Skip to main content

Albert Kratzenberg Inhaltsverzeechnes Liewen | Wierker | Literatur | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen an Notten NavigatiounsmenüLinkLinkdeltgen.com"Besuch bei den Bildhauern am Giebelfeld des neuen Escher Stadthauses".Link

Gebuer 1890Gestuerwen 1966Lëtzebuergesch SculpteurenPrix Grand-Duc Adolphe


8. Abrëll1890Klierf23. Mee1966lëtzebuergescheHandwierkerschoulLëtzebuergKarlsruheBerlinDäitschlandBezierk StettinHildesheimEsch-UelzechtEscher BeruffsschoulWeltausstellungParäisAloyse DeitzErnest GrosberLéon NosbuschPierre BlancNew York19281932Prix Grand-Duc Adolphe20. JoerhonnertKathedralhellegen NiklosZweete WeltkrichDamien Kratzenberg












Albert Kratzenberg




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen












Albert Kratzenberg
Gebuer
8. Abrëll 1890
Klierf
Gestuerwen
23. Mee 1966
Klierf
Nationalitéit
Lëtzebuerg
Aktivitéit
Sculpteur
Famill
Geschwëster
Damien Kratzenberg

Wikidata-logo-without-paddings.svg



De Mann mam Hummer.
Figur vun der Monumental-Skulptur L'allégorie de l'artisanat, am Park vun der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng


Den Albert Kratzenberg, gebuer den 8. Abrëll 1890 zu Klierf a gestuerwen och do den 23. Mee 1966[1], war e lëtzebuergesche Sculpteur.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Liewen


  • 2 Wierker


  • 3 Literatur


  • 4 Kuckt och


  • 5 Um Spaweck


  • 6 Referenzen an Notten




Liewen |


No der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg huet den Albert Kratzenberg zu Karlsruhe an op der Konschtakademie zu Berlin studéiert. Duerno huet hien e puer Joer an Däitschland, am Bezierk Stettin an zu Hildesheim geschafft.[1][2]


1919 koum hien op Lëtzebuerg zréck,[3] wou hie Coursen am Zeechnen an an der Skulptur zu Esch-Uelzecht ginn huet.[1] Am Joer 1930 ass hie “Professer” an der Escher Beruffsschoul ginn.[4]


Fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis huet hien, zesumme mat de Sculpteuren Aloyse Deitz, Ernest Grosber a Léon Nosbusch, d'Skulpturaarbechte vum Relief Vue panoramique de la Ville de Luxembourg no enger Zeechnung vum Pierre Blanc un der Haaptfassad vum Lëtzebuerger Pavillon ausgefouert.[5][6]


Op der Weltausstellung 1939/1940 zu New York gouf seng monumental Skulptur L'allégorie de l'artisanat ausgestallt.[7]


1928 an 1932 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.


Hien huet an den 20er Jore vum 20. Joerhonnert, wéi d'Haaptportal vun der Kathedral restauréiert gouf, d'Statu vum hellegen Niklos geschaf.


Wéinst senger Haltung während der Nazi-Occupatioun am Zweete Weltkrich ass den Albert Kratzenberg am Januar 1947 zu Lëtzebuerg zu sechs Joer Prisong an zum Verloscht vun der lëtzebuergescher Nationalitéit condamnéiert ginn.[8] Hie war de Brudder vum Damien Kratzenberg.[9]



Wierker |




De Relief um Gebai vum Tageblatt zu Esch.


  • 1932, Skulptur a véier bronze Placken um Monument Émile Mayrisch am Park Émile Mayrisch zu Diddeleng.

  • Reliefaarbechten um Escher Stadhaus[10]


  • Bas-relief um Editpress-Gebai an der Kanalstrooss zu Esch-Uelzecht.

  • Erënnerungsplack um Haus vum Caspar Mathias Spoo[11] zu Esch-Uelzecht.[12]

  • Buste vum Caspar Mathias Spoo.

  • 1939, Haut-relief L'allégorie de l'artisanat, eng Monumental-Skulptur fir d'Weltausstellung zu New-York. Eng Figur dovun, e Stolaarbechter mat Hummer, gouf Ufank den 1980er Joren an der Entrée vum renovéierte Quartier Brill zu Diddeleng opgestallt. 2008 gouf se du restauréiert a steet elo am Park vun der Galerie Nei Liicht.


  • Jeune femme, 1953, Skulptur am Kalleksteen am Park vum Schlass Kolpech zu Nidderkolpech.

  • Helleg Famill am Héichaltor an der Kierch zu Mäerkels.


Literatur |



  • Herr, Lambert, 1992. Kratzenberg Albert. In: Anthologie des arts au Luxembourg. Éditions Émile Borschette. Imprimerie Linden, Lëtzebuerg, 464 S. (Cf. S. 207). ISBN 2-87982-034-0

  • M.W., 1935. Atelierbesuch bei Albert Kratzenberg in Esch an der Alzette. A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift 1935, Nr. 49 (8. Dezember), S. 4-6. (Link)


Kuckt och |


  • Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Albert Kratzenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten



  1. 1,01,11,2 1992, Anthologie des arts au Luxembourg


  2. M.W. 1935.


  3. M.W. 1935, S. 6.


  4. Escher Tageblatt 1930, Nr. 91 (25. März): 4 (Esch-Alz., 25. März. Ernennung. Herr Albert Kratzenberg, bisher Kursusleiter, wurde zum technischen Lehrer der gewerblichen Fortbildungsschule ernannt.) [1]


  5. Die Eröffnung des Luxemburger Pavillons auf der Pariser Ausstellung. Luxemburger Wort Nr 165 vum 14. Juni 1937 (Link)


  6. Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 208, 216.


  7. Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 233, 244, 245


  8. Escher Tageblatt 1947, Nr. 23 (29. Januar): 6 (Politische Prozesse: Urteile des Spezialgerichtes in Luxemburg). [2] Luxemburger Wort 1947, Nr. 30 (30. Januar): 4 (Vor dem Spezialgericht). [3] Cf. Massard, J.A. & R. Thill, 2011. Gustav Kolbach, Arzt und Botaniker. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 112 (2011), S. 9-24. [4]


  9. deltgen.com


  10. "Besuch bei den Bildhauern am Giebelfeld des neuen Escher Stadthauses". A-Z Luxemburger illustrierte Wochenschrift 1936, Nr. 25 (2. Juni), S. 20.


  11. Spoofeier in Esch-Alzette. Luxemburger Wort Nr 207 vum 26. Juli 1937 (Link)


  12. Cf. Massard, J.A. & R. Thill, 2011. Gustav Kolbach, Arzt und Botaniker. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 112 (2011), S. 18. [5]




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Albert_Kratzenberg&oldid=2183157“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.224","walltime":"0.306","ppvisitednodes":"value":629,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":4916,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":115,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":6265,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 257.490 1 -total"," 81.95% 211.004 1 Schabloun:Infobox_Biographie"," 79.96% 205.885 1 Schabloun:Infobox"," 34.11% 87.828 23 Schabloun:Wikidata"," 29.60% 76.213 10 Schabloun:If_empty"," 11.88% 30.602 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 5.33% 13.716 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 3.81% 9.814 2 Schabloun:PAGENAMEBASE"," 3.16% 8.125 1 Schabloun:Commonscat"," 2.11% 5.430 1 Schabloun:Commons"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.101","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":2927283,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1261","timestamp":"20190926021725","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Albert Kratzenberg","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Albert_Kratzenberg","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q13101436","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q13101436","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-08-17T22:32:50Z","dateModified":"2019-05-31T16:16:40Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/7/7e/DeMannMamHummer.JPG"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":125,"wgHostname":"mw1266"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?