Skip to main content

1948 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 22. Februar 1948 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch England-Lëtzebuerg de 26. Mäerz 1948 op der Websäit vun European FootballArtikel am Wort iwwer de Foussballmatch England-Lëtzebuerg vum 26. Mäerz 1948D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg de 27. Mäerz 1948 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslowakei den 19. Abrëll 1948 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Éisträich den 2. Mee 1948 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 6. Mee 1948 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 18. Juli 1948 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Afghanistan de 26. Juli1948 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien den 31. Juli1948 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 19. September 1948 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 21. November 1948 op der Websäit vun European Football

Joren (20. Joerhonnert)1948


◄19. Joerhonnert21. Joerhonnert◄◄◄19441945194619471949195019511952►►►












1948




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
 
◄◄ |
◄ |
1944 |
1945 |
1946 |
1947 |
1948
| 1949
| 1950
| 1951
| 1952
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 1948.






Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Mëttel- a Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Arabesch Welt an Noen Osten



  • 2 Konscht a Kultur

    • 2.1 Molerei


    • 2.2 Literatur


    • 2.3 Musek



  • 3 Wëssenschaft an Technik


  • 4 Sport


  • 5 Gebuer


  • 6 Gestuerwen


  • 7 Um Spaweck


  • 8 Referenzen




Evenementer |



  • 01. Januar: D'GATT (General Agreement on Tariffs and Trade) trëtt a Kraaft.


  • 07. Abrëll: D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO gëtt gegrënnt.


  • 10. Dezember: D'UNO hëlt d'Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter un.


Europa |




10-DM-Billjee: Nei Währung a Westdäitschland




Berliner Loftbréck



  • 01. Januar: Italien gëtt eng Republik; den Enrico De Nicola gëtt éischten italienesche Staatspresident.


  • 01. Januar: Groussbritannien verstaatlecht seng Eisebunnen.


  • 03. Januar: Am Saarland gëtt de Franséische Frang agefouert.


  • 18. Februar: Den John A. Costello gëtt Premierminister (Teasoach) an Irland.


  • 25. Februar: De kommunistesche Ministerpresident vun der Tschechoslowakei, Klement Gottwald, entléisst zwielef biergerlech Minister aus senger Regierung, soudatt d'KP eleng d'Muecht am Land huet.


  • 28. Mäerz: Bei de Parlamentswalen a Rumänien kritt d'Volleksdemokratesch Eenheetsfront 93,2 Prozent vun de Stëmmen.


  • 03. Abrëll: Den US-President Harry S. Truman ënnerschreift de Marshall-Plang, woumat 5,3 Milliarden Dollar fir Europa nees opzebauen, fräigi ginn.


  • 13. Abrëll: Rumänien gëtt sech eng Verfassung no sowjeteschem Modell.


  • 01. Mee: Nom Attentat op de griichesche Justizminister Christos Ladas rifft d'Regierung d'Krichsrecht aus a léisst 213 Kommunisten exekutéieren.


  • 07. Mee: An der Tschechoslowakei trëtt eng nei Verfassung nom sowjetesche Modell a Kraaft.


  • 11. Mee: De Luigi Einaudi gëtt zum Staatspresident vun Italien gewielt.


  • 18. Juni: An Italien si fir d'éischt nom Zweete Weltkrich demokratesch Parlamentswalen.


  • 21. Juni: An de westleche Besatzungszone vun Däitschland gëtt bei enger Währungsreform d'D-Mark agefouert an d'Reichsmark ofgeschaaft.


  • 24. Juni: Och déi dräi Westsektore vu Berlin féieren d'D-Mark an, doropshi kënnt et zu der Berliner Blockad.


  • 25. Juni: Den US-Generol Lucius D. Clay gëtt den Uerder, eng Loftbréck tëscht de Westzonen a Westberlin opzeriichten.


  • 08. Juli - 10. Juli: Op der Rittersturz-Konferenz zu Koblenz gëtt decidéiert, déi dräi westlech Besatzungszonen zu der Bundesrepublik Däitschland zesummenzeleeën.


  • 19. Juli: A Frankräich trëtt déi éischt Regierung ënner dem Robert Schuman zréck; de 26. Juli gëtt den André Marie Premierminister, wann och just fir 6 Wochen.


  • 04. September: D'Juliana gëtt nom Récktrëtt vun hirer Mamm Wilhelmina Kinnigin vun Holland; se leet de 6. September den Eed op d'Verfassung of.


  • 05. September: De Robert Schuman gëtt op en Neits - fir zwéin Deeg - Premierminister a Frankräich.


  • 11. September: Den Henri Queuille gëtt neie Premierminister a Frankräich.


Lëtzebuerg |



  • 02. Februar: Den éischte Fliger vun der Luxembourg Airlines Company,(dem Virleefer vun der Luxair), eng DC-3 Douglas, immatriculéiert LX-LAA, flitt op Paräis.


  • 17. Mäerz: Lëtzebuerg ënnerschreift mat Frankräich, Groussbritannien, der Belsch an Holland de Vertrag vu Bréissel, een defensive Militärpakt, deen 1954 an déi Westeuropäesch Union iwwergoe sollt.


  • 22. Mäerz: D'Fleesch, d'Fleeschwueren an d'Rahm däerfen erëm ouni Mark verkaaft ginn.


  • 05. Abrëll: Déi éischt Nummer vum Lëtzebuerger Journal kënnt eraus.


  • 15. Abrëll: D'Chamber stëmmt eng Verfassungsännerung, no där d'Land seng Neutralitéit opgëtt.


  • 06. Juni: Partiell Chamberwalen am Süden an am Osten: D'CSV kritt 22 Sëtzer, d'LSAP der 15, de Groupement patriotique et démocratique der 9 an d'KPL der 5.


  • 19. Juni: Déi éischt Foire-Ausstellung geet un.


  • 14. Juli: D'Regierung Dupong-Schaus II hëlt hir Funktioun op.


  • 30. Juli: Eng kommunistesch Propositioun fir d'Ofschafe vun der Lëtzebuerger Arméi gëtt an der Chamber mat 30 géint 5 Stëmmen ofgeleent.


Afrika |



  • 26. Mee: A Südafrika gëtt d'National Party, déi fir d'Apartheid ass, stäerkste Partei.


Amerika |



  • 22. Juli: An engem Referendum stëmmt d'Majoritéit vun den Awunner vun Neifundland fir Deel vu Kanada ze ginn.


  • 15. November: De Louis Saint-Laurent gëtt Premierminister vu Kanada.


USA |



  • 02. November: Bei der US-Presidentschaftswal gëtt den Harry S. Truman a sengem Amt knappss confirméiert; Géigekandidat war de Republikaner Thomas E. Dewey.


Mëttel- a Südamerika |



  • 07. Mäerz: D'Peroniste gewannen d'Walen an Argentinien.


  • 30. August: Costa Rica gëtt onofhängeg.


  • 24. November: Militärputsch a Venezuela géint de President Rómulo Betancourt.


Asien |



  • 04. Januar: Birma (haut Myanmar) gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.


  • 04. Februar: Ceylon gëtt onofhängeg.


  • 20. Juli: De Rhee Syng-man gëtt President vu Südkorea.


  • 09. September: D'Volleksrepublik Nordkorea gëtt ausgeruff, si hieft fir sech an Usproch, ganz Korea ze vertrieden.


  • 14. September: De Khawaja Nazimuddin gëtt neie pakistanesesche Staatschef.


  • 16. Dezember: Kambodscha gëtt am Kader vun der Union Française onofhängeg.


Ozeanien & Pazifik |



Arabesch Welt an Noen Osten |



  • 14. Mee: De Staat Israel gëtt gegrënnt. Den David Ben-Gurion gëtt éischte Ministerpresident. Egypten, Saudi-Arabien, Jordanien, Libanon, Irak a Syrien erklären dorposhin Israel de Krich.


  • 28. Dezember: Membere vun de verbuedene Muslimbridder ermuerden den egyptesche Ministerpresident Mahmoud an-Nukrashi Pascha.


Konscht a Kultur |



Molerei |



Literatur |



  • Edmond Dune, Corps élémentaires.


Musek |



Wëssenschaft an Technik |



Sport |



  • 22. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:0 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Marcel Paulus a Victor De Bourcy geschoss.[1]


  • 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu London 1:2 géint England.[2] De Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss.[3]


  • 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu London 0:1 géint Holland.[4]


  • 18. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:4 géint Tschechoslowakei. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Fernand Schammel an Nicolas Kettel geschoss.[5]


  • 02. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:7 géint Éisträich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jim Kremer an Nicolas Kettel geschoss.[6]


  • 06. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Léck 0:1 géint Belsch.[7]


  • 18. Juli: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Saint-Quentin 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Wagner geschoss.[8]


  • 26. Juli: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Brighton, op den Olympesche Summerspiller 1948 vu London, 6:0 géint Afghanistan. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jules Gales (2), Nicolas Kettel, Fernand Schammel a Marcel Paulus (2) geschoss.[9]


  • 31. Juli: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu London op den Olympesche Summerspiller 1948 1:6 géint Jugoslawien. De Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Fernand Schammel geschoss.[10]


  • 19. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lucie Konter geschoss.[11]


  • 21. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:7 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Becker geschoss.[12]


Gebuer |



  • Michel Daleiden, Lëtzebuerger Moler a Serigraph.


  • Paul Lafontaine: lëtzbuergeschen Historiker.


  • David Levy, US-amerikaneschen Astronom.


  • 02. Januar: Tony Judt, briteschen Historiker.


  • 07. Januar: Ichirō Mizuki, japanesche Anisonsänger a Schauspiller.


  • 10. Januar: Bernard Thévenet, franséische Vëlossportler.

  • 10. Januar: Donald Fagen, US-amerikanesche Museker.


  • 12. Januar: Gordon Campbell, kanadesche Politiker.


  • 17. Januar: Davíð Oddsson, islännesche Ministerpresident.


  • 16. Januar: John Carpenter, amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Produzent, Schauspiller, a Filmmusek-Komponist.


  • 29. Januar: Guido Knopp, däitsche Journalist, Publizist a Moderator.


  • 30. Januar: Aly Jaerling, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.

  • 30. Januar: Charles Hamer, lëtzebuergeschen Auteur an Ekonomist.


  • 03. Februar: Henning Mankell, schwedesche Schrëftsteller.


  • 04. Februar: Alice Cooper, US-amerikanesche Rockmuseker.


  • 07. Februar: Josef Ackermann, Schwäizer Banquier a Manager.


  • 10. Februar: Anna Boch, belsch Molerin.


  • 13. Februar: Sam Garbarski, belsche Filmregisseur.


  • 19. Februar: Pim Fortuyn, hollännesche Politiker a Publizist.


  • 20. Februar: Andrew Fabian, briteschen Astronom an Astrophysiker.


  • 23. Februar: Raymond Weydert, lëtzebuergesche Politiker an Agronom.


  • 24. Februar: Rolf Tarrach, spuenesche Physiker a Rekter vun der Université du Luxembourg.


  • 29. Februar: Gérard Darmon, franséische Schauspiller a Sänger.

  • 29. Februar: Jemp Schuster, lëtzebuergeschen Auteur, Kabarettist an Theateregisseur.


  • 02. Mäerz: Rory Gallagher, iresche Gittarist.


  • 09. Mäerz: Chris Thompson, britesche Museker.


  • 11. Mäerz: Dominique Sanda, franséisch Schauspillerin.


  • 14. Mäerz: Philippe Maystadt, belsche Politiker.


  • 22. Mäerz: Andrew Lloyd Webber, englesche Komponist.


  • 29. Mäerz: Fern Weirich, lëtzebuergesche Comics-Zeechner.


  • 31. Mäerz: Al Gore, US-amerikanesche Politiker.


  • 01. Abrëll: Jimmy Cliff, jamaikanesche Reggaemuseker.


  • 02. Abrëll: Nibio Orioli, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 03. Abrëll: Jaap de Hoop Scheffer, hollännesche Politiker.


  • 06. Abrëll: Georges Jacquemart, lëtzebuergeschen Ingenieur.


  • 06. Abrëll: Patrika Darbo, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 08. Abrëll: Danuta Hübner, polnesch Politikerin an EU-Kommissärin.


  • 12. Abrëll: Joschka Fischer, däitsche Politiker.


  • 19. Abrëll: Michel Foret, belsche Politiker.


  • 20. Abrëll: Jean-Paul Lehners, lëtzebuergeschen Enseignant an Historiker.


  • 28. Abrëll: Terry Pratchett, englesche Schrëftsteller.


  • 07. Mee: Marc Agosta, lëtzebuergesche Liichtathlet.


  • 09. Mee: Hans Georg Bock, däitsche Mathematiker.


  • 11. Mee: Jeannot Moes, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 12. Mee: Steve Winwood, Museker.


  • 16. Mee: Christiane Steinmetzer, lëtzebuergesch Konschthistorikerin.


  • 18. Mee: François Felten, lëtzebuergesche Moler an Theolog.


  • 19. Mee: Grace Jones, Sängerin, Fotomodell a Schauspillerin.


  • 24. Mee: Richard Dembo, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 26. Mee: Stevie Nicks, US-amerikanesch Sängerin.


  • 28. Mee: Pierre Rapsat, belsche Sänger.


  • 29. Mee: Norbert Berens, lëtzebuergesche Pedagog an Auteur.


  • 31. Mee: Swetlana Alexandrowna Alexijewitsch, wäissrussesch Schrëftstellerin.


  • 01. Juni: Powers Boothe, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 06. Juni: Jürgen Marcus, däitsche Schlagersänger.


  • 15. Juni: Pierre Warin, belsche Geeschtlechen an Auxiliairebëschof vun Namur.


  • 17. Juni: Joaquín Almunia, spuenesche Politiker an EU-Kommissär.


  • 08. Juli: Nathalie Baye, franséisch Schauspillerin.


  • 13. Juli: Catherine Breillat, franséisch Schauspillerin a Regisseurin.


  • 22. Juli: Otto Waalkes, däitsche Komiker, Cartoonist a Schauspiller.


  • 30. Juli: Jean Reno, franséische Schauspiller.


  • 01. August: Abdelmalek Sellal, algeresche Politiker.


  • 03. August: Jean-Pierre Raffarin, franséische Politiker, Premierminister.


  • 11. August: Jan Palach, Philosophie-Student an der deemoleger Tschechoslowakei.


  • 20. August: Jeanne Peiffer, lëtzebuergesch Mathematikerin a Wëssenschaftshistorikerin.


  • 24. August: Jean Michel Jarre, franséische Komponist.

  • 24. August: Sauli Niinistö, finnesche Politiker.

  • 24. August: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist.


  • 26. August: Jean Stock, franséische Journalist.


  • 05. September: Benita Ferrero-Waldner, éisträichesch Politikerin, EU-Kommissärin.


  • 12. September: Louis Trierweiler, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 19. September: Jeremy Irons, britesche Schauspiller.


  • 02. Oktober: Siim Kallas, estnesche Politiker an EU-Kommissär.


  • 02. Oktober: Jean-François Rischard, lëtzebuergeschen Ekonomist an Auteur.


  • 05. Oktober: Joseph Bruyère, belsche Vëlossportler.


  • 08. Oktober: Claude Jade, franséisch Schauspillerin.


  • 12. Oktober: Rick Parfitt, britesche Museker.


  • 17. Oktober: Margot Kidder, US-amerikanesch-kanadesch Schauspillerin.


  • 22. Oktober: Jeannot Schaul, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 30. Oktober: Lucien Zeimes, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 06. November: Glenn Frey, US-amerikanesche Rockmuseker.


  • 11. November: Vincent Schiavelli, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 13. November: Hassan Rohani, iranesche Politiker.


  • 14. November: Charles vu Wales, briteschen Trounfolger.


  • 19. November: Robert Biever, lëtzebuergesche Jurist a fréiere Member vum Staatsrot.


  • 28. November: Furio Cardoni, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 01. Dezember: Raphael Constant, belsche Vëlossportler.


  • 01. Dezember: Martin Klein, lëtzebuergeschen Dokter.


  • 08. Dezember: Mars Klein, lëtzebuergesche Journalist, Kabarettist an Auteur.


  • 12. Dezember: Marcelo Rebelo de Sousa, portugisesche Jurist, Politiker a Staatspresident.


  • 21. Dezember: Samuel L. Jackson, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 22. Dezember: Nicolae Timofti, moldawesche Jurist a Staatspresident.


  • 23. Dezember: John Huchra, US-amerikaneschen Astronom.


  • 24. Dezember: Edwige Fenech, italienesch Filmschauspillerin.


  • 27. Dezember: Gérard Depardieu, franséische Schauspiller.


  • 31. Dezember: Donna Summer, US-amerikanesch Sängerin.


Gestuerwen |



  • 08. Januar: Kurt Schwitters, däitsche Moler.


  • 15. Januar: Henri-Alexandre Deslandres, franséischen Astronom.


  • 30. Januar: Mahatma Gandhi, indesche Politiker.

  • 30. Januar: Orville Wright, US-amerikanesche Fluchpionéier a Fligerbauer.


  • 08. Februar: Samuel Prescott Bush, US-amerikaneschen Industrieller.


  • 09. Februar: Karl Valentin, däitsche Komiker, Kabarettist, Auteur a Filmproduzent.


  • 11. Februar: Sergei Michailowitsch Eisenstein, sowjetescher Regisseur.


  • 04. Mäerz: Antonin Artaud, franséische Schauspiller, Dramatiker, Regisseur, Dichter an Theater-Theoretiker.


  • 31. Mäerz: Egon Erwin Kisch, Prager Journalist.


  • 14. Abrëll: Gusty Kemp: lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 24. Mee: Jacques Feyder, franséisch-belsche Filmregisseur.


  • 05. Juli: Georges Bernanos, franséische Schrëftsteller.


  • 07. Juli: Jean-Pierre Wenkin, lëtzebuergesche Politiker.


  • 14. Juli: Marguerite Moreno, franséisch Schauspillerin.


  • 15. Juli: John Pershing, US-amerikanesche Generol.


  • 21. Juli: D. W. Griffith, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Filmproduzent.


  • 12. August: Jean-Baptiste Merkels, lëtzebuergesch-US-amerikaneschen Auteur a Konsul.


  • 27. August: Jean-Jacques Theisen, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Organist a Politiker.


  • 03. September: Edvard Beneš, tschechesche Politiker.


  • 10. September: Ferdinand I., Zar vu Bulgarien.


  • 13. September: Paul Wegener, däitsche Schauspiller.


  • 17. September: Folke Bernadotte, schwedeschen Offizéier.


  • 19. September: Jan Welzl, genannt Eskimo Welzl, tschecheschen Aventurier, Weltreesender an Eskimohäuptling.


  • 12. Oktober: Louis Salou, franséische Schauspiller.


  • 24. Oktober: Franz Lehár, éisträichesche Komponist.


  • 24. September: Auguste Thorn, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.


  • 08. November: Jean-Pierre Muller, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 20. Dezember: C. Aubrey Smith, britesche Schauspiller.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 1948 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 22. Februar 1948 op der Websäit vun European Football


  2. D'Detailer vum Foussballlännermatch England-Lëtzebuerg de 26. Mäerz 1948 op der Websäit vun European Football


  3. Artikel am Wort iwwer de Foussballmatch England-Lëtzebuerg vum 26. Mäerz 1948


  4. D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg de 27. Mäerz 1948 op der Websäit vun European Football


  5. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslowakei den 19. Abrëll 1948 op der Websäit vun European Football


  6. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Éisträich den 2. Mee 1948 op der Websäit vun European Football


  7. D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 6. Mee 1948 op der Websäit vun European Football


  8. D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 18. Juli 1948 op der Websäit vun European Football


  9. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Afghanistan de 26. Juli1948 op der Websäit vun European Football


  10. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien den 31. Juli1948 op der Websäit vun European Football


  11. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 19. September 1948 op der Websäit vun European Football


  12. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 21. November 1948 op der Websäit vun European Football




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=1948&oldid=2167481“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.244","walltime":"0.363","ppvisitednodes":"value":1064,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":8164,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":5148,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 186.767 1 -total"," 7.74% 14.449 1 Schabloun:Referenzen"," 5.59% 10.449 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 5.17% 9.660 1 Schabloun:Commonscat"," 3.59% 6.705 1 Schabloun:Commons"," 2.80% 5.225 2 Schabloun:1._Januar"," 2.51% 4.691 1 Schabloun:Clr"," 2.14% 3.999 1 Schabloun:8._November"," 1.87% 3.494 51 Schabloun:0"," 1.85% 3.453 1 Schabloun:1._Dezember"],"cachereport":"origin":"mw1242","timestamp":"20190409123032","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"1948","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/1948","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q5165","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q5165","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-11-01T05:38:26Z","dateModified":"2019-03-05T11:50:53Z"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":129,"wgHostname":"mw1248"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region