Skip to main content

Schlass Fëschbech Quell | Navigatiounsmenü"Cour grand-ducale - Château de Fischbach" monarchie.luarchivéiert Versioun, 24. Juni 2014

Buergen a Schlässer zu LëtzebuergGemeng Fëschbech


Gemeng FëschbechLëtzebuerg1050Schluecht vu Worringen12881466157116281674Drëssegjärege Krich1635François vu Loutrengen1768HéichuewenSchmëdd1803Charles Joseph CollartIgnace-Antoine de Cassal et BomalFëschbechKéidengFëschbecher Schmelz1812Hubert JosephCharles Joseph CollartAuguste GarnierSA Belge des hauts-fourneauxGroussherzog Wëllem II.1884Adolphe vun NassauZweete Weltkrich1945Groussherzogin Charlotte1987HenriGroussherzogSchlass BiergJeanJoséphine-Charlotte












Schlass Fëschbech




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




D'Schlass Fëschbech. Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez.


D'Schlass Fëschbech ass e Schlass an der Gemeng Fëschbech.


D'Herrschaft vu Fëschbech ass mat eng vun deenen eelste vu Lëtzebuerg. Den éischten Här, vun deem et eng urkundlech Quell gëtt, war am Joer 1050 den Udo vu Fëschbech. Bei der Schluecht vu Worringen (1288) hunn d'Häre vu Fëschbech bis op der Doud matgekämpft.


1466 huet d'Angèle vu Fëschbech den Henri vu Boland, Här vu Rollé an Esch-Sauer, bestuet. 1571 ass et un de Bernard II. vun Orley, Här vu Lënster a Meesebuerg iwwergaangen. 1628 huet de François de Cassal en Deel vum Schlass opkaaft, seng Nokommen hunn 1674 de Rescht vun der Herrschaft dobäikaaft. Am Drëssegjärege Krich gouf d'Schlass 1635 vu polneschen Zaldoten an der Arméi vum François vu Loutrengen ofgebrannt.


1768 goufen nieft dem Schlass en Héichuewen an eng Schmëdd a Betrib geholl.


1803 huet de Charles Joseph Collart d'Schmelz vu Fëschbech vum Ignace-Antoine de Cassal et Bomal, dem leschten Här vu Fëschbech (1777 bis 1795), kaaft mat all sengen Dépendancen, dorënner de Bauerenhaf vu Kéideng an d'Pabeiersfabréck an der Fëschbecher Schmelz. Zu den Dependancen huet och d'Fëschbecher Schlass gehéiert. 1812 huet säi Fils Hubert Joseph d'Schlass an d'Schmelz vu Fëschbech geierft, an 1822 deem säi Fils, deen och Charles Joseph Collart geheescht huet. Dësen ass jonk gestuerwen, a sou gouf de Fëschbecher Besëtz no sengem Doud 1836 vum fréiere Schmelzdirekter Auguste Garnier kaaft. De Garnier huet et der SA Belge des hauts-fourneaux iwwerdroen.


1847 huet de Groussherzog Wëllem II. den Domaine opkaaft an eng sëllechen Industrieanlagen nees ofrappe gelooss. 1884 gouf den Adolphe vun Nassau Proprietär.


Am Zweete Weltkrich hunn d'Nazien am Schlass d'"Künstlerheim Fischbach" ageriicht, an e gudden Deel vun der Ariichtung an de Konschtgéigestänn geplëmmt. Vun 1945 bis zu hirem Doud huet d'Groussherzogin Charlotte am Schlass gewunnt. 1987 ass den Ierfgroussherzog Henri mat senger Famill duer wunne gaangen. Hien huet, wéi e Groussherzog gouf,seng Residenz an d'Schlass Bierg verluecht, während seng Elteren hirersäits vun do op d'Fëschbecher Schlass geplënnert sinn.


Dem Grand-Duc Jean seng Fra Joséphine-Charlotte ass do gestuerwen.



Quell |



  • "Cour grand-ducale - Château de Fischbach" monarchie.lu archivéiert Versioun, 24. Juni 2014



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Schlass_Fëschbech&oldid=2197783“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.012","walltime":"0.018","ppvisitednodes":"value":41,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":0,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":2,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 0.000 1 -total"],"cachereport":"origin":"mw1272","timestamp":"20191119023141","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Schlass Fu00ebschbech","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Schlass_F%C3%ABschbech","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q3247067","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q3247067","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2009-03-24T17:07:15Z","dateModified":"2019-08-30T08:44:05Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/8/8c/F-Clement_N-Liez_vue-de-fischbach.png"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":135,"wgHostname":"mw1330"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?