war an deem Moment schonn an England an den Exil gaangen. Vun do u blouf Holland vun der Wehrmacht besat. D'Nationaal-Socialistische Beweging (NSB) ënner dem Anton Adriaan Mussert huet mat den däitschen Besatzungstruppe kollaboréiert, huet awer kee signifikanten Aflooss erreecht, net bei der Bevëlkerung an och net bei de Besatzungsautoritéiten. Allerdéngs hate sech 60.000 Hollänner fräiwëlleg bei d'Waffen-SS gemellt, de stäerksten auslännesche Kontigent vun der Waffen-SS. No der däitscher Invasioun ass et mat der Juddeverfolgung lassgaangen. De Februarstreik 1941 géint d'Deportatioune gouf am Blutt ersoff. Vun den 160.000 Judden an Holland hunn der nëmmen 30.000 d'Enn vum Krich iwwerlieft. Symbol fir d'Juddeverfolgung ass de Fall vun der Anne Frank.


Den 11. Januar 1942 huet Japan d'hollännescht Ostindien (haut Indonesien) iwwerfall. D'Hollänner hunn den 1. Mäerz 1942 kapituléiert.


De südlechen Deel vun Holland gouf an der zweeter Hallschent vun 1944 vun den Alliéierten Truppen op hirem Virmarsch befreit; den Norde vum Land awer eréischt géint d'Krichsenn. Direkt no senger Befreiung vun der japanescher Besatzung (17. August 1945) huet dat hollännescht Ostindien sech onofhängeg erkläert a sech den Numm Indonesien ginn. D'hollännesch Truppen hunn zwar probéiert, dat ze verhënneren, hunn awer schliisslech de 27. Dezember 1949, no haarde Kämpf, Indonesien och formal an d'Onofhängegkeet entlooss.


1952 huet Holland zesumme mat Frankräich, Däitschland, Italien, der Belsch a Lëtzebuerg d'Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (an domat déi spéider Europäesch Unioun) gegrënnt. Et zielt och zu de Grënnungsmembere vun der NATO.


Am Februar 1953 huet eng Stuermflut de Südweste vun Holland iwwerschwemmt, 1800 Leit sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Holland ass och e Grënnungsmember vun der Benelux-Wirtschaftsunioun (zanter 1944 geplangt, den 3. Februar 1958 festgeluecht an den 1. November 1960 a Kraaft getrueden). 1980 ass d'Beatrix Kinnigin ginn, nodeem hir Mamm Juliana mat 71 Joer ofgedankt huet.


D'Hollänner hu sech den 1. Juni 2005 mat enger grousser Majoritéit vun 61,6 % géint de Vertrag iwwer eng europäesch Verfassung fir Europa ausgesprach.



Kuckt och |


  • Regioun Holland

  • Benelux



Referenzen an Notten



  1. Geschat fir 2007 vum Centraal Bureau voor de Statistiek (Juni 2007).


  2. Fischer Weltalmanach 2006. Zahlen, Daten, Fakten. Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main 2005, ISBN 3-596-72006-0; S. 334,117,126,321,325


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien

  • (nl) www.overheid.nl Portal vum hollännesche Staat














Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Holland&oldid=2210463“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.160","walltime":"0.194","ppvisitednodes":"value":763,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":25439,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":1623,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":851,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 106.243 1 -total"," 40.33% 42.852 1 Schabloun:Infobox_Land"," 27.21% 28.906 3 Schabloun:Navbox"," 25.72% 27.328 1 Schabloun:Navigatioun_Memberstaaten_EU"," 10.28% 10.920 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 6.42% 6.818 1 Schabloun:Commonscat"," 4.97% 5.285 1 Schabloun:Nl"," 4.39% 4.666 1 Schabloun:NATO"," 4.26% 4.531 1 Schabloun:Commons"," 3.92% 4.170 1 Schabloun:Provënzen_an_Holland"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.011","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":771155,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1334","timestamp":"20191002233425","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Holland","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Holland","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q55","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q55","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-11-03T02:22:44Z","dateModified":"2019-09-29T21:38:59Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/2/20/Flag_of_the_Netherlands.svg","headline":"Land a Westeuropa"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":266,"wgHostname":"mw1328"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?