L'essentiel Inhaltsverzeechnes Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüL'essentiel onlineL'essentiel onlinePressecommuniqué
Zeitungen zu LëtzebuergGratiszeitungen
lëtzebuergeschGratisdageszeitungfranséischer10. Oktober2007VerdeelerkëschteDéifferdengEditpressTamediaDanièle FonckAlvin SoldPaul HammelmannRGTRHoroskopdaïtscher
L'essentiel
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
L'essentiel-Verdeelerkëscht an der Mamer Gare de 5. Oktober 2007
Dekoratioun an der Entrée vun der Gebléishal um Belval den 10. Oktober 2007 bei der Receptioun bei Geleeënheet vun der éischter Nummer vu L'essentiel
L'essentiel ass eng lëtzebuergesch Gratisdageszeitung a franséischer Sprooch, déi zanter dem 10. Oktober 2007 un a Verdeelerkëschte läit. Si gëtt vum Verlag EDITA SA vun Déifferdeng erausginn, enger Duechtergesllschaft vun Editpress an der Schwäizer Tamedia.
Am Verwaltungsrot vun Edita sëtzen de Pietro Supino, de Martin Kall an de Marcel Kohler vun (Tamedia) an d'Danièle Fonck, den Alvin Sold an de Paul Hammelmann vun der (Editpress).
Direkter ass den Emmanuel Fleig, an de Chefredakter den Denis Berche, an de Responsabele vun der Distributioun ass de Luc Melsen. L'essentiel hat am Juni 2008 eng Oplo vu 82.000 Exemplairen, a läit mueres um 6 Auer a ronn 400 Verdeelerkëschten uechter d'Land. Am Joer 2014 louch d'Oplo bei ronn 107.700 Exemplairen, enger Verdeelung vun 102.500 Exemplairen an dat op méi 1200 Distributiounsplazen. Och a munnechen RGTR-Busse si méi kleng Busverdeelerkëschten. Doriwwer eraus gëtt et och Banneverdeelunge vun der Gratiszeitung a grousse Betriber, wéi Banken. De Verlag liwwert d'Zeitungen bis bei d'Receptioun, déi sech dann ëm d'Verdeele këmmert.
D'Zeitung ass op "de breede Public" ausgeriicht mat Horoskop a Rubrike wéi Luxembourg, Monde, Webpage, Sports a People.
Nieft der Printeditioun gëtt et och L'Essentiel online a franséischer an daïtscher Sprooch.
Inhaltsverzeechnes
1 Oplo
2 Lieserstatistik
3 Kuckt och
4 Um Spaweck
5 Referenzen
Oplo |
Zuel vun de verdeelten Exemplairen, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel confirméiert gouf:
0004/2008000 | 0004/2009000 | 0004/2010000 |
|---|---|---|
| 78.978[1] | 88.849[1] | 91.225[2] |
Lieserstatistik |
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 130.000 Leit iwwer 15 Joer den Essentiel gelies (27,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[3]
Kuckt och |
- Lëscht vun Zeitungen an Zäitschrëften zu Lëtzebuerg
Um Spaweck |
Commons: L'essentiel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
L'essentiel online (fr)
L'essentiel online (de)
Referenzen
↑ 1,01,1 Romain Hilgert: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 10.
↑ Romain Hilgert: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäilag Communication, S.8.
↑ Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
Kategorien:
- Zeitungen zu Lëtzebuerg
- Gratiszeitungen
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.088","walltime":"0.114","ppvisitednodes":"value":191,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2885,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":132,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":1439,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 80.828 1 -total"," 16.33% 13.198 1 Schabloun:Referenzen"," 12.63% 10.206 1 Schabloun:Commonscat"," 8.17% 6.602 1 Schabloun:Clr"," 7.79% 6.299 1 Schabloun:Fr"," 7.48% 6.044 1 Schabloun:Commons"," 4.43% 3.582 1 Schabloun:De"," 4.01% 3.238 2 Schabloun:Sproochindikatioun"," 3.64% 2.939 18 Schabloun:0"," 3.59% 2.898 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1335","timestamp":"20191113162631","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"L'essentiel","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/L%27essentiel","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q3204962","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q3204962","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-08-12T20:17:10Z","dateModified":"2018-06-25T10:10:29Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/6/69/Essentiel-Kabes--w.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":121,"wgHostname":"mw1250"););