Skip to main content

Felix vu Bourbon-Parma Inhaltsverzeechnes De Félix vu Bourbon-Parma gëtt Prënz vu Lëtzebuerg | De Prënz Félix am zweete Weltkrich | De Prënz Félix no dem zweete Weltkrich | Um Spaweck | Referenzen an Notten NavigatiounsmenüCNA - Léif Lëtzebuerger Chronologie 1939-1942 - PDFCNA - Léif Lëtzebuerger Chronologie 1942-1945 - PDFDafregëster vun der Por Schwarzau am SteinfeldLëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum StaatsrotChronologie 1939-1942 - PDFChronologie 1942-1945 - PDF

Haus Bourbon-ParmaMembere vum Staatsrot zu LëtzebuergGebuer 1893Gestuerwen 1970Ritter vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw


28. September1893Schwarzau am SteinfeldWienÉisträich8. Abrëll1970FëschbechRobert I. vu ParmaMaria Antonia vu BragançaMaria Ana vu BragançaZita vun ÉisträichMiguel I. vu Portugal6. November1919GroussherzoginCharlotte vu LëtzebuergChamberNaturaliséierungLëtzebuergÉischte WeltkrichJean vu Lëtzebuerg19371951StaatsrotParäisLissabon15. JuliVereenegt Staate vun AmerikaKanadaKanadaGroussbritannienBrigade Piron194410. September19445. US-PanzerdivisiounKonzentratiounslager DachauFräiwëllegekompanieLëtzebuerger Arméi194519671923193219471969Lëtzebuerger Roude Kräiz












Felix vu Bourbon-Parma




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen












Felix vu Bourbon-Parma

Félix de Bourbon-Parme 1919.JPG
Gebuer
28. September 1893
Gestuerwen
8. Abrëll 1970
Gemeng Fëschbech
Nationalitéit
Lëtzebuerg
Famill
Bestuet mat
Charlotte vu Lëtzebuerg
Kanner
Jean vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Charles vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg

Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Félix Marie Vincent Prënz vu Bourbon-Parma, gebuer den 28. September 1893[1] zu Schwarzau am Steinfeld bei Wien (Éisträich), a gestuerwen den 8. Abrëll 1970 zu Fëschbech, war dat uechtzéngt Kand vum Robert I. vu Parma an dat sechst Kand mat deem senger zweeter Fra, der Maria Antonia vu Bragança, der Schwëster vun der Maria Ana vu Bragança, also vu senger spéiderer Schwéiermamm.


Hie war de jéngere Brudder vun der Keeserin Zita vun Éisträich. Säi Grousspapp war den 1834 ofgesate Kinnek Miguel I. vu Portugal.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 De Félix vu Bourbon-Parma gëtt Prënz vu Lëtzebuerg


  • 2 De Prënz Félix am zweete Weltkrich


  • 3 De Prënz Félix no dem zweete Weltkrich


  • 4 Um Spaweck


  • 5 Referenzen an Notten




De Félix vu Bourbon-Parma gëtt Prënz vu Lëtzebuerg |


De 6. November 1919 huet hie seng Kusinn, d'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg bestuet. Den Dag virdrun hat d'Chamber, mat knappsser Majoritéit, seng Naturaliséierung gestëmmt. Doduerch gouf hie Prënz vu Lëtzebuerg. Déi Entscheedung war net onëmstridden, well de Félix am Éischte Weltkrich Läitnant a Capitaine an der éisträichescher Arméi war.


D'groussherzoglech Koppel krut sechs Kanner. 1921 gouf de spéidere Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg gebuer, 1922 d'Elisabeth, 1924 d'Marie-Adelaïde, 1925 d'Marie-Gabrielle, 1927 de Charles a 1929 d'Alix.


De Prënz Félix war vum 23. Januar 1937 bis de 25. Abrëll 1951 Member vum Staatsrot.[2]



De Prënz Félix am zweete Weltkrich |


Den 10. Mee 1940 ass de Prënz Félix mat senger Famill an der Lëtzebuerger Regierung an den Exil gaangen, fir d'éischt op Paräis, duerno op Lissabon. De 15. Juli verléisst de Félix mat de Prënzekanner déi portugisesch Haaptstaadt, ouni seng Fra, a fiert an Amerika, wou e vum President Roosevelt empfaange gëtt. Bis 1942 hält sech d'groussherzoglech Famill haaptsächlech an de Vereenegt Staate vun Amerika an am Kanada op.


Am Oktober 1942 verléisst de Prënz Félix zesumme mat sengem eelste Jong, dem Prënz Jean, de Kanada fir sech a Groussbritannien an der Arméi z'engagéieren. De Prënz Jean meld sech bei den Irish Guards, de Prënz Félix gëtt "officier de liaison" beim "Northern Command". Do huet e gehollef d'"Luxembourg Battery", eng Eenheet vu lëtzebuergesche Volontären opzebauen, déi Deel vun der belscher Brigade Piron war.[3]


Am Juni 1944 gouf de Félix bei déi 12. US-Arméi, bei de Generol Bradley, geschéckt. Hien huet sech duerno verschiddenen Eenheeten ugeschloss, fir bei der Befreiung vu Lëtzebuerg kënnen dobäi ze sinn. Den 10. September 1944 ass hien zesumme mam Prënz Jean mat der 5. US-Panzerdivisioun zu Lëtzebuerg amarschéiert a vun der Bevëlkerung gefeiert ginn.


Grad wéi de Prënz Jean huet och de Félix bis zum Krichsënn weidergekämpft, a war zum Beispill bei der Befreiung vum Konzentratiounslager Dachau dobäi.[4]



De Prënz Félix no dem zweete Weltkrich |


Hie war och Colonel vun der Fräiwëllegekompanie an Inspecteur-Général vun der Lëtzebuerger Arméi vun 1945 bis 1967.


Tëscht 1923 an 1932 an dann nees tëscht 1947 an 1969 war hie President vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.



Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Felix vu Bourbon-Parma – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • CNA - Léif Lëtzebuerger Chronologie 1939-1942 - PDF

  • CNA - Léif Lëtzebuerger Chronologie 1942-1945 - PDF



Referenzen an Notten



  1. Dafregëster vun der Por Schwarzau am Steinfeld


  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot


  3. Informatiounen aus: Chronologie "Léif Lëtzebuerger" Chronologie 1939-1942 - PDF an Chronologie 1942-1945 - PDF


  4. Informatiounen aus: E.T. Melchers, Luxemburg 1944-45 - Befreiung und Ardennenoffensive, S. 119- 121, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981

<- hie war gewass nëmme "Ritter"! Grousskräiz wäert e gewiescht sinn.


<- hie war gewass nëmme "Ritter"! Grousskräiz wäert e gewiescht sinn.









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Felix_vu_Bourbon-Parma&oldid=2198894“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.236","walltime":"0.356","ppvisitednodes":"value":569,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":7856,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":183,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":8,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":2061,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 324.742 1 -total"," 84.59% 274.704 1 Schabloun:Infobox_Biographie"," 82.82% 268.941 1 Schabloun:Infobox"," 53.12% 172.492 25 Schabloun:Wikidata"," 36.04% 117.033 11 Schabloun:If_empty"," 8.49% 27.558 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 2.62% 8.499 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 2.44% 7.923 1 Schabloun:Commonscat"," 2.14% 6.962 2 Schabloun:PAGENAMEBASE"," 1.59% 5.175 1 Schabloun:Commons"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.134","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":3277833,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1287","timestamp":"20190905105214","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Felix vu Bourbon-Parma","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Felix_vu_Bourbon-Parma","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q445045","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q445045","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-06-30T22:20:05Z","dateModified":"2019-09-05T10:52:14Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":130,"wgHostname":"mw1243"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?